LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Rebes, Rewes bis Rechteck (Bd. 4, Sp. 25a bis 26b)
 
Rebes, Rewes (re-,jenisch: Reibach) M. — in der Redewendung: R. maachen (unredlichen Gewinn einstecken, z. B. beim Einkauf für die Küche) — cf. Schmu maachen.
 
Rebbi M.: 1) «Ausschußware, Schundware»; 2) «Gesindel, Pöbel».
 
Rebbis- -dill (meist als Pl.) M.: «Brett, Diele dritter Güte» (nicht gleichmäßig dick, oft noch mit Rinde) — mir hun eis Stuff mat Rebbi(-sdill) agezunn; -wuer F.: «Schundware».
 
Rebut (wie frz.), Rëbü M.: 1) «Ausschußware» — cf. Rebbi sub 1); 2) «unzustellbare Briefschaften» (Postspr.) — déi Saachen elo gin an de R.
 
Réceptioun, Rezeptioun F.: 1) «Empfang» — d'Regéierong gët den Owend eng (grouss) R. — ech war op enger R.; 2) «Empfangsstelle, Annahme» — an der R. vun engem Hotel, Geschäft — ech hun d'Schlësselen an der R. ofgin.
 
Recette (wie frz. — Pl. Recetten) F.: 1) «Einnahme» — mir haten haut eng déck, gutt, schlecht R. — du muss dee Posten ënnert d'Recette buchen; 2)s. Rëzett, Rëzept.
 
Receveur (wie frz., Ton: 2, auch: Ton: 1) M.: «Einnehmer» — de Gemenge-R. (Gemeindeeinnehmer) — dafür auch: Gemengeneinnehmer.
 
Réchaud (wie frz., Ton: 1) M. — s. Rëscho.
 
Recherche (wie frz. — Pl. Rëscherschen) F.: «(wissenschaftliche, gerichtliche, polizeiliche) Nachforschung, Untersuchung» — Rëscherche maachen.
 
Reche(n)- -blat N.: «kariertes Blatt Papier» — dafür auch: e Blat mat Haisercher; -buch N.: «Rechenbuch»; -feler M.: «Rechenfehler»; -heft N.: «Rechenheft»; -joër N.: «Rechnungsjahr»; -käppchen M.: «guter Rechner» (bes. von Kindern gesagt); -kënschtler M.: «Rechenkünstler» — et brauch ee kee R. ze sin, fir dat erauszefannen; -konscht F.: «Rechenkunst» — da weis elo emol déng R.; -kinnek M. — s. -käppchen; -maschin F.: «Rechenmaschine» — hien as eng lieweg R.; -määschter, -meeschter M.: 1)s. -kënschtler; 2) «Rechenlehrer» (Wb. 06); -professer M.: «Professor der Arithmetik»; -prüfung F. — wie hd.; -schaaft F.: «Rechenschaft» — muss ech dir da vun allem R. ofleën, gin?; -schiber M.: «Rechenschieber»; -stonn F.: «Rechenstunde».
 
réchens. richen.
 
rech(e)nen (Echt.: reechnen, lok. auch: räächnen) trans./intr. Verb.: «rechnen, berechnen» — dee Klenge kann ewell bis honnert r. — e rechent wéi e Groussen, en Alen — am Kapp r. — wann ech alles r., da verléieren ech bei deem Geschäft — looss e gewäerden, hie weess et schons ze r. — mat ganzen Zuele, mat Bréch r. — hie ka gutt r. (eigtl.: er kann gut rechnen, übtr.: er weiß seinen Vorteil wahrzunehmen) — op säi Kont r. — mer mussen emol (matenee) r. (abrechnen), da gesi mer wou mer dru sin — drohend (Meister zum Angestellten): wann s de mer esou kënns, da r. mer (mateneen), dann hues du däi Loun a mer si fäerdeg — mam klenge Su, mam Zantim r. (sehr genau sein) — dat mécht genee gerechent zéng Frang a fënnef Su — dat as gutt gerechent (mehr als er wünscht, jedoch auch: mehr als ihm zusteht; es ist teuer) — kleng (niedrig, knapp) gerechent — wéi rechent der haut den Dollar? — hie kann nët r. (er kann nichts berechnen) — si kann nët r. (kommt nicht mit dem Haushaltsgeld zurecht) — wat rechent der fir är Aarbecht, fir Maacherloun? (was fordert, verlangt ihr?) — ech kann him nët r., wat et (mech) kascht — du rechens wéi en Apdikter (du forderst sehr viel) — dat (Bëss-che) rechne mer Iech nët — wann s de hie mat rechens, da si mer zu sechs — hues de dech och (mat) gerechent? — mat mir kanns de nët r. — ech hat fest op e gerechent — bei de Grompre rechent ee véier Sieschter op den Zenner — et muss ee mat den Onkäschte r. (die Unkosten in [Bd. 4, S. 26] Rechnung stellen) — géint hie gerechent sin ech an aarme Männchen — dem Wieder no (ze r.), kënnt et Wanter sin — rechen mat zwou Stonne Wee — mir rechne mat honnert Leit — rechen eng hallef Fläsch Wäin op de Kapp, op de Mann — Abl.: Gerechens, Rechnerei F. — wat féiers du e G., fir déi puer Frang zesummen ze kréien! — Zussetz.: a-, aus-, be-, ëm-, mat-, no-, of-, u-, ver-, vir-, zesumme-, zréckrechnen — cf. kalküléieren, zielen.
 
Rechnen N.: 1) «das Rechnen» — am R. as en nët ze schloen, klappen — d'R. läit mer um Mo; 2) «Rechenstunde» — mir hu R. vun néng bis zéng — Zussetz.: Kapp-, Tafelrechnen.
 
Rechner M. — wie hd.
 
Rechnerei F. — s. Gerechens sub rechnen.
 
Rechnong, Rechnung F.: 1) «Rechnung» — engem e Stréch duurch d'R. maachen — eng R. opsetzen (aufstellen) — eng R. fälschen, (ver)läächnen — op R. kafen, liwweren — no ménger R. kriss de näischt eraus — dat gët dech eng deier R.! (kommt dich teuer zu stehen!) — da maacht mer d'R., wann ech glift! (bitte zahlen!) — spaßh. auf die Frage nach dem Kostenpunkt: ech schécken der d'R. ëm Neijooschdag (ich habe es umsonst, gratis getan) — mat der R. kommen (eigtl. u. übtr.) — de Schouschter, d'Handwierksleit um Duerf si gewéinlech ëm Neijooschdag mat de Rechnungen eraus, fir hir Suen ze kréien — eis R. geet op — séng R. as em nët opgaang — hien as (nët) op séng R. komm — Zussetz.: Apdëktesch-, Dokteschrechnong; 2) «Rechenaufgabe» — ech hu méng Rechnungen nët gewosst — eng R. léisen, fannen.
 
Rechnungssektioun F.: «Rechnungssektion» — d'ganz Gemeng as nëmme méi eng R.
 
Recht (Pl.: Rechter) N.: 1) «Recht» — en ongeschriwwe(nt) R. — weltlecht, réimescht R. — eng Saach mat vollem, guddem, mat dem gréisste R. vertrieden — am (a séngem) R. sin — R. a Gerechtegkeet as zweërlee — wann ee (betont) R. as, muss ech dee Prozess gewannen — wann dat geschitt, as kee R. méi op der Welt, op Gottes Äerdbuedem — Gewalt geet vir R. — ouni Uurtel a R. (eigenmächtig und widerrechtlich) — R. muss R. bleiwen — laut R. a Gesetz — vu Rechts weën (von Rechts wegen) — Echt.: äm säi R. verdullen, verkniwelen (schmälern) — R. bleift R., trotz Kinnek a Käser — wou näischt as, do huet de Käser säi R. verluer — mat wat fir engem R. méchs de dat? — wou hëlt deen dat R. hier? — dat as säi schéinst(e) R. — ech bestin op méngem R. — ech wëll näischt wéi mäi gutt R. — du hues dat nët mat R., zu R. — all Mënsch huet R. op Aarbecht — mir hun nach e R. (Anrecht) op dee Passaasch, Duurchgank — säi R. sichen (vor Gericht gehen) — zu séngem R. kommen — du hues méi Gléck ewéi R. — alles wat R. as! — bekräftigend: a mat R.! — engem séng Rechter virenthalen — séng Rechter behalen (Bürgerrechte); 2) «gesetzmäßige Abgabe, Gerechtsame» — R. bezuelen (z. B. Zoll, Akzisen, Schankrecht) — op den Dierfer gin d'Jongen hiirt R. siche (verlaange) bei de Jong vun auswäerts, dee bei e Meedchen aus dem Duerf freie kënnt (cf. Rousegaart) — fréier as den Hiirt säi R. bei d'Leit siche gaang — Zussetz.: Ääns-, Biirger-, Bësch-, Buerg-, Fauscht-, Fënster-, Fëscher-, Genoss-, Grond-, Haus-, Holz-, Juegd-, Kiirche-, Krichs-, Land-, Maart-, Mënsche-, Mille-, Privat-, Vir-, Waasser-, Wädrecht.
 
recht (phV. s. sub recht[s]) Adj./ Adv.: 1) «richtig, passend» — e wor nët r. bei Laun — de Mond op der rechter Plaz hun — du bas nët r. bei Sënnen, bei Trouscht, gescheit — op de rechte Bur goen — mir as et r. — nu maach emol engem et r.! (auch: gerecht) — dir r., mir r. — dat as nët méi wéi r. — r. Koséngen (Vettern im ersten Grad) — de rechte Papp — substantiv.: du bas, dat as de Rechten; 2) verblaßtes Subst.: r. behalen, gin, hun, kréien; 3) — rechte Wénkel (rechter Winkel); 4) (verstärkend) «sehr, ganz» (lok.: Echt.) — dat as r. gemeen — dir sid r. affrontéiert — cf. al (Adv.); 5)s. recht(s).
 
Recht- / recht- -eck N.: «Rechteck»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut