LWB Luxemburger Wörterbuch
 
rappeg, -ig bis Raséiergeschir (Bd. 4, Sp. 13a bis 14b)
 
rappeg, -ig Adj.: 1) «sehr mager» — r. a schappeg (abgemagert, hart mitgenommen) — r. a krappeg (s. d.) — wat rappeger, wat krappeger (Dicks); 2) «ruppig, armselig, schäbig» — r. gekleet.
 
Rappappa(lok.: Lux.-Stadt, Ton: 1) F.: «Kinderbewahrschule im Heilig-Geistviertel».
 
Rappel (wie frz.) M.: 1) «Mahnung, Zahlungsaufforderung»; 2) «Gedächtnisauffrischung» — schéckt mer nach e R.; 3) «kurzfristige Wiedereinberufung zum Militärdienst»; 4) «Titel einer Zeitschrift» (Resistenz) — dazu: R. à l'ordre (wie frz.) M.: «Zurechtweisung» (Ga).
 
rappeléieren trans. Verb.: 1) «in Erinnerung bringen» — du kanns mer dat r.; 2) «wieder einberufen zum Militärdienst» — ech si rappeléiert fir déi aner Woch — dazu: Rappeléierten M.
 
Rappen M. — nur in den Raa.: op egene R. (selbständig) — op séngem R. liewen (von seinem Vermögen leben — Ga).
 
rappen I (Mosel, Sauer: roppen) trans./intr. Verb.: 1) a. «rupfen, zupfen, ausreißen, (heraus-)ziehen» — ech muss Gras fir d'Karnéngercher r. (cf. krauden) — Ongkraut r. — de Fluess (Määsch) gët gerappt an nët geschnidden (geméint — gemäht) — en Hong r. (s. plaimen) — Hä r. fir d'Béischten (Heu mit dem Häkrop aus dem Heuhaufen herausreißen) — géi Häd (Heidekraut) r. fir Sträes! (zur Streu, übtr.: mach dich nützlich!) — sech en Zant r. loossen — den Dokter huet mer en Zant gerappt — rapps de de Lais eng Raficht? (zu jem. der sich beständig am Kopfe kratzt) — Ra.: d'Welt as en Häknapp, wien am meeschten dru rappt, huet am meeschten — do wäerd och nët méi vill ze r. sin (nicht viel zu erben, zu holen sein — cf. rafen sub 1)b.); b. «abreißen» — e Blat vum Kalenner r. — e Billjee r.; c. «herunterreißen» — si hun him d'Kleder vum Leif gerappt; 2) «zerren, zupfen, reißen» (mit Gewalt) — ech hu gerappt a gerappt, mä ech krut d'Wuurzel nët eraus — engem d'Ouere r. (an den Ohren ziehen, frühere Schulstrafe) — en huet mech um Arem gerappt, fir mer eppes ze soen — ee mat den Hor r. — een um Baart r. (eigtl. und übtr.) — engem d'Panz r. (ausschelten) — ech krut se (scil.: d'Panz) gerappt — hin an hier r. — géi nët dru r. (z. B. an eine Wundkruste); 3) «zupfend lockern» — Kréng, Wierk, Woll r.; übtr.: 4) «hinter jem. her sein» (fordernd, quälend) — du rapps awer och ëmmer u mir — 't rappt ëmmer een um aneren; 5) «(sich) einbrocken» — en huet sech eng gerappt — lok. Echt.: den neie Wiirt gët geroppt — dat wor fir mir eng ze r. (ze spillen); refl.: 6) a. «sich raufen, sich balgen» — sech r. a klappen — dazu das Substantiv.: Rapp (s. d.); b. «sich reißen» — ëm déi Wuer hun d'Leit sech gerappt; 7) a. «abmagern» — en huet sech al gerappt déi lescht Zäit; b. «heimlich einen Bauchwind streichen lassen» — lok. Echt.: en hoat sich geroppt — cf. rëselen sub 2)b.; c. «sich zusammenreißen» (Neol.) — rapp dech um Rimm, um Giddo — Zussetz.: aus-, eraus-, ausernee-, be-, ëm-, op-, ver-, zerrappen — cf. räissen.
 
rappen II trans. Verb.: «auf der Reibe zerkleinern» — Grompre, Kéis, Kabes, Tubak, Zocker, Muurte r. — dazu das Verbadj.: gerappt — gerappte Kéis, Mandelen, Schockla — gerappt Gromperen.
 
Rapport (wie frz. — Pl. Rapporen, lok.: Rapporten) M.: 1) a. «(amtlicher) Bericht» — doriwwer musse mer e schrëftleche R. maachen — nom R. vun den Zeien (nach Zeugenbericht) — hues de däi R. scho gemaacht? (übtr., oft abfällig: hast du schon geklatscht? — cf. Rapportendréier); b. «Strafanzeige» — nom R. vum Bannhidder — Mil.: een op de R. huelen (jem. zum Rapport melden); 2) «Zusammenhang» — a wat fir engem R. sees de mer dat? — ech gesinn do kee R.; 3) «Beziehung» — a gudde Rappore liewen — si hu gutt Rapporen ënnerënaner.
 
Rapportage (wie frz., -a:S) M.: «Klatsch». [Bd. 4, S. 14]
 
Rapportendréier M., -dréiesch F.: «Zuträger(in)» — cf. Mallendréier, Méierendréier.
 
rapportéieren trans./intr. Verb.: «hinterbringen» — pass op, e rapportéiert alles!
 
Raprosch (lok.: Ramprosch) M. — s. Reprosch.
 
Rapsodéi M.: «Lumpenpack» (Ga).
 
Raps (lok.: Raaps, Rap) M.: «Raps» (Brassica napus) — Ra.: 't geet an de R. (es geht zum Teufel).
 
Rapsueleg, Rapueleg M.: «Rapsöl».
 
rar Adj./Adv.: «selten» — d'Uebst as r. dët Jor — dat as esou r. wéi déi wäiss Mais (Kueben), en deiert Jor (sehr selten) — übtr. spöttisch: e rare Vull — dir maacht Iech r. (man sieht Sie selten) — mir haten nach r. esou e verreente Summer — cf. selen — substantiv: dat do as eppes Rares (oft iron.) — et as eppes Raars Iech ze gesinn — dat do as nët vill Rares (abfällig) — dazu: Rartéit, Raritéit, Raretéit F.: «Rarität, Seltenheit» — dat do as dach keng R.
 
Ras M.: «Nagel von etwa 10 cm Länge beim Schiffsbau» (C).
 
rasch I (Mosel) Adj.: «herb, säuerlich» — wann de Wäin och méi r. schmaacht, e schmaacht der Schléck (Gaumen).
 
rasch II (Neol.) Adj./Adv.: «rasch, schnell» — et as r. gaang — hien as ze r. — lo geet et r. op heem zou — maach r. virun!
 
Rascho (lok.: Wiltz) M.: 1) «Rost, Grill» — botz de R., dann zingt den Owe besser — cf. Réchaud; 2) «Abflußrost in der Straßenrinne» — d'Raschoën hoan dä ville Reen nët gepackt, d'Waasser as iwwer d'Strooss gelaf.
 
Rascht I (lok. Echt.: Roast, Osten, Nösl.: Roost, Westen: Rast) M.: 1) «Rost» — de R. frësst um Eisen — im Rätsel: wie kann Eise friessen? (de R. — MKr. Nr. 726); 2) «Pilzerkrankung der Pflanzen».
 
Raschtfleck M.: «Rostfleck» — d'Wäsch as voller Raschtflecken.
 
raschtrout Adj.: «rostrot».
 
Rascht II, Rast (lok. Echt.: Roast, Vianden: Räst, Reest, Nösl.: Räst, lok.: Räscht) F.: «Rast» — deen huet keng Rou a keng R. — hie gonnt sech keng R. — e läit op der R. — cf. Mëttesrascht.
 
Raschtdag M.: «Ruhetag» — cf. Roudag.
 
raschteg Adj.: 1) «rostig»; 2) «heiser» — ech sin esou r. am Hals (an der Strass) wéi en alen Ämer — eng r. Stëmm; 3) «schmutzig» — en as r. a knaschteg wéi en ale Pätter.
 
raschten I (Echt.: roasten, Nösl., Osten: roosten — rasten) intr. Verb.: «rosten» — Zussetz.: a-, verraschten.
 
raschten II (phV. s. d. Vor.) intr./ refl. Verb.: «ruhen, sich ausruhen» — ech hu mech emol eng Grimmel gerascht — lo hu mer gerascht, lo gët e gudde Rass gemaacht — beim Kartenspiel: ech mengen der Däiwel rascht op dëser Plaz (Kartenspiel: wenn jem. schlechte Karten bekommt, viel Pech hat oder immer verliert) — dazu Verbadj.: gerascht — ech si gutt gerascht — ech si(n aus)gerascht — no esou enger Aarbecht as een nët gerascht.
 
raséieren trans./refl. Verb.: 1) «rasieren» — dafür auch: de Baart maachen; 2) «abholzen» — si hun de Bësch raséiert (ganz abgeholzt); 3) a. «durch Gerede lästig fallen» — dazu: Raseur (wie frz.) M.; b. «jem. etwas aufbinden, glauben machen» — wat huet deen ons raséiert!
 
Raséier (cf. auch sub: Baart-) -apparat M.: «Rasierapparat» — cf. Gilette; -biischt F.: «Rasierpinsel»; -geschir N.: «Rasierzeug»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut