LWB Luxemburger Wörterbuch
 
rëschten, rësten bis respektéieren (Bd. 4, Sp. 45a bis 46b)
 
rëschten, rësten trans./refl. Verb.: 1) «schmücken» — d'Muttergottes (Statue) r. a kleden — en Altor r. — si rëschte fir d'Primiz — iron.: gerëscht wéi eng Braut, en Danzenochs (s. d.), eng Popp op der Mëscht, e Festesel (Echt.), eng Kampichsfra (s. d.), eng Kiirmesham, wéi d'Gréidel am Hierscht — wéi bas du da gerëscht? (absonderlich gekleidet?) — wéi as hie gerëscht! (betrunken) — duerop wor ech schéi gerëscht fir dohinner ze goen; 2) «(sich) herausputzen» — muss de dech sou r. afizen? — wat hues de nëmmen esou laang (un der) ze r.? — cf. botzen sub 4, fizen I; 3) «rüsten» — hien as gerëscht fir op d'Rees — ech si gerëscht fir all Wieder (ausgerüstet) — Zussetz.: ver-, zourëschten.
 
Réseau M. — s. Resi II, Coiffe.
 
Reseda, Réiseda, Resida F.: «Resede, wohlriechender Wau» (Reseda odorata) — wëlle R.: a. «Färberwau» (Reseda luteola); b. «gelber Wau» (Reseda lutea).
 
Rësel, Rosel (o kurz — Dim. Rëselchen — lok. Bondorf: Rasel — a kurz) F.: 1) «Kinderrassel» — hie ka sech mat jidd R. amëséieren (er ist leicht zufrieden); 2) «Schellenbaum» — dafür auch: Jhang-kléngel de Museksbam, Schellebam.
 
Rësel- -stréi N.: «Rüttstroh» — cf. Gefees; -tromm F.: «Wirbeltrommel» — dafür auch: Rabbeltromm — cf. Tamburin.
 
Rëselchen weiblicher Vorname zu Ros II.
 
Rëselcher Pl.: «Zittergras» (Briza media) — dafür auch: Rosel-, Muttergottes-, Vulle-, Grigragries-chen, Këssemchen, Këssercher, Roschelter, Schewercher, Wibbeldewapp, Widdeldewäppchen, Ziddergras.
 
rëselen Verb.: 1) tr./intr. a. «rütteln, schütteln» — si rëselt de ganzen Dag d'Botzlomp — d'Uebst vun de Beem r. — e Bam r. — um Praumebam r. (eigtl.: den Obstbaum schütteln, übtr.: etwas Unangenehmes von jem. in Gesellschaft sagen — C) — Ra. (lok.: Echt.): réier a rësel mer nët droan! (bleib mir weg davon!) — ech hun e mam Hals geholl an emol eng Kéier gerëselt — deen hun ech emol gutt gerëselt! (ordentlich zurechtgewiesen) — en huet sech eng Kéier gerëselt (geschuddert), du wor erëm alles an der Rei — dat as een ewéi duer (dohinner) gerëselt, Zus.: a leie gelooss oder an erëm opgeriicht — mam Rack r. (früher, zur Zeit der Mode mit langen Röcken, hochmütig, auch als Zeichen der Verachtung) — denen hir Medercher, dat waren der ëmmer fir ze r. (spöttisch: sie prahlten gerne) — Abl.: Gerësels N.; 2) refl.: a. «abmagern» — hien huet sech al gerëselt no sénger Kränkt; b. «einen Bauchwind streichen lassen» — hei huet een sech fatzeg gerëselt; c. «coire» — hie geet an d'Stad (sech) ee r., sech r.
 
Rëséng, Reséng, Roséng (Ton: 2, meist Pl. Roséngen — lok. Echt.: Roseinen) F.: «Rosine» — e Kuch mat Roséngen — cf. Korënt.
 
Rëséngekuch M.: «Rosinenkuchen».
 
Rëséngenueleg M.: «Rizinusöl». [Bd. 4, S. 46]
 
Reserv F.: 1) «Reserve, Vorrat» — mir hun nach e puer gutt Fläsche fir gutt Frënn a (op) R. — et leien nach Reserven an de Kellereien — hal mer dat a R. (z. B. ein Buch) — übtr.: aus sénger R. erausgoen, erausgelackelt gin; 2) «Reservekader» (Mil.); 3) «Vorbehalt» — ech hu méng Reserve gemaacht.
 
Reserv- -offizéier M.: «Reserveoffizier»; -pneu M.: «Reservereifen» (Auto); -rad M.: «Reserverad» (Auto).
 
Reserve- -batterie (Mil.) F. — wie hd.; -kader (Mil.) M.: «Reservekorps».
 
Reservatioun F.: «Reservation».
 
reservéieren trans. Verb.: «reservieren» — Plaze fir den Theater, de Kino r. (loossen) — deen Dësch as reservéiert — dazu: reservéiert Verbadj. — eng r. Plaz am Kino — übtr.: hien as bal zevill r.
 
Réservoir (wie frz., Ton: 2, auch: rə-) M.: «Behälter» — e R. mat Fësch — e grousse R. — dafür auch: Basséng, Bassin.
 
Resi I weiblicher Vorname für «Therese und Rosa».
 
Resi II, Rësi, Rëso, Rësong, Réseau (wie frz., Ton: 1 — Ga: Résille F.) M.: 1) «Haarnetz» — dafür auch: Filet (s. d. sub 1); 2) (nur Réseau) «Netz» (Telefon-, Eisenbahnnetz) — de R. vun Esch, vun der Stad usw.
 
Residenz F.: «Residenz, Wohnort» — dem Kinnek séng R. — de Paschtouer hält keng R. (ist oft abwesend) — spaßh.: hei weisen ech Iech méng R. (meine Wohnung) — ech duerf d'R. nët verloossen ouni dem Chef et ze mellen — dazu: Residenzzoulag F.: «Residenzzulage».
 
resignéiert (rə-) Verbadj.: «ergeben, gefaßt, resigniert» — en huet esou r. dragekuckt.
 
resistéieren intr. Verb.: «widerstehen» — ech konnt bei deem gudde Pättchen, deem schéine Meedche nët r. (meist iron.).
 
Resistenz F.: «Resistenz» — d'R. am leschte Krich (Widerstandsbewegung 1940-1945) — hien huet vill an der R. geschafft — e wor an der R. — d'R. huet haut eng Versammlong (die Resistenzorganisation, -vereinigung) — dazu: Resistenzler M.: «Widerstandskämpfer».
 
Rëso, Réseau (wie frz., Ton: 1) M. — s. Resi II.
 
Resolutioun F.: «Resolution, Beschluß».
 
resolutt, rësëlutt Adj./Adv.: «resolut» — e r. Framënsch — hien as r. drop lassgaang.
 
rësonnéieren, rësënéierens. räson(n)éieren.
 
Respekt, Rëspekt M.: «Respekt, Achtung, Ehrfurcht» — mat R. ze mellen (mit Verlaub) — him zum (zou) R. (aus Achtung vor ihm) — R. derfir, all R. (bewundernd: alle Achtung) — hien huet R. bei sénge L. (Autorität bei seinen Leuten) — deen elo, deen huet kee R. fir näischt — hie weess sech R. ze verschafen.
 
respektéieren trans./refl. Verb.: «(sich) achten» — respektéier déi gro Hor! — en as bei all Mënsch respektéiert — hie respektéiert sech nët (läßt sich verkommen).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut