LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Rénk, Rank bis Reparatur, Repratur, Repëratur (Bd. 4, Sp. 41b bis 43b)
 
Rénk, Rank (Pl. Réng, Rénk — lok.: Rénker, Dim.: Réngelchen — lok. Nösl.: Ronk — Westen: Raunk, Pl. Réink) M.: 1) a. «Ring» — en eise, en holze, e gëlle, koffer R. — e R. schmidden — de R. un der Ketten, un der Séissel — am Pontekapp si Réng fir d'Aachen (d'Schëffer) drun unzestrécken — fréier wore bei de Wiirtschafte Réng fir d'Gespann unzestrécken — e R. un der Dir (Türklopfer in Ringform) — Kinderschreck: den Kindern, die erstmals zur Zeit der Muttergottesoktave nach Luxemburg pilgerten wurde spaßh. gesagt, sie müßten e R. duurchbäissen um in die Stadt hineinzukommen — d'Stéiere kréien e R. duurch d'Nues gemaacht (s. réngen I), daher übtr.: engem e R. undon (jem. zähmen, bändigen) — op der Kiirmes si Bude fir mat Réng ze werfen — et as e R. ëm de Mound, de Mound huet e R. (cf. Mound — sub 1)a.) — beim Rauchen: Réngel(cher) (Rondele) maachen — dat as e Jong wéi duurch e R. gezunn (ein schön gewachsener junger Mann) — Folkl.: een duurch de R. zéien (de Kuerf ouni Buedem zéien — Hänselbrauch: der abgewiesene Freier wurde bei der Heirat des Mädchens durch einen Ring oder Korb ohne Boden gezogen — dafür auch: ee strëppen); b. «Unterlegscheibe an Schrauben» (oft das Dim.: Réngelchen); c. «Herdplattenring» — huel d'Réng erof a setz d'Dëppen op d'Feier; d. «Tragriemen aus Weiden geflochten» — cf. réngen I, Hänk sub 1)d.; 2) a. «Fingerring» — e R. mat Steng (Edelsteinen) — hatt huet d'Fanger voll R. — dem Bëschof de R. këssen; b. «Trauring» — si hun d'Réng ewell kaaft (sie heiraten bald) — d'Réng kafe goen; 3) «Reifen» — mam R. (Räf) spillen — Réng ëm d'Aen — Zussetz.: Braut-, Fiançailles-, Fouss-, Hénger-, Ouer-, Verlobungs-, Séissel-, Sigelrénk. [Bd. 4, S. 42]
 
Rénk- (Réng-)mauer F.: «Ringmauer» — dazu: Rénkmauerejong M.: «Taugenichts» (Wb.06).
 
Renk (lok.: Rénk, Renkel) F.: «Steuer-, Lenkvorrichtung» (oft spaßh.) — d'R. vun engem Rad (Fahrrad), vun engem Weenchen (Wägelchen).
 
renken, rénken, renkelen, rénkelen (lok.: rinken) trans. Verb.: «lenken» — e Won, e Schlitt r. — dee Won renkt sech schwéier (läßt sich schwer lenken) — übtr.: rénkelen a lénkelen bis ä säint erraicht hoat (Echt.) — kän Ouer r. (sich nicht im Geringsten bemühen) — wat renks de dann esou? (warum fuchtelst du so mit Armen und Beinen?) — en huet elle misst r. fir d'Riicht ze behalen (er torkelte sehr) — renk, renk! (Kommando den Nachen nach rechts zu steuern) — Zussetz.: a-, aus-, verrenken (s. d.).
 
Renn F. — s. Rennscheier.
 
Renn- -bunn F.: «Rennbahn»; -déier N.: «Renntier» (spaßh.); -maschin F.: «Rennwagen, Sportfahrrad» — dafür auch: Coursemaschin, (Kurs-); -pad M.: «Römerweg» — cf. Kiem, Réimerpad; -scheier (lok. Echt.: Reenscheier) F.: «jem. (vor allem Frau, Mädchen — oft pej., Vernachlässigung des Haushalts), der (die) viel unterwegs, auf Reisen, außer Haus ist» — dat as eng al (éiweg, richteg) R. — du kleng R.! (zu einem Kind, das sich viel herumtreibt).
 
rennen (lok. Echt.: renen — Konjug.: Part. Prät.: gerannt — Nösl. Ind. Prät.: ich rannt, Konj. Prät.: ich rennt — cf. LSA Karte 149) intr./trans. Verb.: 1) «rennen, sich schnell fortbewegen» — da renn lass! — looss e r.! — dee rennt mam Auto wéi en Dabo, e Geck, en Iesel, eng Sau, e Schwäin, e Wëllen, ewéi verréckt, wéi wann en se nët all hätt — e rennt, datt d'Schinne päifen — wat renns de dann esou? (warum so eilig?) — e koum mat de Päerd gerannt (schnell gefahren) — wat si se mam Monni op de Kiirfecht gerannt! (haben den verstorbenen Oheim schnell zum Kirchhof gebracht) — e rennt sech d'Bee stompeg — firwat renns de dann esou, wann s de biets? (warum betest du so äußerst schnell?) — Schulspr.: e (de Schoulmeeschter) rennt esou an der Schoul, et kënnt kee Kand no (der Lehrer nimmt die Lektionen zu schnell durch) — dat Hong rennt fort leën — de Jhang rennt nach eng Kéier mam Schläifsteen iwwer d'Séissel an da fänkt en un ze méien — übtr.: mam Kapp duurch d'Mauer r. — warnend: du renns der de Kapp och nach an, d'Haren nach of — op de (e) Stack, op e Knuet, op e Stee r. (eine unerwartete Schwierigkeit finden) — lok.: Grevenmacher: wann s de mam Koop widder d'Stadhaus renns, fälls de mam Oosch widder d'Kërrech; 2) «fliegen» — dat do as esouvill as déit eng Méck an den Doum r. (das ist eine Kleinigkeit) — zu einem Kind: lo reent en Méck (schaut das Kind auf, so kitzelt man es unter dem Kinn — Echt.) — e Stär rennt (Sternschnuppe) — d'Päiple fänken ewell un ze r. — Scherzrätsel: wéi rennt de Kueb iwwer d'Waasser? (Antwort: schwaarz); 3) «heftig stoßen» — de Ball r. — een an d'Schinne r. — ech r. dech mam Fouss (an den Aasch), datt s de d'Rad schléiss — d'Kanner r. sech gär mat Féissen — derb, drohend: ech r. der d'Messer an d'Panz — een an d'Säit r. (in die Seite stoßen, übtr.: jem. aufmerksam machen); 4)in mehr oder weniger festen Verbindungen und Redewendungen: an eppes r. — mam Fanger, mam Fouss, mat der Hand, mam Kapp an eppes rennen (unbeabsichtigt in etwas stoßen, hineingeraten) — an ee rennen (zusammenprallen, von Personen u. Wagen gesagt) — ech sin an e gerannt wéi ech an der Ausstellong wor — laanscht ee rennen (an jem. vorbeieilen) — en as op der Strooss laanscht mech gerannt ouni ëmzekucken — den Auto as laanscht gerannt (fuhr sehr schnell vorbei) — laanscht eppes r. (z. B. beim Zuschneiden, an der markierten Linie vorbei schneiden) — en as e puermol laanscht d'Dill gerannt (hobelte schnell ein paarmal die Bretter ab) — den Usträicher as eng Kéier laanscht d'Mauer gerannt (beim Tünchen) — op eppes rennen (auf Widerstand stoßen) — d'Schëff as op eppes gerannt — op ee rennen (auf jem. stoßen, jem. (zufällig) begegnen) — wéi ech an d'Stad goung, sin ech op e gerannt;Abl.: Gerenns N., Rennerei F.: 1) «viele Gänge» — wat war dat e Gerenns, eng Rennerei, éier mer esou wäit waren! 2) (meist nur: Gerenns) «(lästiges) Stoßen» — wat hues du fir e Gerenns, bleif emol roueg mat de Been! — in mehr oder wenigen festen Zussetz.: a-, aus-, ausernee-, bäi-, ëm-, ewech-, fort-, iwwer-, laanscht-, mat-, no-, openee-, ver-, viru-, u-, zer-, zesummerennen. [Bd. 4, S. 43]
 
rënnen (lok.: ronnen) I trans. Verb.: «runden, abrunden» — en Eck, eng Kant, eng Bro r. — loosse mer d' Zomm r. (dafür meist: ofrënnen oder ronn maachen).
 
rënnen II intr./trans. Verb.: «rinnen, lecken» (Part. Prät.: geronnen, lok.: gerënnt) — den Ämer, d'Bidde, d'Faass rënnt — dat elo rënnt wéi eng Seibar (Seibecken) — d'Schong r. (die Schuhe sind nicht dicht) — spaßh.: ech weess nët, mäi Portmonni muss r. (das Geld gibt sich rasch aus) — zu jem., der viel trinkt: ech mengen, du rënns — von einem Bettnässer: e rënnt — im Volkslied vom Müller: de Mëller, deen huet sech eng schwaarzeg Kaz, déi huet sech déi Säck all zerkraazt, du as dat Miel raus-geronnen — cf. sächen, säweren, sëfferen, pissen.
 
Rennert M.: 1) «jem., der viel außer Haus ist, viel umherläuft» — cf. Renn, Rennscheier; 2) «Durchfall» — hien huet de R.; 3) (lok. z. B. Reckingen [Mersch]) «Wühlmaus» — dafür auch: Hotter-, Waassermaus (s. d.).
 
Rënnert (lok.) für Renert I (s. d.).
 
Rënnslach N.: «äußeres Abflußloch am Spülstein, Abflußloch der Straßengosse in den Abzugskanal».
 
Renommée (wie frz., Ton: 2) F.: «Ruf, Leumund» — hien huet keng gutt R. — dazu: renomméieren intr. Verb.: «renommieren» — renomméier nët esou! — cf. bretzen sub 2), boën.
 
Renonce (wie frz.) F.: «Fehlfarbe» (Kartenspiel).
 
renoñcéieren intr. Verb.: «verzichten» — cf. verzi(i)chten — frz. renoncer.
 
Rensch, Rënsch (Ösling) F.: «Stroh-, Futterlager auf Holzbalken, Lattengestell, über der Scheunentenne» — cf. Däs, Gänn, Scheierrensch.
 
Renseignement (wie frz., Ton: 2) — auch: -mεnt, -mənt — (Ton: 4, Pl. Reñseignementer) M.: 1) «Auskunft» — e R. anhuelen, gin, siche goen, iwwer ee froen — cf. Aussträäch; 2) «Auskunftsdienst» — (z. B. Post, Eisenbahn).
 
reñseignéieren trans./refl. Verb.: «Auskünfte erteilen, informieren» — du bas schlecht reñseignéiert — iwwer déi Affär muss ech mech nach r. — frz. renseigner.
 
Rënt (lok.: Wellenstein) F.: «Tragrute der Rebe für das folgende Jahr».
 
Rent (lok. Echt.: Rënt) F.: 1) «Einkommen aus Besitztum, Vermögen» — hie kann op de (op, vu sénge) Rente liewen — fir op de Renten ze liewe muss een hautdesdaags vill hun — ech hun déi R. nët, ech hu keng R. (kann mir das nicht leisten) — cf. Kand sub 1); 2) «Rente, (rechtlicher) Bezug aus einer sozialen Versicherung, Lebensversicherung» — ech kréien elo méng R. (gehe nicht mehr zur Arbeit, bin Rentenbezieher) — eng kleng, eng déck R. — d'Rente si gehéicht gin — hien huet sech séng R. ausbezuele gelooss — dazu: Rentejeër M.: «Rentenjäger» — Zussetz.: Alters-, Invalide-, Kranke-, Sozial-, Unfallrent; 3) «ständige (lästige) Ausgabe, Verpflichtung» — sou e grousst Haus, dat as eng R.
 
rentabel Adj.: «ertragreich» — e rentabelt Geschäft — déi Affär as nët r.
 
Rentabilitéit F.: «Rentabilität».
 
rentéieren refl. Verb.: «sich lohnen, rentieren» — et rentéiert sech nët mat esou enger Saach ze handelen — mengs de, et géif sech r. fir dohinner ze goen?
 
Rentert Flurname bei Eischen — dazu: Renterter Kapell.
 
Rentgen, Rëntgen ON.: «(Basse-) Rentgen» — Grenzdorf im Dép. de la Moselle, Frankreich.
 
Rentier (wie frz., Ton: 1 und 2) — (Pl. Rentieën, Rentjeën, spaßh.: Rentercher) M.: «Rentner», auch: «Rentenbezieher» — de R. spillen.
 
Renvoi (wie frz., Ton: 1 und 2) M.: 1) «Hinweis, Hinweisungszeichen»; 2) «Rücksendung»; 3) «Aufstoßer».
 
reorganiséieren trans. Verb.: «reorganisieren» — e Geschäft r.
 
reparéieren, repëréieren trans. Verb.: «ausbessern» — cf. flécken.
 
Reparatioun F.: 1) «Wiedergutmachung»; 2)s. Reparatur.
 
Reparatur, Repratur, Repëratur (rə-) F.: «Reparatur» — den Auto as an der (a) R. — dat gët eng deier R. — deen Auto as an der R. ze deier.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut