räächeren, reecherenGeräächersRäächerkummerRä(ä)flekräbbelenräbbelenRäbbidämmirächelenrächenRäckelRäckelchenRädderräddereg, -igRädelRéidel, RiedelRädelRedelrädelen, redelenRädel-RädelgännRädelfäschRäer, RärRäerschmalzRäf, ReefRäf-Reef-RäfeisenReefeisenRäfzaangReefzaangräfeg, refegräichRäichel, Reechel, ReichelRäichemannsdirRäichenräiche(r)lechräicherleitsRäicherleits-RäicherleitsgespréicherRäicherleitskaschtRäicherleitskannerRäicherleitsmanéierenRäicherleitssaachräichlechRäichtom, RäichtemRäifräifenRäiflekRääflekRäiflekRäilandRäilachRäip(s)-Räip(s)geschichtRäip(s)gespricherRäip(s)seechenRäipchen, RaipchenRäiplekRäischt, Reischt, Reischent, Réischter, RéistenRäisch(t)en, RäischentRäisch(t)en-, Réistenduch, ReischenRäisRäis-RäisbiesemRäisbräiRäisbrittRäiskärRäismielRäispuddingRäistaartRäiszoppRäisGereisersRäisräissenräissenRäissenRäisserausRäiss-RäissbrietRäissfiederRäissmiddelRäissnolRäisszantRäissmatissem, RäissmatesRäit, Réit, ReetRäit-Reit-, räit-reit-RäitbaatschReitbaatschräitbaatschRäitboxReitboxräitboxRäitbunnReitbunnräitbunnRäitkniechtReitkniecht | räächeren, reecheren trans. Verb.: «räuchern» — dafür auch: dämpen, dréchenen, räzen I — Zussetz.: ausräächeren — Abl.: Geräächers N.
Räächerkummer F.: «Räucherkammer» — dafür auch: Räzhais-chen, Flääschhais-chen, -kummer (s. d.).
Rä(ä)flek (phV. Rief-, Reef-, Räeflek) M.: «Rebenableger» — Rääfleke planzen, setzen.
räbbelen I trans. Verb.: «beim (Karten-, Knicker-)Spiel alles abgewinnen» — cf. bäppen, beidelen sub 2).
räbbelen II intr. Verb. — s. klibberen sub 2) — du kanns mech r.
Räbbidämmi M. — s. Rämmidämmi.
rächelen intr. Verb.: «quaken» (Frosch) — cf. Fräsch sub 1).
rächen refl. Verb.: «sich rächen» (Neol.) — dat rächt sech alles (eng Kéier).
Räckel (Echt.: Rekel) M. 1) «Rock des Meßdieners»; 2) a. «Priesterrock»; b. «weißer Chorrock für amtierende Geistliche» — cf. Rack I sub 3).
Räckelchen M.: «Röckchen» (Dim. zu Rack (s. d.)) — engem de roude R. weisen (s. Rack) — Grompren a Räckelches (Pellkartoffeln) — Zussetz.: Routräckelchen (s. d.).
Rädder M. — s. Reider I.
räddereg, -ig Adj.: «mager» — r. Béischten.
Rädel I, Réidel, Riedel ON.: «Rädelingen» — Dorf in der belgischen Provinz Luxemburg — B 6 — frz. Radelange.
Rädel II, Redel (Luxemburg-Stadt: Riedel, Nösl.: Réidel, Hosingen: Räd) M.: 1) «Riegel, Verschlußbolzen» — en hëlze, en eise R. — maach de R. an! (schiebe den Riegel vor!) — Drohung der Ehefrau: wann et spéit gët, Männchen. as de R. zou! — cf. Guertstaf sub 1); 2) a. «junger, schlanker Baumstamm» (lok. Reckingen/Mersch: Buchenstamm); b. «Knüttel» (lok.: Vianden); c. «Holzpflock, der an der Halskette des Rindes baumelt, um das Weglaufen zu erschweren»; 3) «dickes Stück Brot» (über den ganzen Laib geschnitten) — dafür auch: Räwel, Rämel; 4) (derb) «Penis»; 5) «hoch aufgeschossener Bursche» — wat as dat e R. gin!
rädelen, redelen trans. Verb.: 1) «verriegeln»; 2) «mit einem Riegel versehen» (Wb.06) — Zussetz.: of-, ver-, zourädelen.
Rädel- -gänn F.: «oberster Heuboden» — cf. Gänn; -fäsch F.: «Faschine mit Knüttelholz» — cf. Raumfäsch.
Räer, Rär (Nösl.: Reier, lok.: Reel) M.: «Reiher» — Arten: gemenge R., groe R., Fëschräer (s. d. — Ardea cinerea) — kaupege R. (Rallenreiher — Ardeola ralloides) — roude R. (Purpurreiher — Ardea purpurea) — klenge R. (Zwergrohrdommel — Ixobrychus minutus) — Zussetz.: Hauwe-, Nuetsräer — lok. Greiveldingen: Här — lok. Rosport: d'Fënterhären (Reiherkolonie im Ort genannt: op Fënter) — Raa.: jäizen, Kreesch din ewéi e R. (laut lärmen, [Bd. 4, S. 20] schreien) — en Hals ewéi e R. (ein langer Hals) — de Schësser (Durchfall) hun ewéi e R. — vum Birefuppes huet ee geschass wéi d'Rären.
Räerschmalz N.: «Reiherschmalz» (Fischerglaube: äußerst wirksame, aus den Schenkeln des Fischreihers hergestellte Fischwitterung).
Räf, Reef (Pl. Räfer, Refer, Dim. Rääfchen, Reefchen) M.: 1) «Reifen» (Rad-, Faßreifen) — Ra.: e R. zevill, ze wéineg hun (nicht ganz bei Trost sein); 2) «Spielreifen» — mam R. spillen (im Nösl. dafür nur: Rank); 3) «Ring» — en huet Räfer ëm d'Aen (Augen) — et as e R. (Hof) ëm de Mound, et gët Reen — cf. Rénk.
Räf-/Reef- -eisen N. — s. Bandeisen; -zaang F.: «Reifenzange der Küfer».
räfeg, refeg Adj.: «mit Reifen umgeben» — r. Aen (umränderte Augen).
räich Adj.: «reich, vermögend» — Raa.: bas de r., bas de mer léif, du siefs Schellem odder Déif — wann d'Aarbecht ee r. méich, da wir den Iesel méi r. ewéi de Mëller — vum Schaffen as nach kee r. gin — mat räiche Leit as all Mënsch frëndlech — déi räich Leit haten ewell zjoër genuch — déi r. Leit kloen am meeschten (dermeescht) — déi r. Leit sin ëmmer gescheit — déi r. Leit hun et nët vum Ewechgeheien — déi si schwéier, schwéngzeg r. — wann een alles wéisst, hätt een nach Zäit genuch fir r. ze gin — deen hat r. Monnonken, en huet sech r. gëierft (er hat sein Vermögen geerbt, nicht erarbeitet) — hien as al r., a säi Grousspapp wor et schon — en as häämlech r. (er ist vermögend, läßt es aber nicht merken) — Wortspiel mit riechen (lok.: Echt.): deen as esou r., wann en ee léisst (einen Bauchwind streichen läßt), räicht (riecht) et an der ganzer Noperschaaft — räich Läit (cf. Räicherleits) — aarm a r. — cf. aarm, déck sub III, 1) — Zussetz.: nei-, stäräich.
Räichel, Reechel, Reichel ON.: «Reichlingen» — Dorf der Gemeinde und des Kantons Redingen — 220.
Räichemannsdir F. — im (lok.: Mosel) Heischelied: hei komme mir vir R. / mir hääschen d'Fuesentsbroden ervir / mir wënschen dem Här e Keller voll Wein / domat kann hie recht lëschteg sein / mir wënschen der Fra e gëlle Réngelein / domat kann sie zefridde sein / mir wënschen dem Kand eng gëlle Wéi / domat kann hat zefridde sein — cf. MKr. Nr. 679,680.
Räichen M.: «der Reiche» — Spw.: de R. huet Ranner, den Aarmen huet Kanner — dat elo as där hämelecher Räicher een.
räiche(r)lech (lok.: räichlech) Adj.: «ziemlich reich» — hien zielt sech zou de räich(er)leche Leiden.
räicherleits Adv.: «nach reicher Leute Art» — d'as r. — dazu:
Räicherleits- -gespréicher Pl. N.: «Gespräche nach reicher Leute Art»; -kascht M.: «Essen nach reicher Leute Art»; -kanner Pl. N.: «Kinder reicher Leute» — R. kënnen sech alles erlaben; -manéieren Pl. F.: «Manieren nach reicher Leute Art»; -saach F.: «Angelegenheit reicher Leute» — dat as R. (nichts für arme Leute).
räichlech Adj./Adv.: «reichlich» — eng r. Moolzecht — ech hu r. (a) genuch kritt — dat do as r. knaps — et geet r. duer (es langt vollauf, auch drohend) — et as r. spéit gin — cf. vëlleg sub voll. | |