LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Plaz bis Pléck (Bd. 3, Sp. 359b bis 362a)
 
Plaz (Pl. Plazen, Dim. Plätzchen, Echt.: Pleezchen, Nösl.: Platz, Westen u. Süden weitgehend: Plätz — s. d. — lok. z. B. Lxbg.-Stadt wird streng unterschieden zwischen Plaz [öffentlicher Platz, Stelle] und Plätz (Hof)) F.: 1) a. «öffentlicher Platz, freier Platz inmitten der Häuser» — op der P. virun der Gemeng, dem Stadhaus — dat as eng Gemenge-Plaz (der Platz ist Gemeindeeigentum) — d'P. fir d'Kiirmes, fir de Maart, fir ze bleechen (Kirmes-, Markt-, Bleichplatz) — Zussetz.: Bleech-, Kiirmes-, Maart-, Spillplaz (s. d.); b. «Ort, Ortslage» — dat as eng gutt P. fir e Geschäft (eine gute Geschäftslage) — do as eng schéi Plaz fir Touristen (ein schöner Aussichtsplatz) — d'Geriicht as op d'P. gaang; 2) a. «(verfügbarer) Raum» — d'P. fir de Brand (Hausbrand), d'Holz, d'Grompren ze leën — mir hun nach keng P. fir ze bauen (cf. Bauplaz) — verweisend, wenn jem. sich über zu wenig Raum beklagt: hätts de souvill P. am Himmel! — hätte mer dach méi P. am Haus, am Keller, am Schapp, an der Scheier, am Stall — maach [Bd. 3, S. 360] deem Här P.! — komm heihinner, mir maachen der (eng) P. — Kinderreim: P. gemaacht, de Käser kënnt — mir hu keng P. fir dech ze lojhéieren (unterbringen); b. «(Sitz-)Platz» — mir hun nach eng P. am Theater kritt — ech hat keng gutt P., ech hun näischt gesinn — et si keng Plaze méi ze kréien — komm, kriss de méng P., ech hun der se versuergt (der se warem gehalen) — cf. Kiirmes sub 4); c. «Stelle» — leen alles hannescht op d'P., op séng richteg P. — wéi ech erëm alles op sénger richteger P. hat (aufgeräumt hatte), war et Mëtteg — setz dech op déng P. (un den Dësch) — du bas méi domm wéi eng Kou, déi fënt ëmmer hir richteg P. erëm — d'Kéi gin ëmmer am Stall op hir richteg P. — de Bësch huet op dräi Plaze gebrannt — et as eng eidel P. an der Fruucht (eine Stelle, wo kein Getreide aufgewachsen ist) — en as op der P. (dout) leie bliwwen — wann dat wouer as, da wëll ech op der P. (dout) ëmfalen — drohend: du kriss de Protekoll op der P. ënnerschriwwen (sofort eine heruntergehauen) — lo vrecks d'op der P.! — ech soen der, dat méchs d'elo op der P. (sofort auf der Stelle) — op der P. trieden (trëppelen — auf der Stelle treten) — d'Päerd hun de Won nët vun der P. (vu Plaze) kritt (konnten den Wagen nicht von der Stelle bewegen) — e geet nët aus Plazen (lok.: aus de Plazen — er wächst nicht, er entwickelt sich nicht) — e kënnt nët aus Plazen (vu Plazen — er kommt nicht mit seiner Arbeit voran, auch: er wächst nicht, er entwickelt sich nicht) — dee Bam geet nët aus Plazen — Nösl.: et jung nët va Platz — da setz dech emol a méng P., da räsonnéiers d'anescht — ech hun e gutt (ferrem) op d' (séng) P. gesat (ordentlich zurechtgewiesen) — entrüstet: dat as nun eemol nët op sénger P. (das gehört, paßt sich nun einmal nicht); 3) «Dienststelle, Dienstplatz, Amt» — durech séng ege Schold as et him fir d'P. gaang — en as nieft séng P. komm (er hat seine Stellung verloren) — hien as do nët op der (richteger) P. (er entspricht den Anforderungen der Stellung nicht, auch: die Stellung entspricht nicht seinen Fähigkeiten) — eng bleiwe P. (eine feste Lebensstellung) — 't as sénger bleiwe Plaze keng (s. bleiwen sub 7) — eng gutt, déck, faul, liddreg, schlecht, gutt-liddreg P. hun — déi gutt Plaze si rar — d'Meedche kritt eng gutt P. bei äis (die Schnur ist gut aufgehoben bei uns — auch für das Dienstmädchen gesagt) — Anekdote: hei as nëmmen eng gutt P., an déi hun ech (antwortete der Direktor dem Stellensuchenden auf seine Frage nach einem guten Dienstplatz) — sich (suche) der eng aner P.! (Entlassungsformel) — Echt.: wann än en Bleezchen hoat, muss än se versoergen (bewahren) — eng (gutt) P. op der Post, op der Eisebunn, op der Schmelz — d'P. as ausgeschriwwen, steet op — ech gi mer déi P. emol ukucken — spaßh.: en huet eng gutt P. op der Bunn (Wortspiel mit Bunn, das sowohl Eisenbahn wie Kegelbahn bedeuten kann), e schéisst d'Klatzen erëm — Zussetz.: Ädemsplaz; 4) «Klassierung, Rang, Platz» — et gi keng Plaze méi an der Schoul — hien huet déi éischt P. an der Klass; 5) «Flecken, Mal, Narbe, fleckenförmiger Ausschlag» — eng blo, gréng P. um Bän, Arem (hun — von einem Stoß z. B.) — wat huet deen elle rout Plazen am Gesiicht — et as keng P. bliwwen (keine Narbe) — spaßh.: et bleiwe keng Plazen (vom Küssen gesagt) — vun enger Bäs, mäi Schaz, do bleift sei Liewe keng blo P. (Dicks, De Scholdschein) — cf. plazereg.
 
plazen refl. Verb.: «sich setzen, Platz nehmen» (meist spaßh.) — da plaazt iech (setzt euch).
 
plazereg, plätzereg, geplätzeregt, geplätzert (lok. Echt.: plezerig) Adj.: «mit Flecken, fleckig» — en as esou p. am Gesiicht — déi Zort Äppel gi gär p. (stockfleckig) — d'Grompre si p. (geplazeregt — haben Fäulnisflecken) — e plätzerege Portri (fleckiges Porträt).
 
plazeweis Adv.: «stellenweise» — et huet p. gereent — p. blitt (blüht) de Ginz ewell — dafür auch: op Plazen.
 
Plazkaart F.: «Platzkarte».
 
Plazmajouer M.: «Platzkommandant» — in der Ra.: e stellt sech ewéi e P. (von einem Prahler gesagt).
 
plädéieren intr. Verb.: 1) «plädieren» (vor Gericht) — iron.: plädéiers de?; 2) a. «eifrig für etwas reden» — en huet fir säi Club plädéiert — e plädéiert fir den ägene Sak (zu seinen Gunsten); b. «laut und gestikulierend reden, sprechen» — e plädéiert wéi en Affekot — hei huet keen ze p., hei sin ech Meeschter — Abl.: Geplädéiers N. — all dat G. déngt näischt — en huet e G. gefouert wéi wann hien eleng mat der Saach ze din hätt — cf. palav(e)ren, räsonnéieren.
 
Plaidoyer (wie frz., Ton: 2) M.: «Verteidigungsrede vor Gericht». [Bd. 3, S. 361]
 
Pläite, Pleite F. — wie hd. — in der Ra.: P. goen — adjektiv.: en as p.
 
Plän M.: «Bergahorn» — dafür auch: Aaschtert (s. d.) — 't as P. (es ist Holz des Bergahorns).
 
Plainte (wie frz.), Pläänt, Pläënt (Pl. Plaiñtën) F.: «Beschwerde, Beschwerdeschrift» (bes. vor Gericht) — eng P. géint een areechen — maacht eng P. — cf. Klo sub 2).
 
Plänzchen (lok.: Plänzen) F.: 1) Dim. zu Planz (s. d.); 2) (abfällig) «Nichtsnutz, liederliche Person» — dat do as mer jo eng monter (schéi, léif) P.
 
Plänzer M.: «Pflanzholz» — cf. Setzholz.
 
Pläséier (Nösl.: Pläseer) F. — s. Plëséier.
 
Plässdarem F. — s. Plëssdarem.
 
PlätréngergromperF.: «Kartoffelsorte» — cf. Gromper.
 
Plätsch F.: 1) «Schlagwerkzeug zum Festklopfen» (z. B. des Lehmbodens [in der Tenne], des Mistes) — cf. Dennplaatsch, Mëschtbaatsch; 2) (lok.) «großer Fleck» — cf. Pla(a)tsch sub 1); 3) «Klatschmaul» (Ga).
 
plätscheg (lok.) Adj.: «klatschhaft».
 
plätschen intr./trans. Verb.: 1) a. «im Wasser plätschern»; b. «plätschernd, heftig regnen» — dafür auch: platschrenen — wann et plätscht a stuurzt, da gin déi jong Planze gär lassgeweecht an zerschloen; c. «(durch heftigen Regen) in den Boden schwemmen» — de Reen huet alles an de Buedem geplätscht; d. (lautmalend) «beim Fallen ins Wasser, in Schmutzbrei aufklatschen» — et huet geplätscht wéi en an d'Waasser gefall as; 2) «mit einem feuchten Lappen, mit einer Flüssigkeit betupfen» — ech hun de Schwier mat Kaméilentéi geplätscht, fir datt e sollt mëll gin an opgon — plätsch déi Knupp (Bëls) da schwëllt se nët weider; 3) (Ga: pleetschen — lok. z. B. Wecker: pläätschen) «schwatzen, klatschen, tratschen» — se stungen do ze p. — cf. bätschen.
 
Plätschert M.: «Platzregen» — cf. Platschreen.
 
plätschnaass Adj. — s. pëtznaass.
 
Plätt F.: 1) «Blatt des Steuerruders»; 2) (Nösl.) «Platte» — cf. Plat.
 
Plättchen (Pl. Plättercher — Dim. von Plat, Platt, Plätt) F.: «Plättchen, kleine Steinfliese» — si hu schéi Plättercher am Gank leien — et si Plättercher un der Mauer an der Kichen an am Buedzëmmer — Zussetz.: Plastiks-, Maseriksplättchen.
 
Plättel (lok. Echt.: Pletel) M.: 1) a. «große, flache Platte, Schüssel aus Steingut oder Metall» — cf. Plat — en zënne, e sëlwer P. — Raa.: mat de Féiss an de P. sprangen (tolpatschig sein, das Porzellan zertreten) — fréier koumen d'Grompren op engem grousse Plättel mat enger Schossel Brach op den Dësch, et krut keen en Teller fir sech — de P. war op een(t) zwee eidel (im Nu geleert) — d'Plättele feën (die Schüsseln leeren) — gräift zou soulaang nach eppes um P. as! — hätt hien et (d'Meedchen) emol bis um P. (von einem schüchternen Burschen gesagt, der heiraten möchte) — Zussetz.: Fleesch-, Grompre-, Hame-, Taarteplättel; b. «Inhalt einer Platte, eine Platte voll» — e P. Ham wéi en Haus esou héich; 2) (abfällig) «breitkrempiger Damenhut» — wat as dat e P. vun engem Hutt! — wat huet dat e P. um Kapp!; 3) «Säbelgefäß» (Wb. 06); 4) a. «Mensch ohne Manieren» — wohl als Wortspiel: den éischte P. no der Bar; b. «Tolpatsch» — sou en ale P.; c. «plumpe, dicke Person»; 5)in der Redewendung: sil-të-plättel (verballhornt vom frz.: s'il te plaît).
 
plätteleg, plättelzeg Adj.: 1) «plump, unförmig» — e plättelegt Gesiicht; 2) «schwerfällig, plattfüßig» — e plättelege Marsch; 3) «schwatzhaft» — dat as emol e plättelege Mënsch! 4) «tolpatschig» (im Benehmen) — dafür bes.: plättelzeg.
 
plättelen intr. Verb.: «schwatzen, unüberlegt reden» — wéi ech gemengt hat, et wir alles an der Rei, du foung hien un ze p. an d'Saach war Brach — hie koum (ouni Uursaach) dermat geplättelt — cf. erausplättelen — Abl.: Geplättels N. — wat féiert deen e G.!
 
Plätteler M.: «Schwätzer, Prahler» — cf. Tozer(t).
 
plätten trans. Verb.: «mit kleinen Steinfliesen belegen» — d'Kichen, de Gank, d'Buedzëmmer p. — cf. platen.
 
Plättercher F. Pl.: 1)Pl. von Plättchen (s. d.); 2) (lok.: Bauschleiden): «Fastnachtsgebäck».
 
Plätterche(r)s- -buedem M.: «Boden mit Fliesenbelag»; -leër M.: «Fliesenleger, Plattenleger».
 
Plättisgaass F.: «Plätisgasse» (Straßenbez. in Luxemburg-Grund).
 
Plätz F.: 1) «Hof, hinter oder vor dem Hause gelegen» (bes. in Luxemburg-Stadt) — eng geplat P. (mit [Bd. 3, S. 362] Steinplatten belegter Hof); 2) (lok.: Luxbg.-Stadt) «Schulhof, Spielplatz bei der Schule»; 3) (lok. z. B. Echt.) «Bruchstelle an Steingut-, Porzellan-, Glaswaren» — dafür auch: Pleek, Blusch, Téitsch; 4)lok. phV. für Plaz (s. d.) — cf. Haff I sub 1).
 
plätzen trans. Verb.: «in kleinen Stückchen lösen, abkratzen» — d'Kand plätzt de Roff vum Schwier of — cf. plécken sub 2)a.; 2) «Baum zum Fällen zeichnen» (C).
 
plätzeregs. plazereg.
 
pléchen (lok.: Wilwerwiltz) trans./ intr. Verb.: «ackern» — cf. plouen.
 
Pléck I F.: 1) a. «Obstpflücker» — Zussetz.: Äppelpléck (s. d.) — cf. Äppelkierfchen; b. «das Pflücken» — si sin an der P.; c. «Menge, Quantum des Gepflückten» — Frage: sin et vill Quetschen? — Antwort: et as nëmmen eng P.; 2) (lok. z. B. Echt.): «Mal, Zeichen» — eng P. op der Stir (z. B. nach einer Keilerei) — cf. Pleek, Plaz sub 5).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut