renen, ränenGereensRenertRenertRenettRenettenapelrengrengegen, rengéchenRéngelRéngel-RéngelblummRéngeldaufRéngeldaufRéngel(chen)Réngelchenreng(e)lechr. maachenRenglechkät, -keetréngelenréngenréngenringenRéng-, RingkampfRéngglott, RingglottRéngglottebamRenghät, -heetRéngmaulschlësselrengrassegRengtRénk, RankRénk- (Réng-)mauerRénkmauerejongRenkrenken, rénken, renkelen, rénkelenRennRenn-RennbunnRenndéierRennmaschinRennpadRennscheierrennenGerennsRennereirënnenrënnenRennertRënnertRënnslachRenomméerenomméierenRenoncerenoñcéierenRensch, RënschRenseignementreñseignéierenRëntRentRentejeërrentabelRentabilitéitrentéierenRentertRentgen, RëntgenRentierRenvoireorganiséierenreparéieren, repëréierenReparatiounReparatur, Repratur, RepëraturRépartiteurrepasséierenRepertoireRepëtéierauerRepëtéierbéchs, -flëntrepëtéierenRepëtentRepëtiterRepëtitiounrepikéierenReplikReposReporterReportageRëppRëppe-RëppestéckRëppestoussRëppchenrëppegrëppenReprésentantRepresentatiounRepresentatiounsgeldRepresentatiounskäschtenrepresentéierenRepriseReprochereproschéierenraproschéieren | renen, ränen intr. Verb.: «regnen» (Part. Prät.: gereent) — et wäerd r. — stark regnen: et reent ellen, fatzeg, ferrem, gehéiereg, mächteg, riichteran, schwéngzeg, sauméisseg, wéi mat Ämeren erofgeschott, wéi geschott, wéi eng Louder, wéi eng Sau, wéi e Schwäin, wéi zerrass (a gebascht), wéi gestrach, datt een e Sak op engem Bam ka wäschen, datt d'Baachen an d'Strooss lafen, an engem Stéck, mat Onverstand — siddlech r. (leicht regnen) — bei där Loft reent et gär — et hält nët op mat (ze) r. — et gët sech nët mat r. — et reent, datt et klätscht, plätscht — et reent (durech den Daach) eran — am Bësch reent et zweemol — wann et an d'Bléi reent, da gët et keen Uebst — et huet sech (nach) nët ausgereent — et hält elo op mat lues renen — stark regnen: falen, schëdden, schlo-renen, schloussen — leicht regnen: fiselen, sabbelen, säpelen, säwelen, schnoffelen, stëbsen, suddelen — einige Wetterregeln: reent et sonndes iwwert d'Buch, gët et nach Reen genuch, reent et méindes och, [Bd. 4, S. 40] da gët et eng schéi Woch — reent et sonndes vir der Mass (Mëss), dann as d'ganz Woch verschass, da reent et an der Woch gewass — wann et sonndes reent a meendes och, da gët et nach eng schéi Woch (D) — Nösl.: räänt et sonndes a moondes nët, da verjääss daastes dës Kiddel nët — Ra.: wann et Bräi reent, da feelt engem de Läffel — substantiv.: et hält sech un ä R. (um R.) — wann et eemol um R. as, da gët et kee Gedoës — Kinderreime: 't reent, 't reent, de Pällem (de Moudert, d'Muttergottes) gët geseent (cf. MKr. Nr. 329,300) — rene, rene Räppchen/reen mer nët op mäi Käppchen / reen mer nët a méngt Fouderfaass / soss gän ich all duurch naass — et reent, Gott seent — übtr.: bei dene kënnt et nëmmen esou (era-)gereent — bei him kënnt et eran ewéi gereent (ewéi Baach) — d'Uebst loug ënner dem Bam ewéi gereent — d'Leit si komm ewéi gereent — cf. ënnescht, iewescht II, drëpsen, Fiischt, Fra sub 3) Gromper sub 1)f., Hägafel, Koschter, méindes, Mueder(s)dag, Nues sub 1), Paschtouer, sonndes — Zussetz.: verrenen — Abl.: Gereens N.
Renert I männlicher Vorname: 1) «Reinhard» — cf. Reinar(d); 2) «Name des Fuchses im Tierepos: De Renert von Michel Rodange».
Renert II, Renett F. — s. Ränerter, Ränett — kleng Renerten.
Renettenapel M. — s. Ränettenapel.
reng (längs der Ostgrenze: rän, reen — Nösl: réng, réin) A. Adj./Adv.: 1) a. «rein» (im Sinne von fein und unvermischt [Ggs. graff], für sauber nur im übtr. Sinn, sonst renglech, propper) — r. wéi Pëppcheszwir, franséischt Salz, Seid, Sëlwersand, Schnéi, Stëbs — renge Reen, renge Schnéi — reng Seid — rengen Zwir — rengt (renge) Stoff(t) — e rengt Siff (Sieb) — e renge Kamp — eng reng Nol — rengt Salz — reng Woll (unvermischt) — eng reng Woll (meist feine Qualität) — eng reng Schrëft (klein und fein) — eng r. Haut (auch: empfindlich) — dee rengen Drock kann ech nët liesen — eng r. Loft (reine, aber auch sehr kalte Luft) — eppes r. maachen, muelen, schneiden (fein mahlen, schneiden) — im Superlativ: 't as dee rengste(n) Äfalt, Paiaass (s. sub Paillasse), Näischnotz, déi rengste Raiberband — — du bas de rengsten Dokter — Spw.: dee wëllt wunne r., bleif fir sech eleng — kleng, awer r. — (mir si) kleng, ma reng derbäi (Vers im Lied von M. Lentz: «Mir si glécklech») — im Kindergebet: . . . 't as esou kleng an esou r. (s. Jesusdaifchen) — lok. Spottreim auf die Kirchenglocken: engt klengt Geläcks (Geläute), awer engt rengt Geläcks — übtr.: eng r. (feine) Nues — eng r. Zong (Feinschmecker) — cf. muelen sub 1), Gepëff sub 2); b. «feinknochig, zierlich» — en huet r. Knachen, Schanken — e rengt Meedchen (von zartem Körperbau) — e rengt Gesiicht — substantiv.: dat as där Renger een (vom Körperbau gesagt, auch: wählerisch im Essen); 2) a. «schlau» — hie mengt, hie wir méi reng wéi déi aner; b. «subtil» — dat as mir ze r., do kommen ech glat a guer nët no — substantiv.: dat do as eng R. (von einem Witz) — dat do wor awer eng R. (iron.: eine große Dummheit); 3) a. Handelssprache: r. hun (Reingewinn haben — cf. lass hun sub 4)b.) — dorobber (op där Wuer, deem Handel, deem Geschäft) hate mer nët vill r. — renge Benefice, Gewonn — e rengt Geschäft (einträgliches); b. r. sin (schuldenfrei sein) — mir sin elo r.; 4) nur übtr.: «sauber» — en huet sech r. gewäsch — dat as keng ganz R.; B. Adv.: «ganz und gar» — dat as r. onméiglech — et as r. erduecht — hie wor r. ewech (ganz außer sich) — Echt.: et as rän näist droan (gar nichts daran) — cf. rang.
rengegen, rengéchen trans. Verb.: 1) «reinigen» — e Gewier r. (Mil.) — dafür meist: botzen, propper maachen, renglech maachen; 2) refl.: a) «sich reinigen» — am Fréijor r. d'Beien sech; b. «ein natürliches Bedürfnis befriedigen»; c. «die Nachgeburt abstoßen» (Kuh) — d'Kou huet sech gerengecht — dafür auch: sech schéi maachen, sech feën (s. d. sub C. 1); d. (Kartenspiel) — «sich unwichtiger Karten entledigen» — da rengecht iech!
Réngel ON.: «Ringel» — Dorf der Gemeinde Heiderscheid, Kanton Wiltz — 127.
Réngel- -blumm F.: 1) «Wiesenwucherblume, Margerite» (Chrysanthemum leucanthemum, Leucanthemum vulgare) — dafür auch: Grouss Maargréitchen, Gehaans-, Kou-, Kranzblumm; 2) «Saatwucherblume-» (Chrysanthemum segetum) — dafür auch: Veitges-, Veites-, Väitchesblumm; -dauf F.: «Ringeltaube» (Columba palumbus) — dafür auch: Bëschdauf, Déckdauf, Walddauf — Ruf s. Kou I; -walz, Ringelwalz F.: «Ringelwalze». [Bd. 4, S. 41]
Réngel(chen) (lok.: Ringelchen) M.: «Ringel» (cf. das Folg.) — in Reigenliedern: Réngel de Réngel de Réis-chen / d'Gras wiisst an der Stad / Doudendanz / Fidelwanz (Var.: Videwanz, Ridewanz), zekla mira (oder: major) / schlag ab — R. de R. (Réngelche, Réngelche), (de) Rousekranz / setzt en (dat) Dëppche mat Waasser op / setzt dat Dëppe bei d'Feier (schëtt eng Bidde voll Waasser dran) / muer gi mer wäschen / kleng Wäsch (kleine Wäsche), grouss Wäsch (große Wäsche) / Kickericki (Var.: morgen sollen wir waschen gehn, übermorgen ein Lämmlein schlachten, das soll rufen: mäh!) — Réngel de Réngeli, Rousekranz / setz dat Dëppe bei d'Feier / schëtt eng Bidde Waasser dran / kleng Waasser, grouss Waasser/Kickericki — cf. MKr. Nr. 422, 451-454, 740 — s. auch sub: rond.
Réngelchen M.: «Ringel, Ringlein» (Dim. zu Rénk — s. d.) — d'Réngelcher un der Ridosstang — Réngelcher fir an d'Rido — Réngelcher fëmmen.
reng(e)lech (phV. — s. LSA Karte 169 — lok. Vianden: räänlich, räändlich [Engelmann] — dafür meist: propper) Adj./Adv.: 1) a. «reinlich, sauber» — bei hinnen am Haus as et r. wéi geleckt — r. wéi e Su — hei as et propper a r. — r. méinen; b. — r. maachen: «säubern» — e Stéck r. maachen (vom Unkraut befreien) — d'Kou mécht sech r. (stößt die Nachgeburt ab) — sech r. maachen (austreten) — d'Plättele r. maachen (die Schüsseln fegen, alles sauber aufessen) — cf. rengegen; 2) «zur Reinlichkeit geneigt» — dat as eng r. Fra; 3) a. «ganz und gar, gänzlich» — et as alles r. bezuelt — raf d'Äppel all r. op! — alles r. ewech méien — en huet alles r. ewechgiess; b. «schuldenfrei» — lo si mer r. — cf. reng sub 3)b.
Renglechkät, -keet F.: «Reinlichkeit» — Spw.: R. as d'halleft Fudder (Wb.06) — R. as Proppertéit.
réngelen (lok.: ringelen) trans. Verb.: «ringeln» — de Schwanz r. (Schwein) — sech krompen a r. ewéi e Mued — mam Hënner, de Joli r. (in den Hüften wiegen) — d'Nues r. (die Nase rümpfen, hochnäsig sein).
réngen I trans. Verb.: «ringen, mit einem Ring versehen» — e Stéier, e Schwäi r. (einen Ring durch die Nasenscheidewand anbringen, Nasenring) — d'Hatte r. (die Hotten, Kiepen mit neuen Tragriemen versehen).
réngen II, meist: ringen intr. Verb.: «ringen» — dazu: Réng-, Ringkampf M.
Réngglott, Ringglott F.: «Königspflaume» — frz. Reine-Claude — dazu: Réngglottebam M.
Renghät, -heet F.: «Schlauheit» (Wb.06) — cf. reng sub 2)a.
Réngmaulschlëssel M.: «Ring- und Gabelschlüssel in einem Werkzeug».
rengrasseg Adj.: «reinrassig».
Rengt F.: «Reinheit, Feinheit» — dat Stofft as vun enger R.
Rénk, Rank (Pl. Réng, Rénk — lok.: Rénker, Dim.: Réngelchen — lok. Nösl.: Ronk — Westen: Raunk, Pl. Réink) M.: 1) a. «Ring» — en eise, en holze, e gëlle, koffer R. — e R. schmidden — de R. un der Ketten, un der Séissel — am Pontekapp si Réng fir d'Aachen (d'Schëffer) drun unzestrécken — fréier wore bei de Wiirtschafte Réng fir d'Gespann unzestrécken — e R. un der Dir (Türklopfer in Ringform) — Kinderschreck: den Kindern, die erstmals zur Zeit der Muttergottesoktave nach Luxemburg pilgerten wurde spaßh. gesagt, sie müßten e R. duurchbäissen um in die Stadt hineinzukommen — d'Stéiere kréien e R. duurch d'Nues gemaacht (s. réngen I), daher übtr.: engem e R. undon (jem. zähmen, bändigen) — op der Kiirmes si Bude fir mat Réng ze werfen — et as e R. ëm de Mound, de Mound huet e R. (cf. Mound — sub 1)a.) — beim Rauchen: Réngel(cher) (Rondele) maachen — dat as e Jong wéi duurch e R. gezunn (ein schön gewachsener junger Mann) — Folkl.: een duurch de R. zéien (de Kuerf ouni Buedem zéien — Hänselbrauch: der abgewiesene Freier wurde bei der Heirat des Mädchens durch einen Ring oder Korb ohne Boden gezogen — dafür auch: ee strëppen); b. «Unterlegscheibe an Schrauben» (oft das Dim.: Réngelchen); c. «Herdplattenring» — huel d'Réng erof a setz d'Dëppen op d'Feier; d. «Tragriemen aus Weiden geflochten» — cf. réngen I, Hänk sub 1)d.; 2) a. «Fingerring» — e R. mat Steng (Edelsteinen) — hatt huet d'Fanger voll R. — dem Bëschof de R. këssen; b. «Trauring» — si hun d'Réng ewell kaaft (sie heiraten bald) — d'Réng kafe goen; 3) «Reifen» — mam R. (Räf) spillen — Réng ëm d'Aen — Zussetz.: Braut-, Fiançailles-, Fouss-, Hénger-, Ouer-, Verlobungs-, Séissel-, Sigelrénk. [Bd. 4, S. 42]
Rénk- (Réng-)mauer F.: «Ringmauer» — dazu: Rénkmauerejong M.: «Taugenichts» (Wb.06).
Renk (lok.: Rénk, Renkel) F.: «Steuer-, Lenkvorrichtung» (oft spaßh.) — d'R. vun engem Rad (Fahrrad), vun engem Weenchen (Wägelchen).
renken, rénken, renkelen, rénkelen (lok.: rinken) trans. Verb.: «lenken» — e Won, e Schlitt r. — dee Won renkt sech schwéier (läßt sich schwer lenken) — übtr.: rénkelen a lénkelen bis ä säint erraicht hoat (Echt.) — kän Ouer r. (sich nicht im Geringsten bemühen) — wat renks de dann esou? (warum fuchtelst du so mit Armen und Beinen?) — en huet elle misst r. fir d'Riicht ze behalen (er torkelte sehr) — renk, renk! (Kommando den Nachen nach rechts zu steuern) — Zussetz.: a-, aus-, verrenken (s. d.).
Renn F. — s. Rennscheier.
Renn- -bunn F.: «Rennbahn»; -déier N.: «Renntier» (spaßh.); -maschin F.: «Rennwagen, Sportfahrrad» — dafür auch: Coursemaschin, (Kurs-); -pad M.: «Römerweg» — cf. Kiem, Réimerpad; -scheier (lok. Echt.: Reenscheier) F.: «jem. (vor allem Frau, Mädchen — oft pej., Vernachlässigung des Haushalts), der (die) viel unterwegs, auf Reisen, außer Haus ist» — dat as eng al (éiweg, richteg) R. — du kleng R.! (zu einem Kind, das sich viel herumtreibt). | |