LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Pléck bis plëséierlech (Bd. 3, Sp. 362a bis 363b)
 
Pléck II, Pléckert F. und M. — s. Pléik.
 
plécken trans./intr. Verb.: 1) «pflücken» — Blumme, Bounen, Ierbëssen, Äppel, Bire gi gepléckt, Drauwe gi gelies — iron.: fir dëst Jor hu mer d'Äppel gepléckt oder déi brauche mer nët méi ze p. (weil alle Blüten erfroren sind oder auch alle Äpfel gestohlen wurden) — en aner as och nët vun der Heck (s. d. sub 2) gepléckt; 2) a. «sorgfältig abzupfen, abnehmen, ausrupfen» — ech hun d'Hong geplëmmt an duerno propper gepléckt (die kleinen Flaumfedern sorgfältig entfernt) — hatt gesäit aus ewéi e gepléckt Hong (s. d. sub 1) — ech hun nach en Hinnche mat dir ze p. (ein Hühnchen mit dir zu rupfen) — d'Schwäi si soss ëmmer gesengt gin, haut gi se gebréit a gepléckt — dat klengt Kraut muss ee fein (eraus)p., soss rappt een d'Plänzercher mat eraus — pléck nët esou un deem Roff!; b. «sorgfältig aufreißen» (bes. Wolle) — mir hun d'Woll fir déi nei Decken all gepléckt; 3) von Sterbenden — cf. plënneren sub 2)e., räisen sub 1)e.; 4) «herauspicken, wählerisch im Essen herumstochern» — wat hues du nëmmen do ze p., iess alles mat! — e pléckt all Grimmelche Fett vum (aus dem) Fleesch, éier en et ësst — cf. pécken, picken sub 1)b.; 5) «ausbeuten beim Spiel» — cf. beidelen; 6) «erwischen» — d'Jhandaarmen hun e gepléckt — en as gepléckt gi wéi en iwwer d'Grenz wollt goen; refl.: 7) a. «von Federvieh, mit dem Schnabel an den Federn zupfen, in den Federn herumstochern» — Wetterregel: wann d'Hénger sech p., da gët Reen; b. «sich scheuern» — d'Kanner p. sech, wann se schléifreg sin; c. «sich langsam entkleiden» — dajee, maach virun, a pléck dech nët esou (zu einem Kind); d. «sich jem. vornehmen» — deen do p. ech meng eng Kéier — substant.: Plécken N., Abl.: Geplécks N. — mat dene klengen Äppel as dat ent Plécken, e Geplécks ouni Enn.
 
Pléckecht F.: «was man in einer bestimmten Zeit pflücken kann» — huet der vill Uebst? — Och, esou eng P.! — cf. Pléck sub 1)c.
 
Pléckert M.: 1) «im Essen wählerische Person»; 2) «widerwärtiger, kleinlicher Mensch» (C); 3)s. Pléik.
 
Pléckesch F. — s. d. Vor. sub 1 und 2).
 
Pléckmäifelchen M.: «sehr guter Bissen».
 
Pleek (lok.) F.: «Bruchstelle an Steingut und Glaswaren» — cf. Plätz sub 3).
 
Pleester F. — s. Plooschter sub 3).
 
pleielen, plijelen(lok.: Grevenmacher) trans. Verb.: «den jungen Wein aufklopfen, daß die Hefen wieder mit der Flüssigkeit durcheinander kommen, sonst wird der Wein run (s. d.)» (C).
 
pleienintr. Verb: «gewohnt sein, pflegen» — e pleit ëm fënnef Auer opzestoen (pflegt um fünf Uhr aufzustehen) — am Hierscht pleit et ze renen.
 
pléiens. plouen.
 
Pléiert M. — s. Plouert.
 
Pléik, Pléiz F.: «Plötze» — cf. Bréissem, Pléck II.
 
pléiken trans. Verb.: «wird im gemeinen Leben für Geld gesagt, von plaken, in der Bedeutung von schlagen» (Münz, Geld schlagen) — (Ga).
 
Pléipeplap (lok.: Vianden) M.: «Schmetterling» — cf. Päipel
 
Pléiper, Pléiperplap M. — s. Päipel.
 
Pléischter- -rutt (Pl. -rudden) F.: «Spalierlatte» — cf. Klien(te)-, Klinnsprass. -speis F.: «Mörtel»;
 
pléischt(e)ren (Osten u. Norden: pliisteren, plistren, Grevenmacher: ploosteren) trans./intr. Verb.: 1) a. «mit Mörtel verputzen» — Echt.: d'Mauere säi noach rou geplistert; b. «notdürftig, provisorisch in Stand setzen»; 2) a. «quacksalbern» — si hu méintelaang un him erëm gepléischtert, [Bd. 3, S. 363] 't huet awer näischt gedéngt — hien huet ëmmer un sech ze p.; b. «ein Heilpflaster auflegen» (Ga) — en dät näischt ewéi p. (er ist ein siecher, kränklicher Mensch — Ga); 3) übtr.: «trösten» (bes. ein wehleidiges Kind) — Abl.: Gepléischters N. — cf. Plooschter.
 
Pléiz F. — s. Pléik.
 
pleken trans. Verb.: «pflegen» (Wb.06) — cf. pleien.
 
plëmmens. plaimen.
 
Plënner F.: 1) «Umzug, Wohnungswechsel» — wat gët dat eng P.! (viele Mühe mit diesem Umzug) — mar hu mer eng P. ze maachen (morgen haben wir einen Umzug, Wohnungswechsel zu machen); 2)M. — s. Plonner.
 
Plënner- -auto M.: «Transportwagen beim Wohnungswechsel» — cf. Miwwelwon; -geld N.: «Umzugsentschädigung»; -leit Pl. Koll.: «Umzugsarbeiter»; -won M. — cf. Miw(w)elwon.
 
Plënnerchen M. — Dim. von Plonner (s. d.).
 
Plënnerei F. — s. sub plënneren.
 
plënneren trans./intr. Verb.: 1) a. «plündern» — fréier sin d'Stied dacks geplënnert gin; b. «ausrauben, stehlen» — d'Bouwen hun de ganze Bam (de Kiischtebam, d'Uebstbäm) geplënnert — hënt krute mer de ganze Gaart geplënnert — bei engem Brand gët dacks esouvill geplënnert wéi verbrennt; c. «leeren» — de Krëschtbam p. (den Schmuck des Christbaums abnehmen); 2) a. «umziehen ausziehen, den Umzug besorgen» — Ra.: dräimol geplënnert as esou gutt ewéi eemol verbrannt — wien huet der fir ze p.? — de Misch huet äis geplënnert — mir si gëscht an d'Stad geplënnert oder mir hu gëscht an d'Stad geplënnert — mar hu mer ze p., mar hu mer der e puer (fir) ze p. (morgen haben wir den Umzug einiger Familien zu besorgen, sagen die Umzugsarbeiter) — si hun hie geplënnert (haben ihm ein anderes Büro angewiesen); b. «wegziehen, fortziehen» — d'Kniecht si soss ëm Stiefesdag geplënnert — ech wor dees Dénge midd, an du sin ech geplënnert — e gudden Dag as en do geplënnert komm (kam er mit seiner ganzen Habe) — wéi e frech gouf, si mer mat him geplënnert (cf. räsen sub 1)d.) — drohend: plënners de da bal? (wirst du bald abhauen?); c. «Möbel anderswohin rücken, verrücken» — mir si mat de Miwwelen an en anert Zëmmer geplënnert — plënner dat aalt Geméch (Dinge) op den ieweschte Späicher (Dachboden) — wann d'Waasser (Hochwasser) kënnt, muss geplënnert gin — dajee, plënner do, du hënners mech! (rücke weg, du bist hinderlich); d. «beim Kartenspiel, die Karten zusammenlegen, weil man einsieht, daß das Spiel verloren ist»; e. «sich unruhig hin und her bewegen, an den Bettüchern herumarbeiten» (bes. von Schwerkranken gesagt, Zeichen des nahen Todes — cf. plécken sub 3, räsen sub 1)e. — Abl.: Plënnerei F., Geplënners N.
 
Plenter Stellenbez. für Weinbergslage (z. B. bei Stadtbredimus) — a, om P., hanner P. sin d'Drauwen erkaalt.
 
Plëséier, Pläséier (Nösl. Pläseer, lok.: Plësir) F. und M.: «Vergnügen, Freude» — looss em dach séng P., Plëséierchen — vergonn dach dem Kann déi P. — looss e gewäerden, 't as eng onschëlleg P. — wann dat him P. mécht, da looss e gewäerden — mengs de, et wir eng P. dat Getuddels e ganzen Dag nozelauschteren? — hie mécht dat aus purer P. — en huet séng P. dermat — iron.: 't as eng P. wéi eng aner — in Höflichkeitsformeln: et war mer (wiirklech) eng P. — maacht äis déi P. a kommt äis besichen — mat (vill) P. — wann et Iech P. mécht, da kommt mat äis, iron. Zusatz: soen d'Leit, wann se mussen — Äddi a vill P.! (beim Abschied).
 
Plëséierfaart, -räs F.: «Vergnügungsreise» — cf. Loschträs.
 
plëséierlech Adj./Adv.: 1) «unterhaltsam, vergnüglich» — eng p. Saach — e plëséierleche Mënsch — dat as ewell nët méi p. — do hält et op p. ze gin; 2) «angenehm» — p. wunnen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut