| Rëffel (heute meist: Rüffel) M.: «Rüffel» (Wb.06).
rëffelen I refl./intr. Verb.: 1) «(sich) kratzen, (sich) reiben» — wat hues de ze r., et mengt een, du hätts de Bockel voller Fléi? — d'Honn hun ëmmer (u sech) ze r. an ze schären; 2) «zappeln» (oft als Zeichen von Unwillen, Ungeduld, Protest); 3) «weinerlich schnüffeln» — cf. schnoffelen — Abl.: Gerëffels N. — wat féiers du fir e G. an e Geschäers! — cf. schuppen II sub 2).
rëffelen II (lok.: Esch-Alz.) trans. Verb.: «ausbeuten beim Spiel» — si hun e gerëffelt — cf. beidelen sub 2).
rëffënéiert (Mosel) Adj.: «ausgesucht höflich, zurückhaltend» — hatt war nawell sou r. fir Äddi soen ze kommen — de däerfsch nët sou r. sin (zurückhaltend), du muscht zougräifen — cf. raffinéiert.
reflektéieren intr./trans. Verb.: 1) «zurückstrahlen»; 2) «reflektieren» — hie reflektéiert op déi Plaz.
Rëflekter M.: «Rückstrahler».
Rëflex (Pl. Rëflexer) M.: «Reflex» — en huet gutt Rëflexer.
Reflexioun F.: «Überlegung» — ech maache mer alt esou méng Reflexiounen derzou.
Reform (rə-) F.: «Reform».
reforméieren (rə-) trans. Verb.: 1) «bei der Musterung zurückstellen»; 2) «reformieren» — eng Gesellschaft r.
Réfractaire (wie frz., Pl. Réfractairën) M.: «Militärpflichtiger, der sich aus Protest der Einberufung entzieht, bes. für Luxemburger im zweiten Weltkrieg».
Refrain (wie frz.) M.: «Kehrreim, Refrain» — 't as alt erëm deen ale R. (die alte Leier).
refüséieren, refëséieren, refiséieren (rə-) trans./intr. Verb.: «verweigern» — mer kruten et refüséiert — dazu:
Refus (wie frz.) M.: «Weigerung» — 't as kee R.
Regal (Pl. Regaler) M. und. N.: «Regal, Büchergestell».
regaléieren trans. Verb.: 1) «freigebig bewirten»; 2) refl.: «sich gütlich tun» — si hun sech regaléiert.
Regard (wie frz.) M.: 1) «Rücksicht» (heute nur noch in dieser Bed.) — en hëlt kee R. fir keen (nimmt auf niemanden Rücksicht) — en huet kee R. fir näischt (gar keine Rücksicht, gar kein Mitleid) — cf. Egard; 2) «Blick» (veraltet — Ga) — e wiwe R. (ein lebhafter Blick); 3) «mit Gitter oder Deckel versehene Öffnung der Kanalisation» (Ga).
regéieren (rəjeiərən), regeren, regiëren (lok.: rejhéieren — rəʒeiərən) trans./intr. Verb.: «regieren, herrschen» — Spw.: d'Geld regéiert d' Welt — streng Helleg r. nët laang — hie mengt, e kënnt d'ganzt Duerf r. — wie regéiert bei eech am Stot? 2) a. «meistern» — ech kann déi Kärelen nët méi r., si danzen engem um Kapp erëm — dat Kand as nët ze r.; b. «bewältigen» — ech kann déi Aarbecht nët méi r. — Abl.: Geregéiers N. — wat hues du hei fir e G. ze féieren?
Regéierong, -onk, Regirung (Var. wie oben) F.: «Regierung» — im bes.: 1) a. «Regierung als Staatsgewalt» — d'R. huet démissionéiert, as ofgaang — mir hun eng nei R.; b. «Regierung als Verwaltung, oberste Verwaltungsbehörde» — e schafft an der R. — en huet eng déck Plaz an der R. — ech gi bis an d'R., wann et muss sin — hien as kënneg an der R. — déi éischt Hand bei der R.; c. «Regierungsgebäude» — cf. Gouvernement sub 1), Maximäin; 2) «Herrschaft» — wien huet d'R. hei am Stot?
Regéierongs- -auto M.: «Dienstauto»; -garage F.: «Autoreparaturwerkstätte für Regierungswagen»; -beamten M.: «Regierungsbeamte»; -gebai N.: «Regierungsgebäude» — cf. Regéierong sub 1)c.; -gelder Pl. N.: «öffentliche Gelder» — 't as liicht mat R. ze hausen, sech den Décken ze maachen; [Bd. 4, S. 31] -hond † M.: «Saurüde» (Canis familiaris aprinus — so genannt, weil der Staat, laut Wb.06, Saurüden zu den öffentlichen Treibjagden unterhielt); -kommissär M.: «Regierungskommissar».
Regel I (/rejəl — lok.: -ʒ-) F.: 1) «Regel» — keng R. ouni Ausnam; 2) (oft Pl.: Regelen) «Menstruation».
Regel II (nur /rejəl) M.: «gebührende Behandlung, Pflege» — den ale Mann kritt an deem Haus säi R. nët.
Regel III ('regəl) F.: «Lineal» (lok.).
regelen (/rejəlen — lok.: -ʒ-) trans. Verb.: «regeln, ordnen» — mir mussen déi Affär r. — cf. regléieren, reguléieren — Verbadj.: geregelt — si liewen a geregelte Verhältnësser — e g. Liewen.
regelméisseg (rejəl-) Adj./Adv.: «regelmäßig» — dazu: Regelméissegkät, -keet F. — cf. schlagméisseg.
Rëgement, Regiment (-j-, lok: -ʒ-) N.: 1) «Herrschaft» — bei hinne féiert d'Fra d'R. — loosst mech emol d'R. iwwerhuelen! (die Führung übernehmen); 2) a. «Truppenkörper» — e ganzt R. Zaldote sin opmarschéiert — e R. zu Päerd, zu Fouss; b. «große Schar, Menge» — e ganzt R. Leit woren zesummegelaf — ech muss fir e ganzt R. kachen.
Rëgements-/Regiments- -houer F.: «gemeine Metze» — cf. Offizéieschmatrass; -ligener M.: «Erzlügener» (Wb.06); | |