LWB Luxemburger Wörterbuch
 
ridicule bis Rief (Bd. 4, Sp. 51a bis 52b)
 
ridicule (wie frz. — lok.) Adj.: «lächerlich» — wéi r.! — du bas r.
 
Rido (Ton: 1) M. und F.: 1) «Gardine» — si hu kleng, grouss, laang Ridoën un de Fënsteren — eng gehäkelt R. — eng plastiks R. — et si keng Ridoë méi un de Fënsteren (das Haus ist nicht mehr bewohnt) — hatt läit de ganzen Dag hanner de Ridoën (sie gafft den ganzen Tag); 2) (nur M.) «Theatervorhang»; 3) «Gesichtsschleier an Damenhüten» (burschikos) — cf. Voile.
 
Ridos- -läischt F.: «Gardinenleiste»; -rank M.: «Gardinenring». -schinn F.: «Gardinenschiene»; -staang F.: «Gardinenstange»; -stoff(t) M. und N.: «Gardinenstoff»;
 
Riech, Reech I (Pl. Riecher, Reecher — Dim. Riechelchen, Reechelchen — Nösl.: Rääch, Räächen) M.: 1) «Rechen» — en hëlze, eise R. — e grousse R. (großer Rechen, auch für: Pferderechen — cf. Wollef, Hans sub 2)b.) — hues du dech haut mam R. gekämmt? — d'Hä mam R. kéieren (wenden), zesummeschären — de Grumm gët mam R. entziet (gespreitet — s. entzieden) — den Häwon muss mam R. gekämmt gin, da verléiert een näischt ënnerwee — bei engem gudde R. muss de Kamp mat den Zänn zou engem ston — Teile: de Kamp mat den Zänn (Spuerken) an de Still — e gudde Riechestill gët mat enger Gafel aus Därenholz (Nësshecken) gemaacht, d'Zänn sin aus Bichen-, Eechen-, Biirkenholz, de Gaarder., dee grousse R. hun Eisenzänn; 2) a. «rechenartiger Gegenstand» — de R. an enger Auer (Art Pendel) — e R. virun den Turbinnen am Waasser (vor Wasserwerken im Oberwasser angebrachtes Gitterwerk, um Treibzeug und Fische fernzuhalten) — e R. um Daach (Schneefang) b. «Sternbild des Orion» — Zussetz.: Äis-, Brout-, Fësch-, Gaarde-, Hutt-, Huewer-, No-, Rommels-, Schwaderiech.
 
Rieche(n)- -gafel F.: «Rechengabelung»; -lued (lok.: Reecherlued) F.: «Rechenbalken»; -still M.: «Rechenstiel»; -zant M.: «Rechenzahn» — dafür auch (lok.): -spuerk M.
 
Riech, Reech II (Pl. Reecher, Riecher [lok. Holzthum: Réich] — Nösl.: Rääch, Pl. Räjer) M.: 1) «Abhang, Böschung» (oft mit Gesträuch bewachsen — auch häufig als Fln.); 2) «(Feld-)Rain» — an de Reecher fënt een déi éischt Vioulen — en huet de R. mat (era-, ewech-) geplout — cf. Rambli.
 
riechen, reechen trans. Verb.: «mit dem Rechen arbeiten, rechen» — hanner dem Won r. — im Nösl. dafür meist: schären (s. d. sub 2).
 
riechss. recht(s).
 
Ried ON.: «Roedt» — Dorf der Gemeinde Waldbredimus, Kanton Remich — 511.
 
Ried, Reed (Nösl.: Riädd) F.: 1) «Gespräch, Ausdruck(sweise), Sprache» — Spw.: voll (versoffe) Riede sin anniichter (nüchterne) Gedanken — e Mann, eng R. (ein Mann, ein Wort) — eng éierlech, éierbar, uerdentlech, knaschteg, ruckelzeg, schmotzeg R. — deen huet eng stramm R. (er redet herrisch) — en huet eng R. wéi en Affekot — hie féiert keng besonnesch R. — en huet keng besonnesch R. am Monn (er hat eine derbe Ausdrucksweise) — en as graff an der (a sénger) R. — féier (hal) keng laang Ried(en) a so wat s de gär häss — en as ongeschéckerlech (nët ganz glécklech) an der R. — e wor zevill huerteg (do) mat der R. (zu vorlaut) — u sénger R. hun ech an uecht geholl (hun ech gespiirt), wéi et wir (wat e wollt hun) — fir erëm op d' (op eis) R. (zréck) ze kommen — an der R. iwwerdreiwen — eng R. huet déi aner gin, huet déi aner fond (ein Wort gab das andere, auch: Wortwechsel) — dat huet sech esou an der R. fond (kam zufällig zur Sprache) — et huet sech aus der R. esou ergin — (réck) eraus mat der R.! (heraus mit der Sprache!) — hien huet d'R. dropbruecht — dovunner geet (as) jo glat keng R. — kurz: keng R.! (das kommt nicht in Frage, davon sprechen wir nicht) — unwillig, entrüstet: wat eng (domm) R.! — wat Rieden! — 't as nët der R. wäert (Höflichkeitsformel) — engem an d'R. falen (unterbrechen) — dat do si gottvergiesse [Bd. 4, S. 52] (vermesse) Rieden — bei einer Unterbrechung im Gespräch: vergiesst Är R. nët! — fänk elo keng aner R. un (schweife nicht ab, bleib bei der Sache) — fänk emol eng aner R. un (laß dieses Gespräch, Ablenkung) — en as nët fräi an der R. — e fackelt mat der R. (er sucht Ausflüchte) — et soll ee séng R. nët friessen (sein Wort nicht brechen) — dat as eng R. (ein Wort) — dat soll eng R. sin (ein Wort sein) — mir haten, mir kruten dees (dës, ës, dervu) Rieds (es kam zur Sprache) — et as Rieds dervu gaang, datt . . . — et goung Rieds vun dir — 't goung Rieds dervun, ma et gouf näischt geännert — mir hate sénger Rieds — den Notär wäerd sénger geschwë Rieds hun (es wird bald zur Zwangsversteigerung kommen) — et huet ee Rieds vu mir (die Ohren klingen mir, es redet jem. von mir — cf. Ouer) — en as esou domm, do as d'R. dervu fort (er ist unsagbar dumm) — dat as (awer jo elo) keng R. (damit ist nichts gesagt) — en huet eng (keng) gutt R. (Redensart — cf. Riedensaart) — d'R. kënnt em liicht, schwéier, wäicht em nët, follecht em nët (er hat Schwierigkeiten beim Sprechen) — en huet d'R. verluer (er ist verstummt, auch: durch Schlaganfall die Sprache verloren) — een zur R. stellen — engem R. an Äntwert (ge)- stoen; 2) «Rede, Ansprache, Vortrag» —Ra.: laang Rieden an dënn Zoppen halen nët bäi — eng R. halen — häls d'eng R.? (iron.) — hues de déi R. nogelauschtert? — hal keng laang R. a maach déng Aarbecht — do goufe Riede geschmass! (iron.) — Zussetz.: Bau-, Damme-, Graf-, Läiche-, Stéchel-, Spott-, U-, Wahlried — cf. Sprooch, Wuert.
 
Riedchen N. — Dim. von Rad — beim Kegelspiel: eng Klatz op d'Riedchen huelen (von nicht mehr ganz runden Kugeln gesagt; die Kugel so werfen, daß sie trotz dem Mangel über die noch runde Fläche läuft — dafür auch: eng Klatz op d'Panz huelen — cf. Walz).
 
Riedel I (lok.: Rigdel) M.: «Rötel zum Färben, zum Zeichnen des gekauften Viehs» — dazu: Riedelschnouer F.: «Rötelschnur zum Zeichnen» (z. B. beim Dillschneiden).
 
Riedel II ON. — s. Rädel I.
 
Riedel III M. — s. Rädel II.
 
Riedelen Pl. F.: «Masern».
 
Riedelgänn F. — s. Rädelgänn, Gänn.
 
rieden, reden (Nösl.: riädden) intr. Verb.: «reden» (meist: schwätzen — oft abfällig für schwulstig oder viel reden) — Raa.: r. ouni ze denken, dat as schéissen ouni ze biichten — gewénkt (näischt gesot), as och geriet — r. as kee Geld — e ka r. ewéi en Affekot, e Paschtouer, e Bur, gebeidelt (s. beidelen) — e riet as séiz en op engem Speckkoup, as hätt e Speck feel, as wir d'Duerf him feel, wéi wann de Bann säi wir, wéi wann e Schëffer um Rhäin hätt (er prahlt) — vill r. (viel schwatzen) — domm r. — wat e riet as gelunn (gelogen) — bewundernd: dee ka r.! — d'Kand riet ewéi en Aalt (das kleine Kind spricht sehr gut und viel) — mir sin nët hei fir ze r., ma fir ze schaffen — et as nët derwäert fir dervun ze r. — en huet sech an den Äifer geriet — e léisst nët mat sech r. — ech loosse mer nët do dranner r. —Abl.: Gerieds N.: «Gerede» — wat féiers du hei fir e (en dommt) G.? — sénges G. as een huerteg midd — vill G. a wéineg Geschaffs — Zussetz.: a-, aus-, be-, eraus-, widder-, zerrieden.
 
Riedener, Riedner M.: «Redner» — e gudde R. — du bas nun awer de gebuerene R.
 
Riedensaart F.: 1) «Redegabe»; 2) «Ausdrucksweise» — eng schéi R. hun; 3) «Redewendung, Redensart» — dat as alt esou eng R. (wéi eng aner).
 
Rieder- (Pl. von Rad) -buttéck M., -geschäft N.: «Fahrradhandlung»; -kaul F.: «Grube, Ort zum Beschlagen der Wagenräder bei der Schmiede»; -wierk N.: «Räderwerk».
 
Rieder, Rueder M.: «Einwohner von Roodt/Syr» — dazu: Rieder-Maart M.: 1) «Markt von Roodt/Syr»; 2) beim Kegelspiel: dat as de R. (die mittlere Kegelreihe liegt um) — cf. Groussmamm, dafür auch: Groussgaass.
 
riederen trans. Verb.: 1) «mit Rädern versehen» — de Won as nei geriedert gin; 2)in der Ra.: ech sin ewéi geriedert (gerädert).
 
Riedgen ON.: «Rœdgen» — Dorf der Gemeinde Reckingen/Mess, Kanton Esch/Alz. — 483.
 
Rief (Sauer: Reef, Pl. Riewen, Rewen) F.: 1) «Weinrebe» — eng R. un der Mauer (als Zier) — Riewe schneiden, opbannen — d'Riewe weise schéin (versprechen einen guten Bewuchs) — d'Riewe sin hallef erkaalt — im Rätsel: béck mech, bann mech, steech e laangen a mech, këtzel mech ënnen, datt et mer uewe gutt deet? (die Rebe — MKr. Nr. 782) — Zussetz.: Mudderrief, Wäirief (pleonast.); [Bd. 4, S. 53] 2) (nur Pl. Riewen) a. «abgeschnittene Rebschößlinge» (wenn diese eingebracht sind, heißen sie meist: Reiser) — Riewe rafen, bannen, hämhollen (einsammeln, zusammenbinden, einbringen); b. «Bund abgeschnittener Rebschößlinge» — et läit e Koup Riewe beim Wéngert.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut