| -apel M.: «Kurzstielapfel» — cf. Court-pendu; -apelbam M.: «Kurzstielapfelbaum» (Malus platymela); -band, -bank, -bañk, Plate-bande (wie frz., Ton: 1 u. 2 — Mosel: -bänk) F.: «schmales Gartenbeet, Rabatte»; -bank M.: «Hobel mit Schrägeisen»; -däitsch Adj.: «plattdeutsch» — cf. platt sub B; -dänn F.: «Platane» — cf. Platan; -eisen N.: «Kugeleisen, Art Hufeisen» (Ga); -féisseg Adj.: «plattfüßig, plump» — iron.: e steet sech ës breet, en as p.; -féisser M.: 1) a. «plattfüßiger Mensch»; b. «Spott- und Schimpfname»; 2) «Platthufer, vollhufiges Pferd»; -form F.: 1) «Plattform» (Bus, Zug); 2) «Altan, das flache Dach» (Ga); -fouss M.: «Plattfuß» -häd N.: «Flügelginster» (Cytisus sagittalis); -huwwel M.: «Platthobel, Hobel mit dem man die flachen Ränder, z. B. an der Türfüllung hobelt»; -menaasch M.: 1) «Servierbrett» (C); 2) «Menage» (Tischgestell für [Bd. 3, S. 359] Öl, Essig, Pfeffer — C) — frz. plat de ménage.
Plattebuedem M. — s. Plätterchersbuedem.
Platten M. — s. platt sub A.5).
platterdéngs Adv.: «schlechthin, einfachhin» — esou p. kann een näischt behaapten — en as p. dermat erausgefall (er erzählte es unvermittelt).
platzen intr. Verb.: «platzen» — de Schlauch (vum Velo, vum Auto) as geplatzt — ech si geplatzt (habe Reifenschaden erlitten) — d'Wasserleitung (das Rohr der Wasserleitung) as geplatzt — et as e Kraachert gin, wéi wann eng Bomm geplatzt wir (explodiert wäre) — e läit do wéi eng geplatzt Ball Weess (breit, behäbig) — et as him eng Oder am Kapp geplatzt — ech si bal geplatzt vu Roserei (Wut), vu Laachen — sou eppes, dat deet mech p. (vun Ierger)! — Zussetz.: erausplatzen.
Platzert (lok.: Vianden) M.: «Platzregen» — cf. Platschreen.
Platzpatroun F.: «Platzpatrone».
Plaum, Plomm (s. Ltb. 77 — Dim. Plaimchen [s. d.], Plëmmchen) F.: «Feder, Flaumfeder» — (sou) liicht ewéi eng P. — en huet beim Handel Plaume gelooss — du kanns eng P. an d' (héi — hohe) Luucht blosen (du hast viel Glück gehabt) — e kënnt nët aus de Plaumen (nicht aus den Federn, dem Bett) — Rätsel: wat as méi schwéier: e Pond Plaumen odder e Pond Bläi, Eisen? — cf. Baart sub 1) — Abl.: Geplaims N.: «Federvieh» (lok.: Echt.) — Echt.: Héiner, Tauwen, Inten a Gäns an all dat G.
Plaume(n)-/Plomme(n)- -bett N.: «Federbett» — fréier hun d'Bauereleit meescht ënner engem P. geschlof, si hate keng iewescht Läilécher; déi grouss Zich iwwer d'P. war hausgemaacht a blo-wäiss odder routwäiss karéiert; -decken F.: «Federdecke»; -diwwi M. — s. Diwwi; -këssen N., -pillem M.: «Federkissen»; -staf M.: «Flaumfeder».
Plausch (Westen: Ploosch, Echt.: Plousch neben Blousch — Pl. Pläisch, Plaisch) M.: 1) «Büschel» (von Pflanzen, üppigem Blattwerk) — e P. Zalot — e P. Grompren (Kartoffelstaude, lok.: Staude mit Wurzeln und anhaftenden Knollen); 2) «kleiner Strauch, Gesträuch mit üppigem Blattwerk» — cf. Flaus(ch), Putsch — Zussetz.: Ketteplausch, Taarteplausch, Äerplausch (s. d.).
Plauschbock, -stack M.: «Dreschbock» — cf. Karbock sub 2), Bock sub 4)g.
plauscheg, plaujheg Adj.: 1) «buschig, büschelig» (üppiges Blattwerk) — d'Zalot as esou p. et si keng fest Häder (Köpfe) — wann d'Fruucht gerollt as, mécht se nei Wuurzelen a se gët méi p. — cf. flauscheg, stacken.
plauschen I (lok. Echt.: plaujhen, ploujhen) intr. Verb.: «buschig, büschelig wachsen, ein starkes Laubwerk bilden» — d'Fruucht plauscht, wa se gerollt as gin — Abl.: Geplauschs N. — cf. flauschen.
plauschen II trans. Verb.: «Fruchtgetreide (bes. Roggen, büschelweise auf einem alten Faß, auf einem Block im Hausgang) ausklopfen, um die reifsten Körner zur Saat oder nicht geknicktes Stroh zum Anfertigen von Seilen oder Gegenständen zu gewinnen» — cf. Karbock sub 2).
plausibel Adj.: «glaubwürdig, einleuchtend» — eng p. Uursaach — eng p. Entschëllegong — engem eppes p. maachen.
Plaut (lok.: Plout) F.: «stengellose Kratzdistel» (Cirsium acaule) — dafür auch: Hondsdëschtel (s. d.) — dazu: Plauten F. Pl.: «Distelwolle für Kissen»; Plautepillem M.: «Distelwollkissen».
Plautsch (lok.) F. — s. Pautsch, Roff.
Plaz (Pl. Plazen, Dim. Plätzchen, Echt.: Pleezchen, Nösl.: Platz, Westen u. Süden weitgehend: Plätz — s. d. — lok. z. B. Lxbg.-Stadt wird streng unterschieden zwischen Plaz [öffentlicher Platz, Stelle] und Plätz (Hof)) F.: 1) a. «öffentlicher Platz, freier Platz inmitten der Häuser» — op der P. virun der Gemeng, dem Stadhaus — dat as eng Gemenge-Plaz (der Platz ist Gemeindeeigentum) — d'P. fir d'Kiirmes, fir de Maart, fir ze bleechen (Kirmes-, Markt-, Bleichplatz) — Zussetz.: Bleech-, Kiirmes-, Maart-, Spillplaz (s. d.); b. «Ort, Ortslage» — dat as eng gutt P. fir e Geschäft (eine gute Geschäftslage) — do as eng schéi Plaz fir Touristen (ein schöner Aussichtsplatz) — d'Geriicht as op d'P. gaang; 2) a. «(verfügbarer) Raum» — d'P. fir de Brand (Hausbrand), d'Holz, d'Grompren ze leën — mir hun nach keng P. fir ze bauen (cf. Bauplaz) — verweisend, wenn jem. sich über zu wenig Raum beklagt: hätts de souvill P. am Himmel! — hätte mer dach méi P. am Haus, am Keller, am Schapp, an der Scheier, am Stall — maach [Bd. 3, S. 360] deem Här P.! — komm heihinner, mir maachen der (eng) P. — Kinderreim: P. gemaacht, de Käser kënnt — mir hu keng P. fir dech ze lojhéieren (unterbringen); b. «(Sitz-)Platz» — mir hun nach eng P. am Theater kritt — ech hat keng gutt P., ech hun näischt gesinn — et si keng Plaze méi ze kréien — komm, kriss de méng P., ech hun der se versuergt (der se warem gehalen) — cf. Kiirmes sub 4); c. «Stelle» — leen alles hannescht op d'P., op séng richteg P. — wéi ech erëm alles op sénger richteger P. hat (aufgeräumt hatte), war et Mëtteg — setz dech op déng P. (un den Dësch) — du bas méi domm wéi eng Kou, déi fënt ëmmer hir richteg P. erëm — d'Kéi gin ëmmer am Stall op hir richteg P. — de Bësch huet op dräi Plaze gebrannt — et as eng eidel P. an der Fruucht (eine Stelle, wo kein Getreide aufgewachsen ist) — en as op der P. (dout) leie bliwwen — wann dat wouer as, da wëll ech op der P. (dout) ëmfalen — drohend: du kriss de Protekoll op der P. ënnerschriwwen (sofort eine heruntergehauen) — lo vrecks d'op der P.! — ech soen der, dat méchs d'elo op der P. (sofort auf der Stelle) — op der P. trieden (trëppelen — auf der Stelle treten) — d'Päerd hun de Won nët vun der P. (vu Plaze) kritt (konnten den Wagen nicht von der Stelle bewegen) — e geet nët aus Plazen (lok.: aus de Plazen — er wächst nicht, er entwickelt sich nicht) — e kënnt nët aus Plazen (vu Plazen — er kommt nicht mit seiner Arbeit voran, auch: er wächst nicht, er entwickelt sich nicht) — dee Bam geet nët aus Plazen — Nösl.: et jung nët va Platz — da setz dech emol a méng P., da räsonnéiers d'anescht — ech hun e gutt (ferrem) op d' (séng) P. gesat (ordentlich zurechtgewiesen) — entrüstet: dat as nun eemol nët op sénger P. (das gehört, paßt sich nun einmal nicht); 3) «Dienststelle, Dienstplatz, Amt» — durech séng ege Schold as et him fir d'P. gaang — en as nieft séng P. komm (er hat seine Stellung verloren) — hien as do nët op der (richteger) P. (er entspricht den Anforderungen der Stellung nicht, auch: die Stellung entspricht nicht seinen Fähigkeiten) — eng bleiwe P. (eine feste Lebensstellung) — 't as sénger bleiwe Plaze keng (s. bleiwen sub 7) — eng gutt, déck, faul, liddreg, schlecht, gutt-liddreg P. hun — déi gutt Plaze si rar — d'Meedche kritt eng gutt P. bei äis (die Schnur ist gut aufgehoben bei uns — auch für das Dienstmädchen gesagt) — Anekdote: hei as nëmmen eng gutt P., an déi hun ech (antwortete der Direktor dem Stellensuchenden auf seine Frage nach einem guten Dienstplatz) — sich (suche) der eng aner P.! (Entlassungsformel) — Echt.: wann än en Bleezchen hoat, muss än se versoergen (bewahren) — eng (gutt) P. op der Post, op der Eisebunn, op der Schmelz — d'P. as ausgeschriwwen, steet op — ech gi mer déi P. emol ukucken — spaßh.: en huet eng gutt P. op der Bunn (Wortspiel mit Bunn, das sowohl Eisenbahn wie Kegelbahn bedeuten kann), e schéisst d'Klatzen erëm — Zussetz.: Ädemsplaz; 4) «Klassierung, Rang, Platz» — et gi keng Plaze méi an der Schoul — hien huet déi éischt P. an der Klass; 5) «Flecken, Mal, Narbe, fleckenförmiger Ausschlag» — eng blo, gréng P. um Bän, Arem (hun — von einem Stoß z. B.) — wat huet deen elle rout Plazen am Gesiicht — et as keng P. bliwwen (keine Narbe) — spaßh.: et bleiwe keng Plazen (vom Küssen gesagt) — vun enger Bäs, mäi Schaz, do bleift sei Liewe keng blo P. (Dicks, De Scholdschein) — cf. plazereg. | |