rennenGerennsRennereirënnenrënnenRennertRënnertRënnslachRenomméerenomméierenRenoncerenoñcéierenRensch, RënschRenseignementreñseignéierenRëntRentRentejeërrentabelRentabilitéitrentéierenRentertRentgen, RëntgenRentierRenvoireorganiséierenreparéieren, repëréierenReparatiounReparatur, Repratur, RepëraturRépartiteurrepasséierenRepertoireRepëtéierauerRepëtéierbéchs, -flëntrepëtéierenRepëtentRepëtiterRepëtitiounrepikéierenReplikReposReporterReportageRëppRëppe-RëppestéckRëppestoussRëppchenrëppegrëppenReprésentantRepresentatiounRepresentatiounsgeldRepresentatiounskäschtenrepresentéierenRepriseReprochereproschéierenraproschéierenReputatiounRësärRëscho, Rascho, Rischo, RéchaudRechercherescherschéiertRescht, RestRëschtrëschten, rëstenRéseauReseda, Réiseda, ResidaRësel, RoselRësel-RëselstréiRëseltrommRëselchenRëselcherrëselenGerëselsRëséng, Reséng, RoséngRëséngekuchRëséngenuelegReservReserv-ReservoffizéierReservpneuReservradReserve-ReservebatterieReservekaderReservatiounreservéierenreservéiertRéservoirResiResiRësi, Rëso, Rësong, RéseauResidenzResidenzzoulagresignéiertresistéierenResistenz | rennen (lok. Echt.: renen — Konjug.: Part. Prät.: gerannt — Nösl. Ind. Prät.: ich rannt, Konj. Prät.: ich rennt — cf. LSA Karte 149) intr./trans. Verb.: 1) «rennen, sich schnell fortbewegen» — da renn lass! — looss e r.! — dee rennt mam Auto wéi en Dabo, e Geck, en Iesel, eng Sau, e Schwäin, e Wëllen, ewéi verréckt, wéi wann en se nët all hätt — e rennt, datt d'Schinne päifen — wat renns de dann esou? (warum so eilig?) — e koum mat de Päerd gerannt (schnell gefahren) — wat si se mam Monni op de Kiirfecht gerannt! (haben den verstorbenen Oheim schnell zum Kirchhof gebracht) — e rennt sech d'Bee stompeg — firwat renns de dann esou, wann s de biets? (warum betest du so äußerst schnell?) — Schulspr.: e (de Schoulmeeschter) rennt esou an der Schoul, et kënnt kee Kand no (der Lehrer nimmt die Lektionen zu schnell durch) — dat Hong rennt fort leën — de Jhang rennt nach eng Kéier mam Schläifsteen iwwer d'Séissel an da fänkt en un ze méien — übtr.: mam Kapp duurch d'Mauer r. — warnend: du renns der de Kapp och nach an, d'Haren nach of — op de (e) Stack, op e Knuet, op e Stee r. (eine unerwartete Schwierigkeit finden) — lok.: Grevenmacher: wann s de mam Koop widder d'Stadhaus renns, fälls de mam Oosch widder d'Kërrech; 2) «fliegen» — dat do as esouvill as déit eng Méck an den Doum r. (das ist eine Kleinigkeit) — zu einem Kind: lo reent en Méck (schaut das Kind auf, so kitzelt man es unter dem Kinn — Echt.) — e Stär rennt (Sternschnuppe) — d'Päiple fänken ewell un ze r. — Scherzrätsel: wéi rennt de Kueb iwwer d'Waasser? (Antwort: schwaarz); 3) «heftig stoßen» — de Ball r. — een an d'Schinne r. — ech r. dech mam Fouss (an den Aasch), datt s de d'Rad schléiss — d'Kanner r. sech gär mat Féissen — derb, drohend: ech r. der d'Messer an d'Panz — een an d'Säit r. (in die Seite stoßen, übtr.: jem. aufmerksam machen); 4) — in mehr oder weniger festen Verbindungen und Redewendungen: an eppes r. — mam Fanger, mam Fouss, mat der Hand, mam Kapp an eppes rennen (unbeabsichtigt in etwas stoßen, hineingeraten) — an ee rennen (zusammenprallen, von Personen u. Wagen gesagt) — ech sin an e gerannt wéi ech an der Ausstellong wor — laanscht ee rennen (an jem. vorbeieilen) — en as op der Strooss laanscht mech gerannt ouni ëmzekucken — den Auto as laanscht gerannt (fuhr sehr schnell vorbei) — laanscht eppes r. (z. B. beim Zuschneiden, an der markierten Linie vorbei schneiden) — en as e puermol laanscht d'Dill gerannt (hobelte schnell ein paarmal die Bretter ab) — den Usträicher as eng Kéier laanscht d'Mauer gerannt (beim Tünchen) — op eppes rennen (auf Widerstand stoßen) — d'Schëff as op eppes gerannt — op ee rennen (auf jem. stoßen, jem. (zufällig) begegnen) — wéi ech an d'Stad goung, sin ech op e gerannt;Abl.: Gerenns N., Rennerei F.: 1) «viele Gänge» — wat war dat e Gerenns, eng Rennerei, éier mer esou wäit waren! 2) (meist nur: Gerenns) «(lästiges) Stoßen» — wat hues du fir e Gerenns, bleif emol roueg mat de Been! — in mehr oder wenigen festen Zussetz.: a-, aus-, ausernee-, bäi-, ëm-, ewech-, fort-, iwwer-, laanscht-, mat-, no-, openee-, ver-, viru-, u-, zer-, zesummerennen. [Bd. 4, S. 43]
rënnen (lok.: ronnen) I trans. Verb.: «runden, abrunden» — en Eck, eng Kant, eng Bro r. — loosse mer d' Zomm r. (dafür meist: ofrënnen oder ronn maachen).
rënnen II intr./trans. Verb.: «rinnen, lecken» (Part. Prät.: geronnen, lok.: gerënnt) — den Ämer, d'Bidde, d'Faass rënnt — dat elo rënnt wéi eng Seibar (Seibecken) — d'Schong r. (die Schuhe sind nicht dicht) — spaßh.: ech weess nët, mäi Portmonni muss r. (das Geld gibt sich rasch aus) — zu jem., der viel trinkt: ech mengen, du rënns — von einem Bettnässer: e rënnt — im Volkslied vom Müller: de Mëller, deen huet sech eng schwaarzeg Kaz, déi huet sech déi Säck all zerkraazt, du as dat Miel raus-geronnen — cf. sächen, säweren, sëfferen, pissen.
Rennert M.: 1) «jem., der viel außer Haus ist, viel umherläuft» — cf. Renn, Rennscheier; 2) «Durchfall» — hien huet de R.; 3) (lok. z. B. Reckingen [Mersch]) «Wühlmaus» — dafür auch: Hotter-, Waassermaus (s. d.).
Rënnert (lok.) für Renert I (s. d.).
Rënnslach N.: «äußeres Abflußloch am Spülstein, Abflußloch der Straßengosse in den Abzugskanal».
Renommée (wie frz., Ton: 2) F.: «Ruf, Leumund» — hien huet keng gutt R. — dazu: renomméieren intr. Verb.: «renommieren» — renomméier nët esou! — cf. bretzen sub 2), boën.
Renonce (wie frz.) F.: «Fehlfarbe» (Kartenspiel).
renoñcéieren intr. Verb.: «verzichten» — cf. verzi(i)chten — frz. renoncer.
Rensch, Rënsch (Ösling) F.: «Stroh-, Futterlager auf Holzbalken, Lattengestell, über der Scheunentenne» — cf. Däs, Gänn, Scheierrensch.
Renseignement (wie frz., Ton: 2) — auch: -mεnt, -mənt — (Ton: 4, Pl. Reñseignementer) M.: 1) «Auskunft» — e R. anhuelen, gin, siche goen, iwwer ee froen — cf. Aussträäch; 2) «Auskunftsdienst» — (z. B. Post, Eisenbahn).
reñseignéieren trans./refl. Verb.: «Auskünfte erteilen, informieren» — du bas schlecht reñseignéiert — iwwer déi Affär muss ech mech nach r. — frz. renseigner.
Rënt (lok.: Wellenstein) F.: «Tragrute der Rebe für das folgende Jahr».
Rent (lok. Echt.: Rënt) F.: 1) «Einkommen aus Besitztum, Vermögen» — hie kann op de (op, vu sénge) Rente liewen — fir op de Renten ze liewe muss een hautdesdaags vill hun — ech hun déi R. nët, ech hu keng R. (kann mir das nicht leisten) — cf. Kand sub 1); 2) «Rente, (rechtlicher) Bezug aus einer sozialen Versicherung, Lebensversicherung» — ech kréien elo méng R. (gehe nicht mehr zur Arbeit, bin Rentenbezieher) — eng kleng, eng déck R. — d'Rente si gehéicht gin — hien huet sech séng R. ausbezuele gelooss — dazu: Rentejeër M.: «Rentenjäger» — Zussetz.: Alters-, Invalide-, Kranke-, Sozial-, Unfallrent; 3) «ständige (lästige) Ausgabe, Verpflichtung» — sou e grousst Haus, dat as eng R.
rentabel Adj.: «ertragreich» — e rentabelt Geschäft — déi Affär as nët r.
Rentabilitéit F.: «Rentabilität».
rentéieren refl. Verb.: «sich lohnen, rentieren» — et rentéiert sech nët mat esou enger Saach ze handelen — mengs de, et géif sech r. fir dohinner ze goen?
Rentert Flurname bei Eischen — dazu: Renterter Kapell.
Rentgen, Rëntgen ON.: «(Basse-) Rentgen» — Grenzdorf im Dép. de la Moselle, Frankreich.
Rentier (wie frz., Ton: 1 und 2) — (Pl. Rentieën, Rentjeën, spaßh.: Rentercher) M.: «Rentner», auch: «Rentenbezieher» — de R. spillen.
Renvoi (wie frz., Ton: 1 und 2) M.: 1) «Hinweis, Hinweisungszeichen»; 2) «Rücksendung»; 3) «Aufstoßer».
reorganiséieren trans. Verb.: «reorganisieren» — e Geschäft r.
reparéieren, repëréieren trans. Verb.: «ausbessern» — cf. flécken.
Reparatioun F.: 1) «Wiedergutmachung»; 2) — s. Reparatur.
Reparatur, Repratur, Repëratur (rə-) F.: «Reparatur» — den Auto as an der (a) R. — dat gët eng deier R. — deen Auto as an der R. ze deier.
Répartiteur (wie frz., verdreht: Repartiker) M.: «Steuerverteiler» (Ga) — cf. Taxateur.
repasséieren (rə-) intr./trans. Verb.: 1) «wieder vorsprechen»; 2) «noch einmal durchgehen» (Liste, Aufstellung); 3) «schärfen, abziehen» (Messer — Ga); 4) «noch einmal rasieren» (Ga); 5) «aufbügeln» — cf. strecken sub 2).
Repertoire (Ton: 1 und 2) M.: 1) «Repertorium»; 2) «Repertoire» — d'Musek huet e ganz neie R. — hien huet nun awer keng propper a séngem R. (von Witzen gesagt) — wat huet [Bd. 4, S. 44] hien e schéine R.! (z. B. von Fluch-, Kraftwörtern).
Repëtéierauer (rə-) F.: «Repetieruhr» — cf. Remontoirsauer.
Repëtéierbéchs, -flënt (rə-) F.: «Repetiergewehr».
repëtéieren (rəpə-)trans. Verb.: a. «wiederholen» — eng Lektioun r. — repëtéier et nët, du gës ausgelaacht! — repëtéier dat do bei kengem! b. «wieder erwähnen, erneut anführen» — wann hien nach nët all(e) Kéier déi Dommhät misst r.!
Repëtent (rə-), Repëtiter (beide Ton: 3) (rə-) M.: «angehender Professor».
Repëtitioun (rə-) F.: «Repetition, Wiederholung».
repikéieren (rə-) trans. Verb.: «junge Pflanzen versetzen» — Zelleri muss repikéiert gin, soss gin et keng Knuppen — dafür auch: virusetzen.
Replik F.: «Entgegnung, Antwort».
Repos (wie frz.) M.: 1) «Ruhestellung» — Kommandowort beim Turnen, bei militärischen Übungen: Repos! (rührt euch!) — stell s'an de R.! 2) «Ruhetag» (Eisenbahnerspr.). | |