LWB Luxemburger Wörterbuch
 
bis Zaschee (Bd. 4, Sp. 77a bis 80a)
 
S (εs) M.: «Buchstabe S» — e laangen s, e ronnen s, en s mat enger Hatt (für ß) — eng S-Kéier (S-Kurve) — onomatop.: a. zur Bez. des Summens, des Fliegens, der schnellen Bewegung (stimmhaft) — d'Beie maachen sss — sss as et gaang, du war e laanscht; b. als Warnung, als Ruf zur Erregung der Aufmerksamkeit (stimmlos — oft mit Schluß t): sss, roueg do! — ss(t) lo kënnt een! — zur Flexion s. BGra II. B., Nominalflexion § 15 ff., bes. 17, c., d. und 27: Flexion der Pronomina, Adverbien und Konjunktionen. «In Nebensätzen, die durch eine Konjunktion, ein Pronomen oder ein Adverb eingeleitet werden, erhalten diese Partikeln vor dem Personalpronomen der zweiten Person der Einzahl, seltener der ersten und dritten Person der Mehrzahl, die entsprechende verbale Flexionsendung -s vor dem Pronomen der 2. Pers.Sing. (-sch südlich der Hauptstadt) -e(n) vor den beiden anderen» — z. B.: wann s de (wann sch de), wien s de, wiem s de, wuer s de, ob (of) s de (ob sch de), datt (att) s de, obschon s de, dorun s de, duerëm s de — Wann s d'awer mengs, datt s de sou kënns weiderfueren, da froen ech mech, ob s de nach liwwereg bas. Fro wien s de wëlls, d'Leit wëssen all nët, fir wat s de sou granzeg bas, datt s de ëmmer sou Gesiichter schneids, wou (wuer) s d'och gees.
 
Saach (Nösl.: -ç- — Pl. Saachen, Dim. Sächelchen — sehr allgemeine Bed., oft Verlegenheitswort, ähnlich wie Déngen — s. d. sub 1) F.: «Sache» — 1) a. «Angelegenheit, Rechtsstreit» (ursprüngliche Bedeutung) — d'Geriicht huet d'S. an (der) Hand — si hun engem Affekot d'S. (an d'Hand) gin — déi S. geet virun (kommt vor Gericht) — d'Jhandaarmen hun sech ëm d'S. gekëmmert — dat as eng S. fir d'Geriicht — wéini kënnt d'S. vir? (wann sind die Gerichtsverhandlungen angesetzt?) — eis S. as alt nees ausgesat gin — déi S. as gesprach (abgeurteilt) — d'S. as op d'Kopp gehäit gin — séng S. steet nët gutt; b. «Angelegenheit, Obliegenheit, Vorgang, Geschäft, Zustand, Umstand» — jidwidder S. huet zwou Säiten — enger geschitter S. as näischt ofzebriechen — un enger geschitter S. as näischt z'änneren — nu änner eppes un där S.! — d' (déi) S. as déi hei — dat as eng S. fir sech — dat as eng aner S. — déi (betont) S. as an der Rei (ist in Ordnung, zugegeben) — dat as sénger S., dat si sénger Saachen — dat as ménger S. (das kümmert nur mich) — bekëmmer sech jidderee sénger Saach, Zus.: da fällt wéider Schneider nach Schouschter vum Daach — mir mussen där S. op de Grond (de Fong) goen — déi S. huet Hand a Fouss — d'S. as vertuscht gin — séng S. as Brach, Esseg, Kabes — hien as sénger S. nët sécher — hien as där S. nët gewuess — ech kennen déi S. an dat gees de rëm elo (ich kenne diese Angelegenheit gründlich) — d'Haaptsaach vun enger S. as ëmmer d'S. (zur Sache!) — bleif bei der S.! — ech hu schro Saachen héieren — dat gehéiert nët zur S. — un där S. as eppes drun — déi S. huet hiren Hoken — d'S. mécht sech, schosselt sech (geht in Ordnung) — deen huet séng S. (séng Britt — s. d. sub 3) — dat (z. B. Danzen) as ménger S. nët méi (ich bin zu alt dazu, ich fühle mich nicht mehr dazu aufgelegt) — da's eng aner S. (das ist etwas anders) — d'S. as gaang wéi si et gär haten (verlief, wie sie es wünschten) — ech sin där S. lädeg (überdrüssig) — ech sin dene Saache midd, sat (dsgl.)[Bd. 4, S. 78] d'S. hänkt mer zum Hals eraus — mir sin do an eng domm S. erakomm — déi Kueberei do gët dech eng domm S. — dat Meedchen as dénger S. nët — hien huet d'S. opgestéckt (aufgegeben) — dat as dach keng S. (eine geringfügige Sache) — hie koum mat der S. gefuer — en huet séng S. gutt gemaacht — e versteet, e kennt séng S. — hien huet séng Saach (Lektion) an der Schoul gutt gewousst — en as sénger S. gewuess — an domatter wor d'S. gehal (und damit war es Schluß) — ech wëll wëssen ewéi déi S. sech huet — mir kréien déi S. erëm an d'Rei — en huet Wand(s) vun der S. kritt — hien huet do eng gutt S. (Geschäft) — dat as eng déck, droleg, eekleg, elle, fäin, knaschteg, lusch, grouss, sabbeleg, schéi, verdäiwelt S. — d'S. fänkt un ze sténken — ech hun d'S. an der Täsch — hien as an där S. mat dran (mit am Geschäft beteiligt) — dat Ganzt as nëmmen eng S. vu Mënz, vu Geld, vun Zäit — hien dréit a kéiert d'S. bis en eppes dervun huet — hien huet eng grouss S. ugefaang, opgeriicht (ein großes Unternehmen) — d'S. as aus, an d'Bréch gaang (z. B. Verlobung) — maach et wéinst der gudder S. (fir d'gutt S.); c. «mit dem Nebensinn des Verbotenen, Verwerflichen, Unangenehmen» — 't as eng domm S. — dat sin esou Saachen, auch: dat si keng Saachen! — wat sin dat fir Saachen, déi hien do mécht! — dat as alt esou eng S.! — maach keng Saachen! — deen dreift allerhand Saachen — du dreifs d'S. ze wäit — deen huet schéi Saache gemacht — mit dem Nebensinn des Komischen (Ausruf): wat Saachen! — spaßh. Zus.: a kee Schaf (fir se dran ze don); 2) (konkret) a. «Gegenstand, Ding» (z. B. Möbel, Kleider, Spielzeug, Ware, Brief, Auto, Speise) — Ra.: schéi Leit hu schéi Saachen — Zus.: wat se nët hu, loossen se sech maachen — den Nekleeschen huet hinne vill schéi Saache (allerhand Saache) bruecht — hie gët nët op séng Saachen uecht — op aner Leits Saache muss een uecht gin — séng Saachen ze Rot halen — spaßh.: d'Suë si mat där feinster Saachen, déi ech kennen — raf (pak) déng siwe Saachen a räs! (hau ab!) — Messeren a Forschette si keng Saache fir Kanner — den Hauséierer huet d'Saachen ausgepaakt — mir sin am Gaang d'Saachen (Waren) auszepaken — mir mussen d'Saachen op d'Douane siche goen — dro d'Saachen op d'Post! (die Briefschaften) — ech wäerd jo elo méng Saachen all hun (alle gewünschten Waren eingekauft haben) — eng Plaz fir jidder S. a jidder S. op hir Plaz — déi gutt Saache sin nët nëmmen do fir d'Näischnotzen — déi reng Saache (feine Wäsche) muss d'Mamm strecken (bügeln) — si hun en Haus voll aler Saachen — mir hun där Saache méi — an där Saache nach! (und so weiter!); b. (meist nur Pl.) «Hab und Gut, Besitz» — déi Leit hun do eng schéi S. — d'Meedchen huet vill Saachen — de Pätter huet him séng Saachen all vermaacht, verschriwwen (vererbt) — d'Saache sin him nët un d'Häerz gewuess; c. «Feld-, Gartenfrüchte» — hien huet ëmmer schéi Saachen am Gaart — d'Saache sti schéin (schlecht) um Feld — an där Wiss sin esou laang fatzeg Saachen (geiles, hochgewachsenes Gras); d. «Geschriebenes» — lies emol déng S. vir — hien huet vill schéin a gutt Saache geschriwwen; 4)in bes. Bed.: a. — séng S. maachen (austreten) — dat Klengt huet der Mamm d'S. op de Schouss gemaacht; b. — hien huet gutt S. fir fäerdeg ze gin — oft nur kurz: hien huet gutt S. (er hat dazu die Möglichkeit, das Geld, die Mittel usw.) — Zussetz.: Gemenge-, Geriichts-, Gewëssens-, Kiirche-, Mupp(ches)-, Spillsaach.
 
Saadler M. — s. Siedler.
 
Saaft N., M. und F.: 1) «Saft» — a. «der Gewächse» — in Bastlösesprüchen: S., S., Siif(t)chen (Siitchen), Mocken an der Biitchen, Schlaangen an der Baach, den Néckel op dem Staf (Mosel: Staach), 't gët gout S. (Var. Echt.: deen hoat säin Päif (Flöte) su voll S., datt se ëmmer gout gät — oder: méng Päifchen huet gutt S.) — S., S., Siitchen, zu Hénkel op der Biitchen, zu Giischt op der Baach, méng Päif kritt bal S. — S., S., Seidel, zu Kénkel (Hénkel) op dem Beidel, zu Giischt op der Béchs, méng Päifche gët bal fëx (Ksp. Nr. 145 ff.) — S., S., komm eraus, da kriss d'e Weidebam (cf. Fip) — d'éischt, d'zweet (Johannistrieb) S. — d'Bäm gin ewell an d'S. — maach de Bam nët aus, waart emol bis d'zweet S. kënnt — übtr. auf Menschen: hien as elo um zwete S. (dafür auch: en as am zwete Fréijor, zwete Jonktem) — kee (keng) S. a keng Kraaft — ouni S. a Kraaft — d'rout S. (Blut); b. «Fruchtsaft» — de Bier (die Beeren als Kollekt.) huet nët vill S. dëst Jor — op e Liter S. [Bd. 4, S. 79] kënnt e Pond Zocker (bei der Zubereitung von Fruchtgelee); c. «Fleischsaft» — et as kee S. am Fleesch; 2) «ausfließender Speichel» — d'S. leeft him de Kënn erof.
 
saafteg Adj.: «saftig» — eng s. Bir — cf. säfteg.
 
Saang (Ösl.: Sang) F.: 1) «das Verbrennen der dürren Pflanzen und des Rasens nach dem Roden (s. rueden), der Heideflächen oder der Lohhecken (Reiser, Gras), auch der dürren Überreste in einem Fichtenkahlschlag» (diente der Düngung, die Rodflächen wurden zunächst mit Roggen bestellt — auch als Fln.: Saangen) — d' (eng) S. brennen — d'Saange liichten (das Feuer der S. leuchtet durch die Nacht) — 't as e Summer wéi eng S. — daher: 2) «sengende Dürre, Hitze» — Wetterregel: Zankt Lorenz mécht eng S. odder eng Stränz; 3) «Blattdürre des Rebstockes» (roter Brenner — Pseudopeziza trachéiphila).
 
Saang- -holz N.: «Brennholz aus abgerindeten Eichenstämmen»; -fruucht F.: «Roggen auf den Saangflächen».
 
Saangefeier N. — s. Saang sub 1) — an d'S. wäit an no, dämpt wéi verloss op jidfer Bierg (Fr. Clement in: Hiirschtfeier).
 
saangen trans. Verb.: «das Ausgerodete (Pflanzen, Rasen) verbrennen, bes. in abgeholzten Lohhecken flächenhaft verbrennen (Holzreste usw.)» — dagegen: flaujhen: «in Einzelfeuern das Geäst und den Rasen verbrennen» — ent Stéck s.
 
Saar (lok. Mosel: Soar) Flußname und Land F.: «Saar» — im Hämelmous-Lied (Echt.): de Gehanes voan der S. (Tanzmeister Johannes von der Saar) — cf. Saar-wäin.
 
Saar- -brécken ON.: «Saarbrücken»; -gebitt N.: «Saargebiet»; -wäin (Mosel: Soar) M.: «Saarwein» — Mosel: 't as Soar.
 
Saassel ON.: «Sassel» — Dorf der Gemeinde Asselborn, Kanton Clerf — 9 — die Einwohner heißen: Saasseler, Saasselter.
 
Sabbattschänder, -schänner M.: «jem., der am Sonntag arbeitet» (abfällig).
 
Sabbel (lok.: Saddel) F.: 1) a. «Sabber, Geifer, ausfließender Speichel»; b. «kleiner Flüssigkeitsrest» — ech hun nach eng S. am Glas — drénk déi S. ewech, da bréngen ech der en neie Patt mat; c. «versabberter Speise- oder Flüssigkeitsrest» — du hues eng S. um Kleed; 2) «Maul, Mund» — hal déng (d') S.! — deen huet d'S. ëmmer opstoen — hal de Mond, soss kriss d'eng an d'S.! 3) a. «liederliche Frau»; b.s. Sabbelesch — cf. Fatz sub 3, Schlutz, Suddel, Zatz.
 
Sabbel- -mrei, -kätt F. und N., -tinnes M. (in Zussetz. mit verschiedenen Vornamen): «Sabberer» — cf. Sälmrei; -duch (meist das Dim.: -dichelchen) N.: 1) a. «Speichellätzchen der Kinder»; b. «Tischserviette» (spaßh.) — — s. Zerwéit; 2) «Beffchen» (spaßh.); -reen M.: «leichter Regen» — cf. Fiselreen; -sak M.: «kleiner Sabberbehälter an Tabakspfeifen und Blasinstrumenten».
 
sabb(e)leg, -ig Adj./Adv.: 1) a. «sabberig»; b. «unsauber» — dee mat séngem sabbelege (-che) Gesiicht! 2) «naseweis» — nu lauschter emol dat sabbelecht Stéck; 3) «regnerisch» — sabbelecht Wieder; 4) «gehaltlos, seicht» — sabbelege Béier, sabbelecht Gedrénks — en huet esou s. geschwat — e sabbelecht Gespréich, Theaterstéck.
 
sabbelen (lok.: sad(d)elen) trans./ intr. Verb.: 1) a. «sabbern, geifern»; b. «verschütten, verstreuen» — pass op, sabbel näischt! — ech brauch keng Lomp (Serviette), sot de Mann, ech s. nët — wien huet d'Mëllech (dat Stréi) hei gesabbelt? — gëf uecht, sabbel déng Suen nët! (verstreue dein Geld nicht!) — cf. versabbelen, stiirzen; 2) a. «leicht regnen» — et sabbelt ewell aacht Deeg un engem drun (an engem Stéck) — cf. fiselen; b. «langsam und spärlich fließen» — d'Waasser kënnt nëmme méi esou gesabbelt — et sabbelt jhust nach (es tropft noch); 3) «seicht und viel reden» — wat hues du dann nach hei ze s.? — Abl.: Gesabbels N. (in allen Bed.) — Zussetz.: be-, versabbelen.
 
Sabbeler M.: 1) «Sabberer»; 2) «dummer Schwätzer, Kritikaster» — du domme S.! 3) «Person, die beim Hantieren mit gefüllten Gefäßen vom Inhalt verschüttet» — dazu das Fem.: Sabbelesch; 4) «leichter Regen».
 
Sabbel(er)ei F.: 1) «Verschütten von Flüssigkeit»; 2) «unordentlich ausgeführte Arbeit».
 
Sabel (lok.: Luxemburg-Stadt) M.: 1) «Säbel» — dafür meist Säwel (s. d.), Säbel — im Malbruckslidd: deen een, deen dréit säi S., deen aner séng Zuppjesbox — en huet e S. (Dicks: er [Bd. 4, S. 80] ist betrunken); 2) «Maurerstößel, Tonschlägel» (Ga); 3) «männliches Glied» (bes. vom Stier gesagt).
 
sabelen (lok.: Perlé) intr. Verb.: «fechten».
 
sabléieren (s-) trans. Verb.: «punktieren» (Skulptur) — et as sabléiert.
 
Sabotage (sAbo/ta·S, auch ts-) F.: «Sabotage» — S. dreiwen, maachen.
 
sabotéieren (s-, ts-) trans. Verb.: «sabotieren».
 
Sabott F. — s. Zabott — Kinderreim: S. s. / sie geht, sie steht, sie rabbelt, sie sabbelt, sie as entwëscht (MKr. Nr. 879).
 
Sach, Sachecht F.: «kieseliges Gelände, Wb.06: Kiesel» — an där Sachecht as nach ni eppes gewuess (en Deel vum Stéck, wou e Flass duurchgeet a bei schwéierem Reen de Buedem auswäscht a Gerëlls matbréngt — C).
 
Sachecht, Sacherecht, Sachrecht, Sachicht F.: «weltliche Feier vor der bürgerlichen Trauung» (wobei vermögensrechtliche Abmachungen getroffen wurden) — cf. Verlobung, Mäert, Weiséng, Wéngkëf, Handsträäch, Géiwéng, Ambaart.
 
Sachet (wie frz., Ton: 1), Zaschee (Ton: 1) M.: «Tüte, Säckchen» — e S. Drajheën.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut