LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Rësär bis Resistenzler (Bd. 4, Sp. 45a bis 46a)
 
Rësär F.: «Sacktuch, grober Stoff» — et as eppes ewéi R. — adjektiv.: e Resäärs Schiirtech (Schürze aus Sacktuch), — dafür in Esch-Alz.: engt Rësäärz N.
 
Rëscho, Rascho, Rischo, Réchaud (wie frz., alle Ton: 1) M.: 1) «Grill»; 2) «Wärmepfanne» — dafür auch: Kuwwi (s. Couvet S. 489, Bd II) — cf. Rascho; 3) «Spirituskocher» (lok.).
 
Recherche (wie frz. — Pl. Rescherschen) F.: «Nachforschung» — Reschersche maachen.
 
rescherschéiert Verbadj.: «gesucht, manieriert» — säi Franséisch as zimlech r.
 
Rescht, Rest (Pl.: Reschter, Rester — cf. zum Reibelaut sch-st, Pa.St. § 70 u. Karten Nr. 1, 4) M.: «Rest, Überbleibsel» — d'Reschter vum Dësch si fir den Hond an d'Kaz — ech wëll déng Reschter nët — mir kruten d'Rester duergesat — e klengen, en décke R. — Reschter vu Gedrénks, Stëfter — mir mussen d'Reschter opiessen — hien huet sech de R. op der Gaass geholl (gesicht, gin — sich seine Krankheit auf der Straße vollends zugezogen) — dat wor säi R. (das war sein Letztes) — mir hun nach e R. Schold ze bezuelen — mir hun nach Zäit (a, am) R. (noch völlig Zeit) — et as näischt (a, am) R. bliwwen (es blieb nichts übrig) — ech hun näischt R. behalen — d'Rechnong as ouni R. opgaang — dat as de R. vun näischt (taugt gar nichts, von Menschen und Sachen) — wat R. as (bleift), kanns du huelen — mir si R. ä (äänt) bliwwen (gin — wir sind quitt) — elo geet et zum R. (es geht zur Neige) — cf. Uerz, Batz III.
 
Rëscht F.: «Kleidung, Aufmachung» — nu kuck emol dem Liss séng R.!
 
rëschten, rësten trans./refl. Verb.: 1) «schmücken» — d'Muttergottes (Statue) r. a kleden — en Altor r. — si rëschte fir d'Primiz — iron.: gerëscht wéi eng Braut, en Danzenochs (s. d.), eng Popp op der Mëscht, e Festesel (Echt.), eng Kampichsfra (s. d.), eng Kiirmesham, wéi d'Gréidel am Hierscht — wéi bas du da gerëscht? (absonderlich gekleidet?) — wéi as hie gerëscht! (betrunken) — duerop wor ech schéi gerëscht fir dohinner ze goen; 2) «(sich) herausputzen» — muss de dech sou r. afizen? — wat hues de nëmmen esou laang (un der) ze r.? — cf. botzen sub 4, fizen I; 3) «rüsten» — hien as gerëscht fir op d'Rees — ech si gerëscht fir all Wieder (ausgerüstet) — Zussetz.: ver-, zourëschten.
 
Réseau M. — s. Resi II, Coiffe.
 
Reseda, Réiseda, Resida F.: «Resede, wohlriechender Wau» (Reseda odorata) — wëlle R.: a. «Färberwau» (Reseda luteola); b. «gelber Wau» (Reseda lutea).
 
Rësel, Rosel (o kurz — Dim. Rëselchen — lok. Bondorf: Rasel — a kurz) F.: 1) «Kinderrassel» — hie ka sech mat jidd R. amëséieren (er ist leicht zufrieden); 2) «Schellenbaum» — dafür auch: Jhang-kléngel de Museksbam, Schellebam.
 
Rësel- -stréi N.: «Rüttstroh» — cf. Gefees; -tromm F.: «Wirbeltrommel» — dafür auch: Rabbeltromm — cf. Tamburin.
 
Rëselchen weiblicher Vorname zu Ros II.
 
Rëselcher Pl.: «Zittergras» (Briza media) — dafür auch: Rosel-, Muttergottes-, Vulle-, Grigragries-chen, Këssemchen, Këssercher, Roschelter, Schewercher, Wibbeldewapp, Widdeldewäppchen, Ziddergras.
 
rëselen Verb.: 1) tr./intr. a. «rütteln, schütteln» — si rëselt de ganzen Dag d'Botzlomp — d'Uebst vun de Beem r. — e Bam r. — um Praumebam r. (eigtl.: den Obstbaum schütteln, übtr.: etwas Unangenehmes von jem. in Gesellschaft sagen — C) — Ra. (lok.: Echt.): réier a rësel mer nët droan! (bleib mir weg davon!) — ech hun e mam Hals geholl an emol eng Kéier gerëselt — deen hun ech emol gutt gerëselt! (ordentlich zurechtgewiesen) — en huet sech eng Kéier gerëselt (geschuddert), du wor erëm alles an der Rei — dat as een ewéi duer (dohinner) gerëselt, Zus.: a leie gelooss oder an erëm opgeriicht — mam Rack r. (früher, zur Zeit der Mode mit langen Röcken, hochmütig, auch als Zeichen der Verachtung) — denen hir Medercher, dat waren der ëmmer fir ze r. (spöttisch: sie prahlten gerne) — Abl.: Gerësels N.; 2) refl.: a. «abmagern» — hien huet sech al gerëselt no sénger Kränkt; b. «einen Bauchwind streichen lassen» — hei huet een sech fatzeg gerëselt; c. «coire» — hie geet an d'Stad (sech) ee r., sech r.
 
Rëséng, Reséng, Roséng (Ton: 2, meist Pl. Roséngen — lok. Echt.: Roseinen) F.: «Rosine» — e Kuch mat Roséngen — cf. Korënt.
 
Rëséngekuch M.: «Rosinenkuchen».
 
Rëséngenueleg M.: «Rizinusöl». [Bd. 4, S. 46]
 
Reserv F.: 1) «Reserve, Vorrat» — mir hun nach e puer gutt Fläsche fir gutt Frënn a (op) R. — et leien nach Reserven an de Kellereien — hal mer dat a R. (z. B. ein Buch) — übtr.: aus sénger R. erausgoen, erausgelackelt gin; 2) «Reservekader» (Mil.); 3) «Vorbehalt» — ech hu méng Reserve gemaacht.
 
Reserv- -offizéier M.: «Reserveoffizier»; -pneu M.: «Reservereifen» (Auto); -rad M.: «Reserverad» (Auto).
 
Reserve- -batterie (Mil.) F. — wie hd.; -kader (Mil.) M.: «Reservekorps».
 
Reservatioun F.: «Reservation».
 
reservéieren trans. Verb.: «reservieren» — Plaze fir den Theater, de Kino r. (loossen) — deen Dësch as reservéiert — dazu: reservéiert Verbadj. — eng r. Plaz am Kino — übtr.: hien as bal zevill r.
 
Réservoir (wie frz., Ton: 2, auch: rə-) M.: «Behälter» — e R. mat Fësch — e grousse R. — dafür auch: Basséng, Bassin.
 
Resi I weiblicher Vorname für «Therese und Rosa».
 
Resi II, Rësi, Rëso, Rësong, Réseau (wie frz., Ton: 1 — Ga: Résille F.) M.: 1) «Haarnetz» — dafür auch: Filet (s. d. sub 1); 2) (nur Réseau) «Netz» (Telefon-, Eisenbahnnetz) — de R. vun Esch, vun der Stad usw.
 
Residenz F.: «Residenz, Wohnort» — dem Kinnek séng R. — de Paschtouer hält keng R. (ist oft abwesend) — spaßh.: hei weisen ech Iech méng R. (meine Wohnung) — ech duerf d'R. nët verloossen ouni dem Chef et ze mellen — dazu: Residenzzoulag F.: «Residenzzulage».
 
resignéiert (rə-) Verbadj.: «ergeben, gefaßt, resigniert» — en huet esou r. dragekuckt.
 
resistéieren intr. Verb.: «widerstehen» — ech konnt bei deem gudde Pättchen, deem schéine Meedche nët r. (meist iron.).
 
Resistenz F.: «Resistenz» — d'R. am leschte Krich (Widerstandsbewegung 1940-1945) — hien huet vill an der R. geschafft — e wor an der R. — d'R. huet haut eng Versammlong (die Resistenzorganisation, -vereinigung) — dazu: Resistenzler M.: «Widerstandskämpfer».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut