LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Réilieder bis reiden (Bd. 4, Sp. 32a bis 33b)
 
-lieder N.: «Rehleder»; -pad M.: «Rehwechsel»; -posten Pl. M.: «Rehposten» — dafür auch: Chevrotine; -réck M.: «Rehrücken»; -wiessel M.: «Rehwechsel».
 
réi (regional: ri) I Adj.: «roh, in natürlichem Zustand, unverarbeitet» — eng r. Gromper — e réit Ä — r. Ham, Mëllech — e réie Biffdeck — réie Wäin (unreifer Wein) — d'Fleesch as nach hallef r. (nur halb gar) — ech hätt dat (scil.: Meedchen) léiwer r., wéi dech gebroden (s. broden) — beim Kartenspiel: fir wat geet et? Antwort: fir eng r. Gromper — d' Wonn as nach r. (die Wunde ist noch blutig, nicht vernarbt) — Echt.: d' Wonn as ä Wolper an ä rit Fleesch — de ganze Réck wor ee réit Fleesch (der ganze Rücken war mit blutenden Wunden bedeckt) — an d'réit Fleesch schneiden — eng r. Haut (unverarbeitetes Fell) — wann een op engem Päerd séngem réie Réck reit (ohne Sattel), kritt ee gär de Koppaasch (s. d.) — eng r. Mauer (eine Mauer ohne Mörtel, auch ohne Bewurf, Verputz — cf. Mauer) — de réie Buedem — e réit Briet (ungehobeltes Brett) — eng r. Séit (Abflußgraben mit Steinen ohne Mörtel).
 
réi II (regional: ri) Adj./Adv.: 1) «rauh, naß und kalt» — et as zevill r. fir dës Zäit; 2) «heiser» — ech sin esou r. an der Strass, am Hals; 3) «empfindlich» — ech hun de Mo esou r., ech hat eppes giess wat nët gutt wor — et as mer nach ze r. (am Mo) fir elo Wäin de drénken (der Magen verträgt so früh am Morgen noch keinen Wein); 4) «gefühlsroh» — dat as e réie Kärel — cf. rau.
 
Réi- / réi- -bau M.: «Rohbau»; -faul Adj.: «rohfaul» (von Trauben) — Ggs. edelfaul; -failnes, -failzecht F.: «Rohfäule» (beim Obst, bes. Trauben); -fleck M.: «die nicht ausgebrochene Pocke, Hautfleck» (Wb.06); -lieder (Echt.: Rileder) M.: «gefühlloser Mensch»; -liedereg Adj.: «gefühllos»; -mo(c)kel, Rimo(c)kel M.: «Rohling»; -mo(c)kelzeg, rimo(c)kelzeg Adj.: «roh, grob».
 
Rei I F.: «Reue» — R. a Leed erwecken — cf. Rau — dazu: reimiddeg Adj.: «reumütig».
 
Rei II F.: 1) a. «Reihe, Linie, Zeile» — en Heft mat (zwanzeg) Reien — ech muss nach Reien op d'Blat zéien (Linien ziehen) — du muss an d'Reie schreiwen — looss eng R. aus — du hues eng R. iwwersprongen — a Reie planzen, setzen, séien — laascht d'Strooss stin (steet) eng R. Beem — d'Zaldote stin an enger R., a R. a Glidd — si kommen an der R. (im Gänsemarsch) — eng duebel R. (Doppelreihe) — setzt iech an d'R.! — ech liesen nach déi puer Reien, da kommen ech — ech hun nach e puer Reien ze schreiwen — d'Kanner hun eng R. Buschtawen ze maachen; b. «Reihenfolge, Ordnung» — am Jon kritt jidderee séng R. — lo as d'R. u mir, an da kënnt se eréischt un dech — tréischt dech, mir kommen (och) all (eng Kéier) un d'R. (eigtl., auch: wir sterben alle einmal) — alles der R. no, wéi am Beichtstull — hei geet et der R. no, wéi bei der Äppelfra — lo kënnt d'R. (Lux.-Stadt: jetzt kommen die Kinder in geschlossener Reihe) — d'R. halen (anhalen) — ech muss déi Saach nach an d'R. bréngen (in Ordnung bringen) — dat do as nu glat a guer nët an der R.! (gehört sich nicht) — kräisch nët, dat kréie mer rëm an d'R. (bringen wir wieder in Ordung) — eppes an der R. halen (in Ordnung halten) — hien hält sech glat nët an der R. — du hues se nët méi der R. no — du hues se nach all, mä si kommen nët méi der R. no, bei dir kommen se nët méi der R. no (du bist nicht ganz bei Trost) — du bas ganz aus der R. (verwirrt) — ech si ganz aus der R. geroden (dsgl.) — et goung him nët an d'R., wéi hie gemengt hat (es ging ihm nicht nach Wunsch) — ech sin nët ganz an der (a ménger) R. (ich bin unwohl) — ech sin nees an der R. (wieder hergestellt, genesen) — ech sin aus der R. (unwohl, verwirrt) — een erëm an d'R. bréngen (versöhnen, auch: kurieren) — den Dokter huet en an d'Rei kritt — dat (déi [betont] Saach) as an der R.! (ist schon gut, neuerdings: ganz einverstanden, darüber sprechen wir nicht mehr) — an der Rei! (einverstanden!) — si mer an der R.? (Frage z. B. in Gaststätten: haben wir alles bezahlt?)[Bd. 4, S. 33] as alles an der R.? (dsgl.) — dee Bouf as aus der R. geroden (mißraten) — hien danzt ëmmer aus der R. — maach du d'Zalot (Salat) an d'R., ech maachen d'Iessen — ech muss mech nach an d'Rei maachen (zurechtmachen), éier mer erausgin; 2) «große Menge» — si hun eng R. Kanner — hien huet eng ganz R. Haiser — Wb.06: aus Kannereie gi Reie Kanner — zeitbestimmend: virun enger R. vu Joren — 't as ewell eng R. Joren hier.
 
Rei III F.: «Fußbiege» (Wb.06) — iwwer d'R. — op der R. — dafür auch: Kuppjee, Virfouss, Foussreil, Reil II.
 
Rei- -holz N.: «Rillen-, Reihenzieher» (beim Säen); -lach (Pl. Reilächer, lok.: Räilach) N.: 1) «Öse am Schuh» (Ösenstreifen) — e Mond ewéi e R. (sehr kleiner, feiner Mund); 2) «Flußneunauge» (Petromyzon fluviatilis) — cf. Steebësser; -lächersschong M.: «Schuh mit Ösen»; -lächerzaang F.: «Ösenzange»; -schnouer F.: 1) «Nestel, Schnürsenkel» (Ga) — Rätsel: am Do wéi eng Schnouer, an der Nuecht wéi eng Schlaang? (d'Reischnouer — MKr. Nr. 732) — cf. Schongstréckel; 2) «Reihschnur, um die Fische daran aufzureihen».
 
Reie(n)- / reie(n)- -gank M.: «Folge, Ordnung der Steinlagen» (Maurerspr. — Wb.06); -weis Adv.: «reihenweise»; -zéier M.: 1) «Rillen-, Reihenzieher beim Säen» — cf. Reiholz; 2) «Reißfeder» (Wb.06).
 
Reia weiblicher Vorname: «Maria» — s. sub Maria.
 
Reibel M.: «Stößel, Reiber».
 
Réibéiser (lok.: Trintingen) M.: «Hummel» — cf. Bommel.
 
Réibriet, Reebreet, Ribreet(lok. z. B. in Echt., Vianden belegt) N.: «Totenbrett» — in der Ra.: op dem R. leien.
 
Réid I M.: «Rinderkrankheit infolge Fressens von Giftpflanzen oder Eichenlaub» (nach C im Ösling, Wb. 06).
 
Réid II, Ridd M.: «Ried» — s. Ridd II.
 
Réideg (Pl. Réideger, Réidécher, Réidercher — Echt.: Riddich, Pl.: Riddijer) M.: 1) «Radieschen» (Raphanus sativus) — dafür auch: Mountréideg; 2) «Rettich» — Arten: schwaarze R., Béier-, Summer-, Wanterréideg — Volksmed.: schwaarze, geschappte R. a Branntwäin as gutt fir de Mo an d'Liewer, grad ewéi de Mierréideg — cf. Ramelass; 3) (lok., spaßh. im Pl.: Réidercher) «Hämorrhoiden» — cf. Kiischtchen I.
 
Réidel ON. — s. Rädel I.
 
Réiden (un der Atert), Réidéng ON.: «Redingen» — Gemeinde und Kanton Redingen — 244 — dazu: Réidener — de R. Kanton, de R. Maart usw. — cf. Däitsch-Réiden sub däitsch, auch: Réidéng.
 
reiden (Konjug.: Part. Prät.: geri(d)- den — lok. Redingen, Ind. Präs.: du rechs, hie recht neben du reits, hie reit, Part. Prät.: geritt, gerit — Westösl.: rεgdən, Ind. Präs.: du recks, hee reckt, Part. Prät.: geridden — Nösl.: rəgdən, Ind. Präs.: du récks, hä réckt, Part. Prät.: geridden) intr./trans. Verb.: «reiten» — Kinderreitliedchen: sou (wéi) r. déi Häre mat hire stolze Päerden, zuck, zuck, zuck / sou r. déi Bauere mat hire gëllen Aueren, drop, drop, drop / sou r. déi Jéngelcher mat hire sëlwer Kléngelcher, tripptrapp, tripptrapp, tripptrapp / sou reiden déi Jëffercher mat hire schéine Pantëffelcher, scht, scht, scht / sou r. déi Kënnercher mat hiren Zockermënnercher, suck, suck, suck — sou r. déi Hären, mat hire stolze Päerden / sou r. déi Jëffercher, mat hire gëlle Pantëffelcher / sou r. déi Baueren, déi Schelme vun Nataueren (s. d.) / wéi gät déi Poscht? (MKr. Nr. 78, 79) — Raa.: wie sele reit, deem bliddert den Aasch (ungewohnte Arbeit ist schwer) — besser schlecht geridden (gefuer), wéi gutt (stolz) (ge)gaangen — übtr.: op engem r. (jem. aufsässig sein) — spaßh.: d'ganzt Duerf reit op mir, sot d'Fra — Zusatz: ma ech dreiwen et och deemno — nët op engem Päerd mat engem r. (nicht mit jem. einverstanden sein) — si r. openeen (rivalisieren, streiten) — op eppes r. (auf etwas bestehen, auf etwas halten) — de Professer reit op der Grammatik — e kënnt all Abléck mat där aler Leier geridden (wiederholt beständig dasselbe) — ech si séier mat him geridden (habe ihn schnell abgefertigt) — Zussetz. — s. sub Räit — cf. ugeridden.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut