| sangen (phV. Mosel: séngen — Konjug.: Ind. Präs.: ech, mir, si sangen, du séngs, hie séngt, dir sangt — Nösl.: Ind. Prät.: ich song (sang), Konj. Prät.: ich séng — Part. Prät.: gesong(en), Ösling [im Raum Heinerscheid-Clerf: gesungen], Imp.: sang, Mosel: séng) trans./intr. Verb.: 1) «singen» — hie ka gutt, schéi, déif, héich, schlecht s. — e ka guer nët s. — kanns de d'Noute s.? — stëmmeg s. (mehrstimmig) — eng Mass, e Concert s. — e séngt ewéi e Kueb, eng Nuechtegailchen, eng raschteg See, eng Uergel, en Uergelist, e Faass, eng Kaz am Karschnatz (am Fréijor), wéi wann ee mat engem Bengel op eng Moul (Backmulde) géif schloen, (wéi wann ee mat enger Moul op e Stack schléit), datt d'Mëllech ëmgeet — e séngt, et kritt [Bd. 4, S. 86] ee Kréienaen an d'Oueren — spaßh.: e séngt nët schéin, awer haart — mir hun äis midd gesongen — hien huet sech d'Séil aus dem Leif gesongen — Mosel: séng emol dat Léid! — duurch de Bësch s. goen (Angst haben) — si kréien näischt méi ze drénken, soss fänken s'un ze s. — dat geet ewéi gesongen (reibungslos) — en huet vu Fräd gesong(en) — s. a sprangen — ech hun em Lidder gesongen (ihn zurechtgewiesen, ausgeschimpft) — spöttisch: hie kann nët s., en as no Gehaansdag gebuer — wann s d'et nët soe kanns, da sang et — ech haen der eng, dat s de d'Engelen héiers s. — et kënnt een de grousse Gott derdurech s. (so dünn ist z. B. der Stoff) — du hues gutt s. (oder schwätzen — s. d.) — lo kanns du (Alleluja) s. (jetzt hast du es erreicht, geschafft) — d' Hénger s. et op der Mëscht (eine bekannte Weise) — cf. Moud, Guckuck — Abl.: Gesangs, Geséngs N. «schlechtes, lästiges Singen»; 2) «weinen, heulen» — en huet gesonge vu Péng — d'Kanner s. éidag (vor Tagesanbruch) schon d'Mette mateneen; 3) «(siedend) summen» — d'Waasser fänkt ewell un ze s., et kacht geschwënn — d'Telëfonsdréit s.; 4) «gestehen» — en huet gesongen (gestanden) — nou sang! (bekenne!) — Zussetz.: aus-, virsangen.
sangereg, -ig Adj./Adv.: «zum Singen aufgelegt» — 't as mer haut glat nët s.
sanges Adv.: «singend» — in der Redewendung: si sin all s. komm.
Sanguine (wie frz.) F.: 1) «Blutorange» — dafür meist: Bluttorange; 2) «Rötelstift»; 3) «Rötelzeichnung».
sanitär (s-) Adj. — wie hd. — substantiv.: hie schafft am S. (Installationsbetrieb).
Sanitéiter (s-) M.: «Sanitäter».
Sanitéitsdéngscht (s-) M.: «Sanitätsdienst».
Sank I (lok. Wiltz: Saank, lok. Esch-Sauer: Sonk) F.: «Senke, Bodenvertiefung» (auch als Flurname) — cf. Griecht, Sallek, Däift, Däicht, Säift, Säicht, Dällt, Komp sub 5).
Sank II — in der Redewendung: ouni S. a Klank (ohne Sang und Klang).
Sankt, Sant, Sënt (s-, auch: Zankt, Zënt, Saint(e) — wie frz.): «Sankt» — S. Méchel, Jousep, Maximäin — Sainte Sophie (s. Kongregatiounsgaass) — s. Zankt — cf. Zinnikleeschen.
Sanktioun (s-) F.: «Sanktion» — Sanktiounen huelen.
sanktionnéieren (s-) trans. Verb.: «sanktionnieren».
Sann (häufiger: Sënn — s. d.) M.: «Sinn» — wat soll en nëmmen am S. hun? — et koum mer nët an de S. — hien huet näischt Gutts (keng Gutt) am S. — mir sin enges Sanns — guddes Sanns sin (gut gesinnt sein) — wann hie guddes Sanns gewiescht wir, da wir e komm — ech sin ës emol Sanns (habe wenigstens die Absicht) — si waren ës nët Sanns ze verkafen — hien as aneres Sanns gin (hat seine Meinung, sein Vorhaben geändert) — dazu: gesannt (s. d.) — cf. Schna II, Schlau I.
Sannchen, Sanni weiblicher Vorname: «Susanne» — cf. Susann.
sanneft (lok.: Untersauer) Adj./ Adv.: «sanft» — e sannefte Charakter — mir si ganz s. dorof gerëtscht.
sannen (lok.: Simmern) intr. Verb.: «leise weinen» — cf. sampen.
Sant (s-) — s. Sankt.
sant Adv. — s. samt.
Santé (wie frz., Ton: 1), Santee F.: 1) (Interj.) «Gesundheit» (Zuspruch beim Trinken, Niesen) — à vot' santé! — à la vot' (s. d.); 2) F: «Gesundheitsministerium» — e schafft an der S.
Santim (z-, phV. Echt.) M. — s. Zantim.
Santimeter (z-, phV. Echt.) M. — s. Zantimeter.
sappen intr. Verb.: «feucht sein» — d'Mëscht muss knappen an nët s.
Sapperlout, -lott (s-, Ton: 3, Nebenton auf 1) Interj.: «Sapperlot» — cf. Zapperlout.
Sapristi (s-) Interj.: «Sapristi» — cf. Zapristi.
Sara weiblicher Vorname: «Sarah» — cf. Zara, Salli.
Sardell F.: 1) «Sardelle» — cf. Sardin; 2) «kleiner Fisch» — Frage: wat hues de gefaang? — Antwort: och, e puer Sardellen (Sardellecher).
Sardin (Ton: 2, Pl. Sardinnen, Dim. Pl. (Echt.) Sardincher) F.: «Sardine» — Echt.: en hoat noach e poar Sardincher (Sardellecher) om Koap (ein paar über die Glatze geordnete Haare, entspricht dem deutschen Sardellenbrötchen) — bréng eng Këscht Sardinne mat!
Sardinne- -béchs-, këscht F.: «Sardinenbüchse»; -schlëssel M.: «Schlüssel zum Öffnen der Sardinenbüchsen». [Bd. 4, S. 87]
Sarg (lok.: Lux.-Stadt) M.: «Sarg» — s. Doudelued, Lued, cf. Sarrek — dazu: Sargmagaséng M.
Sarlach M.: «Schierling» — s. Schierlek.
Sarrek (Sauer und Mosel, phV.: Särrek, Sërrek, Echt. dafür: Soarg) M.: «Steintrog (gelegtl. Holztrog), z. B. Sammelbehälter für Küchenabfälle».
Sartull (Ton: 2) F.: «kleine Lamprete» (Wb.06).
Sachet (wie frz., Ton: 1) M.: «Säckchen» — e S. Lavendel, Zockerbounen.
Saster M.: «Plunder, Haufen» — de ganze S. as keng dräi Su wäert — e koum mam ganze S. ugereest — wat maache mer mat deem S.? — cf. Buttéck, Krom, Plënner.
sat (Nösl.: satt — das Wort sat gilt vielfach als unfein, bes. in der Antwort auf die Frage: Wëlls de nach eppes? — Neen (Merci), ech si s.) Adj./Adv.: 1) a. «satt» — Raa.: deen sech nët s. ësst, leckt sech och nët s. — wat weess eng Sau, déi s. as, vun den Hongregen — Spw.: dien nët selwer hat, gët sele s. — ech sin esou s., et kënnt ee mir eng Séissel um Nuewel klappen, e Baartmesser om Bauch ofzéien — hien as esou s., dass e bal an der (an enger) Säit opfiirt — 't as egal wouvun att ee s. as — wenn jem. beim Essen rülpst, heißt es: lo as eng Sau s. — spaßh. Zus.: bréngt den aneren nach eppes — deen elo as nët s. ze kréien — iesst eech nët s. Zopp, et kënnt nach eppes — sech s. iessen an drénken — an deem Haus kritt een nët s. z'iessen — dat mécht s. (sättigt — cf. siedegen) — d'Käch (Köche) gi vum Lecke (Geroch) s. — — si waren nët esou kéng fir sech s. z'iessen (aus Geiz); b. «bezecht, betrunken» — in vielen Redewendungen und Vergleichen, z. B.: en as déck s., pupps., douts., s. ewéi eng Bei, eng Kou, e Päifer, wéi honnertdausend Mann usw. — en as s.; 2) «überdrüssig» — ech sin dës (ës, sénger) s. — ech sin (hun) ës s. bis iwwer d'Oueren, bis hier (mit der Gebärde bis an den Hals) — ech hun dës s. ëmmer dat selwecht ze héieren — cf. Ierbës, Kaz; 3) «sattsam, in Fülle» — wat wëlls de hun, si hun alles s. — mir zille s. Geméis fir äis — mir hun nach s. Zäit (Zäit s.) — sichs de no Bier (Beeren)? do hanne steet ës s. — mir hätten elo s. Reen — wéi d'Fra sech s. gekrasch (geweint) hat, du wor et hir besser — ech konnt mech nët s. dru kucken. | |