LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Platen bis Plaume(n)- (Bd. 3, Sp. 358a bis 359a)
 
Platen ON.: «Platen» — Dorf der Gemeinde Bettborn, Kanton Redingen — 219.
 
Platin M.: 1) «Platin» (Metall); 2) (meist Pl. Platinnen) «Platinblättchen im Autozündmechanismus» — d'Platinne mussen ersat gin.
 
platinéieren trans. Verb.: «platinieren».
 
platinéiert Verbadj.: «platiniert, platinblond» — p. Hoer.
 
platinnen, platéngen Adj.: «aus Platin» — ech krut vum Zänndokter eng platinne Plack agesat — eng platinne Ketten.
 
Plateau (wie frz., Ton: 1), Platto M.: 1) a. «Servierbrett, Präsentierteller» — et stoung e ganze P. voll Ham um Dësch, jidderee konnt huele, wat e wollt — iron. zu einem anspruchsvollen und wählerischen Burschen oder Mädchen: mengs de du kriits nach eent (een) op engem sëlwer P. zerwéiert? — du kriss et nach op engem P. (zu jem., der anspruchsvoll ist); b. «Schale der Waage» — d'Plattoë vun der Wo; 2) «Plateau» — de P. vun der Rumm (Rhamplateau - Luxemburg-Stadt); 3) «großes, flaches Setzschiff mit ausschiebbarer Zunge für Tabellen usw.» (Druckerspr.) — dafür auch: Pied à coulisse (wie frz.), Galée (wie frz., Ton: 1), Galéi (s. d. sub II).
 
Platsch F. — s. Pla(a)tsch.
 
Platsch-/platsch- -mrächen N.: «Sagengestalt, bleuelschlagender Wassergeist» — cf. Gr. Nr. 90, 92; -naasss. pëtznaass; -reen M.: «Platzregen» — cf. Platzert, Plätzert; -renen intr. Verb.: «klatschend regnen» — cf. plätschen sub 1)b.
 
Platschen Pl. — s. Foussbriet sub 3), cf. Pla(a)tsch sub 3).
 
Platt (Pl. Platten) F. — s. Plat und Plack.
 
platt Adj.: A. 1) «platt, flach» — a. (von Sachen) — e platte Steen — e platten Daach — eng p. Fläsch, Schëpp, Zaang — e platten Hutt — déi p. Säit vum Hummer (Bahn des Hammers) — eppes (ee) p. drécken (drücken), schloen (schlagen), trëppelen (treten) — hie muss p. leien(flach, waagerecht liegen, z. B. im Bett) — en huet sech p. op de Buedem (op de Réck) geluegt — hien huet sech d'Féiss p. gelaf — d'Kanner hun sech d'Nues (un der Fënster) p. gedréckt, fir ze kucken — en huet sech den Domm (Daumen) p. geschloen — p. Ierbëssen (Platterbsen); b. von Menschen: eng p. Nues (Plattnase) — e p. Gesiicht, e platte Kapp — hatt as p. ewéi e Su, eng Affisch, e Briet, eng Gaardendir, en Nuddelbriet, eng Pinäs (hat einen schwach entwickelten Busen — cf. Lëns, Mam); übtr.: 2) «abgestanden» (Wein) — d'Fläsch wor zevill laang op, de Wäin as p. gin — cf. schiel II; 3) «verblüfft, sprachlos» — wéi ech dat héieren hun, wor ech p. — spaßh. Zusatz: sot d'Meedchen — ech si p., dat do verstinn ech nët; 4) «(momentan) mittellos» — ech si p. (habe kein Geld mehr); 5) «bei Reifenschaden (Auto, Fahrrad, Motorrad)» — de Coureur as e puermol p. gin, du konnt en sech nët méi gutt klasséieren — substantiv.: Platten M. — e P. kréien, hun (auch obsz.); B. Adv. (Subst.) «mundartlich» (Mundart im Ggs. zur Schriftsprache) — auch: «deutlich» — ech hun him et op p. (plattdäitsch) gesot (klar und deutlich), an dat nët ze knaps — hie ka keen Iechternacher P. (Echternacher Lokalmundart) méi — Éislécker P.
 
Platt-/platt- -apel M.: «Kurzstielapfel» — cf. Court-pendu; -apelbam M.: «Kurzstielapfelbaum» (Malus platymela); -band, -bank, -bañk, Plate-bande (wie frz., Ton: 1 u. 2 — Mosel: -bänk) F.: «schmales Gartenbeet, Rabatte»; -bank M.: «Hobel mit Schrägeisen»; -däitsch Adj.: «plattdeutsch» — cf. platt sub B; -dänn F.: «Platane» — cf. Platan; -eisen N.: «Kugeleisen, Art Hufeisen» (Ga); -féisseg Adj.: «plattfüßig, plump» — iron.: e steet sech ës breet, en as p.; -féisser M.: 1) a. «plattfüßiger Mensch»; b. «Spott- und Schimpfname»; 2) «Platthufer, vollhufiges Pferd»; -form F.: 1) «Plattform» (Bus, Zug); 2) «Altan, das flache Dach» (Ga); -fouss M.: «Plattfuß» -häd N.: «Flügelginster» (Cytisus sagittalis); -huwwel M.: «Platthobel, Hobel mit dem man die flachen Ränder, z. B. an der Türfüllung hobelt»; -menaasch M.: 1) «Servierbrett» (C); 2) «Menage» (Tischgestell für [Bd. 3, S. 359] Öl, Essig, Pfeffer — C) — frz. plat de ménage.
 
Plattebuedem M. — s. Plätterchersbuedem.
 
Platten M. — s. platt sub A.5).
 
platterdéngs Adv.: «schlechthin, einfachhin» — esou p. kann een näischt behaapten — en as p. dermat erausgefall (er erzählte es unvermittelt).
 
platzen intr. Verb.: «platzen» — de Schlauch (vum Velo, vum Auto) as geplatzt — ech si geplatzt (habe Reifenschaden erlitten) — d'Wasserleitung (das Rohr der Wasserleitung) as geplatzt — et as e Kraachert gin, wéi wann eng Bomm geplatzt wir (explodiert wäre) — e läit do wéi eng geplatzt Ball Weess (breit, behäbig) — et as him eng Oder am Kapp geplatzt — ech si bal geplatzt vu Roserei (Wut), vu Laachen — sou eppes, dat deet mech p. (vun Ierger)! — Zussetz.: erausplatzen.
 
Platzert (lok.: Vianden) M.: «Platzregen» — cf. Platschreen.
 
Platzpatroun F.: «Platzpatrone».
 
Plaum, Plomm (s. Ltb. 77 — Dim. Plaimchen [s. d.], Plëmmchen) F.: «Feder, Flaumfeder» — (sou) liicht ewéi eng P. — en huet beim Handel Plaume gelooss — du kanns eng P. an d' (héi — hohe) Luucht blosen (du hast viel Glück gehabt) — e kënnt nët aus de Plaumen (nicht aus den Federn, dem Bett) — Rätsel: wat as méi schwéier: e Pond Plaumen odder e Pond Bläi, Eisen? — cf. Baart sub 1) — Abl.: Geplaims N.: «Federvieh» (lok.: Echt.) — Echt.: Héiner, Tauwen, Inten a Gäns an all dat G.
 
Plaume(n)-/Plomme(n)-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut