LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Schäissméck bis Schärféis(s)ercher (Bd. 4, Sp. 114a bis 116a)
 
-méck F.: 1) «Schlammfliege» (Eristalis tenax); 2) «Schmeißfliege» (Califora sp.); -miel N.: «gem. Gänsefuß» (Chenopodium album); -pabeier M.: «Toilettenpapier»; -pëmpelchen F.: «Klistier»; -praum, -praimchen F.: «kleine, blaue Pflaume» — dafür auch: Schësserpraum, Schësser(t)chen, Rasspraum; -téi M.: «Abführtee».
 
Schäissecht F.: «Scheiße» — en huet séng lescht Sch. geschass (er ist gestorben).
 
Schäisselin der Ra.: Sch. de Mäissel as bei Roll de Moll en Hiem hääsche gaang (wenn das Garn zu fein gesponnen war, taugte es nicht viel — Müller, Werdegang des Leinens).
 
schäissen (Konjug., Ind. Prät.: schass, Konj. Prät.: schëss, Part. Prät.: geschass) intr./trans. Verb.: 1) «scheißen» — déck, dënn, rout sch. — en as, e geet (ee) sch. — en huet sech dout geschass (ist an der Ruhr gestorben) — an d'Dëppe sch., iwwer de Bengel (d'Staang) sch. (primitiver Abort) — e schäisst sech den Aaschdarem eraus, d'Séil aus dem Leif — bei Durchfall: e schäisst zéng Meter géint de Wand an eng Fläsch — Häkreep, Haangeise sch. (vor Angst vergehen) — en huet an d'Box geschass vun Angscht — schäiss nët an d'Box, dees et wir esouwäit! — e steet do wéi wann en an d'Box geschass hätt — ech sch. dech voll — dee ka mech voll sch. (er kann mir gestohlen werden) — ärgerlich: deen deet ee sch.! — ech sch. (schëss) dueran, duerop, Zusatz: dann hu mer nach kee Gold — deen huet eng Maul, si as nët voll ze sch. — et mengt een, en hätt an de Kapp geschass (er ist sehr dumm, einfältig) — wann ech deem nët hëllefen, kritt en emol kee Koup geschass — Wortspiel: schäissen - schéissen: en as esou gediicht (zielsicher), e schëss duurch en Triichter an eng Buedbidden — esou ee schëss ech am Lafen oder esou ee schëss ech am Jang — as eppes? schäiss an de Grapp, dann hues d'eppes — éier dat geschitt, sch. nach vill Vullen, déi haut nach keng Ääsch hun — hei hues de fir d'lescht geschass (du wirst entlassen — cf. Mëscht maachen) — drohend: wann ech opstin, da sch. der e puer an d'Läpper! — schmuel Drecker sch. (arm sein) — dee ka vun Honger nët méi sch. — iron.: du hues gutt sch., Zus.: wann déi aner drécken — a wie schäisst mir dann d'Suen? (cf. Geldschësser) — ech loosse mer dach nët op d'Nues sch. — Frage: wat as egal? Antwort: dat as, wann s d'an d'Box geschass hues, ob et zum rechten odder lénke Boxebeen erausgelaf kënnt — o schäiss! cf. schäiss, schass I — o vreck, dat do as awer fir ze sch.! — si hun ëmmer duurch ee Lach geschass (sie waren immer eng befreundet) an du kruten se Sträit — ech haen (schloen) dech, datt s de (Boune) schäiss — wat schäisst dat mech? (was geht das mich an?) — et as gläich geschass bei him (er ist sehr schnell beleidigt) — ech hun et bei him geschass (es mit ihm verdorben — cf. verschass) — wéi ech dat gesot hun, du wor et geschass, du hat ech et geschass (bei him) — et as een wéi duer geschass an erëm opgeriicht a leie gelooss (von einem kleinen, schäbigen Menschen gesagt) — et as säi Papp ewéi duer geschass (er sieht seinem Vater sehr ähnlich — cf. späizen) — unwillig bei schlechtem Wetter, bes. von Bauern gesagt, wenn es zu ganz ungelegener Zeit oder wenn es andauernd regnet: ech schëss och nach erof! — Raa.: der Däiwel schäisst selen op e klenge Koup — d'Kiischtenzäit as eng helleg Zäit, da sch. d'Kanner Rousekränz — wann den Hond nët geschass hätt, dann hätt en den Hues kritt (wenn das Wenn nicht wäre) — alles déngt, sot Eilespigel, du huet en an de Maschtepull geschass — Abzählreim: et gët nët laang geschass an du bas — Kinderreim: nondikass, an d'Box (Dëppe) geschass — wibbeldewapp, schäiss an de Grapp — beim Kartenspiel: sch. as Tromp an Häerzer geet aus — substantiv. Schäissen N. — en as esou liddreg, den Aasch fällt em zou iwwerem Sch. — 't as fir d'Sch. ze kréien (es ist ekelhaft) — dat kënnt engem, wéi der Kou d' Schäiss (es geht flott vonstatten) — Abl.: Geschassenen M. — dat as där Geschassener een (ist leicht beleidigt); Geschëss N.: 1) «anhaltendes Scheißen» — wat as dat e G., ech kommen nët vum Cabinet erof! 2) «Getue, Aufhebens» [Bd. 4, S. 115]cf. Schäss II, Beschass, geschass — Zussetz.: be-, ver-, u-, zouschäissen.
 
Schäisserei F.: «Plackerei, Kleinigkeit, unangenehme Angelegenheit» — mat esou klenge Schäissereien (Unannehmlichkeiten) as een am meeschte geplot — mat esou Schäissereie gët een sech nët of.
 
schäissereg, -ig, schëssereg, -ig Adj.: 1) «geplagt, von Notdurft» (cf. pissereg) — e stoung do wéi e schäisseregen Hond — ech sin (et as mer) esou sch.; 2) «bange, ängstlich» — et gouf him al sch.
 
Schäit N. — s. Schät II.
 
Schäk, Scheek (lok. Esch-Sauer: Schakt, lok. Rodange: Scheet, lok. Redingen: Schäkt, Nösl. unterscheidet: Schokt, Schait, Schéit — Ginzeschokt, Iärbësseschait, Brëlleschéit) F.: 1) «Schote, Hülse» — d'Ierbësse gin ewell an d'Schäken — d'Boune léisst een an de Schäke bis no Krëschtdag — cf. Hëlsch, Pal, Schutt — Zussetz.: Ierbësse-, Gënzeschäk; 2) «Scheide» — s. Schäd sub 1) und 2); 3) (spaßh.) «große Nase»; 4) (lok.: Echt.) «(altes) Kleid, Anzug» — en as de ganze Moondig noach an der sonndësser Sch. (von jem. gesagt, der montags feiert).
 
schäkeg, schekeg, -ig Adj.: 1) «scheckig, fleckig» (Wb.06) — cf. gedalereg; 2) «abgetragen, verblaßt» (von Kleidern gesagt) — d'Gezei gët sch.
 
Schäken I Pl. F. — s. Scharläipchen.
 
schäken II — s. jhäken.
 
schälens. schëllen.
 
schälléck(s)en trans. Verb.: «verschüchtern, einschüchtern» — Nösl.: dä wor al geschälléckt (gän), e mécht datt esu bal nët mi; 2) (im Passiv) «schlechte Erfahrungen machen, durch Erfahrung klug werden» — ech sin eng Kéier geschälléck(s)t gin, dat geet mir duer — Verbadj.: geschälléckt — e geschälléckt Päerd (Pferd, das bei derselben Gelegenheit immer erschrickt) — cf. verschäl(le)- ken.
 
schändlech Adj.: «schändlich» — cf. schänterlech.
 
Schänkelchen, Schénkelchen (lok.: Schinkelchen) F.: 1) «Knöchelchen» (Dim. zu Schank s. d.); 2) «Spielknöchelchen» — si spille mat de Sch. (mit [gefärbten] Knöchelchen — s. Béckel II) — dazu: Schänkelches, -cher N.: «Knöchelspiel» — d'Kanner hu fréier Sch. gespillt — Spielarten (Arten des Werfens und des Auffangens): Bakueweschéisserches, Béckelches, Bocken, Bounesetzerches, Brëschtches, Kailches, Kaulen, Guetches: Ee-Guetches, Zwee-Guetches, Schäertjes, Schraapjes, Tiitches; 3) «Rippchen» (Ga) — gesalzt Schänkelcher.
 
schännen (lok. Echt.: schänden) trans./intr. Verb.: 1) «schänden» — cf. Aarbecht sub 1), Aarmutt sub 1); 2) «schimpfen, beschimpfen» — iwwer d'Religioun sch. — ä sch. a vernennen — en huet mech geschännt — en huet geschännt wéi e Maarkollef (Häher).
 
schänterlech Adj.: «schändlich» — eng sch. Saach — sou eppes as sch. — si hun e schänterleche Präis gefrot.
 
Schäppchen I M.: «Sagengestalt, wilder Jäger» — cf. Schappmännchen.
 
Schäppchen II (lok.: Scheepchen) F.: «kleiner Schoppen, Trunk» (Ga: Holzfüderchen) — eng Sch. Greechen, Branntwäin — eng Sch. hei, eng Sch. do, wou soll een dann nët voll gin — im Hämelmaus-Lied: liss d'Scheepchen, Flääsch an Tubak sich verdeieren . . .
 
Schäppchen III M. — Dim. zu Schapp I. u. II.
 
Schäppchen IV F. — s. Schappecht.
 
schäppches (lok.: Westgrenze) — in der Ra.: néngmol sch. (échapper) an eemol (eng Kéier) träppches (attraper).
 
schäppen refl. Verb.: «im Streit sich beim Schopf fassen» (Ga).
 
schäppweis (lok. Echt.: scheepweis) Adv.: «büschelweise» — d'Hor sin him sch. ausgaang — cf. Schapp II.
 
Schäps (lok.: Echt.) M.: «Schöps, einfältiger Mensch» — in der Ra.: du Sch. Gottes! — esu e Sch. Gottes!
 
Schär, Schier (lok. Echt.: Schäier) I F.: 1) «Kratze, Scharre» — meist in Zussetz.: Brout-, Drecks-, Gaasse-, Hénger-, Kéis-, Mull-, Stroosseschär; 2) a. «anhaftender (zusammengescharrter) Speiserest, Kruste an der innern Wandung oder am Boden eines Topfes» — abweisend: mar bake mer, da kriss de d'Sch. (ofzelecken) — du kriss d'Sch. (wenn jem. zum Essen zu spät kommt, aber für die Kinder ist es ein Vergnügen u. ein Leckerbissen, z. B. vom Kuchen) — en as do wéi d'Sch. am Bräidëppen (sofort zur Stelle); b. (lok.: Ötringen) «Fettschicht auf der gekochten Milch»; 3) «das jüngste Kind» — cf. Aschtquakert; 4) «gelbe Eiterkruste» (Dermat.). [Bd. 4, S. 116]
 
Schär II (lok.: Küborn) — s. Schäerz.
 
schären (lok. Echt.: schäieren, lok.: schieren — Part. Prät. Mosel: geschoart) trans./intr. Verb.: 1) «(zusammen-)scharren» — d'Hénger sch. op der Mëscht — d'Kanéngercher hun alles am Gaart futti geschäert — d'Strooss sch. (den Straßenkot) — an de Bësch Laf (Blieder) sch. goen — mat de Féiss schären (zum Zeichen der Mißbilligung, der Ungeduld) — sech d'Hor sch. (die Haare mit der Hand ordnen); 2) «rechen» — hannert dem Won sch. (beim Heuladen) — d'Hä sch. — cf. kämmen sub 3); 3) «kratzen» — Ra.: 't schäert kee sech, dees 't géing hie bäissen — wat hues de un der ze sch.? (z. B. zu Kindern, wenn sie schläfrig sind); 4) «leicht (zum dritten Mal) hacken» (bes. im Weinberg, zur Lockerung des Bodens, zur Unkrautbekämpfung — Winzerspr.) — ech schäre mir noach en Om eraus fir de rosene Wurem (C) — substantiv.: Schären N. — cf. haen, réieren, schappen; 5) a. «schlagen» — du kriss eng, der e puer (erof-)geschäert; b. «zurechtweisen» — wat huet deen ës geschäert kréit! — engem et al sch. — en huet et al geschoart kritt (er wurde arg zurechtgewiesen — cf. c.); c. «übel nachreden» — engem et sch., wou een dës Nout huet (C); 6) «schlendernd daherkommen» — e koum do geschäert, wéi wann en déi beschten Zäit hätt; Abl.: Geschäers N.: 1) — wat féiers du fir e Geschäers op! (lästiges Kratzen); 2) «das Zusammengescharrte» — dat Geschäers gët verbrannt — Zussetz.: eraus-, erof-, ewech-, no-, op-, ver-, zer-, zesumme-, zou-schären.
 
Schärféis(s)ercher Pl. M. — in der Ra.: Sch. maachen (Kratzfüßchen).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut