LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Räs, Rees bis Räz (Bd. 4, Sp. 23a bis 24b)
 
Räs, Rees I (Nösl.: Réis) F.: «Reise» — ech maachen eng R. op Paräis, op d'Musel, an Éisträich, a Spuenien — ech loosse mer eng R. an d'Rei maachen (zusammenstellen) — eng organiséiert R. — hie geet op d'R. (er tritt eine Reise an) — zu jem., dem man unterwegs begegnet: wuer (wou) geet d'R. (dann) hin? — et as eng R. fir bei dech ze kommen (es ist umständlich, auch: sehr weit) — wat eng R.! (welch beschwerlicher Weg!) — vill Gléck op d'R.! (Reisewunsch, auch iron.) — du bas ëmmer op der R. (immer unterwegs) — gëf mer eng Bees fir mat op d'R. (Dicks) — en as op d'Rees (er ist fort auf Reisen) neben: en as op der Rees (er ist auf Reisen) — ech bréngen der eppes mat vun der R. — e léisst sech séng Rese bezuelen — Zussetz.: Béier-, Durech-, Geschäfts-, Hochzäits-, Loscht-, Vakanze-, Wäi-, Welträs.
 
Räs-/ räs-, Rees-/ rees- -bengel M.: «Spazierstock» — gëf där (betont) e R. an d'Hand (gesagt bei einem blöden Witz) — d'Drauwen hun e R. kritt (die Blätter der Rebstöcke sind abgefallen — cf. räsen II) — cf. Bengel sub 1), Staf. -büro M.: «Reisebüro»; -decken F.: «Reisedecke»; -fäerdeg Adj.: «reisefertig»; -geld N.: «Reisegeld»; -geschir N.: «Reiseutensilien»; -gesellschaft (Neol.) F.: «Reisegesellschaft»; -këscht F.: «Reisekiste»; -kessel M.: «jem., der gerne (zum Vergnügen) reist»; -komerod M.: «Reisegefährte, -begleiter»; -kränkt F.: «Reisefieber»; -kuerf M.: «aus Weiden geflochtener Reisekorb, Schließkorb mit Springschloß» — s. auch: Boddi sub 1); -täsch F.: 1) «Reisetasche»; 2)s. -kessel.
 
Räs, Rees II M. — s. Räz I.
 
Räseféiwer N.: «Reisefieber» — cf. Räskränkt.
 
Räs III M. — s. Räz I.
 
räseg, reseg (Nösl.: réisig) Adj./ Adv.: 1) «reisefertig»; 2) «rüstig, eilig, tapfer» — en as r. drop lassgaang — wouhin esou r.? — en zitt r. aus (er marschiert tapfer drauf los) — wéi kënnt en esou r. gezunn! — drop goung en un a r. op Schlënnermanescht lass; e wousst all Wee a Steën, e wousst dem Fuuss säi Schlass (R II 6).
 
räsen I, resen (Nösl.: réisen — Part. Prät. lok.: gerääscht) — intr. Verb.: 1) a. «reisen, eine Reise machen» — mir si vill gerääst an eise jonge Joren — ouni eppes ze soen, koum hien enges guddes Daags gerääst (meist: ugerääst) — zu Fouss, zu Päerd, (m)am Auto, (m)am Schëff, (m)am Zuch r.; b. «(viel) gehen» — wuer räs de dann esou séier (hin? — wohin so eilig?) — hie rääst de ganzen Dag ueter d'Duerf (geht den ganzen Tag im Dorf herum) — ech hu mech opgehuewen, an ech sin dohinner gerääst — wat rääst de dann nëmmen dorëmmer? (gehst du so unruhig umher?); c. «aufbrechen, weggehen, sich wegmachen» — wéi e séng gestiicht hat, du as en awer séier gerääst — loosse mer r.! — drohend: räs!, nu räs awer! — da räs alt! (hau ab!); d. übtr.: mat engem r. (jem. abführen) — d'Jhandaarme si mat hinne gerääst (haben sie abgeführt) — si si mat em geräst (haben ihm Beine gemacht) — an du sin ech awer wif mat em gerääst; e. von Sterbenden gesagt: «unruhig sein» — cf. plënneren sub 2)c.; 2) «als Geschäftsreisender unterwegs sein» — hie rääst fir d'Firma X — woumat (wouran, wouranner) rääst hien dann? — e rääst mat Stëffter — hie rääst (er ist Geschäftsreisender); 3) a. «umgehen, Umgang haben» — e rääst mam Néckel — hatt rääst vill mat de Jongen (dorëmmer); b. «kritiklos hinnehmen» — hie rääst mat där (scil.: Geschicht) — e rääst dermat; c. «herausrücken, vorlegen» — wann s de nët geschwënn dermat gerääst kënns, gët et Kaméidi; Abl.: Geräs, Gerees N., [Bd. 4, S. 24] auch substantiv. Räsen, Resen N.: «lästiges Reisen, auch: Umhergehen» — wat as dat e Geräs, ent R.! — Zussetz.: verräsen.
 
räsen II — s. reisen.
 
räsen III trans. Verb.: «den Einsatz erhöhen» (bei gewissen Kartenspielen — z. B. Poker).
 
Räsender, Resender (auch mit bestimmtem Art.: de R.) M.: 1) «Reisender»; 2) «Geschäftsreisender» — spöttisch: 't as een ewéi dem Doud säi R. (von einem hageren, blassen Menschen gesagt) — cf. Kommi sub 3).
 
Raison (wie frz.), Räsong F.: «Vernunft» — Echt.: holl dach Räsong un — hie kënnt och nët (och nach) zur R.
 
räson(n)éieren, räsënéiern, rësënéiern, rësonéieren intr. Verb.: 1) «vernünftig denken, urteilen» — e ka gutt r.; 2) «viel reden, vernünfteln, widersprechen» — wat rësënéiers du dann elei? — hie räsonnéiert wéi en (alen) Affekot — e kann nët sin ouni ze r. — räsonnéier nët laang a maach déng Aarbecht! — du hues gutt r. (du hast leicht reden) — Abl.: Geräson(n)éiers, Räson(n)éiers N.: «Nörgelei, Widerspruch» — hal op mat deem Geräson(n)éiers!
 
Räsonnement (Pl. Räsonnementer) N. und M.: «vernünftige Beurteilung, Überlegung» — Jäizen as nach laang kee R. — dat do as e gelungene (ent gelungent) R. — wat e bossegt R.! — e richtegt, e falscht R. — et as alt e R. wéi en anert — dat do si keng Räsonnementer.
 
Räscht F. — s. Rascht II.
 
rät, reet (Nösl.: réit) Adj./Adv.: «fertig, bereit» — eng Haut r. maachen (Gerberspr.) — e Kallefskapp r. maachen (Kalbskopf zubereiten) — Nösl.: ich sen elo jäng réit mat ménger Aarbicht (bin gleich, sofort mit meiner Arbeit fertig) — lo réit! (sofort, sogleich!).
 
Rätkamp, Rä-, Reikamp (Wb.06: Reekamp) M.: «Rietkamm der Weber» — (Teil des Webstuhls: großer Kamm von 1,50 Meter Breite, so groß wie der Webstuhl, mit einem Deckel; der R. hält die Fäden, zu je 20, in der richtigen Lage fest, so wie sie in die Schmack [s. d. sub I, 4] eingelegt wurden).
 
Rätsel N. — s. Réitsel — cf. Gerot.
 
rätterätätättim Kinderreim: r., dat moassigt Kätt — s. mooseg sub 1).
 
Räwel, Re-, Riwel M.: «großes, dickes Stück» — e R. Brout — cf. Rädel II sub 3), Knaus, Kniewel sub 7).
 
Räwess. Rebes.
 
Räz I,

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut