LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Récksëtz bis Ree(n)- (Bd. 4, Sp. 28a bis 29b)
 
-sëtz M.: «Rücksitz»; -stand M.: «Rückstand» (nicht für Bodensatz) — en as am R. mam Bezuelen; -stänneg Adj./Adv.: «rückständig, altertümlich»; -straler (auch: Rückstrahler) M.: «Rückstrahler»; -strank (Ton: 2) M.: «Rückgrat» — 't as fir op de R. ze falen (es ist unbegreiflich) — de R. briechen — engem de R. erlängen (ersielen — ihn durchprügeln) — op de R. trëllen, schloen — sech de R. verrenken — dat mécht e laange R. (bei einer Arbeit, die man gebückt verrichten muß) — ech hun et am R., ech ka mech nach knaps réieren — cf. Réckkräiz; -trëtt (meist: Rücktritt) M: «Rücktrittbremse am Fahrrad»; -versécherong F.: «Rückversicherung». -wiirkend Adj.: «rückwirkend» (von Gesetzen).
 
Réckecht F.: «Brut» — eng R. Feldhénger mat denen Ale gët eng Zäich — dafür meist: Hickecht s. d. sub 1).
 
réckelen, récken trans./intr. Verb.: «rücken» — de Schaf, e Stull r. — réckel den Dësch bis bei d'Mauer! — eppes hannerécks, zer Säit, vijhenzeg réckelen — den Dësch récken (bei Spiritistensitzung) — op der Plaz réckelen (unruhig hin- und herrücken) — réckel, ech setze mech bei dech! — Papp, réckel de Steen (eigtl. und übtr.: den Stein von dem Geldversteck) — in den folgenden Wendungen nur récken: engem op d'Bud de Läif, de Pelz récken (jem. zur Rede stellen, zur Verantwortung ziehen, Vorwürfe machen) — substantiv.: mat Réckelen a Fréckelen, R. an Zécken (ruckweise, mit Mühe) — Abl.: Gerécks, Geréckels N. — wat hues du fir e Geréckels? — Echt.: lo hoan äich däs Geréckels a Gefréckels genouch (es langt mir nun mit diesen Sticheleien).
 
Recken (op der Mess) ON.: «Reckingen» (Mess) — Dorf und Gemeinde Reckingen, Kanton Esch-Alzette — 486 — die Einwohner von Reckingen sagen: et gët nëmmen een Herrgott an eng Mess, an dovun as R. dat best.
 
Recken (bei Miersch) ON.: «Reckingen» — Dorf der Gemeinde Mersch, Kanton Mersch — 313; Reckener-Barrière heute noch Fln.
 
Reckendall ON.: «Reckenthal» — Stadtteil von Luxemburg und Teil der Gemeinde Strassen — 404.
 
Réckes (Echt., lok. Nösl.: Rickes) 1) männlicher Vorname: «Heinrich» (auch Theaterstück von Du: Rekes III) — Spottreime: R., R., Riichtfort — R., déng Fra huet e schielt A — R., déng Bän stin ausernän; 2) M.: «unbeholfener Mensch, Lümmel» — Nösl.: watt as datt e Rickes — du domme Rickes! — cf. Räkel.
 
Reckingerhaff M.: «Reckingerhof» (Gemeinde Dalheim, Kanton Remich).
 
Redakter (Ton: 2) M.: 1) «Redakteur»; 2) «Redakteur» (Beamtengrad).
 
Redaktioun F.: 1) «Redaktion» (Zeitung) — dazu: Redaktiounsschluss M.: «Redaktionsschluß»; 2) «Schüleraufsatz» — eng däitsch, englesch, (meist) franséisch R.; 3) «Abfassung» — déi éischt R. vun deem Artikel wor nët gutt.
 
Redder, Rëdder (lok.: Regder) M. — s. Reider I.
 
redderen, rëdderens. reideren.
 
redetten (rə-) — s. radetten.
 
redhibitoresch Adj.: «redhibitorisch» — dafür meist: et geet zréck, Zréckfeler.
 
redijhéieren trans. Verb.: «redigieren» — en Artikel r.
 
Redingote (wie frz., Ton: 1, 2 und 3) F.: «Überrock, Reiserock, Reitrock (Ga) — heute: Cut, Gehrock».
 
redresséieren (rə-) trans./intr. Verb.: 1) «begradigen» — e Wee r.; 2) «berichtigen» [Bd. 4, S. 29] — deen Irtom muss redresséiert gin.
 
Reduktioun (rə-) F.: «Reduktion, Abschlag, Rabatt» — wann s de bor bezills, kriss de zéng Prozent R.
 
Reduktor (rə-) M.: «Reduktor».
 
reduzéieren (rə-) trans./intr. Verb.: «reduzieren».
 
Reduzéierstéck (rə-) N.: «Reduzierstück bei Röhren» — cf. Iwwersetzknéi.
 
Ree M.: «Rain, Abhang» — cf. Räz I, Räs.
 
Reech M. — s. Riech I.
 
reecherens. räächeren.
 
Reedschoossi M. — s. Rez-de-chaussée.
 
Reejhel (lok.: Böwen) M.: «Riegel» — cf. Rigel.
 
Reekamp M. — s. Rätkamp.
 
Reel (lok.) M. — s. Räer.
 
reell Adj./Adv.: «reell, ehrlich» — e reellt Geschäft — r. Leit maachen näischt esou — an deem Buttéck gët een ëmmer r. bedéngt — substantiv.: dat as där Reellster keen — dat do as eppes Reelles.
 
Reen (phV. s. Ltb 25) M.: «Regen» — viele Vorzeichen (s. dazu: Pletschette, Annuaire 1952, S. 105: Volk und Wetter): wann d'Hunnen zu fricks kréien, d'Hénger sech plécken, d'Honn an d'Kaze Gras friessen, d' Wiirm aus dem Buedem kommen, d' Steng, d'Wänn schweessen, de Speck drëpst, et aus de Gargulle, dem Cabinet sténkt, d'Schmuelefen iwwer de Buedem fléien, et op rouege Plazen an de Flëss a Baache Schaum gët, et owes bleech as, wann d'Kueben «naass» ruffen, wann d'Kréienaë bäissen a wéi dongen, de Räismatissem sech mellt, d'Sonn Stäipe setzt, wann de Mound am Waasser steet, e Krees ëm de Mound as, wann ee wäit gesäit — (lok. Westen: wann Arel grouss as) — wann d'Luucht ganz kloer as, wann d'Schleken eraus sin, wann d'Sonn stécht, wa Schewercher um Himmel sin, wann d'Bälen ewéi rose sin — Bauernregel: vill R. a wéineg Schnéi, deet de Soten a Bäme wéi — et gët R. — de Reen huet alles an de Buedem geschloen — dee R. as Gold wäert — de R. léisst no — de R. schléit widder d'Fënster — d' Luucht as (hänkt) voll(er) R. — en as duurch de schloe R. komm (cf. Schloreen) — renge R. mécht am meeschten naass — ech sin esou midd (dätsch), ech mengen et gët fatzeg R. — Wetterregel (lok.: Brandenburg): dee Reen, dee muerges fällt, dat as wéi Alfraëndamp (Regen am [frühen] Morgen hält nicht an) — wann et ménge Féiss no geet, da gët et R., datt een e Sak op eem Bam ka wäschen, datt et eng Millen dreift — bei großer Trockenheit (Mosel): all Drëps R. gët Wäin — ech lafen ënner dem R. erduurch — Mutter zum Kind: géi, komm, bleif aus dem R. eraus — hues de R. gelueden? (zu jem., der griesgrämig dreinschaut) — Ra.: si sëtzen do wéi d'Hénger am Reen ënner der Kar (in einer Reihe, apathisch) — Art und Eigenschaft: fiselege, fuselege, gemittleche, kale, kuurze, rouege, siddleche, siechte, staarke, uerge, waarme, wootleche R. — Zussetz.: Fisel- (e Fiseler), Land-, Mä(reenchen), Niewel-, Platsch-, Schauer-, Schlo-, Staf-, Stëbs-, Wiederreen — cf. Häverschësser, Schauer, Sprëtzer(t), Schluet, Schlouss, Strapp, Stuurz — weiter: Dag sub 2), Drëpsschlag, verdroen sub 2), renen.
 
Ree(n)-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut