| Reen (phV. s. Ltb 25) M.: «Regen» — viele Vorzeichen (s. dazu: Pletschette, Annuaire 1952, S. 105: Volk und Wetter): wann d'Hunnen zu fricks kréien, d'Hénger sech plécken, d'Honn an d'Kaze Gras friessen, d' Wiirm aus dem Buedem kommen, d' Steng, d'Wänn schweessen, de Speck drëpst, et aus de Gargulle, dem Cabinet sténkt, d'Schmuelefen iwwer de Buedem fléien, et op rouege Plazen an de Flëss a Baache Schaum gët, et owes bleech as, wann d'Kueben «naass» ruffen, wann d'Kréienaë bäissen a wéi dongen, de Räismatissem sech mellt, d'Sonn Stäipe setzt, wann de Mound am Waasser steet, e Krees ëm de Mound as, wann ee wäit gesäit — (lok. Westen: wann Arel grouss as) — wann d'Luucht ganz kloer as, wann d'Schleken eraus sin, wann d'Sonn stécht, wa Schewercher um Himmel sin, wann d'Bälen ewéi rose sin — Bauernregel: vill R. a wéineg Schnéi, deet de Soten a Bäme wéi — et gët R. — de Reen huet alles an de Buedem geschloen — dee R. as Gold wäert — de R. léisst no — de R. schléit widder d'Fënster — d' Luucht as (hänkt) voll(er) R. — en as duurch de schloe R. komm (cf. Schloreen) — renge R. mécht am meeschten naass — ech sin esou midd (dätsch), ech mengen et gët fatzeg R. — Wetterregel (lok.: Brandenburg): dee Reen, dee muerges fällt, dat as wéi Alfraëndamp (Regen am [frühen] Morgen hält nicht an) — wann et ménge Féiss no geet, da gët et R., datt een e Sak op eem Bam ka wäschen, datt et eng Millen dreift — bei großer Trockenheit (Mosel): all Drëps R. gët Wäin — ech lafen ënner dem R. erduurch — Mutter zum Kind: géi, komm, bleif aus dem R. eraus — hues de R. gelueden? (zu jem., der griesgrämig dreinschaut) — Ra.: si sëtzen do wéi d'Hénger am Reen ënner der Kar (in einer Reihe, apathisch) — Art und Eigenschaft: fiselege, fuselege, gemittleche, kale, kuurze, rouege, siddleche, siechte, staarke, uerge, waarme, wootleche R. — Zussetz.: Fisel- (e Fiseler), Land-, Mä(reenchen), Niewel-, Platsch-, Schauer-, Schlo-, Staf-, Stëbs-, Wiederreen — cf. Häverschësser, Schauer, Sprëtzer(t), Schluet, Schlouss, Strapp, Stuurz — weiter: Dag sub 2), Drëpsschlag, verdroen sub 2), renen.
Ree(n)- -bou(n) (lok. Grevenmacher: Regebuejhem) M.: «Regenbogen» — de richtege R. as der Muttergottes hiren, deen aneren (Nebenregenbogen) as dem Däiwel säin — Volksglaube: wann déi zwéi Reenbéi eng Kéier een esou grouss wéi deen aneren as, da geet d'Welt ënner; -boufrell F.: «Regenbogenforelle»; -drëps F.: «Regentropfen»; -haut F.: «Regenumhang» — cf. Kiewerlekshaut sub 2); -lach N.: «Regenseite» (vorwiegende) — de Kiirchhinnche kuckt an d'R. (Anzeichen von Regen) — d'R. as zou, setzt sech zou; -loft F.: «Regenwind, lok. Südwind» — cf. -wand; -luucht F. — s. d. Vor.; -mantel M.: «Regenmantel»; -pellerin F.: «Regenpelerine»; -säit F.: «Regenseite» (Südwestseite) — d'R. vum Haus as agekleet — d'R. vum Bam; -schauer F.: «Regenschauer»; -schlag M.: «Regenseite»; -schmack F.: «Regenseite des Hauses» — cf. Schmack II; -waasser N.: «Regenwasser» — am R. gin d'Ierbëssen am beschte mëll — d'R. as apaart gutt fir ze wäschen, 't as kee Kallek dran; -wand M.: «Regenwind, Westwind» — cf. -loft; -wieder N.: «Regenwetter» — wenn es regnet, klettern die Kinder auf erhöhte Gegenstände, am liebsten auf Mauern oder auf Wagen, wo sie auf [Bd. 4, S. 30] Brettern tanzen können; dabei singen sie: Rä-, Räwieder / zu Tréier op de Brieder / zu Metz op de Maueren / do sëtze siwe Baueren / fer dat R. ze belaueren — Var.: do sëtze siwe Baueren / se jäizen Hurra, hurra, hurra — cf. MKr. Nr. 269, Ksp. Nr. 181; -wollek F.: «Regenwolke»; -wuurm M.: «Regenwurm» (meist einfach: Wuurm) — cf. Äerdwuerm. -zäit F.: «Regenzeit».
Reestaf, -stecken M.: «Ruderstange, -stecken» — cf. Räbäämchen, reien I.
reet — s. rät.
Reet F. — s. Räit.
Reez M. — s. Räz.
Refectoire (rə-, sonst wie franz., Ton: 2) M.: «Refektorium».
Rëfërenz F.: «Referenz» — schlecht, gutt Rëfërenzen hun.
Rëff M. — s. Roff.
rëffeg Adj.: «schorfig» — derb abweisend: hal déng r. Schnëss — e rëffegt Gesiicht.
Rëffel (heute meist: Rüffel) M.: «Rüffel» (Wb.06).
rëffelen I refl./intr. Verb.: 1) «(sich) kratzen, (sich) reiben» — wat hues de ze r., et mengt een, du hätts de Bockel voller Fléi? — d'Honn hun ëmmer (u sech) ze r. an ze schären; 2) «zappeln» (oft als Zeichen von Unwillen, Ungeduld, Protest); 3) «weinerlich schnüffeln» — cf. schnoffelen — Abl.: Gerëffels N. — wat féiers du fir e G. an e Geschäers! — cf. schuppen II sub 2).
rëffelen II (lok.: Esch-Alz.) trans. Verb.: «ausbeuten beim Spiel» — si hun e gerëffelt — cf. beidelen sub 2).
rëffënéiert (Mosel) Adj.: «ausgesucht höflich, zurückhaltend» — hatt war nawell sou r. fir Äddi soen ze kommen — de däerfsch nët sou r. sin (zurückhaltend), du muscht zougräifen — cf. raffinéiert.
reflektéieren intr./trans. Verb.: 1) «zurückstrahlen»; 2) «reflektieren» — hie reflektéiert op déi Plaz.
Rëflekter M.: «Rückstrahler».
Rëflex (Pl. Rëflexer) M.: «Reflex» — en huet gutt Rëflexer.
Reflexioun F.: «Überlegung» — ech maache mer alt esou méng Reflexiounen derzou.
Reform (rə-) F.: «Reform».
reforméieren (rə-) trans. Verb.: 1) «bei der Musterung zurückstellen»; 2) «reformieren» — eng Gesellschaft r.
Réfractaire (wie frz., Pl. Réfractairën) M.: «Militärpflichtiger, der sich aus Protest der Einberufung entzieht, bes. für Luxemburger im zweiten Weltkrieg». | |