räsenresenGeräs, GereesRäsen, ResenräsenräsenRäsender, ResenderRaisonRäsongräson(n)éieren, räsënéiern, rësënéiern, rësonéierenGeräson(n)éiers, Räson(n)éiersRäsonnementRäschträt, reetRätkamp, Rä-, ReikampRätselrätterätätättRäwel, Re-, RiwelRäwesRäzReez, Räes, Räs, ReesRäz-RäzbamRäzholzRäzbich, ReesbichRäzReezRäz-RäzhaischenRäzkaulRäzkaulRäzRäzräzegräzenrezenräzenRäzereirerereajhéierenReaktiounReaktionärRealitéitrealiséierenRebäämchenRëbell, RëbellerRëbellereirëbelleschRëbelliounRebes, RewesRebbiRebbis-RebbisdillRebbiswuerRebutRëbüRéceptioun, RezeptiounRecetteReceveurRéchaudRechercheReche(n)-RecheblatRechebuchRechefelerRechenheftRechejoërRechekäppchenRechekënschtlerRechekonschtRechekinnekRechemaschinRechemääschterRechemeeschterRecheprofesserRecheprüfungRecheschaaftRecheschiberRechestonnréchenrech(e)nenGerechens, RechnereiRechnenRechnerRechnereiRechnong, RechnungRechnungssektiounRechtrechtRecht- / recht-Rechteckrechteckegrechtméissegrechtschafenrechtwénklegrecht(s)rechten, rechtelenrechter-déngs, -hand, -weisRechts- | räsen I, resen (Nösl.: réisen — Part. Prät. lok.: gerääscht) — intr. Verb.: 1) a. «reisen, eine Reise machen» — mir si vill gerääst an eise jonge Joren — ouni eppes ze soen, koum hien enges guddes Daags gerääst (meist: ugerääst) — zu Fouss, zu Päerd, (m)am Auto, (m)am Schëff, (m)am Zuch r.; b. «(viel) gehen» — wuer räs de dann esou séier (hin? — wohin so eilig?) — hie rääst de ganzen Dag ueter d'Duerf (geht den ganzen Tag im Dorf herum) — ech hu mech opgehuewen, an ech sin dohinner gerääst — wat rääst de dann nëmmen dorëmmer? (gehst du so unruhig umher?); c. «aufbrechen, weggehen, sich wegmachen» — wéi e séng gestiicht hat, du as en awer séier gerääst — loosse mer r.! — drohend: räs!, nu räs awer! — da räs alt! (hau ab!); d. übtr.: mat engem r. (jem. abführen) — d'Jhandaarme si mat hinne gerääst (haben sie abgeführt) — si si mat em geräst (haben ihm Beine gemacht) — an du sin ech awer wif mat em gerääst; e. von Sterbenden gesagt: «unruhig sein» — cf. plënneren sub 2)c.; 2) «als Geschäftsreisender unterwegs sein» — hie rääst fir d'Firma X — woumat (wouran, wouranner) rääst hien dann? — e rääst mat Stëffter — hie rääst (er ist Geschäftsreisender); 3) a. «umgehen, Umgang haben» — e rääst mam Néckel — hatt rääst vill mat de Jongen (dorëmmer); b. «kritiklos hinnehmen» — hie rääst mat där (scil.: Geschicht) — e rääst dermat; c. «herausrücken, vorlegen» — wann s de nët geschwënn dermat gerääst kënns, gët et Kaméidi; Abl.: Geräs, Gerees N., [Bd. 4, S. 24] auch substantiv. Räsen, Resen N.: «lästiges Reisen, auch: Umhergehen» — wat as dat e Geräs, ent R.! — Zussetz.: verräsen.
räsen II — s. reisen.
räsen III trans. Verb.: «den Einsatz erhöhen» (bei gewissen Kartenspielen — z. B. Poker).
Räsender, Resender (auch mit bestimmtem Art.: de R.) M.: 1) «Reisender»; 2) «Geschäftsreisender» — spöttisch: 't as een ewéi dem Doud säi R. (von einem hageren, blassen Menschen gesagt) — cf. Kommi sub 3).
Raison (wie frz.), Räsong F.: «Vernunft» — Echt.: holl dach Räsong un — hie kënnt och nët (och nach) zur R.
räson(n)éieren, räsënéiern, rësënéiern, rësonéieren intr. Verb.: 1) «vernünftig denken, urteilen» — e ka gutt r.; 2) «viel reden, vernünfteln, widersprechen» — wat rësënéiers du dann elei? — hie räsonnéiert wéi en (alen) Affekot — e kann nët sin ouni ze r. — räsonnéier nët laang a maach déng Aarbecht! — du hues gutt r. (du hast leicht reden) — Abl.: Geräson(n)éiers, Räson(n)éiers N.: «Nörgelei, Widerspruch» — hal op mat deem Geräson(n)éiers!
Räsonnement (Pl. Räsonnementer) N. und M.: «vernünftige Beurteilung, Überlegung» — Jäizen as nach laang kee R. — dat do as e gelungene (ent gelungent) R. — wat e bossegt R.! — e richtegt, e falscht R. — et as alt e R. wéi en anert — dat do si keng Räsonnementer.
Räscht F. — s. Rascht II.
rät, reet (Nösl.: réit) Adj./Adv.: «fertig, bereit» — eng Haut r. maachen (Gerberspr.) — e Kallefskapp r. maachen (Kalbskopf zubereiten) — Nösl.: ich sen elo jäng réit mat ménger Aarbicht (bin gleich, sofort mit meiner Arbeit fertig) — lo réit! (sofort, sogleich!).
Rätkamp, Rä-, Reikamp (Wb.06: Reekamp) M.: «Rietkamm der Weber» — (Teil des Webstuhls: großer Kamm von 1,50 Meter Breite, so groß wie der Webstuhl, mit einem Deckel; der R. hält die Fäden, zu je 20, in der richtigen Lage fest, so wie sie in die Schmack [s. d. sub I, 4] eingelegt wurden).
Rätsel N. — s. Réitsel — cf. Gerot.
rätterätätätt — im Kinderreim: r., dat moassigt Kätt — s. mooseg sub 1).
Räwel, Re-, Riwel M.: «großes, dickes Stück» — e R. Brout — cf. Rädel II sub 3), Knaus, Kniewel sub 7).
Räwes — s. Rebes.
Räz I, Reez, Räes, Räs, Rees (Pl. Räser) M.: «Waldrand» — de R. vum Bësch — Rätsel: et wiist nët am Bësch, et wiisst nët baussent dem Bësch, wou wiisst et? — Antwort: um R. — dafür auch: Bord, Buerd, Droof.
Räz- -bam M.: «Baum, der am Waldrand wächst, Eckständer»; -holz N.: «Holz der Randbäume» — R. as zéi an ondugen.
Räzbich, Reesbich F.: «eine Art (angelehnter) Schuppen, meist primitiv aus Holz, um Ackergeräte trocken unterzustellen» (C).
Räz II, Reez M.: «(beißender) Rauch» — hänk d'Fleesch an de (aus dem) R. — d'Fleesch hong ze laang am R., et as zevill ausgedréchent.
Räz- -hais-chen N.: «Räucherkammer» — cf. Flääschhaischen, Haascht; -kaul F.: «Grube der Flachs- oder Hanfdörre» — auch kurz: Räz F. — cf. Dar, Där.
Räz III M.: «Reiz» (Wb.06).
Räz IV M.: «Hotte» (Engelmann).
räzeg Adj.: «nach Rauch schmeckend, riechend».
räzen I, rezen trans. Verb.: 1) a. «räuchern» — Fleesch r. — d'Hame sin nach nët genuch gerääzt — dazu das Verbadj.: gerääzt — Schnellsprechübung: 't as kee bessert Flääsch, wéi gerääzte Gäässeflääsch; b. «nach Rauch schmecken, riechen» — d' Flääsch rääzt; 2) «dörren, rösten» (Flachs, Hanf) — Fluess, Wierk r. — dafür auch: réizen.
räzen II trans. Verb.: «reizen» (Wb.06) — s. reizen.
Räzerei F. — s. Räzkaul.
re (sofern nicht besonders angegeben hat die Anfangssilbe die beiden Aussprachen rə und re, wovon erstere häufiger und volkstümlicher ist; vor Vokalen immer re).
re (spaßh.: rë) «re» (in gewissen Kartenspielen, z. B. Skat) — Kontra a re geet mat, dafür auch: gefrot an rëm gefrot — s. froen sub 2).
reajhéieren intr. Verb.: «reagieren» — en huet nët op mäi Bréif reajhéiert — hie reajhéiert op näischt (er ist starrsinnig) — e reajhéiert nët méi (von einem Todkranken) — cf. erfanken. | |