LWB Luxemburger Wörterbuch
 
réchen bis Réckschlag (Bd. 4, Sp. 25b bis 28a)
 
réchens. richen.
 
rech(e)nen (Echt.: reechnen, lok. auch: räächnen) trans./intr. Verb.: «rechnen, berechnen» — dee Klenge kann ewell bis honnert r. — e rechent wéi e Groussen, en Alen — am Kapp r. — wann ech alles r., da verléieren ech bei deem Geschäft — looss e gewäerden, hie weess et schons ze r. — mat ganzen Zuele, mat Bréch r. — hie ka gutt r. (eigtl.: er kann gut rechnen, übtr.: er weiß seinen Vorteil wahrzunehmen) — op säi Kont r. — mer mussen emol (matenee) r. (abrechnen), da gesi mer wou mer dru sin — drohend (Meister zum Angestellten): wann s de mer esou kënns, da r. mer (mateneen), dann hues du däi Loun a mer si fäerdeg — mam klenge Su, mam Zantim r. (sehr genau sein) — dat mécht genee gerechent zéng Frang a fënnef Su — dat as gutt gerechent (mehr als er wünscht, jedoch auch: mehr als ihm zusteht; es ist teuer) — kleng (niedrig, knapp) gerechent — wéi rechent der haut den Dollar? — hie kann nët r. (er kann nichts berechnen) — si kann nët r. (kommt nicht mit dem Haushaltsgeld zurecht) — wat rechent der fir är Aarbecht, fir Maacherloun? (was fordert, verlangt ihr?) — ech kann him nët r., wat et (mech) kascht — du rechens wéi en Apdikter (du forderst sehr viel) — dat (Bëss-che) rechne mer Iech nët — wann s de hie mat rechens, da si mer zu sechs — hues de dech och (mat) gerechent? — mat mir kanns de nët r. — ech hat fest op e gerechent — bei de Grompre rechent ee véier Sieschter op den Zenner — et muss ee mat den Onkäschte r. (die Unkosten in [Bd. 4, S. 26] Rechnung stellen) — géint hie gerechent sin ech an aarme Männchen — dem Wieder no (ze r.), kënnt et Wanter sin — rechen mat zwou Stonne Wee — mir rechne mat honnert Leit — rechen eng hallef Fläsch Wäin op de Kapp, op de Mann — Abl.: Gerechens, Rechnerei F. — wat féiers du e G., fir déi puer Frang zesummen ze kréien! — Zussetz.: a-, aus-, be-, ëm-, mat-, no-, of-, u-, ver-, vir-, zesumme-, zréckrechnen — cf. kalküléieren, zielen.
 
Rechnen N.: 1) «das Rechnen» — am R. as en nët ze schloen, klappen — d'R. läit mer um Mo; 2) «Rechenstunde» — mir hu R. vun néng bis zéng — Zussetz.: Kapp-, Tafelrechnen.
 
Rechner M. — wie hd.
 
Rechnerei F. — s. Gerechens sub rechnen.
 
Rechnong, Rechnung F.: 1) «Rechnung» — engem e Stréch duurch d'R. maachen — eng R. opsetzen (aufstellen) — eng R. fälschen, (ver)läächnen — op R. kafen, liwweren — no ménger R. kriss de näischt eraus — dat gët dech eng deier R.! (kommt dich teuer zu stehen!) — da maacht mer d'R., wann ech glift! (bitte zahlen!) — spaßh. auf die Frage nach dem Kostenpunkt: ech schécken der d'R. ëm Neijooschdag (ich habe es umsonst, gratis getan) — mat der R. kommen (eigtl. u. übtr.) — de Schouschter, d'Handwierksleit um Duerf si gewéinlech ëm Neijooschdag mat de Rechnungen eraus, fir hir Suen ze kréien — eis R. geet op — séng R. as em nët opgaang — hien as (nët) op séng R. komm — Zussetz.: Apdëktesch-, Dokteschrechnong; 2) «Rechenaufgabe» — ech hu méng Rechnungen nët gewosst — eng R. léisen, fannen.
 
Rechnungssektioun F.: «Rechnungssektion» — d'ganz Gemeng as nëmme méi eng R.
 
Recht (Pl.: Rechter) N.: 1) «Recht» — en ongeschriwwe(nt) R. — weltlecht, réimescht R. — eng Saach mat vollem, guddem, mat dem gréisste R. vertrieden — am (a séngem) R. sin — R. a Gerechtegkeet as zweërlee — wann ee (betont) R. as, muss ech dee Prozess gewannen — wann dat geschitt, as kee R. méi op der Welt, op Gottes Äerdbuedem — Gewalt geet vir R. — ouni Uurtel a R. (eigenmächtig und widerrechtlich) — R. muss R. bleiwen — laut R. a Gesetz — vu Rechts weën (von Rechts wegen) — Echt.: äm säi R. verdullen, verkniwelen (schmälern) — R. bleift R., trotz Kinnek a Käser — wou näischt as, do huet de Käser säi R. verluer — mat wat fir engem R. méchs de dat? — wou hëlt deen dat R. hier? — dat as säi schéinst(e) R. — ech bestin op méngem R. — ech wëll näischt wéi mäi gutt R. — du hues dat nët mat R., zu R. — all Mënsch huet R. op Aarbecht — mir hun nach e R. (Anrecht) op dee Passaasch, Duurchgank — säi R. sichen (vor Gericht gehen) — zu séngem R. kommen — du hues méi Gléck ewéi R. — alles wat R. as! — bekräftigend: a mat R.! — engem séng Rechter virenthalen — séng Rechter behalen (Bürgerrechte); 2) «gesetzmäßige Abgabe, Gerechtsame» — R. bezuelen (z. B. Zoll, Akzisen, Schankrecht) — op den Dierfer gin d'Jongen hiirt R. siche (verlaange) bei de Jong vun auswäerts, dee bei e Meedchen aus dem Duerf freie kënnt (cf. Rousegaart) — fréier as den Hiirt säi R. bei d'Leit siche gaang — Zussetz.: Ääns-, Biirger-, Bësch-, Buerg-, Fauscht-, Fënster-, Fëscher-, Genoss-, Grond-, Haus-, Holz-, Juegd-, Kiirche-, Krichs-, Land-, Maart-, Mënsche-, Mille-, Privat-, Vir-, Waasser-, Wädrecht.
 
recht (phV. s. sub recht[s]) Adj./ Adv.: 1) «richtig, passend» — e wor nët r. bei Laun — de Mond op der rechter Plaz hun — du bas nët r. bei Sënnen, bei Trouscht, gescheit — op de rechte Bur goen — mir as et r. — nu maach emol engem et r.! (auch: gerecht) — dir r., mir r. — dat as nët méi wéi r. — r. Koséngen (Vettern im ersten Grad) — de rechte Papp — substantiv.: du bas, dat as de Rechten; 2) verblaßtes Subst.: r. behalen, gin, hun, kréien; 3) — rechte Wénkel (rechter Winkel); 4) (verstärkend) «sehr, ganz» (lok.: Echt.) — dat as r. gemeen — dir sid r. affrontéiert — cf. al (Adv.); 5)s. recht(s).
 
Recht- / recht- -eck N.: «Rechteck»; -eckeg Adj.: «rechteckig»; -méisseg Adj.: «rechtmäßig»; -schafen Adj.: «rechtschaffen»; -wénkleg Adj.: «rechtwinklig».
 
recht(s) (phV.: reets, riet, riechts, riecht — als Adv. nur: rechts) Adj./Adv.: «recht, rechts» (Ggs.: lénks, lénk) — déi r. Hand as déi schéin Hand — déi r. Hand, dat rech(s)t (rechts) Been — de rechte Schong — op der Strooss muss de rechts fueren a lénks goen — hal déng recht Säit! — deen huet séng r. Hand op der [Bd. 4, S. 27] lénker Säit (er ist ungeschickt) — rechts as, wou den Daum lénks as — du muss hie rechts, op déi recht(s) Säit huelen (zur Ehrbezeugung) — zur rechter Hand (cf. rechterhand) — déi Fra huet zwou rechtser (rechtsener) Hänn (ist sehr flink bei der Arbeit) — hien as séng rechts Hand — en as mat der rechter Hand maarteler (s. d.) — mat der lénker Hand an déi rechts Täsch fueren — d'Duerf läit rechts vum Wee — op eemol kriss de der rechts a lénks (eng rechts an eng lénks, vu lénks a vu rechts) op de Bak — Kegelspiel: de recht(s)e Bauer — spill rechts! — d'Spill as rechts — Football: déi rechts Band — Richtung: déi r. Säit (bes. Nösl. und Osten: Süd- und Oststeite) — déi r. Säit (vum Stoff — Außenseite bei Geweben) — r. stëmmen (die [politische] Rechte wählen) — Fuhrmannspr. für rechts: un d', zou der, zur Hand — cf. A sub 1)d., kucken, lénk.
 
rechten, rechtelen intr. Verb.: «rechten, streiten» — hie wëllt ëmmer r. a prokroteren.
 
rechter-déngs, -hand, -weis Adv.: «normalerweise» — hei misst ee r. bis op Arel gesinn.
 
Rechts- -fro F.: «Rechtsfrage»; -geléierten M.: «Rechtsgelehrter»; -saach F.: «Rechtsangelegenheit»; -verdréier M.: «Rechtsverdreher».
 
Rechtspartei F.: «Rechtspartei» (heute Christlich Soziale Volkspartei).
 
Reck M.: «Reck» (Turngerät) — dazu: Reckstaang F.: «Reckstange».
 
Réck (Pl. Récker) M.: 1) «Rücken» — e R. hun ewéi eng Kellerdir, e Schëllerhaus, eng Zakristeisdir (einen breiten Rücken haben) — e brede R. hun (eigtl. und übtr.: viel auf sich nehmen können) — sech op de R. leën (schlafen gehen) — fir fënnef Su leet hatt sech gläich op de R. — et mengt een en hätt e Biesemstill (eng gliese Staang) am R. (er hält sich kerzengerade) — et mengt een du häss Glas am R. — en huet eng Schank am R. (er bückt sich nicht gerne) — 't as fir e R. an d' (eng) Säit ze kréien (es ist unerhört) — 't as fir op de R. ze trëllen (dsgl.) — ech sollt op de R. falen, wéi ech et héieren hun — op eent zwee loug en um R. — engem eppes op de R. schwätzen (übel nachreden) — ech gesinn en am léifsten op de R. (kann ihn nicht leiden) — ech bekucken en emol nët mam R. — hatt wir mer bal am léifste mam blousse R. (euph. für Hënner, Aasch) an d'Gesiicht gesprongen — do wou de R. säin (säi gudden) Numm verléiert (euph. für Gesäß) — de R. wéi kréie vun de Grompren z'iessen (spaßh.: nicht gerne Kartoffeln essen) — soubal wéi een de R. gedréit huet, geet et nët méi (sobald man abwesend ist, sich entfernt hat) — ech hat knaps de R. gedréit, du wor d'Ongléck ewell geschitt — en dréit séngen Eltren de R. — dee Wéngert huet dem Herrgott de R. gedréit (von einem Weinberg gesagt, der eine schlechte Lage hat) — wéi den Herrgott d'Welt geschaf, du huet en dem Éislek de R. gedréit (wegen des rauhen Klimas) — ech hu keng Aen um R. (kann nicht alles sehen, beaufsichtigen) — et hätt een néideg Aen um R. ze hun! (Klage der Aufseher, Lehrpersonen, Mütter usw.) — engem an de R. falen — sech de R. schnäizen (austreten) — zu Kindern auf die Frage, was sie tun sollen: lee dech op de R. (deck dech mam Bauch zou, dong d'Schong an d'Strëmp aus) a spill mat den Zéiwen — sech de R. fräihalen — e weess sech de R. nët fräi — e laange R. kréien (lange [und schwer] arbeiten) — vum Schaffe kritt een de R. wéi (weh), stäif — ech spiren (ech hun) et (nees) am R. (habe [erneut] Rückenschmerzen) — ech spiren et am R., et gët Reen — d' Schuddrije si mer de R. erofgelaf (die Hühnerhaut ging mir aus) — hie krut de Réck ersielt (wurde geprügelt) — engem de R. stäipen (jem. unterstützen, fördern, begünstigen) — muss du dann ëmmer de R. duerhalen? (für andere einstehen, büßen) — e geet mam R. vir (er ist ein Feigling) — spaßh. zu Buben: du hues jo nach kee R., nëmmen e Gestell (eng Kréibänk) fir den Hënner drun ze hänken — abweisend: mam R. laanscht d'Mauer! — du hues de R. op (euphem. für Aasch — s. d.) — Ruf der Wachtel: béck de R., béck de R.; 2) dinglich: a. «Rück(en)seite, Rückenteil» — d' Haus läit mam R. zur Strooss — de R. vum Hiem (Hemd) — de R. vun engem Schaf, Buch, Messer, enger Hatt; b. «Rückenlehne» — e Stull ouni R.; 3) (nur Pl.: Récker) — op Récker pléien (in schweren, nassen Böden — am steiwe Buedem — werden, zur Entwässerung, zuerst durch die Mitte eines Teilstückes des Ackers, zwei Furchen zusammengepflügt, die weiteren Furchen schließen sich beiderseits daran an, dadurch entsteht zur Mitte hin ein Rücken (Erhöhung); die entstandene Abteilung wird als Réck bezeichnet) [Bd. 4, S. 28] — dat Stéck huet zwéi, dräi, véier Récker — cf. Kamp I sub 3)c.
 
Réck- / réck- -eisen (lok.) N.: «Brecheisen» — s. Briecheisen; -fall M.: «Rückfall»; -fälleg Adj./Adv.: «rückfällig» — hien as r. gin — cf. hannerfälleg; -gank M.: 1) «das Zurückgehen»; 2) «Rückwärtsgang» (Fahrzeug); -gängeg Adj./Adv.: «rückgängig» — en Handel r. maachen; -halt M.: «Rückhalt, Stütze» — hien huet e gudde R. u séngem Monni; -kräiz (Ton: 2) N.: «Rückgrat» — ech hun et am R. (Schmerzen im R.) — ech werfen dech op de Buedem, datt s de d'R. bréchs — übtr.: en huet kee R. (keine Charakterfestigkeit); -laascht M.: «Rückenlast» — biergop muss d'Päerd am Tëmmer R. hun; -läfeg Adj./Adv.: «rückläufig»; -rimm M.: «Rückenriemen, Rückengurt» (Teil des Pferdegeschirrs, worin das Pferd die Stränge trägt) — drohend: ech räissen dech a Réckrimmen; -säit F.: «Rückseite»; -schlag M.: «Rückschlag»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut