LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Geriw(w)enen bis Rel(i)gioun, Relioun (Bd. 4, Sp. 37b bis 38b)
 
Geriw(w)enen M. — Zussetz.: a-, aus-, durech-, of-, op-, u-, ver-, (e)wech-, zerreiwen; 3) «laichen» — d'Fësch r. — cf. läichen, Raff sub 1).
 
Reiwerei F.: «Zwist» — et geet bei hinnen nët ouni R. erof.
 
Reiwung, Reiwong (Wb.06: Reiwonk) F.: «Reibung».
 
réizens. räzen I sub 2).
 
reizen trans. Verb.: 1) «reizen, herausfordern» — reiz mech nët! — cf. zecken, zänken; 2) bei bestimmten Kartenspielen (z. B. Skat) — ech r. nach mat — wéivill as gereizt? — ech r. mäi Spill aus — sechsasechzeg gereizt oder Wienersechsasechzeg.
 
Rejet (wie frz., Ton: 1) M.: «Zurückstellung auf ein Jahr im Examen».
 
rejoulen (rə-) — s. réijoulen, rigollen.
 
rekapituléieren trans. Verb.: «rekapitulieren» — dazu: Rekapitulatioun F.
 
Requête (wie frz.) F.: «Gesuch, Bittschrift» — dazu: Rëkettebam (lok.: Perlé) M.: «Baum aus einem Gemeindewald, worauf die Bürger Anrecht haben (Waldrecht)» (C).
 
Reklam (rə/klAm) F.: 1) «Anzeige» — 't as näischt wéi Reklammen am Radio — hien huet eng grouss R. an der Zeitung; 2) «Reklame» — e mécht vill R. fir séng Wuer — en huet am Kino R. dermat gemaacht — domadder hues de der awer keng R. gemaacht; 3) «Werbedrucksache» — et leien e Koup Reklammen an der Bréifkëscht.
 
Reklams- -auto, -won M.: «Werbewagen» (bes. bei Sportsmanifestation); -ziedel M.: «Werbezettel».
 
Reklamatioun F.: «Reklamation» — ech hu Reklamatioune kritt.
 
reklaméieren trans./intr. Verb.: 1) «fordern» — hien huet séng Suë reklaméiert; 2) «sich beschweren» — déi Wuer daagt näischt, mir musse r. — hei hues (betont) du näischt ze r., an hei as (betont) sech näischt ze r. — unwillig: du hues ëmmer ze r.! — iron.: du hues och nach all Ursaach ze r. — hien huet dergéint reklaméiert (Einspruch erhoben).
 
Rekolt (rə-, Pl. Rekolten, lok. Schifflingen: Rekoll) F.: «Ernte» — dët Jor gët et eng schéi (schlecht) R. — [Bd. 4, S. 38] d'Rekolte gi mat versteet (die Frucht auf dem Halm wird mitversteigert) — d'Rekolte si matverbrannt.
 
Recommandé (wie frz., Ton: 3) M.: «Einschreibsendung».
 
rekommandéieren, rekommañdéieren, rekommondéieren (rə-) trans. Verb.: 1) «einschreiben» — ech r. dee Bréif, da sin ech sécher, datt en ukënnt — dafür auch: aschreiwen (s. d. sub 4); 2) «empfehlen» — ee r. — engem eppes r. — du bas rekommondéiert.
 
Rekonstruktioun (rə- — bes. in Lux.- Stadt gebr.) F.: «Wiederaufbau» — s. auch: Opbau (diese Bez. bes. auf dem Land gebr.) — ech muss nach op d'R. (Wiederaufbauamt) — hie schafft an der R.
 
Rekord (rə- — Pl. Rekorder), Record (wie frz. — Pl. Recoren) M.: «Rekord» — en hat jorelaang de R. am Lafen — dee schléit de R. (all Rekor(d)en an der Liddregkät (Faulheit)) — hien huet de R. am Saufen — dazu: Rekordmann M. — wie hd.
 
recule (wie frz., Ton: 1 oder 2) Befehl an die Zugpferde: «zurück» — dafür auch: zréck!
 
Rekrut (rə- — Pl. Rekrutten) M.: 1) «Rekrut» (Mil.); 2) «(Schul-)Anfänger».
 
rekrutéieren, rekrütéieren (rə- — Lux.-Stadt) trans. Verb.: «rekrutieren» — séng Leit r. (anwerben).
 
rekta Adv.: «regelmäßig, pünktlich» — hien as r. do, wéi d'Mëtsch am Buttéck — r. ëm déi selwecht Stonn — e bezuelt r. — r. allemol — cf. korrekt sub 3).
 
Rektifikatioun F.: «Berichtigung».
 
rektifizéieren, rektifiéieren trans./ refl. Verb.: «(sich) berichtigen».
 
Recours (wie frz.) M.: 1) «Rekurs» — R. aleën — dogéint gët et kee R.; 2) «Zuflucht» — et as säi (dee) leschte R.
 
Relance (wie frz.) F. — Ausdruck beim Pokerspiel.
 
Relais (wie frz.) M.: 1) (früher) a. «Poststation, Umspannort»; b. «Wechselpferd, frischer Vorspann»; 2) «Nebenpostamt»; 3) «Relais» (Elektrotechnik); 4) «Wechsel» (Sportspr.).
 
Relatioun (rə- — meist Pl. Relatiounen, Relassiounen) F.: «Beziehung, Verbindung» — gutt Relatiounen hun — e profitéiert vu sénge feine Relatiounen.
 
relativ (rə-) Adj./Adv.: 1) «ziemlich» — 't as r. grouss — en as r. gutt ewech komm; 2) «relativ».
 
Relevé (Pl. Releveën — wie frz., Ton: 1) M.: «Liste, Verzeichnis, Aufstellung» — ech schécken Iech e R. vun Erem Kont.
 
Relief (rə-) M.: 1) «Relief»; 2) «Ansehen, Ansehnlichkeit».
 
Relique (wie frz., Pl. Relicken), Reliqui(e) (Pl. Reliquien) F.: «Reliquie» — cf. Hältem sub 1).
 
religiéis, reliéis, rëljéis Adj.: 1) «religiös» — r. as nach wäit vu bigott; 2) «fromm».
 
Rel(i)gioun, Relioun (rə-) F.: 1) «Religion, Glaube» — déi katoulesch R. — en as vun der R. ofgefall — dat as ee vun där neier R. (der neuen religiösen Sekte) — en huet keng R. am Leif — R. as schéin, ma Éierlechkeet as besser — méng R. as besser wéi séng; 2) «Religionsunterricht» — mir hun haut R. — e geet nët an d'R. — ech hun eng Datz an der R. (Religion als Fach) — cf. Kannerléier, neuerdings: Unterricht.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut