LWB Luxemburger Wörterbuch
 
pliën bis Plou- (Bd. 3, Sp. 364a bis 366a)
 
pliën trans. Verb.: «Haar wellen» — en huet d'Hoer schéi geplit.
 
Plient (pli/εnt — lok.: Pléint, meist wie frz.: plinthe) F.: 1) «Sockel»; 2) «Leiste an der Mauer».
 
Pliicht I F.: 1) «Mühlschwengel, Hebeschiene»; 2) a. «Vorrichtung, worin sich das Steuerruder (Nachen) dreht» (Wb.06); b. «Seitenruder an größeren Nachen» (C); c. «Hinterteil des Nachens» — dafür auch: Bliicht.
 
Pliicht II (lok.: Wiltz) F. — s. Liicht II — géi d'Pliichten zoumaachen, soss reent et eran.
 
plijelen (lok.: Grevenmacher) — s. pléielen.
 
Plimméi, Plimmi, Plumet (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «Federbusch»; 2) «Staubwedel».
 
Plimméis-/Plimmis- -fieder F.: «Hutfeder»; -hutt M.: «Federhut».
 
Plimplam, -plomp M. — s. Päipel.
 
Plisch, Plüsch M.: «Plüsch» — roude, grénge, bloe P.
 
plischen, plüschen Adj.: «aus Plüsch» — eng plische Jhakett — e plüsche Kanapee (mit Plüschüberzug) — plüschen Déieren (Stofftiere aus Plüsch).
 
Pliss, Pelisse (wie frz.) F.: «Pelzmantel mit nach innen gekehrten Haaren».
 
Plissee (Ton: 1) M.: «Plissee».
 
plissee Adj.: «plissiert» — eng plissees Jupe, e plissees Rack.
 
plisséieren (lok.: plissen) trans. Verb.: «plissieren, fälteln» — solle me de Rack p.? — dazu: plisséiert Verbadj.: «plissiert» — eng p. Jupe — de Rack as geplisst — cf. das Vor.
 
Plioir (wie frz., Ton: 1) M.: «Falzbein» (um Papier einzufalzen — Ga).
 
Plo (Pl. Ploën — Nösl.: Ploch [plo·ç], Pl. Plojen — Untersauer: plo·x) F.: 1) «Plage» — sou eppes as eng Schënn an eng P. — dat as déi rengste P.! — mir haten ëmmer eis bor (richteg) P. mat där Saach — mat deem Bouf hate mer ëmmer eis P.; 2) «Plagegeist» — wat bas du awer eng P.! — zu einem Kind: du kleng P. do! — s. d. Folg.
 
Plogääscht, -geescht M.: «Plagegeist» — du P.!
 
ploen (Part. geplot, Nösl. plojen, Konj. Prät. ploocht, Part. geploocht, Untersauer plogen [-γ-], Echt. ploen, Part. geploogt (-x-)) Verb.: 1) trans.: «plagen, quälen» — Ra.: en as geplot wéi d'Pan (s. d.) an der Fuesent (s. d.) — du plos mech méi wéi méng Suen (wéi all näischt Gutts, wéi all mäi Geld) — plo mech dach nët domat, ech hun elo ze din (belästige mich jetzt nicht damit, ich habe noch zu tun) — dee wéie Fanger plot mech Dag an Nuecht — d'Mécke p. een haut ellen (sehr) — iron.: hues de soss näischt, wat dech plot? — wat war ech mat deem Kand geplot, éier et grouss wor — d'Kanner p. d'Mamm de léiwe laangen Dag — plo dat Kand nët esou! — en as genuch geplot, looss e roueg — hie ploogt mech op der Doud — en as mat der Liewer, mam Otem geplot — deen elo as al vun der Dommhät geplot — sou e Misär plot un engem — cf. gehäit; 2) refl.: «sich plagen, sich abrackern, abmühen» — Spw. (iron.): (sech) geplot as och gelieft — Ra. (iron.): 't muss ee sech vill p., fir d'Liewe méisseg erduurch ze kréien — wat muss ee sech p. a geheien! — wat huet dee gudde Mann sech vill geplot a geschand fir séng Familjen erduurch ze kréien! — e plot sech ewéi en Hond — e plot sech, an e kënnt zu näischt — hie brauch sech nët ze p., fir ze léieren, d'Léier kënnt em liicht (en huet d'Léier liicht) — Nösl.: ich ploocht mich dach nët esu (würde mich nicht so plagen) — iron.: fir déi Dommhät fäerdeg ze kréien, dofir brauchs de dech nët ze p. — dazu das Verbadj.: geplot «geplagt» — e geplote Mënsch — e geplote(ne) Mann — et si geplote Leit — Abl.: Geplos, Geploots N. — cf. sech geheien.
 
Ploërei F.: «Plackerei» — cf. Geplos sub ploen.
 
Plomb (auch wie frz. ausgesprochen, dann M.) F.: 1) «Plombe, Bleisiegel» — ech muss mer e P. un de Fotoapparat maache loossen, fir e mat iwwer d'Grenz ze huelen; 2) «Zahnfüllung» — de (d') P. as aus dem Zant gefall.
 
plombéieren, plobéieren trans. Verb.: 1) «plombieren, ein Bleisiegel anlegen» — d'Säck mat der Somfruucht gi plombéiert; 2) «einen Zahn füllen» — den Zänndokter sot, ech misst e puer Zänn plombéiert kréien.
 
Plomm F. — s. Plaum. [Bd. 3, S. 365]
 
Plommer (lok.: Esch-Alz.) M.: «Spielball» — cf. Ball I.
 
plomp Adj./Adv.: «plump» — p. an onbehollef — p. wéi e Sak, e Miel-, e Ballesak — plompe Wäin (stark alkoholhaltiger, süßer Wein) — en as p. an der Ried — dat war eng p. Äntwërt — en huet sech p. beholl — en as p. do komm (schwerfällig).
 
plomp(s)en intr. Verb.: 1) «plumpsen» — Kinderreim: et as eng Fra an de Pëtz gefall, ech hu se héiere p.; 2) «besondere Art des Fischens, wobei man den Köder klatschend ins Wasser fallen läßt»; 3)s. klompen sub 2), dafür auch: gläichschloen — Zussetz.: era-, duurchplomp(s)en.
 
Plompert M.: 1) «dumpfer Fall» — cf. Ploufert; 2) «Fluß-, Fischadler» — klenge P., Fëschplompert (schwarzer Milan — Milvus migrans) — grousse P., Fëschplompert (Fischadler — Pandion haliaëtus) — cf. Millang.
 
Plompesgléck N.: «Zufallsglück» — op P. (aufs Geratewohl).
 
Plongeon (wie frz., Ton: 1) M.: 1) Sportspr.: a. «Kopfsprung» (Schwimmen); b. «Hechtsprung» (Fußball); 2) «Fall, Sturz» — cf. Panzschlag sub 1).
 
Plongeur (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «Spüljunge» (Hotel); 2) «Taucher» (Sportspr.) — hien as e gudde P.
 
Plonner (lok.: Plënner — Dim. Plënnerchen) M.: 1) «Plunder, wertloses Zeug» — dee ganze P. as keng fënnef Su wärt; 2) a. «Habe, Habseligkeit» — si si mam ganze P. ugereest komm (mit ihrer ganzen Habe); b. «Kleider und Wäsche» — maach däi P. (Plënnerchen) an da gees de! (pack deine Sachen und geh, du bist entlasen) — übtr.: e gudden Dag koum d'Meedche mam P. (Plënnerchen — s. Päckelchen sub 2); 3) «Ware» — d'Hauséierer hun hire ganze P. an enger Waliss, an engem Kuerf bei sech.
 
Plooschter (Osten und Nösl.: -st-) F., M. und N.: 1) a. «Wundpflaster» — eng gëlle P. (früher: Pflaster aus Menschenkot, heute: Schmerzensgeld) — Ra.: eng P. op en hëlze Been (ein zweckloses Heilmittel, auch übtr.) — englesch Plooschter (Heftpflaster) — Zuss.: Fluessëms-, Heft-, Hief-, Hunneg-, Moschter-, Mutter-, Zéi-, Zittplooschter; b. «Schmutzfleck am Kleid» — kuck, wat hues du eng P. op déngem Rack; übtr.: 2) «lästiger, unausstehlicher Mensch» — du al P.!; 3) (lok.: Echt., im Pl.: Pleester — C) «Gewitterwolken» — lo hannen hénken su schwoarz Pleester (von dräuenden Gewitterwolken gesagt — C).
 
plooschteren, ploosterens. pléischteren.
 
Plott, Pelote (wie frz.) F.: «Knäuel» (Garn) — eng P. Gar, Woll; 2) «Spielball» — Kinderspiel: un, deux, trois qui a la p.?; 3) «Nadelkissen».
 
Plotto(ng), Peloton (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «Gruppe, Zug Soldaten» (Mil.) — déi vum éischte P. musse botzen; 2) «Gruppe, Knäuel Rennfahrer, Läufer» (Sportspr.) — de Jhang as mam P. ukomm — e läit ëmmer hannen am P. — e koum nët aus dem P. eraus — d'Spëtzt vum P. — de P. huet nët agegraff, nët reagéiert.
 
Plou (Pl. Pléi, Nösl.: Plouch [-ç-], Pl. Pléich, Obersauer: Pluch [-ç-], Pl. Plich) M.: 1) «Pflug» — Arten: en eise, en hëlze P. — en eenzege, eeschuerege (einschariger), en dueble, zweeschuerege P., en Zweeschuer-P., en dräi-, véierschuerege P. — e Brabang, Brabänner, Brobänner (s. d. sub 2) — Galéiplou, Gedäbberplou (s. d.) oder Schrauweplou — dafür auch: franséische P., Pressplou, oder einfach: Priës, Wendelplou, Wennert, Hobitz, Hobitz(e)plou (s. d.) auch: Domba genannt — Teile des Pfluges: de viischte P. (Vorderpflug, dafür auch: Ploukapp) — den hënneschte P. (Hinterpflug, Vorder- und Hinterpflug sind durch den Grëndel — Pflugbaum — s. d. sub I, 1) verbunden; Teile des Vorderpfluges: Zoch (Tiefenregler, Selbsthaltekette), Zochketten, Zock, Tirage (Zugkette), Uechterketten, Hinnchen (Vorstecknagel zum Befestigen der Grindelkette), Lomm (Spannstift, Radnagel — cf. Linn V), Kréck fir den Zoch (Kerben für die Zugkette — Grindelhaken, Selbsthalte), Rank (Spannkettenring), Uessestack (Radachsenstock), Schwach(t) (Strebenholz an der Radachse beim Holzpflug) — Héil (Stellwerk am Pflug) — am Zugstellbogen: Fiirkel, Fiirkelsaarm, Gedäbberarem (gespreizte Achsenstrebe), Schëmmel, Pillem, Rong, Bou, Schrauf, Kierb (Teile des Stellstegs mit Stellbügel) — Schlaf fir d'Léngt (Schlaufe zum Durchziehen der Leine) — Kramp (Zughaken), Kéiernol (s. d.), Linn, Krop (Zugstange, Radnagel); — Hinterpflug (dafür gelegtl. de Kapp), de Buusch(t)el (s. d.) vum Plou, de Ploukapp, de Virschieler (Nösl.: Schiällschar, Schiällert), Virmesser (Vorschneider), Kolter (Messersech), Kolterschlass oder Bréck [Bd. 3, S. 366] (Festhaltevorrichtung für Sech), Kolterholz, Schuer (lok.: Lusch — Pflugschar), Schleef (Unterseite der Schar), Nues, Spëtzt (Scharspitze), Réischter (Rüster, Streichbrett); das Streichbrett ist am Pflugbalken mit dem Kapp an dem Buuschel (vordere Griessäule), dem Männchen (an der hinteren Griessäule) befestigt, verstärkt durch d'Stäip (Querstrebe); die Sohle heißt: Fouss, Féisschen, Talong, Schong; Arem, Stäerz (Gäiz, Har, Plouhar — Pflugsterz) sind durch die Strief verbunden und verstärkt; am Handgriff befindet sich die Schleef (verhindert das Schleifen des Griffes über den Boden) — Teile am alten Holzpflug: Kap (Sechholz), Séiweck (Sechholz, das zum Richten der Pflugschar dient), Kläpper (Pflugstöckchen oder Gedeck) — Einstellung, Regulierung: de P. stellen, setzen (die Pflugtiefe, -breite regeln) — ech kéieren de P. un, de P. geet un (zum Lande hin) — ech kéieren de P. aus, de P. geet aus (vom Lande weg) — ech kéieren de P. op (stelle den Pflug hoch), of (tief), un (breit), ewech (schmal) — un (an) de P. fueren (pflügen) — cf. plouen — et léisst een de P. de Wanter duurch nët dobausse stoen — en huet vill ënner dem P. (er beackert viel Land) — Raa.: dee geet (fiirt) eleng an de P. (er ist nicht auf fremde Hilfe angewiesen) — dat as säi P. (davon hat er den Nutzen) — de beschte P. mécht heiansdo eng kromm Fuer — deen (de Plou) nët schierft, schierft d'Päerd (Warker) — ech sin esou midd, wéi wann ech (e ganzen Dag) an de P. gefuer wir — hues de wëlles an de P. ze fueren? (wenn sich jem. ein großes, dickes Butterbrot zurechtgemacht) — d'Päerd hanner de P. spanen (das Verkehrte tun) — de P. mat den Haren huelen; 2) «Nutenhobel»; 3) «altes Fahrzeug, bes. altes Fahrrad»; 4) «plumper, ungelenkiger Mensch» — du (domme) P.! — wat as dat e P.!
 
Plou-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut