LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Propagandakommissioun bis Protection civile (Bd. 3, Sp. 389b bis 391a)
 
-kommissioun F.: «Werbekommission»; -mëttel M.: «Werbemittel»; -ried F.: «Werberede»; -schrëft F.: «Werbeschrift»; -suën Pl. M.: «Werbeausgaben, Werbegeld»; -trick M.: «Werbetrick»; -ziedel M.: «Werbezettel».
 
propajhéieren trans. Verb.: «verbreiten» — eng Iddi p. — frz. propager.
 
Proportioun F.: «Verhältnis» — déi richteg Proportiounen am Zeechnen.
 
Proporz M.: «Verhältniswahlsystem» — fir d'Chaber gët nom P. gestëmmt.
 
Propos (mit stimmhaftem s, Ton: 2) F.: 1) «Vorschlag» — ech maachen Iech eng P. (für: Propositioun) — dat do as eng gutt P. — hien as an der P. (er ist im engeren Wettbewerb als Kandidat vorgeschlagen worden); 2) «Spielansage in Kartenspielen» (z. B. Whist) — ech hun eng P. (Ansage) dafür auch: ech man op — Spielvorgang: erster Spieler (Ansage); der Mitspieler sagt: avec oder mat, ech gi mat — bei enger P. mussen déi zwéi Spiller (am Whist) zesummen aacht Streech kréien, spillt een eleng d'P. (oder geet en eleng) da brauch en nëmme fënnef Streech.
 
propos (wie frz., Ton: 1 oder 2) — in der Ra.: à propos (beiläufig gesagt, es fällt mir eben ein) — à p., ech denken elo grad drun — à p., wat sollt ech elo soen?
 
proposéieren trans. Verb.: 1) «vorschlagen» — ech p. hie fir déi Aarbecht — wat proposéiers du? — de Jhang as proposéiert (als Kandidat vorgeschlagen); 2) «ansagen» (beim Kartenspiel z. B. Whist) — ech p., wie [Bd. 3, S. 390] geet mat, wien as avec? — frz. proposer — cf. Propos sub 2).
 
Propositioun F.: «Vorschlag» — et koumen nëmmen dräi Kandidaten a P. — maach eng P.! — cf. Propos sub 1), Virschlag sub 1).
 
propper Adj./Adv.: 1) «sauber, reinlich» (von Gegenständen und Personen) — p. wéi geleckt, wéi aus enger Béchs, Liedchen, Lued — d'Fra hält d'Haus schéi p. — e Kand p. leën — d'Kand as nach nët ganz p. — iess däin Teller p.! (iß alles säuberlich auf!) — hien huet p. Aarbecht gemaacht (saubere Arbeit geleistet, auch: alles aufgegessen) — ech wëll, datt déi Saach p. bleift — p. as p. (im Gegensatz zu moralischer Liederlichkeit) — ironisch: si hun äis p. sëtze gelooss — hien huet d'Meedche (schéi, fäi) p. sëtze gelooss — den Hond huet d'Friesse (schéi) p. stoe gelooss — bei esou Affären hält en sech (schéi) p. eraus — lo sti mer p. do! (jetzt sind wir übel dran, belemmert) — ech hat mech (schéi) p. ausgespaart — hien huet sech eng p. geknätzelt (er ist sehr betrunken) — du as hie schéi p. sénger Wee gaang — ech hu misse p. stëllhalen, wéi dee Bouf geschwat huet — ech musst p. mat op d'Geriicht goen — ech hun alles p. bezuele missen, bis op de leschte Su (mußte alles restlos bezahlen) — mit dem Verb. maachen: p. maachen «säubern, fegen, spülen» — e Kand p. maachen — d'Kou huet sech p. gemaacht — cf. schéin sub 2); 2) «schuldenfrei» — nach e gutt Jor, da si mer p. — hie steet p. do; 3) «ordentlich, anständig, einwandfrei» — eng p. Fra — e proppere Wäin — e proppert Déngschtmeedchen — p. iessen (manierlich) — bei hinnen as nët alles (ganz) p. — eng p. Ried — e proppert Mëttegiessen — p. schaffen — séng Hänn si p. (eigtl. und übtr.) — en huet sech nët p. beholl, nët p. erausgezunn — p. schreiwen (auch: rein schreiben) — hie schreift an e schwätzt e proppert Franséisch; 4) a. «schön, schmuck, hübsch» — e proppert Meedchen; b. «adrett» — p. gekleet sin; 5) a. «ohne Makel» — déi Famill as nët ganz p. (hat skrofulöse Krankheiten, Tuberkulose) — hie wor nët ganz p. am Krich (seine politische Einstellung war anfechtbar); b. (iron.) «unangenehm, schmutzig, unziemlich» — dat si mer jo p. Saachen, Affären, Geschichten — dat as mer e proppere Knaschtsak — e proppere Mossjö — e proppert Schwäin — spaßh. (Echt.): en p. Fra? Si hoat de Gubbelche mam Himsläpp (Hemdzipfel) ofgewëscht oder den Dësch mam Besem gekeert — substantiv. (meist in negativen Bed.): Propperen M., Proppert N. — iron.: mä, dat as mir e P.! — spaßh.: dat as nach laang kee Propperen, deen sech all Dag muss wäschen (sagt jem., der sich nicht gern wäscht) Propperes N. — dat ka mer eppes P. gi mat deem, e versteet jo kee Fatz dervun — do hues du eppes P. ugeriicht! — lok. Bettborn: ei, dat gët mer wat P. dat elo, an der Däiwel kréi säi Spaass drun.
 
Proppertéit, Propretéit F.: «Reinlichkeit» — Raa.: P. as d'halleft Liewen — spaßh.: 't as näischt iwwer d'P., sot d'Fra, do huet se den Dësch mam Biesem gekiert oder: d'Tellere mat engem knaschtegen Handduch ofgedréchent.
 
Propriétaire (wie frz.) M.: «Eigentümer» — wien as P. vun deem Haus? — eise P. (Hauseigentümer).
 
Proprietéit F.: «Eigentum, Besitztum» — eng schéi P. — frz. propriété.
 
Prosa F.: «Ausdrucksweise» (oft abfällig) — 't as sénger P. (seines Geschwätz).
 
Procédé (wie frz., Ton: 2) M.: 1) «Prozedur» — dat si keng Procédéën (das ist ein unzulässiges Vorgehen); 2) «Herstellungsverfahren».
 
prosits. prost.
 
Prospekt M.: 1) «Werbeflugblatt» — ech gi mer Prospekter siche fir d'Vakanzrees zesummenzestellen; 2) «Warenliste mit Preisangabe, Werbezettel».
 
Prosper (wie frz., Ton: 1), Prospër (Ton: 1) männlicher Vorname: «Prosper» — erscheint als: Pros(s), Pros(s)i, Prësi.
 
Pross männlicher Vorname zu Prosper (s. d.).
 
Prosseewelba (lok. Syrtal: Prossiwerba — Ton: 3 — auch: Procèsverbal — wie frz., doch Ton: 3) M.: «Strafprotokoll, Strafanzeige» — verballhornt: Sprëssewelbam — s. Protëkoll.
 
prost, proscht, broscht, brost (Dim.: prëstchen) Interjekt. beim Zutrinken: «prosit, zum Wohl» — p. alleguer! — spaßh.: p. Strass (Kehle), lo kënnt e Schluet — p. Neijor! (glückliches Neujahr!) — cf. Gesondheet.
 
prosten (-scht-) intr. Verb.: 1) «sich zutrinken» — da prost emol! (stoße an!) — cf. schocken; 2) «zechen» — si hu geprost bis klor Dag. [Bd. 3, S. 391]
 
Proteeswiessel (Ton: 1) M. — s. Protêt.
 
Prot(t) M.: «Druckereifaktor» (Druckerspr.).
 
protegéieren, protëjhéieren trans. Verb.: 1) «schützen, in Schutz nehmen»; 2) «begünstigen» — frz. protéger — dazu: Protégé (wie frz., Ton: 2) M.: «Günstling» — cf. Fiffi sub 1 und 2).
 
Protëkoll, Protokoll, Prëtëkoll (endbetont — spaßh. dafür: e proppere Koll) M.: 1) «Strafprotokoll, -befehl, -anzeige» — d'Polizei huet em e P. gemaacht — ech loossen der e P. maachen — waart Männchen, ech maachen der de P. op der Plaz (du wirst sofort verhauen) — en huet mer gedrät (gedroht), e léiss mer e P. maachen, du hun ech him en direkt ënnerschriwwen (habe ihn verprügelt) — ech hun e P. kritt; 2) «Bericht über eine Verhandlung, einen Vorgang» — ech hun et zu P. geholl, bruet (gebracht).
 
Protëkollsbuch N.: «Protokollbuch».
 
protëkolléieren, prëtëkolléieren trans. Verb.: «Strafprotokoll gegen jem. errichten» — d'Jhandaarmen hun e protëkolléiert — ech loossen e p. — dafür auch: engem een opkraachen, opschmieren (s. d.) — cf. pännen.
 
Protektioun F.: «Protektion, Gönnerschaft» — mat P. erreecht ee vill — deen huet P. (dafür auch: gutt Leit — s. d.) — Neol.: Protection civile F. (wie frz.).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut