| pressant Adj.: «eilig» — eng p. Saach.
prësséieren, presséieren intr./refl. Verb.: «eilen» — dee Bréif prësséiert — Dir sid jo nët prësséiert? (Sie haben es doch nicht eilig?) — bas d'ëmmer sou p.? — prësséiert et? — du brauchs (dech) nët ze p., du kënns jo dach ze spéit — hien huet sech nët prësséiert — ech si prësséiert (habe es eilig, oft bei Stuhl-, Harndrang gesagt) — sief dach nët esou prësséiert! — d'Saach prësséiert (es eilt) — spaßh.: 't as näischt wat (sou) prësséiert, sot de Schellem, deen se wollten hänken — dat hätt dach nët prësséiert, soen d'Leit, wann ee séng Schold ausmécht (bezahlt — Höflichkeitsformel) — substantiv.: de Prësséierten hun (Durchfall haben) — e Prësséierten (jem., der es eilig hat).
pressen, pretzen (Nösl. neben pressen auch präässen) trans. Verb.: «pressen» — Hä, Stréi p. — deen elo presst engem de leschte Su aus (den) Hännen — mir souzen ewéi gepresst do — Zussetz.: aus-, ausernee-, beienee-, no-, zesumme-, zoupressen — cf. bretzen.
Pressen Pl. F.: «Tiefgangregulator am Pflug» — cf. Präs.
Prëssëssioun (Norden und Westen: Prëssioun, Mosel: Prësëssjoun, Lux.- Stadt: Prossëssioun — lok.: Prëssioun) F.: 1) «Prozession» — mat der P. goen — an der Oktavzäit kommen d'Prëssësssiounen aus dem ganze Land an d'Stad; 2) übtr.: «lange Reihe» — si kommen do (wéi) an enger laanger P. (schreiten in langen Reihen daher) — et war eng ganz P. (viele Menschen in langen Reihen) — d'Seechommesse (Ameisen) kommen an enger laanger P. an d'Kichen — mir sin do an eng P. erageroden (in eine lange Reihe wartender oder fahrender Autos) — d'Leit maache P. virun dem Buttéck (stehen Schlange, stehen bei einem Laden an) — dovu geet keng P. (Ga: davon ist nicht die Rede) — Zussetz.: Bitt-, Donatus-, Erläiche-, Liichter-, Markus-, Muttergottes-, Oktav-, Par-, Pescht-, Roukes-, [Bd. 3, S. 384] Rousekranz-, Schluss-, Sprangprëssëssioun — cf. Kräiz sub 1).
Prëssëssiouns-/ prëssëssiouns- -altor M.: «Prozessionsaltar»; -fändel M.: «Prozessionsfahne»; -kanner Pl. N.: «festlich gekleidete Kinder bei einer Prozession» — cf. Engelchen sub 2; -kräiz N.: «Kreuz, das der Prozession vorangetragen wird»; -lanter F.: «Laterne mit Kerze, beweglich an einer Tragstange befestigt, damit sie immer senkrecht hängt — in Prozessionen beim Sakrament getragen»; -marsch M.: «Musikmarsch mit feierlicher, getragener Melodie»; -sonndeg M.: «letzter Sonntag der Marienoktave in Luxemburg-Stadt an dem die feierliche Schlußprozession stattfindet» — cf. auch: Schluß(oktav)sonndeg, Muttergottessonndeg; -wee M.: «Weg, den die Prozession nimmt» (bei Prozessionen oft mit Blumen bestreut); -weis Adv.: «prozessionsweise, in langen Reihen» — d'Leit koume p.
Prësses-poar (lok. Untersauer) F.: «Pfarrprozession» — cf. Parprëssioun.
Pressioun F.: 1) «Pression, Druck» — 't as keng P. méi um Béier, um Gas — maach P., da kriss de Schaum op de Béier — ënner P. (unter Druck, auch übtr.); 2) «Abzapfvorrichtung am Bierfaß» (mit Pumpe, die bei Veranstaltungen im Freien gebraucht wurde); 3) «Druckknopf».
Pressiounsbotzert M.: «Brauereiangestellter, der die Bierleitungen in den Schankwirtschaften reinigt».
Prestige (wie frz.), Prestiisch M.: «Ansehen, Geltung» — säi P. huet al gelidden — säi P. as nët grouss — dat as nëmmen eng Fro vu P. — mam P. geet et nët duer — dazu: Prestigefro F.; -saach F.
Prêt (wie frz.) M.: 1) a. «Darlehen» — e P. gin, ufroen; b. (bisweilen) «Anleihe» (gew.: Emprunt) — e P. maachen; c. «Ausleihe in Büchereien» — de P. an der Bibliothéik as haut zou — hie schafft am P.; 2) (dafür auch: Prett) a. «Löhnung» (veraltet); b. «Taschengeld» (C) — Echt.: hoas de däi P. schuns gréit? — cf. Virschupp.
pretenent (lok.) — s. impertinent.
Pretentioun F.: «Anspruch» — en huet weider keng Pretentiounen.
Prétexte (wie frz.) M.: «Vorwand» — e sicht no alle méigleche Pretexter.
prett (lok.: prät) Adj./Adv.: «bereit» — 't as alles p., wann s de kënns — déng Kleder leie p., du brauchs dech nëmmen unzedoen — maach dech p., lo fuere mer.
Prett M. — s. Prêt sub 2).
Pretten ON.: «Prettingen» — Dorf der Gemeinde Lintgen, Kanton Mersch — 323 — Ra.: wéi ze Pretten op Allerséilendag (s. d.).
Pretz F. — s. Bretz.
pretzen Verb.: 1) — s. bretzen; 2) — s. pressen.
prevenéieren (prë-) trans. Verb.: 1) «warnen» — du waars prevenéiert — ech hat dech dach prevenéiert; 2) «benachrichtigen» — ech p. deen Dag, éier mer kommen — frz. prévenir.
Prix (wie frz.) — in verschiedenen französischen Ausdrücken: P. courant, P. coûtant, P. d'ami, P. fixe (Ton auf der ersten Silbe von courant, coûtant; d'ami auf der letzten Silbe) — à tout p.
priedegen, priedéchen (Nösl.: priäddigen, lok. z. B. Echt., Wiltz: predigen) trans./intr. Verb.: 1) «predigen» — Raa.: de Paschtouer priedecht nëmmen eng Kéier (an der selwechter Mass), keng zweemol (ablehnende Antwort auf eine Nachfrage, wenn jem. nicht verstanden oder nicht zugehört hat) — jidderee priedecht fir séng Por — denen aneren (engem Wëllegen — cf. Dawen) as gutt p. — an de Bësch (era) p. (tauben Ohren predigen) — eng Missioun, eng Andacht p. — eise Paschtouer ka gutt (schlecht) p. — hien huet kee Geschéck fir ze p.; 2) «zureden, ermahnen» — ech hun him de Kapp voll gepriedecht, et konnt näischt déngen — e priedegt wéi e Paschtouer — Abl.: Priedegen, Gepriedegs N. — all (säi) P. (G.) hëlleft näischt — hal emol op mat déngem (deem) Gepriedegs! — Zussetz.: virpriedegen.
Priedeger M.: «Prediger» — en dichtege, éischte P. — Zussetz.: Oktav-, Missiounspriedeger.
Priedegt (Echt., Wiltz: Predigt, Nösl.: Priäddicht) F.: 1) «Predigt» (des Geistlichen) — Ra.: eng laang P. an eng kuurz Wurscht (Träip), dovu kritt een de Bauch nët voll — Kinderpredigt (s. MKr Nr. 148 ff.): Et wor emol en Hong an en Hunn / méng Priedegt as un / et wor emol eng Kou an e Kallef / méng P. as hallef / et wor emol eng Kaz an eng Maus / méng P. as aus / nu kënnt der alleguerte goen / dach muss ech iech dat hei nach soen / huet der eppes, dann [Bd. 3, S. 385] iesst et / huet der näischt, vergiesst et / huet der e Stéckelche Brout / dann deelt an der Nout / behaalt der ettelech Grimmelcher / da street se fir d'Villercher — dazu Variante ab achtem Vers: Schou mécht mer aus Lieder / eisen Hunn, deen dréit Fiederen / Fiederen dréit eisen Hunn / dohanne këmmt en Hong an en Hunn / méng P. fänkt un / dohanne kënnt eng Kou an e Kallef / méng P. as hallef / dohanne kënnt eng Kaz an eng Maus / méng P. as aus, weiter mit: huet der eppes . . . — Amen, Amen / eis Gääss huet zwou Mamen / zwou Mamen huet eis Gääss / d'Zopp, déi as hääss / hääss as d'Zopp / eis Kou kréit Schlupp / Schlupp kréit eis Kou/ aus Lieder mécht mer Schou / Schou mécht mer aus Lieder /d'Gäns, déi huet Fiederen / Fiederen hun d'Gäns / eis Päerd hu Schwänz / Schwänz hun eis Päerd / duerfir sin se souvill wäert / wäert sin se och dofir souvill / aus Holz mécht mer Dill; 2) «Gerede, Geschimpfe» — ech si sénger Priedegten esou läd ewéi der kaler Ierbëssen — hal keng P. a géi op déng Schaff (a géi schaff eppes) — méng Fra huet mer eng laang P. gehalen; 3) «Handwerkerspruch der Bauleute, der Maurer nach Vollendung des Neubaues» — Spruch: Da wënschen ich eisem léiwe Bauhär ein fettes Rind, und der lieben Baufrau ein (liebliches) Kind, der Magd zwei und der Duechter drei (man trank dabei reihum aus einem Glas, zerbrach es am Boden und kehrte die Scherben sorgfältig weg).
Priedegtstull M.: 1) «Predigtstuhl, Kanzel» — spöttisch dafür auch: Bidden (Bütte) — vum P. gehäit gin (in einer Predigt zurechtgewiesen oder angegriffen werden, auch: als Brautleute von der Kanzel aufgeboten werden); 2) «einer Kanzel ähnliche Felsformation» (so z. B. in Luxemburg-Stadt, bei Michelau, Berdorf — cf. Gr. Nr. 794, 882, 1006).
Priës M.: «Pflug» — cf. sub Plou.
Prim F.: 1) «Prämie, Preis» — op der Kopp vum Bierg wor eng P. ausgesat (beim Straßenrennen war eine Spurtprämie auf der Bergspitze ausgesetzt) — Zussetz.: Mu(e)rksprim; 2) «Versicherungsgebühr» — d'P. vun der Feierversécherong; 3) «Bogenzeichen, Signatur» (Druckerspr. — die Bogenziffer auf der ersten Seite eines Werkbogens, dient dem Buchbinder zum Zusammenlegen: assebléieren, collationnéieren) — frz. prime. | |