raumenGeraums, RaumesRaupRaupe-RaupekapRaupeschësserraupengerauptRaupRaupzäitRauschRauschrauscheg, raujhegrauschenraujhenrauschenroschenRautRautRautenRaute(n)- -äss, -bauer, -damm, -kinnek, -marriaaschRautennaangRautenzaangRauthariRautwuerzelrauzegRavioliRawaaschraweg, rowegraweléierenRawellrawen, rowenRawoltRayonRäjong, Rei(j)ongRazRaz-RazbeidelRazkapprazegRazegkät, -keetRäbäämchenräächen, reechenräächen, reechenräächeren, reecherenGeräächersRäächerkummerRä(ä)flekräbbelenräbbelenRäbbidämmirächelenrächenRäckelRäckelchenRädderräddereg, -igRädelRéidel, RiedelRädelRedelrädelen, redelenRädel-RädelgännRädelfäschRäer, RärRäerschmalzRäf, ReefRäf-Reef-RäfeisenReefeisenRäfzaangReefzaangräfeg, refegräichRäichel, Reechel, ReichelRäichemannsdirRäichenräiche(r)lechräicherleitsRäicherleits-RäicherleitsgespréicherRäicherleitskaschtRäicherleitskannerRäicherleitsmanéierenRäicherleitssaachräichlechRäichtom, RäichtemRäifräifenRäiflekRääflekRäiflekRäilandRäilachRäip(s)-Räip(s)geschichtRäip(s)gespricherRäip(s)seechen | raumen (lok.: romen, rämen, Echt. neben raumen auch raimen) trans./ intr. Verb.: «aufräumen, Platz, Ordnung schaffen» — e Bësch r., de Gaart r. — raum den Dësch, mir spille gär Kaart — spaßh.: d'Spënnche r. (alles aus der Speisekammer mit Kameraden aufessen) — d'Spréiwen hu gutt ënner de Kiischte geraumt — hien huet scho gutt hanner dir geraumt (beim Brettspiel: viele Figuren weggenommen) — an där Klass as elle geraumt gin — si hun de ganzen Dag an der Stäkaul geraumt (in der Steingrube die taube Schicht abgetragen und weggeräumt) — cf. Raum sub 2); 2) a. «räumen, verlassen» — d'Zaldoten hun d'Festung geraumt; b. «ausräumen» — op eent zwee haten d'Borschten d'ganz Stuff geraumt — drohend: lo gët geraumt! 3) «gut vonstattengehen» — deem raumt et (geet d'Aarbecht vun Hand), et as eng Freed him nozekucken — mat dene klenge Grompre raumt et nët, et as zevill Oprafes — substantiv.: mir sin um Raumen (Aufräumen) — Abl.: Geraums, Raumes N. — mir gin nët mat deem G. fäerdeg — an esou engem groussen Haus as vill Raumes — Zussetz.: a-, aus-, of-, op-, zesummeraumen.
Raup I (Dim. Räipchen [s. d.]) — lok.: Rup(p) M. und F.: 1) «Raupe» — en ellene (häßliche), e grénge (grüne), en horege (haarige) R. — eng brong R. — de Kabes as voller Raupen — e koum do gekroch wéi e R. (er kam langsam und gebeugt) — e war béis (böse) wéi e R. — sech krëmpen a kréngelen ewéi e R. — deen huet e R. (e Räipchen) am Kapp (er ist eigenartig) — spaßh.: Marri, bréng d'Aax, 't as e R. am Gaart — zur Abwendung der Raupen: ganz Schuele vun ausgeblosenen Äer u Bengelen an d'Kabesbrooch ophänken, hält d'Raupen ewech; Gënstefiese sollen och hëllefen — cf. gréngs, Mued; 2) «raupenähnliche Feder an der Gartenschere»; [Bd. 4, S. 18] 3) «Art Karussel, Berg- u. Talbahn» — waars de well op de R.?
Raupe- -kap F.: «Helm mit einem raupenförmigen Busch von Pferdehaar»; -schësser M.: «Kohlweißling».
raupen refl. Verb.: 1) a. «sich mausern» — wann d'Hénger sech r., leën se nët — spaßh.: so, du raups dech dichteg (du verlierst dein Kopfhaar) — dazu Verbadj.: geraupt — e gesäit aus ewéi e geraupt Hong; b. «sich halbwegs ausziehen» — d'Kanner r. sech, wa se schléifreg gin (beginnen sich auszuziehen); c. (im Part. Prät.) «abgearbeitet sein» — en huet sech geraupt (C); 2) «sich vor Kälte zusammen ziehen» (Ga).
Raup II, Raupzäit F.: «Mauser(zeit)» — d'Hénger sin an der R.
Rausch I M. (lok. Echt.: F.): 1) «(im Feld zusammengetragener) Steinhaufen» — lok. Echt.: op äner R. wu d'Fuusse läichen (antwortet man dem vorwitzigen Kind auf seine Frage: wo?) — dat Haus wor nëmme méi e R. — cf. Stärausch; 2) «Wurf» — cf. Rosch II; 3) «Kissenüberzug aus Kälsch (s. d. sub 2)» — d'Plaumen, de Staf geet nët duurch eng R.
Rausch II F. und N.: «Brunft des Schweins» (Wb.06).
rauscheg, raujheg Adj.: «brünstig» (vom Schwein) — d'Fléi droen dräimol an der Nuecht a muerges si s'erëm r. (cf. sub Flou) — Fleesch vun engem rauschege Schwäin hält sech nët
rauschen I, raujhen intr./trans. Verb.: 1) «besprungen werden» (vom Schwein gesagt) — d'Sau huet virun dräi Woche gerauscht — mer mussen d'Sau r. loossen; 2) «brünstig sein» — d'Sau rauscht, as rauscheg.
rauschen II, roschen trans. Verb.: 1) «werfen, schleudern» — e Steen an engem säi Gaart r. (eigtl. und übtr.: einen Seitenhieb beim Gespräch austeilen); 2) (lok.: Differdingen) intr.: «das Weihwasser vor dem Hochamt aussprengen».
Raut I (Echt.: Rout, Nösl.: Rockt) F.: «Glasscheibe» (von jeder Art, meist viereckig, im Fenster, in der Tür, im Schrank) — eng R. asetzen (eine Fensterscheibe einsetzen) — engem d'Rauten ageheien (aus Feindschaft, Groll jem. die Fensterscheiben einwerfen) — spaßh. Echt.: 't as nët fer d'Rout (déi gebroach war), ma fer de goude Mastik, sot d'Fra — ech halen, du muss der nei Rauten asetze loossen, du gesäis nët mei kloer — dat Meedche krut och schons d'Rauten ageschloen (entjungfert) — Ra.: Raute wénken (nicht mehr mitmachen — dafür auch: Relles gin, Waasser zéien usw. — s. d.).
Raut II (Echt.: Rout) M. (Wb.06: F.) 1) «Gartenraute» (Ruta graveolens — volkstümliche Heilpfanze; sie wird in vielen Salben gebraucht und kommt in den Krautwësch — s. d.); 2) «Eberraute» (Artemisia abrotanum).
Rauten (Nösl.: Rockten, Mittelösl.: Rackten) F.: «Eckstein, Karo» — R. as Tromp — ech hu R. Tromp gemaacht — ech hun nach eng R. — dazu: Raute(n)- -äss, -bauer, -damm, -kinnek, -marriaasch (König und Dame), -naang (neun), -zaang usw.
Rauthari M.: «Dummkopf» (lok.: Körich) — dafür auch: Krauthari.
Rautwuerzel F.: «Riesenampfer» (Rumex hydrolapathum und R. maximus).
rauzeg (lok.: Grevenmacher) Adj.: «etwas rauh» — eng r. Haut — r. Wieder — en as r. a schnauzeg (grob und bärbeißig).
Ravioli (Ton: 2 oder 3) M.: «Ravioli».
Rawaasch F.: «Verwüstung, Unheil» — wann d'Krankheet bis hire R. gemaacht huet — d'Keelt huet hire R. gehalen.
raweg, roweg (lok.: rafeg) Adj.: «diebisch, raffgierig» — r. ewéi eng Geess, eng Kou — eng r. Kou, déi gär vum Wee of an aner Stécker leeft.
raweléieren trans. Verb.: «Steine behobeln».
Rawell (Ton: 2) — in der Ra.: R. maachen (Krach schlagen) — cf. rabellesch.
rawen, rowen (lok.: rafen) trans. Verb.: «rauben, stehlen» (im Kleinen, auch vom Vieh gesagt) — de Bouwen as dat dat léifst wat se (kënne) r. — d'Geesse friessen am léifsten dat, wat se r. kënnen — Wortspiel: geraaft as nët geraaft (aufgerafft, aufgesammelt ist nicht geraubt, Entschuldigung für Felddiebstähle) — Zussetz.: ausrawen — cf. Kaarterawer.
Rawolt F.: 1) «Revolte, Empörung» (Wb.06); 2) M.: «die Menge, der Haufen, die lärmende Unordnung» (Ga) — cf. Trawolt.
Rayon (wie frz., Ton: 1), Räjong, Rei(j)ong M.: «Abteilung» — a wat fir engem R. schaffs du? — übtr.: dat do as nët mäi R. (fällt nicht unter meine Kompetenz).
Raz F.: 1) «Feldtaube» — cf. Ratz III, Ratzert; 2) «magere Frau». [Bd. 4, S. 19]
Raz- -beidel (Schimpfwort) M.: «sehr magerer Mensch» — cf. Ratebeidel. -kapp M. — s. Ratzekapp.
razeg (lok.: rizeg) Adj.: «sehr mager, hager» — Ra.: déi r. Kéi sin am begéierlechsten — e razege Biddi — en as esou r., et mengt een s krit keng warem Gromper (z'iessen) — r. a kazeg (von einer alten Jungfer gesagt: mager und kratzbürstig); 2) a. «räudig» (Wb.06) — dee razegen Hond! (Schimpfwort); b. «tuberkulos»; 3) «begierlich» (Wb.06) — cf. geiereg.
Razegkät, -keet F.: «Magerkeit» — en hält nët méi zesumme vu R. | |