ProduktProduktiounProduktiounsbetribProduktiounszifferproduzéierenProduzentProfademProféitProfesserProfesseschProfessorinProfessiounprofessionelProfessionellenprofezeienGeprofezeisProfezeiungProfiProfilProfileisenProfitProfitchenprofitéieren, profëtéierenProfiteurprofit(er)lechProfit(er)lechenProgrammprogramméissegProgrèsProjetProj(h)ekterProjhektiounProjhektiounsapparatprojhezéierenProk(e)rör, Prokurör, Prokurär, ProcureurP. généralprok(e)réieren, prokuréieren, prokoterenProk(r)oterproklaméierenProklamatiounProkuraProkuratiounProkuristProloñgatiounProlongéeproloñjhéierenPromelpromenaadjesPromenadpromenéierenPromillPrommPrommbiergPrommendéierPromotiounpromptpronoñcéierenpronoñcéiertPronostikPropagandaPropaganda-PropagandabladPropagandachefPropagandakommissiounPropagandamëttelPropagandariedPropagandaschrëftPropagandasuënPropagandatrickPropagandaziedelpropajhéierenProportiounProporzProposproposproposéierenPropositiounpropperp. maachenPropperenProppertPropperesProppertéit, PropretéitPropriétaireProprietéitProsaProcédéprositProspektProsperProspërProssProsseewelbaprost, proscht, broscht, brostprosten (-scht-)ProteeswiesselProt(t)protegéieren, protëjhéierenProtégéProtëkoll, Protokoll, Prëtëkoll | Produkt (Pl. Produkter) M. und N.: «Produkt» — en däitscht, e belscht, franséischt P. — neuerdings dafür auch: Produit (wie frz., Ton: 1) M. — Zussetz.: Industrie-, Naturprodukt.
Produktioun F.: 1) «Produktion» — d'P. as zréckgaang — d'P. geet nach ëmmer an d'Luucht; 2) «Produktionsbetrieb» — e schafft an der P. op der Schmelz; 3) «Schaustellung, Darbietung».
Produktiounsbetrib M.: «Produktionsbetrieb».
Produktiounsziffer F.: «Produktionsziffer».
produzéieren trans./refl. Verb.: 1) «produzieren, erzeugen» — wat p. se an där neier Fabrek? — iron.: wat hues du dann do produzéiert? (gebastelt); 2) «sich auffallend anstellen, aufspielen» — en huet sech op der Schueberfouer produzéiert — da produzéier dech emol! (zeige, was du kannst).
Produzent M.— wie hd. — beim P. as d'Wuer vill méi bëlleg — mir kréien eise Wäin direkt vum P.
Profadem — im Kinderreim: Adem, Profadem . . . (Ballspiel).
Proféit M.: «Prophet» — Ra.: 't as kee P. an séngem Land (doheem — s. dazu die bodenständigeren Ra. unter helleg sub 1) — wéi et an de Proféite steet (wie es in der hl. Schrift steht) — e P. a säi Sak — en dreckege, e falsche, schlechte P. — cf. Moses — Zussetz.: Drecks-, Wiederproféit.
Professer (Ton: 2 — oft iron. gebraucht — Pl. Professeren, Dim. [spöttisch] Professerchen — Echt.: Profeesser — die vielgebrauchte Abkürzung Prof M. [für Professor und Professorin] ist Neol.) M.: «Professor, vor allem Lehrer an höheren Schulen» — e geet fir englesche, däitsche, franséische P. (er wird Lehrer [an der höheren Schule] der englischen, deutschen, französischen Sprache und Literatur) — spöttisch: e P. vun der Doudangscht (s. d.), vun der Domenécksmillen (Dummkopf), voan der Holzkoamer (Echt.) — auf die Frage nach dem Beruf: wat as en? — Antwort: och esou e klenge (en [Bd. 3, S. 388] hongrege) Professer(chen) — Zussetz.: Geschichts-, Mathematiks-, Chimis-, Gesank-, Museks-, Turnpr. usw., Kueleprofesser (Pennälerspr.: Saaldiener) — cf. Broutfréisser sub 3).
Professesch (Ton: 2), Professorin F.: «Professorin».
Professioun F.: «Profession, Beruf, Stand» — wat as e vu P.? — wat fir eng P. huet en? — en huet keng P. — Hüllwort für Schinder, Henker: ee vun der P. — cf. Beruff.
professionel Adj.: wie hd. — dazu substantiv.: Professionellen M. — cf. Profi.
profezeien trans. Verb.: «prophezeien, vorhersagen, voraussehen» — ech hun der et profezeit, mä du wolls mer jo nët glewen — wann de Käizche rifft, profezeit dat Ongléck (auch: gutt Wieder) — Abl.: Geprofezeis N. — hal dach eemol op mat déngem G.!
Profezeiung F.: «Prophezeiung» — dat si mer alt esou Profezeiungen, dat gleeft haut kee Mënsch méi — Zussetz.: Wiederprofezeiung.
Profi (Ton: 1 — Sportspr.) M.: «Berufssportler».
Profil (pro/fil) M.: «Profil» — eng Zeechnung am P. — e Portri vu P. (seitlich) — de P. vun engem Pneu (Riffelung eines Reifens) — Zusssetz.: Summer-, Wanter-, Grey-, U-, T-profil.
Profileisen N.: «Profilstahl».
Profit (pro/fit) — (Dim. Profitchen) M.: «Profit, Vorteil, Gewinn» — Ra.: vum P. muss de Judd liewen — de ganze P. as bei der Däiwel (as zum Däiwel gaang) — en as nëmmen op de P. aus — e kennt jhust säin ägene P. — et as nëmmen zu déngem P. — hie weess aus alles P. ze zéien — warnend, drohend: dorunner hues de kee P.! — sief ës sécher, et as em kee P. — cf. Gewonn.
Profitchen (Ton: 2) M.: 1) (oft abfällig) «Vorteil» — hie weess (hien huet) ëmmer säi P. derbäi; 2) «tellerartiger Kerzenleuchter mit Rundgriff zum Aufbrennen der Kerzenreste, mit Spitze um die Kerze aufzustecken, Leuchterknecht» (veraltet).
profitéieren, profëtéieren (Ton: 3) trans./intr. Verb.: «profitieren» — ech wollt vun der Geleënheet p. wéi ech grad hei war — dat huet em (nët) profitéiert — ech wëll sénger nët p. (cf. begieren) — hie profitéiert vun alles — ech wëll nët dervu p. — et profitéiert dem Haus nët, wann et eidel steet — e Meedche p. (mißbrauchen).
Profiteur (wie frz.) M.: «gemeiner Nutznießer» — en houere P.
profit(er)lech (Ton: 2) Adj.: 1) «vorteilhaft, einträglich» — déi kleng Äppel si méi p. fir d'Kanner wéi déi déck — eng p. Ham (Schinken ohne viel Abfall, mit sehr wenig Speck); 2) «auf seinen Vorteil bedacht» — dee Mënsch as eemol zevill p. — substantiv.: Profit(er)lechen M.
Programm M.: 1) «Programm, Plan» — de P. vun den Aarbechten, déi nach gemaacht musse gin — wat steet um P.? (was ist vorgesehen?) — ech hu mir mäi P. gemaacht — sou Saache stin nët op séngem P.; besonders: a. «Unterrichtsplan, Lehrplan» — de P. vun der Schoul — dem P. no fueren, de P. anhalen (den Lehrplan befolgen); b. «festgelegte (Spiel-)Folge, vorgesehener Ablauf» — de P. vum Radio — dat Theaterstéck steet haut nët op dem P., as haut nët um P.; c. «Festordnung» — et as alles nom P. verlaf, gaang — Zussetz.: Fest-, Kinos-, Theaterprogramm; 2) «Darlegung von Grundsätzen» — de P. vun der Partei — Zussetz.: Parteiprogramm; 3) a. «gedrucktes Schulprogramm, auch die darin veröffentlichte, wissenschaftliche Abhandlung» (früher) — Zussetz.: Schoulprogramm; c. «gedruckte Spielfolge» — Programme(r) verkafen, drécke lossen.
programméisseg Adj.: «programmmäßig» — besser dafür: nom Programm.
Progrès (wie frz., Ton: 1 oder 2 — Pl. Progräen) M.: «Fortschritt» — mam P. mat virugoen — en huet Progräe gemaacht (z. B. vom Schüler gesagt) — du kanns nach vill Progräe maachen, éier eppes mat der gët — cf. Fortschrëtt.
Projet (wie frz., Ton: 1 — Pl. Projheën) M.: «Projekt, Entwurf, Plan» — séng schéinst Projheë sin an d'Waasser gefall — d'Saach as eréischt am P. — et gouf e P. an d'Chaber abruet — Zussetz.: Gesetzprojet.
Proj(h)ekter M.: «Projektor» — e P. fir Filmen ze spillen, fir Diaën ze weisen — Zussetz.: Dia-, Filmprojekter.
Projhektioun F.: «Projektion, Vorführung» (Dia, Film).
Projhektiounsapparat M.: «Projektionsapparat».
projhezéieren trans. Verb.: «projizieren, vorführen» (Dia, Film).
Prok(e)rör, Prokurör, Prokurär, Procureur (wie frz.) M.: 1) «Staatsanwalt» — drohend: ech gi bei de [Bd. 3, S. 389] (bis un de) P. — engem mam P. dräen (drohen) — de P. huet den Daum nach drop (von jungen Mädchen unter 15 Jahren) — dazu: P. général (wie frz.) M.; 2) (nicht die frz. Form) «Klatschbase» — cf. Prëkroter.
prok(e)réieren, prokuréieren, prokoteren — s. prëkoteren — si hu laang zesumme prokuréiert.
Prok(r)oter M. — s. Prëkroter.
proklaméieren trans. Verb.: «proklamieren» — d'Resultater gin den Owend nach proklaméiert.
Proklamatioun F.: «Proklamation».
Prokura F.: «Prokura» — en huet P. — engem P. gin — cf. Vollmacht, Pouvoir. | |