rafenGeraafs, GeriifsrafenRaferlounRafeschraffRaffRaftRaffzäitRaffechtraffenraffinéiertRaffinéiertheetRaffinessraffinessegRaffinessegkeetrafräschéierenRaftrafteweisRageRagoûtRaguszoossRagull, Rëgull, RigullRaiber, RäiberRaiber-RaiberbandRaibergeschichtRaiberhaaptmannRaiberhauptmannRaiberhielRaibertrickenraiberenGeraibersraiberesch, raiberegraideregRaieres, RäieresRaygras, RägrasRailRaimlechkeet, Räimlechkeetraj(h)oulen, rejoulenRaj(h)oulplouRakebäizchenRakéitrallegRallegkeetRallesrallëssegRamRam-RamdëppenRam(e)brittRamfatzenRamfleemchenRamkéisRamkuchRamzoppRamramaljéiertRamassramasséierenramasséiertRambl(é)i, RampliRamboRamechtRamichtRamechtramegramen, rämenRamelass, RamenassRamettRametteRamettenzoppRammRammRammRammRamRammeldangrammeleg, rämmelegrammelen, rämmelenRammeler, RämmelerRammerechRammhädRammiRammschapp, RammschaffRamossramol(l)éiertRamoloramoschteren, harmoschterenRamoschters, GeramoschtersRamoschtererramou(e)renGeramouersRampRampaart, Rampar, RempartRampaar(t)sgruefRampelRampeldéierRampelfatzRamplassang | rafen I (Nbform: räfen, lok. Mosel: riäfen — Konjug. — Ind. Präs.: ech r., du rääfs, reefs — Mosel: du riääfs — Nösl.: du riifs — Ind. Prät. (Nösl.): ruff, Konj. Prät.: riff — Part. Prät.: geraaft — Imperativ.: raf) trans. Verb.: 1) «aufheben, auflesen, einsammeln» (meist kollektiv. gebraucht, vom einzelnen Gegenstand eher: oprafen) — Raa.: wann een all Stee misst r., dann hätt ee geschwënn e Schouss voll — hie rääft sech e Schouss Steng a léisst se rëm falen (er ärgert sich, verzichtet aber auf Rache, Vergeltung, ist zu gutmütig, auch: zu feige) — hie rääft d'Steng an deen anere geheit se (er stiftet die andern an) — e rääft all (klenge) Steen (op — er ist kleinlich, aufheberisch) — si hun d'Steng an deem Stéck geraaft (die Steine auf diesem Feld aufgelesen) — Holz an de Bësch r. goen [Bd. 4, S. 8] (Kleinholz in den Wald einsammeln gehen) — Éie r. (Ähren auflesen — cf. glannen sub 1) — Zussetz.: ëm-, erëm-, eraus-, of-, op-, zesummerafen; 2) «auslesen, aussondern» — Grompere r. (Kartoffeln aussondern in Eß-, Setzkartoffeln) — Ierbësse (Erbsen), Boune (Bohnen) r. — cf. sënneren; 3) a. «sich (durch Ansteckung) zuziehen» — dafür meist: oprafen — ech wéisst nëmme gär wou ech de Schnapp geraaft hätt — wou nëmmen eng Flou as (sëtzt), ech r. se — an der Stad huet e säi Misär geraaft — wann ech nach wéisst, wou et dat geraaft hätt? b. «hinzulernen» — wou hues de dat nëmmen alles geraaft? (auch abfällig) — en huet nët vill an der Schoul geraaft — wou huet dat Kand nëmmen déi Wierder geraaft? — du reefs do näischt (es ist zu schwierig, auch zu belanglos) — substantiv.: dat Bësschen as d'R. (dës Rafes) nët wäert — Abl.: Geraafs, Geriifs N.
rafen II refl. Verb.: «sich raufen».
Raferloun M.: «Lohn des Auflesens» — et wor de R. nët wäert.
Rafesch (Nösl.: Rifesch) F.: «Aufleserin» (gesagt von Frauen oder Mädchen, die Kartoffeln, im Weinberg abgeschnittene Rebzweige, auflesen) — 't as eng gutt R.
raff I (lok.: Arlon) Adj.: «rasch, rauh, streng, rücksichtlos» (Wa).
Raff II, Raft F. u. M.: 1) «Laichzug und Laichgeschäft» — d'Fësch sin op der R. — dazu: Raffzäit F.: «Laichzeit» — cf. Läichzäit; 2) a. «Zeitspanne, gewisse Zeit» — dafür auch: Raffecht (Echt.: Rafficht) F. — et wor elo eng reneg (eng kal) R. — d'Kanner hun esou Rafte, wou se nët ze hidde sin — hien huet esou (séng) Rafte, wou en nët ze gebrauchen as — wann dee Raff erlaanscht as, gët et besser; b. «zeitweilige Seuche» — et as eng Raft ënner de Leit; c. (lok.: M.) «Windstoß, Regenschauer»; d. «stoßweise ankommende Menschengruppe» — s. auch: rafteweis.
raffen intr. Verb.: «laichen» — cf. läichen.
raffinéiert Adj./Adv.: «schlau, pfiffig» — deen as esou r., e gesäit engem duurch siwe Boxen an den Aasch — z. T. bewundernd: dat as eng r. Louder, Band, Gesellschaft, e raffinéierten Hond, e raffinéierten Näischnotz — en huet et r. ageriicht (auch iron. für: dumm angestellt) — dat wor r.! — d'Déif hu sech r. ugeluegt, geholl — spöttisch: r. ewéi Kristallzocker (Wortspiel mit: raffiniert und pfiffig) — substantiv.: dat as där Raffinéierter een (Pfiffikus) — dazu: Raffinéiertheet F.: «Pfiffigkeit».
Raffiness F.: «Pfiffigkeit, Verschlagenheit».
raffinesseg Adj.: «pfiffig, durchtrieben» — dazu: Raffinessegkeet F.
rafräschéieren refl. Verb.: «sich erfrischen».
Raft M. — s. Raff II.
rafteweis Adv.: 1) «zeitweise» — r. si ganz vill Leit am Hotel; 2) «scharenweise» — d'Fësch komme r. — cf. träppweis.
Rage (ra:S) F.: «Wut, Aufregung» — hie koum an enger R. heem an huet d'Fra Schëmmel a Bless vernannt — 't as elo esou eng R. ënnert de Leit (Manie) — cf. Roserei.
Ragoût (wie frz., Ton: 1) — (lok. Esch-Alz.: Rago) M. «Ragout» — wäisse R. (Kalbsragout) — bronge R. (Ragout aus Schweine-, Hammelfleisch) — Zussetz.: Kallefs-, Hämmels-, Héngerragoût.
Raguszooss F.: «Ragoutsauce».
Ragull, Rëgull, Rigull (Ton: 2) F. — s. Gargull, Caniveau.
Raiber, Räiber M.: 1) «Räuber» — e war esou voll (betrunken) ewéi e R. — et mengt een et wir een hei ënner d'R. gefall — eng Kuck ewéi e R. — Kinderspiel: R. a Jhandarem; 2) a. «sehr guter (draufgängerischer) Spieler» (Kegel-, Kartenspiel) — wat si mer hei ënnert d'R. gefall! — Zussetz.: Kaarte-, Keleraiber; b. «rauher Spieler» (Sport).
Raiber- -band F.: 1) «Räuberbande» — Ra.: ech schloen dech op de Bak, datt s de mengs den Himmel wir eng Jhick an déi zwielef Apostel eng R.; 2) a. «sehr gute Spieler» — cf. Raiber sub 2)a.; b. «zügellose, lärmende Kinderschar»; -geschicht (lok. Echt.: Räibgeschicht, Räibseechen) F.: «Lügen-, Räubergeschichte, gruselige, auch unwahrscheinliche Geschichte» — wat as dat do mir fir eng R.?; -haaptmann, -hauptmann M.: «Räuberhauptmann»; -hiel F.: «Räuberhöhle» — dat as hei eppes wéi eng R. (unsaubere, unordentliche Wohnung) — dee kënnt ewéi aus enger R. (ungepflegt); -tricken Pl. M.: «sonderbare, ungewöhnliche Kniffe, Schliche» — dat sin alt esou sénger R.
raiberen intr. Verb.: 1) a. «unfair, brutal spielen» (Sportspr.) — dafür auch: holzen (Neol.); b. «draufgängerisch, [Bd. 4, S. 9] sehr gut spielen» (Kegel- Kartenspiel) — lo fänkt deen och nach un ze r.! — cf. Raiber sub 2)a. und b.; 2) «räubern» (Imkerspr.) — d'Beie sin an déi aner Stäck (déi aner Haip) r. gaang — Abl.: Geraibers N.
raiberesch, raibereg Adj.: «räuberisch».
raidereg Adj.: «schuppig, schorfig, rauh» — s. raddereg.
Raieres, Räieres ON.: «Roggery» — Dorf der belgischen Provinz Luxemburg.
Raygras, Rägras N.: «Raygras, englischer Lolch» (Lolium perenne) — franséischt R. (hoher Wiesenhafer — Arrhenatherum elatius).
Rail F. — s. Reil sub 6.
Raimlechkeet, Räimlechkeet (oft im Pl. -keten) F.: «Räumlichkeit».
raj(h)oulen, rejoulen (rə-) — s. rigollen.
Raj(h)oulplou M.: «Pflug zum Rigolen».
Rakebäizchen (lok.: Echt.) M.: «Kosename für Kleinkind» — cf. Nakebauz. | |