LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Rëpp bis Reservpneu (Bd. 4, Sp. 44a bis 46a)
 
Rëpp (Pl. Rëpper, lok.: Rëppen, Dim. Rëppchen) F.: 1) «Rippe» (Mensch und Tier) — drohend: ech schlon der all Rëpper am Leif duurch, kapott — hien huet der laanscht (an) d'Rëpper kritt — engem e Messer an (tëscht) d' Rëpper rennen — deen as esou gouereg, du kanns em d'Rëpper am Leif zielen — stouss en an d'Rëpper (um ihn aufmerksam zu machen, zur Strafe) — Ra.: du hues den Aasch ewechgin, lo kanns de duurch d'Rëpper schäissen — si schweessen et och nët duurch d'Rëpper eraus (obsz.) — e Stéck Fleesch vun der schieler (geschielter) R. — um Rëndfleesch as d'Fleesch vun der ofgeschielter Rëpp dat beschte Fleesch — Zussetz.: Schielrëpp, Pielzrëpp; 2) a. «Rippenähnliches, erhabener Streifen, Leiste in Geweben, an Werkzeugen, zur Verstärkung von Bauteilen, an Blättern (z. B. Kohl, Salat)» — d'Rëpper vum Kabes muss de rausschneiden — Samett mat Rëpper, auch dafür: gerëppte Samett — Rëpper an de Strëmp, am Pullover — d'Rëpper am Millesteen, un engem Hummer, enger Rapp (Reibe) — d'Rëpper vun engem Verwëllef — op Rëpper plouen (s. Réck sub 3 — cf. oprëppen) — e Stéck (Feld) mat dräi Rëpper; b. «Riegel» — eng R. Schockla — dafür auch: Ratz, Reil; c. «Falte, der ganzen Länge des Tuches nach, die nie mehr verschwindet» — Weberspr.: Sobald das Leinen vom Webstuhl herunter ist, wird es op d'Halschent gefaalt an d'Rëpp dra gemaacht. Die Seite mit der Rippe ist die rechte Seite, die andere déi ebes Säit — cf. Bunsel — Zussetz.: Kallefs-, Schoofs-, Schwéngsrëpp usw.
 
Rëppe- -stéck N.: «Rippenstück»; -stouss M.: «Rippenstoß».
 
Rëppchen F.: 1)Dim. von Rëpp (s. d.); 2) «der Anfang des gestrickten Strumpfes» (Ga).
 
rëppeg Adj.: «gerippt» — rëppege Stoff — dafür auch: gerëppt.
 
rëppen (lok.: Echt.) refl. Verb. — s. raupen.
 
Représentant (wie frz., Ton 3) M.: «Vertreter».
 
Representatioun (rə-) F.: 1) «Vorführung, Vorstellung» (Theater) — dafür auch: Virstellung (s. d.); 2) «Vertretung».
 
Representatiounsgeld N., -käschten (rə-) Pl. F.: «Aufwandsentschädigung(en)».
 
representéieren (rə-) intr./trans. Verb.: 1) «würdig auftreten» — dafür auch oft: presentéieren (s. d. sub 2) — hie representéiert gutt; 2) «vertreten» (Geschäft) — hie representéiert déi Firma fir d'ganzt Land; 3) «darstellen, wert sein» — d'Haus representéiert säi ganzt Verméigen.
 
Reprise (wie frz.) F.: 1) «beim Neukauf eines Autos in Zahlung gegebener Gebrauchtwagen» — dee Won do as nach eng gutt R.; 2) «Beschleunigungsvermögen» (Auto); 3) «Wiederholung» (Theater, Musik); 4) «feine Flickarbeit beim Nähen, Stricken» (C).
 
Reproche (wie frz. — Pl. Reproschen — auch: Raprosch, Ramprosch) M.: «Vorwurf» — et soll kä R. si fir kän — engem Reprosche maachen — ech sin nët komm fir Är Raproschen ofzehuelen — wat hun ech mer Reproschen driwwer gemaacht! — cf. Virworf.
 
reproschéieren (rə-) raproschéieren trans./refl. Verb.: «(sich) vorwerfen» — hien huet him séng Opfouer ewell wéi dacks reproschéiert — si hun him et reproschéiert — dafür auch: duerleën (s. d. sub 3), duerstoussen, virgeheien, virwerfen.
 
Reputatioun F.: «Reputation» — hien huet keng gutt R. — séng R. as nët där beschter eng. [Bd. 4, S. 45]
 
Rësär F.: «Sacktuch, grober Stoff» — et as eppes ewéi R. — adjektiv.: e Resäärs Schiirtech (Schürze aus Sacktuch), — dafür in Esch-Alz.: engt Rësäärz N.
 
Rëscho, Rascho, Rischo, Réchaud (wie frz., alle Ton: 1) M.: 1) «Grill»; 2) «Wärmepfanne» — dafür auch: Kuwwi (s. Couvet S. 489, Bd II) — cf. Rascho; 3) «Spirituskocher» (lok.).
 
Recherche (wie frz. — Pl. Rescherschen) F.: «Nachforschung» — Reschersche maachen.
 
rescherschéiert Verbadj.: «gesucht, manieriert» — säi Franséisch as zimlech r.
 
Rescht, Rest (Pl.: Reschter, Rester — cf. zum Reibelaut sch-st, Pa.St. § 70 u. Karten Nr. 1, 4) M.: «Rest, Überbleibsel» — d'Reschter vum Dësch si fir den Hond an d'Kaz — ech wëll déng Reschter nët — mir kruten d'Rester duergesat — e klengen, en décke R. — Reschter vu Gedrénks, Stëfter — mir mussen d'Reschter opiessen — hien huet sech de R. op der Gaass geholl (gesicht, gin — sich seine Krankheit auf der Straße vollends zugezogen) — dat wor säi R. (das war sein Letztes) — mir hun nach e R. Schold ze bezuelen — mir hun nach Zäit (a, am) R. (noch völlig Zeit) — et as näischt (a, am) R. bliwwen (es blieb nichts übrig) — ech hun näischt R. behalen — d'Rechnong as ouni R. opgaang — dat as de R. vun näischt (taugt gar nichts, von Menschen und Sachen) — wat R. as (bleift), kanns du huelen — mir si R. ä (äänt) bliwwen (gin — wir sind quitt) — elo geet et zum R. (es geht zur Neige) — cf. Uerz, Batz III.
 
Rëscht F.: «Kleidung, Aufmachung» — nu kuck emol dem Liss séng R.!
 
rëschten, rësten trans./refl. Verb.: 1) «schmücken» — d'Muttergottes (Statue) r. a kleden — en Altor r. — si rëschte fir d'Primiz — iron.: gerëscht wéi eng Braut, en Danzenochs (s. d.), eng Popp op der Mëscht, e Festesel (Echt.), eng Kampichsfra (s. d.), eng Kiirmesham, wéi d'Gréidel am Hierscht — wéi bas du da gerëscht? (absonderlich gekleidet?) — wéi as hie gerëscht! (betrunken) — duerop wor ech schéi gerëscht fir dohinner ze goen; 2) «(sich) herausputzen» — muss de dech sou r. afizen? — wat hues de nëmmen esou laang (un der) ze r.? — cf. botzen sub 4, fizen I; 3) «rüsten» — hien as gerëscht fir op d'Rees — ech si gerëscht fir all Wieder (ausgerüstet) — Zussetz.: ver-, zourëschten.
 
Réseau M. — s. Resi II, Coiffe.
 
Reseda, Réiseda, Resida F.: «Resede, wohlriechender Wau» (Reseda odorata) — wëlle R.: a. «Färberwau» (Reseda luteola); b. «gelber Wau» (Reseda lutea).
 
Rësel, Rosel (o kurz — Dim. Rëselchen — lok. Bondorf: Rasel — a kurz) F.: 1) «Kinderrassel» — hie ka sech mat jidd R. amëséieren (er ist leicht zufrieden); 2) «Schellenbaum» — dafür auch: Jhang-kléngel de Museksbam, Schellebam.
 
Rësel- -stréi N.: «Rüttstroh» — cf. Gefees; -tromm F.: «Wirbeltrommel» — dafür auch: Rabbeltromm — cf. Tamburin.
 
Rëselchen weiblicher Vorname zu Ros II.
 
Rëselcher Pl.: «Zittergras» (Briza media) — dafür auch: Rosel-, Muttergottes-, Vulle-, Grigragries-chen, Këssemchen, Këssercher, Roschelter, Schewercher, Wibbeldewapp, Widdeldewäppchen, Ziddergras.
 
rëselen Verb.: 1) tr./intr. a. «rütteln, schütteln» — si rëselt de ganzen Dag d'Botzlomp — d'Uebst vun de Beem r. — e Bam r. — um Praumebam r. (eigtl.: den Obstbaum schütteln, übtr.: etwas Unangenehmes von jem. in Gesellschaft sagen — C) — Ra. (lok.: Echt.): réier a rësel mer nët droan! (bleib mir weg davon!) — ech hun e mam Hals geholl an emol eng Kéier gerëselt — deen hun ech emol gutt gerëselt! (ordentlich zurechtgewiesen) — en huet sech eng Kéier gerëselt (geschuddert), du wor erëm alles an der Rei — dat as een ewéi duer (dohinner) gerëselt, Zus.: a leie gelooss oder an erëm opgeriicht — mam Rack r. (früher, zur Zeit der Mode mit langen Röcken, hochmütig, auch als Zeichen der Verachtung) — denen hir Medercher, dat waren der ëmmer fir ze r. (spöttisch: sie prahlten gerne) — Abl.: Gerësels N.; 2) refl.: a. «abmagern» — hien huet sech al gerëselt no sénger Kränkt; b. «einen Bauchwind streichen lassen» — hei huet een sech fatzeg gerëselt; c. «coire» — hie geet an d'Stad (sech) ee r., sech r.
 
Rëséng, Reséng, Roséng (Ton: 2, meist Pl. Roséngen — lok. Echt.: Roseinen) F.: «Rosine» — e Kuch mat Roséngen — cf. Korënt.
 
Rëséngekuch M.: «Rosinenkuchen».
 
Rëséngenueleg M.: «Rizinusöl». [Bd. 4, S. 46]
 
Reserv F.: 1) «Reserve, Vorrat» — mir hun nach e puer gutt Fläsche fir gutt Frënn a (op) R. — et leien nach Reserven an de Kellereien — hal mer dat a R. (z. B. ein Buch) — übtr.: aus sénger R. erausgoen, erausgelackelt gin; 2) «Reservekader» (Mil.); 3) «Vorbehalt» — ech hu méng Reserve gemaacht.
 
Reserv- -offizéier M.: «Reserveoffizier»; -pneu M.: «Reservereifen» (Auto);

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut