LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Plënnerwon bis Ploërei (Bd. 3, Sp. 363a bis 364b)
 
-won M. — cf. Miw(w)elwon.
 
Plënnerchen M. — Dim. von Plonner (s. d.).
 
Plënnerei F. — s. sub plënneren.
 
plënneren trans./intr. Verb.: 1) a. «plündern» — fréier sin d'Stied dacks geplënnert gin; b. «ausrauben, stehlen» — d'Bouwen hun de ganze Bam (de Kiischtebam, d'Uebstbäm) geplënnert — hënt krute mer de ganze Gaart geplënnert — bei engem Brand gët dacks esouvill geplënnert wéi verbrennt; c. «leeren» — de Krëschtbam p. (den Schmuck des Christbaums abnehmen); 2) a. «umziehen ausziehen, den Umzug besorgen» — Ra.: dräimol geplënnert as esou gutt ewéi eemol verbrannt — wien huet der fir ze p.? — de Misch huet äis geplënnert — mir si gëscht an d'Stad geplënnert oder mir hu gëscht an d'Stad geplënnert — mar hu mer ze p., mar hu mer der e puer (fir) ze p. (morgen haben wir den Umzug einiger Familien zu besorgen, sagen die Umzugsarbeiter) — si hun hie geplënnert (haben ihm ein anderes Büro angewiesen); b. «wegziehen, fortziehen» — d'Kniecht si soss ëm Stiefesdag geplënnert — ech wor dees Dénge midd, an du sin ech geplënnert — e gudden Dag as en do geplënnert komm (kam er mit seiner ganzen Habe) — wéi e frech gouf, si mer mat him geplënnert (cf. räsen sub 1)d.) — drohend: plënners de da bal? (wirst du bald abhauen?); c. «Möbel anderswohin rücken, verrücken» — mir si mat de Miwwelen an en anert Zëmmer geplënnert — plënner dat aalt Geméch (Dinge) op den ieweschte Späicher (Dachboden) — wann d'Waasser (Hochwasser) kënnt, muss geplënnert gin — dajee, plënner do, du hënners mech! (rücke weg, du bist hinderlich); d. «beim Kartenspiel, die Karten zusammenlegen, weil man einsieht, daß das Spiel verloren ist»; e. «sich unruhig hin und her bewegen, an den Bettüchern herumarbeiten» (bes. von Schwerkranken gesagt, Zeichen des nahen Todes — cf. plécken sub 3, räsen sub 1)e. — Abl.: Plënnerei F., Geplënners N.
 
Plenter Stellenbez. für Weinbergslage (z. B. bei Stadtbredimus) — a, om P., hanner P. sin d'Drauwen erkaalt.
 
Plëséier, Pläséier (Nösl. Pläseer, lok.: Plësir) F. und M.: «Vergnügen, Freude» — looss em dach séng P., Plëséierchen — vergonn dach dem Kann déi P. — looss e gewäerden, 't as eng onschëlleg P. — wann dat him P. mécht, da looss e gewäerden — mengs de, et wir eng P. dat Getuddels e ganzen Dag nozelauschteren? — hie mécht dat aus purer P. — en huet séng P. dermat — iron.: 't as eng P. wéi eng aner — in Höflichkeitsformeln: et war mer (wiirklech) eng P. — maacht äis déi P. a kommt äis besichen — mat (vill) P. — wann et Iech P. mécht, da kommt mat äis, iron. Zusatz: soen d'Leit, wann se mussen — Äddi a vill P.! (beim Abschied).
 
Plëséierfaart, -räs F.: «Vergnügungsreise» — cf. Loschträs.
 
plëséierlech Adj./Adv.: 1) «unterhaltsam, vergnüglich» — eng p. Saach — e plëséierleche Mënsch — dat as ewell nët méi p. — do hält et op p. ze gin; 2) «angenehm» — p. wunnen.
 
Plëséierlechkät, -keet F.: «Liebenswürdigkeit» — hie wor eng P. an elauter.
 
Plëssdarem, Plësedarem, Plässdarem, Plassdarem F. u. M.: «Place d'Armes» (Platzbez. in Luxemburg-Stadt) — si sin Aarm an Aarm op der P. spadséiere gaang — si wunnen um P. — ronderëm de P. goen (Bummel während des Konzertes) — kënns de den Owend op d' (de) P.? — wann een op der P. houscht, dann héieren s'et op der Gare (vom Klatsch in der Stadt) — in der Pennälerspr. abgekürzt zu: Plëss — ech gin op d'Plëss een huelen (trinken) — de Rendez-vous as op der P.
 
Pli (Pl. Pliën) M.: 1) a. «Bügelfalte» — de Stoff hält de P. nët — dazu: Plimaschin F. — cf. Fal I; b. «Haarwelle» — sech e P. an d'Hoer [Bd. 3, S. 364] drécken — Pliën an d'Hor maachen — dazu: Mise en plis (wie frz.) F.; 2) «Gewohnheit» — wann ee bis eng Kéier de (säi) P. huet, dann . . . (im guten Sinn, z. B. Ordnungssinn, im schlechten Sinn, z. B. Trunksucht).
 
Pliant (wie frz., Ton: 1) M.: «Klappstuhl».
 
plichens. plouen.
 
pliën trans. Verb.: «Haar wellen» — en huet d'Hoer schéi geplit.
 
Plient (pli/εnt — lok.: Pléint, meist wie frz.: plinthe) F.: 1) «Sockel»; 2) «Leiste an der Mauer».
 
Pliicht I F.: 1) «Mühlschwengel, Hebeschiene»; 2) a. «Vorrichtung, worin sich das Steuerruder (Nachen) dreht» (Wb.06); b. «Seitenruder an größeren Nachen» (C); c. «Hinterteil des Nachens» — dafür auch: Bliicht.
 
Pliicht II (lok.: Wiltz) F. — s. Liicht II — géi d'Pliichten zoumaachen, soss reent et eran.
 
plijelen (lok.: Grevenmacher) — s. pléielen.
 
Plimméi, Plimmi, Plumet (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «Federbusch»; 2) «Staubwedel».
 
Plimméis-/Plimmis- -fieder F.: «Hutfeder»; -hutt M.: «Federhut».
 
Plimplam, -plomp M. — s. Päipel.
 
Plisch, Plüsch M.: «Plüsch» — roude, grénge, bloe P.
 
plischen, plüschen Adj.: «aus Plüsch» — eng plische Jhakett — e plüsche Kanapee (mit Plüschüberzug) — plüschen Déieren (Stofftiere aus Plüsch).
 
Pliss, Pelisse (wie frz.) F.: «Pelzmantel mit nach innen gekehrten Haaren».
 
Plissee (Ton: 1) M.: «Plissee».
 
plissee Adj.: «plissiert» — eng plissees Jupe, e plissees Rack.
 
plisséieren (lok.: plissen) trans. Verb.: «plissieren, fälteln» — solle me de Rack p.? — dazu: plisséiert Verbadj.: «plissiert» — eng p. Jupe — de Rack as geplisst — cf. das Vor.
 
Plioir (wie frz., Ton: 1) M.: «Falzbein» (um Papier einzufalzen — Ga).
 
Plo (Pl. Ploën — Nösl.: Ploch [plo·ç], Pl. Plojen — Untersauer: plo·x) F.: 1) «Plage» — sou eppes as eng Schënn an eng P. — dat as déi rengste P.! — mir haten ëmmer eis bor (richteg) P. mat där Saach — mat deem Bouf hate mer ëmmer eis P.; 2) «Plagegeist» — wat bas du awer eng P.! — zu einem Kind: du kleng P. do! — s. d. Folg.
 
Plogääscht, -geescht M.: «Plagegeist» — du P.!
 
ploen (Part. geplot, Nösl. plojen, Konj. Prät. ploocht, Part. geploocht, Untersauer plogen [-γ-], Echt. ploen, Part. geploogt (-x-)) Verb.: 1) trans.: «plagen, quälen» — Ra.: en as geplot wéi d'Pan (s. d.) an der Fuesent (s. d.) — du plos mech méi wéi méng Suen (wéi all näischt Gutts, wéi all mäi Geld) — plo mech dach nët domat, ech hun elo ze din (belästige mich jetzt nicht damit, ich habe noch zu tun) — dee wéie Fanger plot mech Dag an Nuecht — d'Mécke p. een haut ellen (sehr) — iron.: hues de soss näischt, wat dech plot? — wat war ech mat deem Kand geplot, éier et grouss wor — d'Kanner p. d'Mamm de léiwe laangen Dag — plo dat Kand nët esou! — en as genuch geplot, looss e roueg — hie ploogt mech op der Doud — en as mat der Liewer, mam Otem geplot — deen elo as al vun der Dommhät geplot — sou e Misär plot un engem — cf. gehäit; 2) refl.: «sich plagen, sich abrackern, abmühen» — Spw. (iron.): (sech) geplot as och gelieft — Ra. (iron.): 't muss ee sech vill p., fir d'Liewe méisseg erduurch ze kréien — wat muss ee sech p. a geheien! — wat huet dee gudde Mann sech vill geplot a geschand fir séng Familjen erduurch ze kréien! — e plot sech ewéi en Hond — e plot sech, an e kënnt zu näischt — hie brauch sech nët ze p., fir ze léieren, d'Léier kënnt em liicht (en huet d'Léier liicht) — Nösl.: ich ploocht mich dach nët esu (würde mich nicht so plagen) — iron.: fir déi Dommhät fäerdeg ze kréien, dofir brauchs de dech nët ze p. — dazu das Verbadj.: geplot «geplagt» — e geplote Mënsch — e geplote(ne) Mann — et si geplote Leit — Abl.: Geplos, Geploots N. — cf. sech geheien.
 
Ploërei F.: «Plackerei» — cf. Geplos sub ploen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut