| Ree(n)- -bou(n) (lok. Grevenmacher: Regebuejhem) M.: «Regenbogen» — de richtege R. as der Muttergottes hiren, deen aneren (Nebenregenbogen) as dem Däiwel säin — Volksglaube: wann déi zwéi Reenbéi eng Kéier een esou grouss wéi deen aneren as, da geet d'Welt ënner; -boufrell F.: «Regenbogenforelle»; -drëps F.: «Regentropfen»; -haut F.: «Regenumhang» — cf. Kiewerlekshaut sub 2); -lach N.: «Regenseite» (vorwiegende) — de Kiirchhinnche kuckt an d'R. (Anzeichen von Regen) — d'R. as zou, setzt sech zou; -loft F.: «Regenwind, lok. Südwind» — cf. -wand; -luucht F. — s. d. Vor.; -mantel M.: «Regenmantel»; -pellerin F.: «Regenpelerine»; -säit F.: «Regenseite» (Südwestseite) — d'R. vum Haus as agekleet — d'R. vum Bam; -schauer F.: «Regenschauer»; -schlag M.: «Regenseite»; -schmack F.: «Regenseite des Hauses» — cf. Schmack II; -waasser N.: «Regenwasser» — am R. gin d'Ierbëssen am beschte mëll — d'R. as apaart gutt fir ze wäschen, 't as kee Kallek dran; -wand M.: «Regenwind, Westwind» — cf. -loft; -wieder N.: «Regenwetter» — wenn es regnet, klettern die Kinder auf erhöhte Gegenstände, am liebsten auf Mauern oder auf Wagen, wo sie auf [Bd. 4, S. 30] Brettern tanzen können; dabei singen sie: Rä-, Räwieder / zu Tréier op de Brieder / zu Metz op de Maueren / do sëtze siwe Baueren / fer dat R. ze belaueren — Var.: do sëtze siwe Baueren / se jäizen Hurra, hurra, hurra — cf. MKr. Nr. 269, Ksp. Nr. 181; -wollek F.: «Regenwolke»; -wuurm M.: «Regenwurm» (meist einfach: Wuurm) — cf. Äerdwuerm. -zäit F.: «Regenzeit».
Reestaf, -stecken M.: «Ruderstange, -stecken» — cf. Räbäämchen, reien I.
reet — s. rät.
Reet F. — s. Räit.
Reez M. — s. Räz.
Refectoire (rə-, sonst wie franz., Ton: 2) M.: «Refektorium».
Rëfërenz F.: «Referenz» — schlecht, gutt Rëfërenzen hun.
Rëff M. — s. Roff.
rëffeg Adj.: «schorfig» — derb abweisend: hal déng r. Schnëss — e rëffegt Gesiicht.
Rëffel (heute meist: Rüffel) M.: «Rüffel» (Wb.06).
rëffelen I refl./intr. Verb.: 1) «(sich) kratzen, (sich) reiben» — wat hues de ze r., et mengt een, du hätts de Bockel voller Fléi? — d'Honn hun ëmmer (u sech) ze r. an ze schären; 2) «zappeln» (oft als Zeichen von Unwillen, Ungeduld, Protest); 3) «weinerlich schnüffeln» — cf. schnoffelen — Abl.: Gerëffels N. — wat féiers du fir e G. an e Geschäers! — cf. schuppen II sub 2).
rëffelen II (lok.: Esch-Alz.) trans. Verb.: «ausbeuten beim Spiel» — si hun e gerëffelt — cf. beidelen sub 2).
rëffënéiert (Mosel) Adj.: «ausgesucht höflich, zurückhaltend» — hatt war nawell sou r. fir Äddi soen ze kommen — de däerfsch nët sou r. sin (zurückhaltend), du muscht zougräifen — cf. raffinéiert.
reflektéieren intr./trans. Verb.: 1) «zurückstrahlen»; 2) «reflektieren» — hie reflektéiert op déi Plaz.
Rëflekter M.: «Rückstrahler».
Rëflex (Pl. Rëflexer) M.: «Reflex» — en huet gutt Rëflexer.
Reflexioun F.: «Überlegung» — ech maache mer alt esou méng Reflexiounen derzou.
Reform (rə-) F.: «Reform».
reforméieren (rə-) trans. Verb.: 1) «bei der Musterung zurückstellen»; 2) «reformieren» — eng Gesellschaft r.
Réfractaire (wie frz., Pl. Réfractairën) M.: «Militärpflichtiger, der sich aus Protest der Einberufung entzieht, bes. für Luxemburger im zweiten Weltkrieg».
Refrain (wie frz.) M.: «Kehrreim, Refrain» — 't as alt erëm deen ale R. (die alte Leier). | |