LWB Luxemburger Wörterbuch
 
sanitär bis Satisfaktioun (Bd. 4, Sp. 86a bis 87b)
 
sanitär (s-) Adj. — wie hd. — substantiv.: hie schafft am S. (Installationsbetrieb).
 
Sanitéiter (s-) M.: «Sanitäter».
 
Sanitéitsdéngscht (s-) M.: «Sanitätsdienst».
 
Sank I (lok. Wiltz: Saank, lok. Esch-Sauer: Sonk) F.: «Senke, Bodenvertiefung» (auch als Flurname) — cf. Griecht, Sallek, Däift, Däicht, Säift, Säicht, Dällt, Komp sub 5).
 
Sank II — in der Redewendung: ouni S. a Klank (ohne Sang und Klang).
 
Sankt, Sant, Sënt (s-, auch: Zankt, Zënt, Saint(e) — wie frz.): «Sankt» — S. Méchel, Jousep, Maximäin — Sainte Sophie (s. Kongregatiounsgaass) — s. Zankt — cf. Zinnikleeschen.
 
Sanktioun (s-) F.: «Sanktion» — Sanktiounen huelen.
 
sanktionnéieren (s-) trans. Verb.: «sanktionnieren».
 
Sann (häufiger: Sënn — s. d.) M.: «Sinn» — wat soll en nëmmen am S. hun? — et koum mer nët an de S. — hien huet näischt Gutts (keng Gutt) am S. — mir sin enges Sanns — guddes Sanns sin (gut gesinnt sein) — wann hie guddes Sanns gewiescht wir, da wir e komm — ech sin ës emol Sanns (habe wenigstens die Absicht) — si waren ës nët Sanns ze verkafen — hien as aneres Sanns gin (hat seine Meinung, sein Vorhaben geändert) — dazu: gesannt (s. d.) — cf. Schna II, Schlau I.
 
Sannchen, Sanni weiblicher Vorname: «Susanne» — cf. Susann.
 
sanneft (lok.: Untersauer) Adj./ Adv.: «sanft» — e sannefte Charakter — mir si ganz s. dorof gerëtscht.
 
sannen (lok.: Simmern) intr. Verb.: «leise weinen» — cf. sampen.
 
Sant (s-) — s. Sankt.
 
sant Adv. — s. samt.
 
Santé (wie frz., Ton: 1), Santee F.: 1) (Interj.) «Gesundheit» (Zuspruch beim Trinken, Niesen) — à vot' santé! — à la vot' (s. d.); 2) F: «Gesundheitsministerium» — e schafft an der S.
 
Santim (z-, phV. Echt.) M. — s. Zantim.
 
Santimeter (z-, phV. Echt.) M. — s. Zantimeter.
 
sappen intr. Verb.: «feucht sein» — d'Mëscht muss knappen an nët s.
 
Sapperlout, -lott (s-, Ton: 3, Nebenton auf 1) Interj.: «Sapperlot» — cf. Zapperlout.
 
Sapristi (s-) Interj.: «Sapristi» — cf. Zapristi.
 
Sara weiblicher Vorname: «Sarah» — cf. Zara, Salli.
 
Sardell F.: 1) «Sardelle» — cf. Sardin; 2) «kleiner Fisch» — Frage: wat hues de gefaang? — Antwort: och, e puer Sardellen (Sardellecher).
 
Sardin (Ton: 2, Pl. Sardinnen, Dim. Pl. (Echt.) Sardincher) F.: «Sardine» — Echt.: en hoat noach e poar Sardincher (Sardellecher) om Koap (ein paar über die Glatze geordnete Haare, entspricht dem deutschen Sardellenbrötchen) — bréng eng Këscht Sardinne mat!
 
Sardinne- -béchs-, këscht F.: «Sardinenbüchse»; -schlëssel M.: «Schlüssel zum Öffnen der Sardinenbüchsen». [Bd. 4, S. 87]
 
Sarg (lok.: Lux.-Stadt) M.: «Sarg» — s. Doudelued, Lued, cf. Sarrek — dazu: Sargmagaséng M.
 
Sarlach M.: «Schierling» — s. Schierlek.
 
Sarrek (Sauer und Mosel, phV.: Särrek, Sërrek, Echt. dafür: Soarg) M.: «Steintrog (gelegtl. Holztrog), z. B. Sammelbehälter für Küchenabfälle».
 
Sartull (Ton: 2) F.: «kleine Lamprete» (Wb.06).
 
Sachet (wie frz., Ton: 1) M.: «Säckchen» — e S. Lavendel, Zockerbounen.
 
Saster M.: «Plunder, Haufen» — de ganze S. as keng dräi Su wäert — e koum mam ganze S. ugereest — wat maache mer mat deem S.? — cf. Buttéck, Krom, Plënner.
 
sat (Nösl.: satt — das Wort sat gilt vielfach als unfein, bes. in der Antwort auf die Frage: Wëlls de nach eppes? — Neen (Merci), ech si s.) Adj./Adv.: 1) a. «satt» — Raa.: deen sech nët s. ësst, leckt sech och nët s. — wat weess eng Sau, déi s. as, vun den Hongregen — Spw.: dien nët selwer hat, gët sele s. — ech sin esou s., et kënnt ee mir eng Séissel um Nuewel klappen, e Baartmesser om Bauch ofzéien — hien as esou s., dass e bal an der (an enger) Säit opfiirt — 't as egal wouvun att ee s. as — wenn jem. beim Essen rülpst, heißt es: lo as eng Sau s. — spaßh. Zus.: bréngt den aneren nach eppes — deen elo as nët s. ze kréien — iesst eech nët s. Zopp, et kënnt nach eppes — sech s. iessen an drénken — an deem Haus kritt een nët s. z'iessen — dat mécht s. (sättigt — cf. siedegen) — d'Käch (Köche) gi vum Lecke (Geroch) s. — — si waren nët esou kéng fir sech s. z'iessen (aus Geiz); b. «bezecht, betrunken» — in vielen Redewendungen und Vergleichen, z. B.: en as déck s., pupps., douts., s. ewéi eng Bei, eng Kou, e Päifer, wéi honnertdausend Mann usw. — en as s.; 2) «überdrüssig» — ech sin dës (ës, sénger) s. — ech sin (hun) ës s. bis iwwer d'Oueren, bis hier (mit der Gebärde bis an den Hals) — ech hun dës s. ëmmer dat selwecht ze héieren — cf. Ierbës, Kaz; 3) «sattsam, in Fülle» — wat wëlls de hun, si hun alles s. — mir zille s. Geméis fir äis — mir hun nach s. Zäit (Zäit s.) — sichs de no Bier (Beeren)? do hanne steet ës s. — mir hätten elo s. Reen — wéi d'Fra sech s. gekrasch (geweint) hat, du wor et hir besser — ech konnt mech nët s. dru kucken.
 
Satan (lok. auch: Zatang — lok. Remich: Soten) M.: «Satan, schlechter, hinterlistiger Mensch» (Schimpfwort) — sou e S.! — du S. an Zivil! — lok. Remich: alles geet zu Soten — cf. Däiwel.
 
Satin (wie frz., Ton: 1) M.: «Satin» — dafür auch: Za(r)täin — dazu: Satiñsstoff M.
 
Satinett (s-) M.: «Satin ähnliches Glanzgewebe» — dafür auch: Zatinett.
 
Satisfaktioun (s-),

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut