LWB Luxemburger Wörterbuch
 
richen, réchen bis Riedel (Bd. 4, Sp. 49b bis 52a)
 
richen, réchen (Nösl.: rauchen [-ç-], Sauer: réichen, Westen: räichen — Konjug.: Ind. Präs.: ech richen, réichen, rauchen, du richs, réichs, rauchs, räichs, réchs, et richt, réicht, raucht, räicht, récht — Konj. Prät. Nösl.: ich réch — Ind. Prät. Nösl.: ich roch — Part. Prät.: gericht, geroch [-x-], geré[i]cht, geroch [-x-], Nösl.: [-ç-] gerochen) trans./intr. Verb.: 1) a. «riechen, mit dem Geruchssinn wahrnehmen» — richs d'eppes? — rich [Bd. 4, S. 50] emol! — ech riche gutt (ich habe einen guten Geruchssinn) — en hält d'Nues esou héich, du mengs e géif frëscht Brout r. (von jem., der stolz einhergeht) — d'Päerd r. d'Krëpp (spüren, daß es Feierabend ist) — d'Honn hun eppes gericht — et muss een nët un alles r. goen (ewéi d'Honn) — wien et récht, bei deem et (hanneneraus) krécht (wenn jem. einen Bauchwind streichen läßt) — ech r. näischt, ech hun de Schnapp — übtr.: ech kann deen nët r. — hie ka kee Preiss r. (nach gesinn) — si kënnen sech nët r.; b. «(voraus-)ahnen, merken» — ech konnt dat nët r. — hie richt, datt d'Lompe geschwënn(er) sténken — et mengt een, du häss et geroch — richs de näischt? 2) a. «duften, riechen nach» — wéi dat esou gutt heibanne richt! — dat richt nët gutt — et richt och nach nët no Vioulen (Anäis) hei — wéi richs du esou gutt! — d'Blumme riche staark den Owend — hei richt et no méi! (wenn es gut aus der Küche riecht) — et richt no Damp, no ugebrannt, no Gedrénks, Faarf, Tubak — du richs no Béier — et richt no aarme Leit, nom Aarmutt, nom Gas, nom Iessen, no der Kichen, nom Honger, nom Keller, nom Stall, no Piss usw. — d'Fësch r. d'Haus voll — et richt ugebrannt, stéckseg, muffzeg, gräzeg, räzeg, sezeg — Echt.: et hoat no Steekebamolig geroch (nach Prügeln); b. «übel riechen» — e richt aus dem Monn — säin Otem richt — d'Fleesch richt (faulzeg) — spaßh.: rich emol wéi et richt! — cf. mipsen, fachen sub 2)b.
 
Richer(t), Réicher(t) (lok.: Richel) M.: «Nase, Riechorgan» — do has d'e gudde R. — cf. Nues sub 1).
 
richteg, -ig (Osten: riichtig, lok.: riteg) «richtig, genau» — A. Adj. — dat as de richtege Mann op der richteger Plaz — mir hun dat richtegt Framënsch an d'Haus kritt — dat as nach e richtige Bauer — dat as nun eemol e richtegen Iesel (Dummkopf) — eng r. Äntwert — et si keng r. Wënter méi — elo as déi r. Zäit fir ze séien — as dat hei dee richtege Wee? — d'Rechnong as nët r. — et as nët r., wat s de sees (es stimmt nicht) — alles wat r. as! — deen as nët méi r. am Kapp — dat geet nët mat richtegen Dénger zou — ech hun et (d'Rechnung) r. (die Rechenaufgabe) — as et esou r.? — ee mam richtege Numm nennen — engem Kand de richtegen Numm gin — cf. Numm sub 1); B. Adv. — et as r. Wanter — r. gebiicht, as r. geschoss — dat as nët r. gerechent, geschriwwen, gezielt, gesongen, gespillt — r. geholl, misst et esou sin — et weess kee r., wéi et gaang as — geet d'Auer r.? — den Zuch as nët r. (nach Fahrplan) fortgefuer — den Owend maache mer et r. (Verlobung) — verstärkend: «wirklich» — ech hu mech emol r. sat giess — ech war r. frou — ech hu r. misse laachen — dat hues de r. domm ugepaakt — Interjek.: ganz r.! C. Adj.: «gerecht» — r. uertelen — wann s de wëlls r. bleiwen, da muss de dat maachen — substantiv. (oft iron.): Richtegen M. — du wiirs mer jhust (grad) de R.! — do bas de (grad) un dee R. komm — ma du bas grad de R. dofir! — dee R. as nach nët komm, gebak (von einem wählerischen Mädchen gesagt); Richtegt N. — en huet dat R. nach ëmmer nët fond (das Richtige, auch: die richtige Frau) — dat wor grad dat R. (iron.: das Unangebrachte) — du schéngs mer dat R. ze sin (zu einer Frau, einem Mädchen) — dat Richtegst wat mer maache kënnen, dat as elo unzegoen.
 
Richtegkät, -keet F.: «Richtigkeit» — dat huet och alt séng R.
 
Richtong (Westen: Riichténg) F.: «Richtung» — en huet eng bestëmmt R. (politische Richtung).
 
Rick M.: 1) «Ried» (lok.: Niederkerschen) — cf. Ridd II; 2) a. «Hickory» (Carya — Bergbauspr.); b. «Holzstiel aus Hickory für schwere Hämmer»; c. (lok.: Tüntingen) «Stengel vom Juddesäl» (von Kindern zum Rauchen gebraucht).
 
Rickess. Réckes.
 
Ridd I (lok.: Rid — Dim. Riddchen) M.: 1) «Rüde» (bes. Hund, Kaninchen) — cf. sub Hond; 2) «Schürzenjäger».
 
Ridd II (lok. Osten, Mosel: Réid, Westen: Rick) M.: 1) «Schilfrohr» (Phragmites communis) — dafür auch: Lësch, Kéiferlë(t)sch — de Réid anzéien (Schilfrohrblätter in die Fugen der Fässer stopfen, dicht machen) — cf. verknospen; 2) «spanisches Rohr, Stuhlrohr» (Calamus) — dat béit sech wéi (e) R.; 3) «Bambus».
 
Riddbengel M.: «Rohrstock».
 
Riddhoken M.: «gebogenes Werkzeug des Küfers um den Kalfaterstoff einzustopfen» — cf. Réidhok.
 
Riddstecken M.: «Spazierstöckchen aus spanischem Rohr» — de R. erbäihuelen (als Rentner leben).
 
Riddel M.: «Stempel mit dem die Maße auf die Innenseite der Handschuhe [Bd. 4, S. 51] aufgedruckt werden» — cf. Händscheschnidder.
 
Riddes-ierz F.: «Eckererbse» (pois ridé).
 
Riddewanz M.: «Tanzweise» — in einem alten Kinderreim erhalten, ohne Erklärung: da sange mer e R., da sprange mer e schéinen Danz (C).
 
Riddich (Var. an Sauer und Our) M. — s. Réideg.
 
Ridikül, Ridicule (wie frz.) M.: «Damenhandtasche, Arbeitsbeutel der Damen» (Ga).
 
ridicule (wie frz. — lok.) Adj.: «lächerlich» — wéi r.! — du bas r.
 
Rido (Ton: 1) M. und F.: 1) «Gardine» — si hu kleng, grouss, laang Ridoën un de Fënsteren — eng gehäkelt R. — eng plastiks R. — et si keng Ridoë méi un de Fënsteren (das Haus ist nicht mehr bewohnt) — hatt läit de ganzen Dag hanner de Ridoën (sie gafft den ganzen Tag); 2) (nur M.) «Theatervorhang»; 3) «Gesichtsschleier an Damenhüten» (burschikos) — cf. Voile.
 
Ridos- -läischt F.: «Gardinenleiste»; -rank M.: «Gardinenring». -schinn F.: «Gardinenschiene»; -staang F.: «Gardinenstange»; -stoff(t) M. und N.: «Gardinenstoff»;
 
Riech, Reech I (Pl. Riecher, Reecher — Dim. Riechelchen, Reechelchen — Nösl.: Rääch, Räächen) M.: 1) «Rechen» — en hëlze, eise R. — e grousse R. (großer Rechen, auch für: Pferderechen — cf. Wollef, Hans sub 2)b.) — hues du dech haut mam R. gekämmt? — d'Hä mam R. kéieren (wenden), zesummeschären — de Grumm gët mam R. entziet (gespreitet — s. entzieden) — den Häwon muss mam R. gekämmt gin, da verléiert een näischt ënnerwee — bei engem gudde R. muss de Kamp mat den Zänn zou engem ston — Teile: de Kamp mat den Zänn (Spuerken) an de Still — e gudde Riechestill gët mat enger Gafel aus Därenholz (Nësshecken) gemaacht, d'Zänn sin aus Bichen-, Eechen-, Biirkenholz, de Gaarder., dee grousse R. hun Eisenzänn; 2) a. «rechenartiger Gegenstand» — de R. an enger Auer (Art Pendel) — e R. virun den Turbinnen am Waasser (vor Wasserwerken im Oberwasser angebrachtes Gitterwerk, um Treibzeug und Fische fernzuhalten) — e R. um Daach (Schneefang) b. «Sternbild des Orion» — Zussetz.: Äis-, Brout-, Fësch-, Gaarde-, Hutt-, Huewer-, No-, Rommels-, Schwaderiech.
 
Rieche(n)- -gafel F.: «Rechengabelung»; -lued (lok.: Reecherlued) F.: «Rechenbalken»; -still M.: «Rechenstiel»; -zant M.: «Rechenzahn» — dafür auch (lok.): -spuerk M.
 
Riech, Reech II (Pl. Reecher, Riecher [lok. Holzthum: Réich] — Nösl.: Rääch, Pl. Räjer) M.: 1) «Abhang, Böschung» (oft mit Gesträuch bewachsen — auch häufig als Fln.); 2) «(Feld-)Rain» — an de Reecher fënt een déi éischt Vioulen — en huet de R. mat (era-, ewech-) geplout — cf. Rambli.
 
riechen, reechen trans. Verb.: «mit dem Rechen arbeiten, rechen» — hanner dem Won r. — im Nösl. dafür meist: schären (s. d. sub 2).
 
riechss. recht(s).
 
Ried ON.: «Roedt» — Dorf der Gemeinde Waldbredimus, Kanton Remich — 511.
 
Ried, Reed (Nösl.: Riädd) F.: 1) «Gespräch, Ausdruck(sweise), Sprache» — Spw.: voll (versoffe) Riede sin anniichter (nüchterne) Gedanken — e Mann, eng R. (ein Mann, ein Wort) — eng éierlech, éierbar, uerdentlech, knaschteg, ruckelzeg, schmotzeg R. — deen huet eng stramm R. (er redet herrisch) — en huet eng R. wéi en Affekot — hie féiert keng besonnesch R. — en huet keng besonnesch R. am Monn (er hat eine derbe Ausdrucksweise) — en as graff an der (a sénger) R. — féier (hal) keng laang Ried(en) a so wat s de gär häss — en as ongeschéckerlech (nët ganz glécklech) an der R. — e wor zevill huerteg (do) mat der R. (zu vorlaut) — u sénger R. hun ech an uecht geholl (hun ech gespiirt), wéi et wir (wat e wollt hun) — fir erëm op d' (op eis) R. (zréck) ze kommen — an der R. iwwerdreiwen — eng R. huet déi aner gin, huet déi aner fond (ein Wort gab das andere, auch: Wortwechsel) — dat huet sech esou an der R. fond (kam zufällig zur Sprache) — et huet sech aus der R. esou ergin — (réck) eraus mat der R.! (heraus mit der Sprache!) — hien huet d'R. dropbruecht — dovunner geet (as) jo glat keng R. — kurz: keng R.! (das kommt nicht in Frage, davon sprechen wir nicht) — unwillig, entrüstet: wat eng (domm) R.! — wat Rieden! — 't as nët der R. wäert (Höflichkeitsformel) — engem an d'R. falen (unterbrechen) — dat do si gottvergiesse [Bd. 4, S. 52] (vermesse) Rieden — bei einer Unterbrechung im Gespräch: vergiesst Är R. nët! — fänk elo keng aner R. un (schweife nicht ab, bleib bei der Sache) — fänk emol eng aner R. un (laß dieses Gespräch, Ablenkung) — en as nët fräi an der R. — e fackelt mat der R. (er sucht Ausflüchte) — et soll ee séng R. nët friessen (sein Wort nicht brechen) — dat as eng R. (ein Wort) — dat soll eng R. sin (ein Wort sein) — mir haten, mir kruten dees (dës, ës, dervu) Rieds (es kam zur Sprache) — et as Rieds dervu gaang, datt . . . — et goung Rieds vun dir — 't goung Rieds dervun, ma et gouf näischt geännert — mir hate sénger Rieds — den Notär wäerd sénger geschwë Rieds hun (es wird bald zur Zwangsversteigerung kommen) — et huet ee Rieds vu mir (die Ohren klingen mir, es redet jem. von mir — cf. Ouer) — en as esou domm, do as d'R. dervu fort (er ist unsagbar dumm) — dat as (awer jo elo) keng R. (damit ist nichts gesagt) — en huet eng (keng) gutt R. (Redensart — cf. Riedensaart) — d'R. kënnt em liicht, schwéier, wäicht em nët, follecht em nët (er hat Schwierigkeiten beim Sprechen) — en huet d'R. verluer (er ist verstummt, auch: durch Schlaganfall die Sprache verloren) — een zur R. stellen — engem R. an Äntwert (ge)- stoen; 2) «Rede, Ansprache, Vortrag» —Ra.: laang Rieden an dënn Zoppen halen nët bäi — eng R. halen — häls d'eng R.? (iron.) — hues de déi R. nogelauschtert? — hal keng laang R. a maach déng Aarbecht — do goufe Riede geschmass! (iron.) — Zussetz.: Bau-, Damme-, Graf-, Läiche-, Stéchel-, Spott-, U-, Wahlried — cf. Sprooch, Wuert.
 
Riedchen N. — Dim. von Rad — beim Kegelspiel: eng Klatz op d'Riedchen huelen (von nicht mehr ganz runden Kugeln gesagt; die Kugel so werfen, daß sie trotz dem Mangel über die noch runde Fläche läuft — dafür auch: eng Klatz op d'Panz huelen — cf. Walz).
 
Riedel I (lok.: Rigdel) M.: «Rötel zum Färben, zum Zeichnen des gekauften Viehs» — dazu:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut