LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Prisonnéier(ten), Prisenéier bis Profadem (Bd. 3, Sp. 386b bis 387b)
 
Prisonnéier(ten), Prisenéier M.: «Gefangener» — cf. Gefaangenen.
 
privat Adj./Adv.: «privat» — dat si ménger privater Saachen — p. wunnen (wohnen) — p. Gespréicher sin nët zougelooss (private Telefongespräche) — p. Nummer, p. Tëlefonsnummer (Nummer in der Wohnung, im Ggs. zur Geschäfts- oder Praxisnummer, auch: nicht im amtlichen Telefonverzeichnis geführte Nummer).
 
Privat- -beamten M.: «Privatbeamte»; -beamtekääss F.: «Privatbeamten (pensions)kasse»; -beamtekrankekääss F.: «Krankenkasse der Privatbeamten»; -beamteveräin M.: «Privatbeamtenvereinigung»; -besëtz M.: «Privatbesitz»; -fieschter M.: «Privatförster, Jagdaufseher des Jagdberechtigten»; -gespréich N.: «Privatgespräch» (Telefon); -haus N.: «Privathaus»; -initiativ F.: «Privatinitiative»; -liewen N.: «Privatleben»; -mann (Pl. -leit) M.: «Privatmann»; -menong F.: «Privatmeinung» — dat as méng P. an dat geet keen näischt (keen eppes) un; -nummer F. und M.: «Privatnummer» (Telefonanschluß neben der Geschäftsnummer) — huet en eng P.? -recht N. — wie hd.; -saach F.: «Privatsache» — dat si (ménger) Privatsaachen, déi gin dech näischt un; -sekretär(in) M. (F.) — wie hd.; -schoul F.: «Privatschule»; -stonn F.: «Privatstunde, Nachhilfestunde»; -wee M.: «Privatweg».
 
privéieren refl./trans. Verb.: «sich etwas versagen» — si hun sech al (elle) misse p., fir de Jong op d'Schoul [Bd. 3, S. 387] ze schécken — privéier dech dees nët! — ech wëll dech ës nët p. (es dir nicht entziehen) — dazu: Privatioun F.: «(freiwillige) Entsagung» — dat as keng P. fir mech — frz. se priver, privation.
 
Privileg, Priwileesch (Priwiläom †, Prowiläom † — Pl. Privileg(i)en, Priwilejhen) M.: 1) «Privileg, Vor-, Sonderrecht» — engem de P. gin — hie mengt en hätt e P. op alles; 2) «Schankwirtschaftsrecht» — 't läit e P. om Haus — cf. Konzessioun sub 2).
 
Proaf (lok.: Echt.) M.: «Pfropfen zum Verkeilen der Stäipen beim Nachenbau».
 
probat Adj.: «probat» — e p. Mëltel.
 
Probéier(chen) F.: «Probe, Versuch» (bes. beim Kegel-, Knickerspiel: Probewurf) — 't as näischt iwwer eng P. — spaßh.: 't wor nëmmen eng P., sot d'Meedchen — cf. Probéieres, Geprobéiers.
 
probéieren (lok.: probiren, Nösl.: probeeren) trans./intr. Verb.: «probieren, einen Versuch machen, wagen» — ech hun dacks genuch probéiert, 't geet nët — wann s de näischt probéiers, kanns de zu näischt kommen — probéier et emol nach eng Kéier (auch drohend) — e Motor (aus-)p. — mir hun den neie Wäin emol probéiert — dat wär emol ze p.! — et wir emol fir eng Kéier ze p. — drohend: da probéier emol! — bei der Schießbude: Jonge, probéiert emol! — Nösl.: ich probeert et dach na éng Keer (ich würde es doch noch einmal versuchen) — ech wëll et emol mat him p. (ihn versuchsweise einstellen) — si haten emol probéiert (wenn kurz nach der Heirat ein Kind geboren wird) — d'Päerd p. (durch den Hengst feststellen lassen, ob die Stute genügend brünstig ist) — substantiv.: P. geet iwwer Stodéieren — Abl.: Probéier(e)s, Geprobéiers N. — mat vill Probéieres sin ech drop komm — wat as dat mer fir e Geprobéiers! — cf. versichen sub 2).
 
Probéierstän, -steen M.: «Prüfstein» (Wb.06).
 
Probéierschlauch M.: «Schlauch der zum Pröbeln benutzt wird» (Winzerspr.) — cf. schlauchen.
 
Problem (Ton: 1 oder 2) M.: 1) a. «mathematische, physikalische Aufgabe»; 2) (lok. Ton: 2) «soziale, politische, wirtschaftliche Frage(stellung), Streitfrage» — do läit de P. nët; 3) «Rätsel» — et as mir nach e P., wéi dat geschéie konnt; 4) «Schwierigkeit» — sou eppes as haut kee P. méi — hien huet alt esou séng Problemen (meist Ton: 1) (Problemer — meist Ton: 2).
 
problematesch Adj.: «problematisch, fragwürdig» — dat as alles nach ganz p.
 
Produkt (Pl. Produkter) M. und N.: «Produkt» — en däitscht, e belscht, franséischt P. — neuerdings dafür auch: Produit (wie frz., Ton: 1) M. — Zussetz.: Industrie-, Naturprodukt.
 
Produktioun F.: 1) «Produktion» — d'P. as zréckgaang — d'P. geet nach ëmmer an d'Luucht; 2) «Produktionsbetrieb» — e schafft an der P. op der Schmelz; 3) «Schaustellung, Darbietung».
 
Produktiounsbetrib M.: «Produktionsbetrieb».
 
Produktiounsziffer F.: «Produktionsziffer».
 
produzéieren trans./refl. Verb.: 1) «produzieren, erzeugen» — wat p. se an där neier Fabrek? — iron.: wat hues du dann do produzéiert? (gebastelt); 2) «sich auffallend anstellen, aufspielen» — en huet sech op der Schueberfouer produzéiert — da produzéier dech emol! (zeige, was du kannst).
 
Produzent M.— wie hd. — beim P. as d'Wuer vill méi bëlleg — mir kréien eise Wäin direkt vum P.
 
Profademim Kinderreim: Adem, Profadem . . . (Ballspiel).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut