rackerenRackertRackettracksracksdegRadRad-RadcourseRadnolRadpompelRadschléierRadseeRadRadauRadaubrudder, -mécherRadermécherradetten, redettenRadettenRadderradderegradéierenRadéier-RadéiergummiRadéiermesserRadiateurradikalRadikalenRadioradioaktivRadioaktivitéitradotéierenRafRafelachRafRafRafechtRafechtrafegrafenGeraafs, GeriifsrafenRaferlounRafeschraffRaffRaftRaffzäitRaffechtraffenraffinéiertRaffinéiertheetRaffinessraffinessegRaffinessegkeetrafräschéierenRaftrafteweisRageRagoûtRaguszoossRagull, Rëgull, RigullRaiber, RäiberRaiber-RaiberbandRaibergeschichtRaiberhaaptmannRaiberhauptmannRaiberhielRaibertrickenraiberenGeraibersraiberesch, raiberegraideregRaieres, RäieresRaygras, RägrasRailRaimlechkeet, Räimlechkeetraj(h)oulen, rejoulenRaj(h)oulplouRakebäizchenRakéitrallegRallegkeetRallesrallëssegRamRam-RamdëppenRam(e)brittRamfatzenRamfleemchenRamkéisRamkuchRamzoppRamramaljéiertRamassramasséierenramasséiertRambl(é)i, Rampli | rackeren refl. Verb.: «sich plagen, sich abmühen» — deen huet sech säi Liewe laang gerackert a sech krëpéiert — Zussetz.: ofrackeren. [Bd. 4, S. 6]
Rackert M.: «geplagter Mensch» (Wb.06) — cf. d. Vor.
Rackett (Ton: 1) F.: «Tennisschläger» — frz. raquette.
racks Adj./Adv.: «radikal, gänzlich» — d'Grompere si r. faul (gänzlich faul) — hie wollt et r. nët verston (ganz und gar nicht verstehen), datt e misst gon — en as r. fäerdeg (ganz erschöpft) — hie wor op eemol r. bei näischt — du mengs e wir r. verréckt (verrückt) — s. auch das Folg.
racksdeg Adv.: «durchaus, auf der Stelle» — en huet sech de Fanger r. erofgeschnidden (glatt abgeschnitten) — hie wollt et r. sou gemaacht hun (durchaus so haben, auch: sofort gemacht haben) — en as r. zesummegaang (in Ohnmacht gefallen) — d'Seel as r. futti gaang, gerass — cf. knacksdeg, schnupsdeg.
Rad (Pl. Rieder, Dim. Riedchen [s. d.] — Osten Pl.: Reder, Dim. Reedchen, lok. Vianden Pl.: Riäder, Nösl. Pl.: Räder, Rader, Dim. Räädchen) N.: 1) «Rad» — Ra.: dat fënneft R. um Won sin (überflüssig sein) — dat drëtt R. um Jabel sin (dsgl.) — et lafen dräi Rieder ('t leeft eent Rad) fir de Kniecht an eent fir säin Här (der Knecht übervorteilt seinen Dienstherrn, früher bes. vom Mühlknecht gesagt) — spaßh.: wa méng Bomi (Groussmamm, Matant, Schwéiermamm) Rieder hätt, wir s'en Omnibus (eng Postkutsch — gebr. bei Einwänden mit wenn) — looss emol erëmgoen (rondgoen), sot deen um R. (warten wir ab) — engem Knëppelen an (tëschent) d'R. stiechen (geheien, werfen — Schwierigkeiten bereiten) — ënner (tëschent) d'Rieder kommen (verkommen, auch: unschuldig leiden müssen, vor allem einer Lage nicht gewachsen sein) — dat as en zrassent R. (sind unzusammenhängende Reden) — en Hond am R. (cf. Klautcheshond, Kawäächel[chen]) — mar geet et erëm an d'R. (an die gewohnte Arbeit) — ähnlich: d'R. trieden, am R. goen (das Schöpfrad des [Festungs-] Brunnens [Roude Pëtz] durch Treten in Bewegung setzen; zur Festungszeit oft Strafe für Soldaten) — hien as erëm am R. (er ist wieder an der gewohnten Arbeit [z. B. nach Krankheit, Urlaub], auch: er ist wieder betrunken) — en huet e Riedchen zevill (hat eine Schraube los) — Teile des Rades: d'Nuef mat de Kratten, d'Ues an de Bus mam Lomm (Linn, Splënt), d'Felg, d'Speechen, de Kranz, de Band — e R. gët beim Schmadd gebonnen (beschloen — mit einem eisernen Reifen versehen) — e R. erkränzen (den Radkranz erneuern, die Felge ausbessern) — e R. erbannen (Wagenrad mit einem neuen Eisenband versehen) — de Band as vum R. (der Reifen hat sich gelöst) — d'R. leeft (as) wënsch, schléit, wänzelt, leeft véiereckeg (unrund) — d'R. as (leeft) nët rond — d'R. as festgelaf (blockiert in der Achse) — d'R. as geckeg (sitzt lose auf der Achse) — en huet gebremst, d'Rieder hu geschleeft — d'R. schmieren (die Radachse schmieren) — e R. zentréieren — e R. scheiwen (schieben) — dat viischt, dat hënnescht R. — de Won huet véier, d'Kar an de Jabel zwee Rieder — e Riedche fir den Deeg (e Modell) (eraus) ze schneiden — en hëlze, eise, e gosse R. — Zussetz.: Dräi-, Glécks-, Gummis-, Kamp-, Kette-, Mille-, Plou-, Schwonk-, Spann-, Waasser-, Wand-, Woons-, Zännrad; 2) a. als Simplex für: «Fahrrad» — dafür auch: Wëlossipeed †, Wëloss, Wëllo (s. d.) — e ka gutt (mam) R. fueren (er kann gut radfahren, auch: er ist ein guter Rennfahrer) — ech si mam R. komm — ech fuere mam R. en Tour maachen — setz dech op d'R. a fuer bis dohinner — d'R. as platt (Reifenschaden) — Zussetz.: Kurs(se)rad, Wëlosserad; b. «Spinnrad» — s. Spannrad; c. «Mühlrad» — Ra.: engem Waasser op d'R. dreiwen, kéieren, leden (jem. Vorschub leisten) — nu kéier du em och nach d'Waasser op d'R. (ermutige ihn auch noch dazu) — Zussetz.: Millerad (s. d.); 3) a. «seitlicher Überschlag über Hand und Füße» (Turnerfigur); b. «Purzelbaum» — d'R. schloen (Hals über Kopf fallen, übermütig [Wb.06: leichtsinnig] sein) — ech rennen dech mam Fouss, datt s de d'Rad schléis — en huet vu Freed d'R. geschloen — pass op! bei där Affär schléis de nach d'R. (wird es schlecht für dich ausgehen) — de Pohunn (Pfau) schléit d'R. — den Auto huet d'R. geschloen an as um Daach leie bliwwen;
Rad- (s. auch Komp. sub Rieder-) -course F.: «Radrennen»; -nol M.: «Radnagel» — cf. Linn V; -pompel F.: «Luftpumpe für das Fahrrad»; -schléier M.: «leichtsinniger Mensch» (Wb.06); -see F.: «Kreissäge» (C).
Rad II M.: «Kornrade» — s. Rued I sub 1).
Radau M. — wie hd. — R. schloen, maachen — wat as dat fir e R. hei? [Bd. 4, S. 7]
Radaubrudder, -mécher M.: «Radaubruder» (meist das Pl. -bridder).
Radermécher (lok.: Lieler) M.: «Stellmacher» (Radmacher).
radetten, redetten intr. Verb.: «bestimmen, befehlen» — du hues hei näischt ze r. — deen Exame wor vill ze schwéier, hien hat do näischt ze r. (konnte nichts ausrichten).
Radetten (lok.: Echt.) Pl. — s. Klar(i)nett sub 2).
Radder M.: 1) «Schuppe, Rauhigkeit der Haut» — cf. Schadder I; 2) «Zank» — bei hinnen as weider näischt ewéi R. a Knadder.
raddereg Adj.: 1) «schuppig, schorfig» — eng r. Haut — r. Gromperen; 2) a. «gerunzelt» — e (ge-)radderegt Gesiicht — Biren, déi een ze fréi erofhëlt, gi gär r. — d'Drauwestäck sin esou r. — (ge-)radderegt Glas (geriffeltes Glas); b. «rauh» (sich anfühlend) — eng Mauer as r.; 3) a. «mager» — eng r. Kou — cf. geraddereg; b. «dünn» (von Stoff — Engelmann).
radéieren trans. Verb.: «radieren» — spaßh.: radéier mer deen ewech! (wirf ihn hinaus!) — Zussetz.: aus-, wechradéieren.
Radéier- -gummi M.: «Radiergummi»; -messer N.: «Radiermesser».
Radiateur (wie frz.) M.: 1) «Heizkörper» — dafür auch: Heizkierper; 2) «Autokühler».
radikal Adj.: «radikal» — déi r. Partei — substantiv.: Radikalen M.
Radio (Ton: 1) M.: 1) «Rundfunksender» — e schafft am R. (ist Angestellter im Rundfunkbetrieb) — mar schwätzt de Minister am (um) R.; 2) «Rundfunkempfangsgerät» — haut huet all Haus säi R. — de, um (auch ohne Artikel) R. lauschteren — dréi de R. zou — et gouf am R. gesot — ech hun et am R. héieren — dazu (Kindersprachschöpfung): Billerradio M.: «Fernsehapparat».
radioaktiv Adj. — wie hd. — dazu: Radioaktivitéit F.
radotéieren intr. Verb.: «faseln» — frz. radoter — cf. radetten.
Raf I (Nösl.: Roof) F. und M.: 1) «Raufe» — gëf de Béischten e R. voll Hä an — wann de R. eidel as, da klappen d'Päerd (stampfen die Pferde) — geheit hinnen (scil.: de Béischten) nëmmen alles an de R. (sagt der Bauer unwillig zu dem mit dem Futter verschwenderisch umgehenden Gesinde — allgem. von Verschwendung) — du kriss de R. (de Broutraf, -kuerf) méi héich gehaang (man wird dir den Mutwillen schon austreiben) — bei dene gët et nët vill an de R. (nicht viel zu essen) — dazu: Rafelach N.: «Raufeloch» (Öffnung in der Stalldecke durch die das Futter in die Raufe gegeben wird) — d'R. gët mat engem Deckel odder mat enger Bausch Stréi zougeluet, fir datt kee soll drafalen an datt et nët derduurch soll zéien; 2) «künstliches Gebiß» (C) — ech hun en neie R. kritt — Zussetz.: Brout-, Kéi-, Päerdsraf.
Raf II F.: 1) «das Aufraffen, Auflesen des gefallenen Obstes» — cf. Glann sub 3); 2) «Los Reisig» (das nicht aufgearbeitete Holz, Abfallholz im Wald) — hien huet d'Raf gesteet (angesteigert) — cf. Koup, Rafecht II.
Raf III M.: «Raub» — op R. a Muerd, op R. (meist: Rapp) a Klapp aus sin — cf. rawen.
Rafecht I (Nösl.: Rooficht) F.: 1) «eine Raufe voll» — gëf de Kéi eng R. an — zu Kindern, die sich auffällig am Kopfe kratzen: gës de hinnen (scil.: de Lais) eng R. an? — lo huelen ech emol eng R. (einen dicken Priem) — an der Schoul hu mer eng R. nei Aarbecht kritt; 2) «Portion, Tracht» — eng R. Streech — en huet eng R. kritt (er wurde ausgeschimpft).
Rafecht II (Nösl.: Raficht) F.: 1) «das Aufgeraffte, Zusammengeraffte» (z. B. geringe Menge Obst, Kartoffeln) — géi eng R. Grompren an de Keller sichen; 2) «Menge ausgehobener Kartoffeln, die in einer bestimmten Zeit aufgelesen werden kann» — dafür auch: Krauchicht.
rafeg — s. raweg.
rafen I (Nbform: räfen, lok. Mosel: riäfen — Konjug. — Ind. Präs.: ech r., du rääfs, reefs — Mosel: du riääfs — Nösl.: du riifs — Ind. Prät. (Nösl.): ruff, Konj. Prät.: riff — Part. Prät.: geraaft — Imperativ.: raf) trans. Verb.: 1) «aufheben, auflesen, einsammeln» (meist kollektiv. gebraucht, vom einzelnen Gegenstand eher: oprafen) — Raa.: wann een all Stee misst r., dann hätt ee geschwënn e Schouss voll — hie rääft sech e Schouss Steng a léisst se rëm falen (er ärgert sich, verzichtet aber auf Rache, Vergeltung, ist zu gutmütig, auch: zu feige) — hie rääft d'Steng an deen anere geheit se (er stiftet die andern an) — e rääft all (klenge) Steen (op — er ist kleinlich, aufheberisch) — si hun d'Steng an deem Stéck geraaft (die Steine auf diesem Feld aufgelesen) — Holz an de Bësch r. goen [Bd. 4, S. 8] (Kleinholz in den Wald einsammeln gehen) — Éie r. (Ähren auflesen — cf. glannen sub 1) — Zussetz.: ëm-, erëm-, eraus-, of-, op-, zesummerafen; 2) «auslesen, aussondern» — Grompere r. (Kartoffeln aussondern in Eß-, Setzkartoffeln) — Ierbësse (Erbsen), Boune (Bohnen) r. — cf. sënneren; 3) a. «sich (durch Ansteckung) zuziehen» — dafür meist: oprafen — ech wéisst nëmme gär wou ech de Schnapp geraaft hätt — wou nëmmen eng Flou as (sëtzt), ech r. se — an der Stad huet e säi Misär geraaft — wann ech nach wéisst, wou et dat geraaft hätt? b. «hinzulernen» — wou hues de dat nëmmen alles geraaft? (auch abfällig) — en huet nët vill an der Schoul geraaft — wou huet dat Kand nëmmen déi Wierder geraaft? — du reefs do näischt (es ist zu schwierig, auch zu belanglos) — substantiv.: dat Bësschen as d'R. (dës Rafes) nët wäert — Abl.: Geraafs, Geriifs N.
rafen II refl. Verb.: «sich raufen». | |