Réislek, Réisléng, Riisléng, RiislingRéislekpaschtéitReismountRéisséngRéitReit-, reit-reitenReiterReitschettRéitselRätselreiwenGereifsgeriw(w)enGeriw(w)enenReiwereiReiwung, ReiwongréizenreizenRejetrejoulenrekapituléierenRekapitulatiounRequêteRëkettebamReklamReklams-ReklamsautoReklamswonReklamsziedelReklamatiounreklaméierenRekoltRecommandérekommandéieren, rekommañdéieren, rekommondéierenRekonstruktiounRekordRecordRekordmannreculeRekrutrekrutéieren, rekrütéierenrektaRektifikatiounrektifizéieren, rektifiéierenRecoursRelanceRelaisRelatiounrelativRelevéReliefReliqueReliqui(e)religiéis, reliéis, rëljéisRel(i)gioun, ReliounRel(i)giouns-, ReliounskriwwelerRellRëllchenRëllercheszwirRellerrelles, rëllesRelles, RëllesRëlpes, RëllepesrëlpëssegRël(le)pëssegkätrëlzegrëlzenRëlzertRëm, Rëmelchen, Rëmeljen, RämrëmRemarqueremarkéierenRëmatissemRemboursementRamburssemangrebourséieren, romburséierenRemedurReméidRëmelRëmëléng, RëmléngRëmëljenRëmi, Rëmchen, RëmesRemiseRemiseRëmmelremmelenRëmmërech, RëmregRemontoirsauerRemorqueRëmpRempartRemplaçantreplacéierenRënd- / rënd-Rëndflääsch-fleeschRëndflääschbrittRëndflääschzoppRëndvéi | Réislek, Réisléng, Riisléng, Riisling M.: «Riesling» (Traubensorte) — Arten: groe, wäisse R., Goldr. — roude Réislek (Rheinländer-Rebe — Wb.06) — Zussetz.: Riisling-Silvaner, Riisling pur, R. perlé — Frage des Wirtes: hätt Der gär e R. pur odder e R.-Silvaner? — lok. Mosel: en huet sech als R.-Silvaner verkleet (er ist betrunken).
Réislekpaschtéit F.: «Rieslingpastete».
Reismount M.: 1) «Oktober»; 2) Pl.: Reisméint: «Oktober und November» (Weistum von Bollendorf: rysen) — Fierkelen aus de Reisméint daachen näischt, d'Kanner och nët, soen aner Leit.
Réisséng ON.: «Rüssingen» (frz. Russange) — Grenzortschaft im Département de la Moselle.
Réit M. — s. Räit.
Reit-, reit- — s. Räit-.
reiten — s. reiden.
Reiter M. — s. Reider.
Reitschett (lok.) M.: «großes Zelt, vom Wirt an Markttagen aufgeschlagen».
Réitsel F. und N., Rätsel N.: «Rätsel» — hien as am Gaang eng R. ze léisen — dat do as mir e Rätsel.
reiwen trans./intr. Verb.: 1) «reiben» — ech hun d'Kachmaschin blénkeg geriwwen — Biren um Birestä r. — d'Kanner r. d'Bire (Kinder schneiden die noch unreifen Birnen in Hälften, reiben die Flächen gegeneinander und lecken den Saft) — e Messer um Stol r. (am Stahl wetzen) — d'Wäsch r. (die Wäsche nach dem Einweichen mit der Waschbürste oder mit der Hand auf dem Waschbrett reiben) — lo kanns de r.! (die schmerzende Stelle) — reif nët un deem Roff! — übtr.: ech hun him et ënner d'Nues geriw(w)en (vorgehalten); 2) refl.: «sich reiben» — sech d'Hänn, d'Fangere r. (eigtl. und übtr.: sich freuen, schadenfroh sein) — e reift sech d'Hänn a späizt op d'Aarbecht — sech un engem r. (sich mit jem. messen, Händel suchen) — drohend: reif dech nët u mir! — spaßh.: reif dech emol laanscht (betont) deen hei! (z. B. auf der Kegelbahn, der gute Spieler zu dem schlechteren) — dee Borscht brauch sech nët u mech ze r. (soll mir fern bleiben, sagt das Mädchen) — sech d'Ae r. (schlaftrunken sein, auch: seinen Augen nicht trauen) — du wäers der d'Aen och nach r. (noch große Augen machen) — Abl.: Gereifs N.; Verbadj.: geriw(w)en 1) «zerrieben»; 2) «gerissen, durchtrieben» — e geriw(w)ene Kärel, Brudder, Borscht — substantiv.: Geriw(w)enen M. — Zussetz.: a-, aus-, durech-, of-, op-, u-, ver-, (e)wech-, zerreiwen; 3) «laichen» — d'Fësch r. — cf. läichen, Raff sub 1).
Reiwerei F.: «Zwist» — et geet bei hinnen nët ouni R. erof.
Reiwung, Reiwong (Wb.06: Reiwonk) F.: «Reibung».
réizen — s. räzen I sub 2).
reizen trans. Verb.: 1) «reizen, herausfordern» — reiz mech nët! — cf. zecken, zänken; 2) bei bestimmten Kartenspielen (z. B. Skat) — ech r. nach mat — wéivill as gereizt? — ech r. mäi Spill aus — sechsasechzeg gereizt oder Wienersechsasechzeg.
Rejet (wie frz., Ton: 1) M.: «Zurückstellung auf ein Jahr im Examen».
rejoulen (rə-) — s. réijoulen, rigollen.
rekapituléieren trans. Verb.: «rekapitulieren» — dazu: Rekapitulatioun F.
Requête (wie frz.) F.: «Gesuch, Bittschrift» — dazu: Rëkettebam (lok.: Perlé) M.: «Baum aus einem Gemeindewald, worauf die Bürger Anrecht haben (Waldrecht)» (C).
Reklam (rə/klAm) F.: 1) «Anzeige» — 't as näischt wéi Reklammen am Radio — hien huet eng grouss R. an der Zeitung; 2) «Reklame» — e mécht vill R. fir séng Wuer — en huet am Kino R. dermat gemaacht — domadder hues de der awer keng R. gemaacht; 3) «Werbedrucksache» — et leien e Koup Reklammen an der Bréifkëscht.
Reklams- -auto, -won M.: «Werbewagen» (bes. bei Sportsmanifestation); -ziedel M.: «Werbezettel».
Reklamatioun F.: «Reklamation» — ech hu Reklamatioune kritt.
reklaméieren trans./intr. Verb.: 1) «fordern» — hien huet séng Suë reklaméiert; 2) «sich beschweren» — déi Wuer daagt näischt, mir musse r. — hei hues (betont) du näischt ze r., an hei as (betont) sech näischt ze r. — unwillig: du hues ëmmer ze r.! — iron.: du hues och nach all Ursaach ze r. — hien huet dergéint reklaméiert (Einspruch erhoben).
Rekolt (rə-, Pl. Rekolten, lok. Schifflingen: Rekoll) F.: «Ernte» — dët Jor gët et eng schéi (schlecht) R. — [Bd. 4, S. 38] d'Rekolte gi mat versteet (die Frucht auf dem Halm wird mitversteigert) — d'Rekolte si matverbrannt.
Recommandé (wie frz., Ton: 3) M.: «Einschreibsendung».
rekommandéieren, rekommañdéieren, rekommondéieren (rə-) trans. Verb.: 1) «einschreiben» — ech r. dee Bréif, da sin ech sécher, datt en ukënnt — dafür auch: aschreiwen (s. d. sub 4); 2) «empfehlen» — ee r. — engem eppes r. — du bas rekommondéiert.
Rekonstruktioun (rə- — bes. in Lux.- Stadt gebr.) F.: «Wiederaufbau» — s. auch: Opbau (diese Bez. bes. auf dem Land gebr.) — ech muss nach op d'R. (Wiederaufbauamt) — hie schafft an der R.
Rekord (rə- — Pl. Rekorder), Record (wie frz. — Pl. Recoren) M.: «Rekord» — en hat jorelaang de R. am Lafen — dee schléit de R. (all Rekor(d)en an der Liddregkät (Faulheit)) — hien huet de R. am Saufen — dazu: Rekordmann M. — wie hd.
recule (wie frz., Ton: 1 oder 2) Befehl an die Zugpferde: «zurück» — dafür auch: zréck!
Rekrut (rə- — Pl. Rekrutten) M.: 1) «Rekrut» (Mil.); 2) «(Schul-)Anfänger».
rekrutéieren, rekrütéieren (rə- — Lux.-Stadt) trans. Verb.: «rekrutieren» — séng Leit r. (anwerben). | |