LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Platschen bis plausibel (Bd. 3, Sp. 358a bis 359b)
 
Platschen Pl. — s. Foussbriet sub 3), cf. Pla(a)tsch sub 3).
 
Platt (Pl. Platten) F. — s. Plat und Plack.
 
platt Adj.: A. 1) «platt, flach» — a. (von Sachen) — e platte Steen — e platten Daach — eng p. Fläsch, Schëpp, Zaang — e platten Hutt — déi p. Säit vum Hummer (Bahn des Hammers) — eppes (ee) p. drécken (drücken), schloen (schlagen), trëppelen (treten) — hie muss p. leien(flach, waagerecht liegen, z. B. im Bett) — en huet sech p. op de Buedem (op de Réck) geluegt — hien huet sech d'Féiss p. gelaf — d'Kanner hun sech d'Nues (un der Fënster) p. gedréckt, fir ze kucken — en huet sech den Domm (Daumen) p. geschloen — p. Ierbëssen (Platterbsen); b. von Menschen: eng p. Nues (Plattnase) — e p. Gesiicht, e platte Kapp — hatt as p. ewéi e Su, eng Affisch, e Briet, eng Gaardendir, en Nuddelbriet, eng Pinäs (hat einen schwach entwickelten Busen — cf. Lëns, Mam); übtr.: 2) «abgestanden» (Wein) — d'Fläsch wor zevill laang op, de Wäin as p. gin — cf. schiel II; 3) «verblüfft, sprachlos» — wéi ech dat héieren hun, wor ech p. — spaßh. Zusatz: sot d'Meedchen — ech si p., dat do verstinn ech nët; 4) «(momentan) mittellos» — ech si p. (habe kein Geld mehr); 5) «bei Reifenschaden (Auto, Fahrrad, Motorrad)» — de Coureur as e puermol p. gin, du konnt en sech nët méi gutt klasséieren — substantiv.: Platten M. — e P. kréien, hun (auch obsz.); B. Adv. (Subst.) «mundartlich» (Mundart im Ggs. zur Schriftsprache) — auch: «deutlich» — ech hun him et op p. (plattdäitsch) gesot (klar und deutlich), an dat nët ze knaps — hie ka keen Iechternacher P. (Echternacher Lokalmundart) méi — Éislécker P.
 
Platt-/platt- -apel M.: «Kurzstielapfel» — cf. Court-pendu; -apelbam M.: «Kurzstielapfelbaum» (Malus platymela); -band, -bank, -bañk, Plate-bande (wie frz., Ton: 1 u. 2 — Mosel: -bänk) F.: «schmales Gartenbeet, Rabatte»; -bank M.: «Hobel mit Schrägeisen»; -däitsch Adj.: «plattdeutsch» — cf. platt sub B; -dänn F.: «Platane» — cf. Platan; -eisen N.: «Kugeleisen, Art Hufeisen» (Ga); -féisseg Adj.: «plattfüßig, plump» — iron.: e steet sech ës breet, en as p.; -féisser M.: 1) a. «plattfüßiger Mensch»; b. «Spott- und Schimpfname»; 2) «Platthufer, vollhufiges Pferd»; -form F.: 1) «Plattform» (Bus, Zug); 2) «Altan, das flache Dach» (Ga); -fouss M.: «Plattfuß» -häd N.: «Flügelginster» (Cytisus sagittalis); -huwwel M.: «Platthobel, Hobel mit dem man die flachen Ränder, z. B. an der Türfüllung hobelt»; -menaasch M.: 1) «Servierbrett» (C); 2) «Menage» (Tischgestell für [Bd. 3, S. 359] Öl, Essig, Pfeffer — C) — frz. plat de ménage.
 
Plattebuedem M. — s. Plätterchersbuedem.
 
Platten M. — s. platt sub A.5).
 
platterdéngs Adv.: «schlechthin, einfachhin» — esou p. kann een näischt behaapten — en as p. dermat erausgefall (er erzählte es unvermittelt).
 
platzen intr. Verb.: «platzen» — de Schlauch (vum Velo, vum Auto) as geplatzt — ech si geplatzt (habe Reifenschaden erlitten) — d'Wasserleitung (das Rohr der Wasserleitung) as geplatzt — et as e Kraachert gin, wéi wann eng Bomm geplatzt wir (explodiert wäre) — e läit do wéi eng geplatzt Ball Weess (breit, behäbig) — et as him eng Oder am Kapp geplatzt — ech si bal geplatzt vu Roserei (Wut), vu Laachen — sou eppes, dat deet mech p. (vun Ierger)! — Zussetz.: erausplatzen.
 
Platzert (lok.: Vianden) M.: «Platzregen» — cf. Platschreen.
 
Platzpatroun F.: «Platzpatrone».
 
Plaum, Plomm (s. Ltb. 77 — Dim. Plaimchen [s. d.], Plëmmchen) F.: «Feder, Flaumfeder» — (sou) liicht ewéi eng P. — en huet beim Handel Plaume gelooss — du kanns eng P. an d' (héi — hohe) Luucht blosen (du hast viel Glück gehabt) — e kënnt nët aus de Plaumen (nicht aus den Federn, dem Bett) — Rätsel: wat as méi schwéier: e Pond Plaumen odder e Pond Bläi, Eisen? — cf. Baart sub 1) — Abl.: Geplaims N.: «Federvieh» (lok.: Echt.) — Echt.: Héiner, Tauwen, Inten a Gäns an all dat G.
 
Plaume(n)-/Plomme(n)- -bett N.: «Federbett» — fréier hun d'Bauereleit meescht ënner engem P. geschlof, si hate keng iewescht Läilécher; déi grouss Zich iwwer d'P. war hausgemaacht a blo-wäiss odder routwäiss karéiert; -decken F.: «Federdecke»; -diwwi M. — s. Diwwi; -këssen N., -pillem M.: «Federkissen»; -staf M.: «Flaumfeder».
 
Plausch (Westen: Ploosch, Echt.: Plousch neben Blousch — Pl. Pläisch, Plaisch) M.: 1) «Büschel» (von Pflanzen, üppigem Blattwerk) — e P. Zalot — e P. Grompren (Kartoffelstaude, lok.: Staude mit Wurzeln und anhaftenden Knollen); 2) «kleiner Strauch, Gesträuch mit üppigem Blattwerk» — cf. Flaus(ch), Putsch — Zussetz.: Ketteplausch, Taarteplausch, Äerplausch (s. d.).
 
Plauschbock, -stack M.: «Dreschbock» — cf. Karbock sub 2), Bock sub 4)g.
 
plauscheg, plaujheg Adj.: 1) «buschig, büschelig» (üppiges Blattwerk) — d'Zalot as esou p. et si keng fest Häder (Köpfe) — wann d'Fruucht gerollt as, mécht se nei Wuurzelen a se gët méi p. — cf. flauscheg, stacken.
 
plauschen I (lok. Echt.: plaujhen, ploujhen) intr. Verb.: «buschig, büschelig wachsen, ein starkes Laubwerk bilden» — d'Fruucht plauscht, wa se gerollt as gin — Abl.: Geplauschs N. — cf. flauschen.
 
plauschen II trans. Verb.: «Fruchtgetreide (bes. Roggen, büschelweise auf einem alten Faß, auf einem Block im Hausgang) ausklopfen, um die reifsten Körner zur Saat oder nicht geknicktes Stroh zum Anfertigen von Seilen oder Gegenständen zu gewinnen» — cf. Karbock sub 2).
 
plausibel Adj.: «glaubwürdig, einleuchtend» — eng p. Uursaach — eng p. Entschëllegong — engem eppes p. maachen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut