LWB Luxemburger Wörterbuch
 
säin bis Säm, Seem, Seim, Sim (Bd. 4, Sp. 93b bis 96a)
 
säin II Poss. Pron. (cf. LSA Karte 114, BGra § 20, Seite 64, § 19 — 2.d — phV., Bedeutungen und Gebrauch s. däin, mäin — dazu die folgenden Varianten: im Kiischpelt (s. d.) und z. B. in Weicherdingen singt [ziŋŋt — Sg., Neutrum, Nom. und Acc.], singem [Sg. Dat.], singer [Sg. Fem., Gen. u. Pl. Gen.], singen [Pl. Dat.]; in Diekirch: sai(n) [zAin — Sg. Masc., Nom. und Acc.], sai(nt) [Sg., Neutr., Nom. und Acc.]; die übrigen Formen sind in Diekirch jedoch gutturalisiert — cf. Luxemburg-Stadt sub däin): «sein» — säin Auto — sénges Krom — séng Fra, säi(nt) Kand — séngem Bouf säi Spillgezei — hie kënnt sénger Deel nach (zer Zäit) zou — dat sin esou sénger Tricken — dat gët sénger Liewen näischt — unverbunden: «der, die, das sein(ig)e» — jidderengem säint, da kritt der Däiwel näischt — hie sëtzt a séngem (in seinem Eigentum) — hie sëtzt op séngem (Grund und Boden) — hie kënnt schon zu séngem — jidderee kennt nëmme säint — Echt.: sich seims no halen (seinesgleichen) — Ech.: dat as seims näist — ech brauch sénges (sénger, seiner) nët — hie kënnt seims nach nët no an da soll en nach eppes aneschtes maachen — jidderee spiirt säint — Säint (scil.: Mënsch — seine Ehefrau) huet och an där Saach gestëppelt — Séng (scil.: Fra) as nët averstan — drohend: gare sénger, wann ech e kréien — ech brauch sénger nët — ech brauch sénges nët — et muss ee sech sénger schummen — ech sin him sénger sat (ähnlich: ech brauch hinnen hirer nët) — him séng Fra, him säint (seine Ehefrau). [Bd. 4, S. 94]
 
saint, sainte (wie frz.) — s. sankt.
 
säit (Osten u. Lux.-Stadt: seit — lok. oft neben: zënter, zanter) Präp.: «seit» — s. Mënschegedenken — dat wor s. ëmmer esou — s. Uedem an Éiv eraus — 't as eréischt s. haut e bësselche besser mat him — Echt.: s. di leezte Kéier — cf. zënter.
 
säithier (lok. Echt.: säithäer) Präp.: «seither» — dafür meist: zënterhier.
 
Säit (cf. Ltb. 68 — Zeit) F.: «Seite» — im bes.: a. «Körperseite, Lende» — Ra.: 't as fir en Hënner (e Réck, en Huer) an eng (d') S. ze kréien — Nösl.: du méngs du miss Huarren aan éng Séckt kreien, wu s de sénger Liäwwe kéng Knuppen has — déi rechts, déi lénks S. — ech hun d'Säite wéi vu Laachen — si hun sech d'Säite gehal vu Laachen — ech hu wéi an der S. (Seitenweh) — ech hun de Stéch (Steech) an der S. (Seitenstechen) — hien huet him séng (d') hënnescht S. gewisen, zougekéiert — hien as op enger S. geläämt — en huet (d)ës laanscht eng S. (er ist betrunken) — e leeft iwwer eng S., en hält sech zu enger S. (hat eine schiefe Haltung) — lee dech op eng (op d') S. a schlof! — d'Hänn an d'S. stäipen (stützen) — e frësst, datt en an enger (an der) S. opfiirt (cf. friessen sub 1) — hien as mer nët vun der S. gewach — ech hun en (e mam Ielebou) an d'S. gestouss, gerannt — engem eppes an d'S. stoussen (jem. bestechen) — d'Héiferlechkeet as nët séng staark S. — lénks as méng schwaach S. (anfällig, empfindlich) — da's méng schwaach S. (Schwäche) — en huet zur S. agepaakt (er ist betrunken) — eng kromm S. maachen (sich vorbeischleichen, grußlos vorbeigehen) — deen huet séng recht Hand op der lénker S. (er ist Linkshänder, auch: ungeschickt); b. — eng S. Speck (Speckseite) — cf. Flang II; c. von Sachen — Ra.: alles huet séng zwou Säiten — dat steet op enger aner S. — op wat fir enger S. (Buchseite) wore mer stoe bliwwen — op der zweter S. vum Buch — drohend: da waart, da weisen ech emol op wat fir enger S. dat steet — déi zwou Säite vun der Mënz — déi schéi (schöne) S. vum Stoff — déi schéi Säite vum Liewen; d. örtlich — déi aner S. vun der Baach — dës S. vum Dall (diesseits) — déi S. vun der Stad (jenseits) — déi rechts, lénks, viischt, hënnescht S. vum Gebai — d'Stéck läit op där (jener), op dëser (dieser), déi (auf jener) S. vum Duerf — abfällig: déi vun där S. (von jenseits der deutschen Grenze) — e spillt op der S. (Sportspr., Fußball) — ech kommen nët op déi (rechts, lénks) S. (Kegelspiel) — huel (spill) déng S.! (Kegelspiel) — hal déng S.! (bleibe rechts — Verkehr) — Echt.: hal schin dein S. (übtr.: benimm dich ordentlich) — jidderee séng S., da geet et gutt — datt solls de mer nët mat déi S. huelen (ins Jenseits mitnehmen, wirst du büßen müssen) — Zusammensetzung: Gaarde-, Giewel-, Stroossesäit; e. mit Präp.: — géi, réckel op d'S. (beiseite) — géi aus der S.! — maach, zéi dech op d'S. — eppes op d'S. leën, maachen (sparen) — ech hun et op d'S. geluegt a fannen et nët méi erëm — hien huet sech dat Meedchen op d'S. gemaach(t) — eppes op eng S. maachen (entwenden, Schmu machen) — eppes op d'S. schafen (beiseite schaffen) — dat hätte mer op der S. (erledigt) — looss dat op der S.! (laß das!) — Aufforderung: op d'S.! (Platz gemacht!) — ech muss emol bis op d'S. goen (austreten) — ech hu mer en emol op d'S. geruff — hien huet mech vun der S. bekuckt — zur S. kucken wéi en Hond (s. d.), deen op d'Kiirmes geet — et wor nët schéi vu sénger S. — vun där S. aus as näischt z'erwaarden (nichts zu erhoffen) — op där enger S. (einerseits) — op där aner S. (andererseits); f. «Richtung» — de Wand kënnt vun där kaler S. — vun där S. reent et gär — si koume vun alle Säiten — Lagebezeichn. (Nösl.) — die Sonnenseite: déi rit Séckt, die abgelegene Lage: déi äwes Séckt — lok. Vianden: déi riicht S. (Riichtséit), déi iewenzég Séit (d'Iefséit — Nordseite) — Zussetz.: Reen-, Schiet-, Sonnsäit; g. «Charakterseite, -zug» — vun där S. kennen ech hien nët — all Mënsch huet séng gutt a séng schlecht Säiten — en huet sech nët vun där schéiner (beschter) S. gewisen — ech hun en nëmme vun der beschter Säit kenne geléiert (léieren) — et wor nët schéi vun sénger S. — vu ménger S. aus as alles an der Rei — vu ménger S. aus maachen ech näischt géint hien; h. «Partei, Richtung» — vun där S. as näischt ze fäerten — engem séng S. halen, hidden, wieren (für jem. Partei ergreifen) — hie stong ganz op eiser S. — engem zer S. stoen — dat as ee vun der anerer S.; i. «Linie, Abstammung» — vum Papp sénger (vun der Mamm hirer) S. — hie schléit no kenger S.; j. — du muss aner Säiten opzéien, mäi léiwe Jong (Verwechslung mit Seten, Seet, Sät — s. d.). [Bd. 4, S. 95]
 
säitches Adv.: «seitwärts» — sech s. maachen (abhauen).
 
Säite(n)- -agank M.: «Seiteneingang»; -altor M.: «Seitenaltar»; -briet N.: «Seitenbrett» (z. B. am Kastenwagen); -dir F.: «Seitentür»; -fënster F.: «Seitenfenster»; -gaart M.: «Garten neben dem Haus»; -gank M.: «Seitengang»; -mauer F.: «Seitenmauer»; -meester M.: «Anführer der Klibberjongen» (s. d.) — lok. Clerf: op der Säit gin zwéin odder dräi S. an en Hauptmann; -paart (Dim. -päertchen) F.: «Seitentor, -pforte»; -passage M.: «Seitenzugang, Seitendurchgang» — en Haus mat engem S. — cf. Passage sub 1)a.; -spronk M.: «Seitensprung»; -stéch M.: «Seitenstechen»; -stéck N.: «Seitenstück»; -täsch F.: «Seitentasche»; -wee M.: «Nebenweg, Seitenweg».
 
säiteren intr. Verb.: «sickern, nässen» (auch von einer Wunde gesagt) — cf. saweren, säweren, säfferen.
 
Säitert Flurname M.: «bewaldeter Bergabhang».
 
Säl, Seel (Pl. Säler, Seler, Nösl. Séiler, Seler, Remerschen, Vianden: Sal, Pl. Säl, Westen: Säel — Dim. Säälchen, Seelchen, lok.: Saalchen) N.: 1) a. «Seil, Strick» — en déckt S. — an den alen Haiser houng (haut nach selen) an der Wendeltrap e S. fir sech unzepaken — Ra.: een op d'S. zéien (zum besten halten) — (nët) un engem (um selwechte) S. zéien ([nicht] einer Meinung sein, gleiche [verschiedene] Ziele haben); b. «Leitseil» — eng Kou am S. féieren (das Leitseil wurde um die Hörner geschlungen) — een am S. hun (jem. am Gängelband führen) — engem d'S. méi kuurz halen, maachen (jem. strenger überwachen, kurzhalten) — engem d'Säälchen nët ze laang loossen (wenig Freiheit lassen) — lok. Remerschen: en huet d'Sal opleien (wenn bei Abwesenheit der Frau der Mann mehr Freiheit hat) — cf. Gidd, Kundel; c. «Springseil» — am S. sprangen; d. «Bindematerial» (aus Stroh oder Hagebuchen-, Haselnuß-, Eichenschößlingen, Weiden — in dieser Bedeutung im Pl. oft: Säl) — S. schneide goen (Hagebuchen-, Haselnuß-, Eichenschößlinge, Weiden schneiden) — fréier goufen d'Fäsche mat Säl(er) vun Hobichen, Hieselnësserten an Eecheschëtz gebonnen (cf. Widd, Bruet, brueden) — eng Fäsch an zwee Seel — dazu übtr.: en huet eng an zwee Seel (gebonnen — er ist betrunken) — dat as eng fir an zwee Säl (ein derber Witz) — Seler (Seel) maachen (aus gereinigtem — geschouftem — Stroh Seile anfertigen — cf. Stréisäl, Hunnekapp — s. d.) — Seel leën, schloen (Stroh zum Binden kurzhalmigen Getreides bereitlegen; diese Arbeit wurde von Kindern besorgt, das Binden von Erwachsenen; bei heißem Wetter wurde das Stroh vorher angefeuchtet) — übtr.: wann hien ufänkt z'erzielen, da gët et e S. — 't as eppes wéi e S.; 2) a. «Ranke» — d'Äerdbier hun elo ewell Seler gemaach, geworf — d'Säler vun den Ierzen (Erbsen) — d'Bounen hu schéi Seler (windende Stengel) — d'Kornischongen hu laang Seler gemaach — Zussetz.: Juddesäl; b. «Wurzelausläufer» — d'Säler vun der Wann (der Ackerwinde), vum Ugras (Quecke) usw.; c. «langer Keim der Kartoffeln im Keller» — d'Grompren hu meterlaang Seler (gemaach) — cf. Kéng; d. «Faden an Hülsenfrüchten»; e. «Faden von zäher Flüssigkeit» (etwa von Sirup, Honig, Käse); f. «Nasenschleim» — en huet Säler ënner der Nues — s. Klackesäl — Zussetz.: Holz-, Kéi-, Klacke-, Mouke-, Schaaschteg-, Wissbaamssäl — cf. Strack.
 
Sälek M.: «Säugling» — si huet de S. op den Aarmen (Anton Meyer: E Schréck op de Parnassus) — cf. Nennekand.
 
Sälem(t), Selemt (Pl. Sälemter) M.: «Webkante» — cf. Hielem(t), dafür auch: Selwen (Wb.06).
 
sälen, selen trans. Verb.: «seilen» — s. Biird Lou (S. 40 I Bd).
 
sälens. selen.
 
Säler, Seler I — Pl. von Säl.
 
Säler, Seler II M.: «Seiler» — dafür auch: Sälermécher.
 
säleren, seleren intr. Verb.: «Ranken oder Ableger bilden».
 
sälereg, selereg Adj.: «fadenziehend» — d'Ënnenzopp mat vill Kéis gët s.
 
Sälerkluntsch(el) F. — s. Klun(t)- sch(el).
 
Säler-, Selerknuet M.: «Seilerknoten» — cf. Juddeknuet.
 
Säler-, Selermécher M. — s. Säler II.
 
Sällchen (lok. Echt.: Seelchen) M.: 1)Dim. zu Sall (s. d.); 2) a. «Salon»; b. «Salonmobiliar» — mir hun äis e S. kaaft. [Bd. 4, S. 96]
 
Sälstréi N.: «gereinigtes, gleichlanges Stroh zum Anfertigen von Strohseilen» — cf. Schafstréi.
 
Sälzoch M.: «Seilzug» — cf. Faass sub 1).
 
Säm, Seem, Seim, Sim M.: 1) «Wasserhahnenfuß» (Ranunculus aquatilis und verwandte Arten) — dafür lok.: Kriibsekraut — bliedereche S. (spreizblättriger Hahnenfuß — D); 2) «Laichkraut» (Potamogeton sp.); 3) «bärtige Wasseralge» (z. B. Cladophora) — d' Fësch schmaache nom S. — mat den Hänn am S. fëschen — cf. Wiiss-chen.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut