LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Schäppchen bis Scheed (Bd. 4, Sp. 115b bis 117b)
 
Schäppchen III M. — Dim. zu Schapp I. u. II.
 
Schäppchen IV F. — s. Schappecht.
 
schäppches (lok.: Westgrenze) — in der Ra.: néngmol sch. (échapper) an eemol (eng Kéier) träppches (attraper).
 
schäppen refl. Verb.: «im Streit sich beim Schopf fassen» (Ga).
 
schäppweis (lok. Echt.: scheepweis) Adv.: «büschelweise» — d'Hor sin him sch. ausgaang — cf. Schapp II.
 
Schäps (lok.: Echt.) M.: «Schöps, einfältiger Mensch» — in der Ra.: du Sch. Gottes! — esu e Sch. Gottes!
 
Schär, Schier (lok. Echt.: Schäier) I F.: 1) «Kratze, Scharre» — meist in Zussetz.: Brout-, Drecks-, Gaasse-, Hénger-, Kéis-, Mull-, Stroosseschär; 2) a. «anhaftender (zusammengescharrter) Speiserest, Kruste an der innern Wandung oder am Boden eines Topfes» — abweisend: mar bake mer, da kriss de d'Sch. (ofzelecken) — du kriss d'Sch. (wenn jem. zum Essen zu spät kommt, aber für die Kinder ist es ein Vergnügen u. ein Leckerbissen, z. B. vom Kuchen) — en as do wéi d'Sch. am Bräidëppen (sofort zur Stelle); b. (lok.: Ötringen) «Fettschicht auf der gekochten Milch»; 3) «das jüngste Kind» — cf. Aschtquakert; 4) «gelbe Eiterkruste» (Dermat.). [Bd. 4, S. 116]
 
Schär II (lok.: Küborn) — s. Schäerz.
 
schären (lok. Echt.: schäieren, lok.: schieren — Part. Prät. Mosel: geschoart) trans./intr. Verb.: 1) «(zusammen-)scharren» — d'Hénger sch. op der Mëscht — d'Kanéngercher hun alles am Gaart futti geschäert — d'Strooss sch. (den Straßenkot) — an de Bësch Laf (Blieder) sch. goen — mat de Féiss schären (zum Zeichen der Mißbilligung, der Ungeduld) — sech d'Hor sch. (die Haare mit der Hand ordnen); 2) «rechen» — hannert dem Won sch. (beim Heuladen) — d'Hä sch. — cf. kämmen sub 3); 3) «kratzen» — Ra.: 't schäert kee sech, dees 't géing hie bäissen — wat hues de un der ze sch.? (z. B. zu Kindern, wenn sie schläfrig sind); 4) «leicht (zum dritten Mal) hacken» (bes. im Weinberg, zur Lockerung des Bodens, zur Unkrautbekämpfung — Winzerspr.) — ech schäre mir noach en Om eraus fir de rosene Wurem (C) — substantiv.: Schären N. — cf. haen, réieren, schappen; 5) a. «schlagen» — du kriss eng, der e puer (erof-)geschäert; b. «zurechtweisen» — wat huet deen ës geschäert kréit! — engem et al sch. — en huet et al geschoart kritt (er wurde arg zurechtgewiesen — cf. c.); c. «übel nachreden» — engem et sch., wou een dës Nout huet (C); 6) «schlendernd daherkommen» — e koum do geschäert, wéi wann en déi beschten Zäit hätt; Abl.: Geschäers N.: 1) — wat féiers du fir e Geschäers op! (lästiges Kratzen); 2) «das Zusammengescharrte» — dat Geschäers gët verbrannt — Zussetz.: eraus-, erof-, ewech-, no-, op-, ver-, zer-, zesumme-, zou-schären.
 
Schärféis(s)ercher Pl. M. — in der Ra.: Sch. maachen (Kratzfüßchen).
 
Schärmkaul F.: «Schindgrube, Schindanger» — cf. Schënnkaul.
 
Schärp I F.: 1) a. «Schärpe» — de Buurgermeeschter hat d'Sch. (Amtsschärpe) un; b. «(farbiges) Gürtelband» (getragen von Turnern, Minettearbeitern); 2) «gestricktes, längliches, schmales Halstuch»; 3) «Velum zum Halten der Monstranz» — cf. Segensduch.
 
Schärp II (lok.: Vianden) F. — s. Scharp.
 
Schärpendréier M.: «Zuträger» — cf. Flambosdréier sub 2), Rapportendréier.
 
SchärrtjenM.: «Kärrner» — frz. charretier.
 
Schäss I, Schass F.: «Entlassung» — d'Sch. kréien — d'Sch. gin — früher Schulspr.: e krut d'Sch., aacht Deeg (d')Sch. (Schulverweisung).
 
Schäss II M.: «Aufhebens, Getue» — an esou e Sch. méchs du dorausser! — cf. Geschëss sub schäissen.
 
schässen trans. Verb.: «entlassen, fortjagen» — hien as (vun der Schoul) geschässt gin — cf. fortschécken, fortjoen.
 
Schät I M.: — s. Schäd II sub 2).
 
Schät II (lok. Var.: Scheet, Schäit — Pl.: Schäder, Scheter) N.: «Scheit» — lee nach e Sch. Holz an de Kamäin — im Volkslied «Zu Arel op der Knippchen»: hien hätt geholl e Schäit (um die Frau zu prügeln) — eng Sch. (scil.: -kouerd — Korde Scheidholz — s. Schäderkouert) — Zussetz.: Biche-, Riichtschät.
 
Schät-, Schäderholz (lok. Bodange [Belgien]: Schägderhoulz) N.: «Scheitholz».
 
Schät-, Schäd(d)er-, Scheiderkouerd F.: «Korde Scheitholz».
 
schättereg Adj.: «schrill» (von der Stimme gesagt — selten — C).
 
schätteren (lok. lothringische Grenze) trans. Verb.: «kastrieren» — e souz do wéi geschättert (verdattert) — cf. schneiden sub 2)g.
 
Schätter(l)éngsbox (lok.: Stadtbredimus) F.: «Bube» (Spottname).
 
schätzens. schazen.
 
Schätzéng, Schätziën, Schätzijen (lok.: Scheetsien) † F.: 1) «(Wert-) Schätzung» — ménger Sch. no as e 50 Jor al — sein Schätziën as bei de Leide fort — e steet do wéi wann e séng Schätzije verluer hätt (verdattert, niedergeschlagen); 2) a. «Steuerfestlegung durch den Taxatorenrat»; b. diese festgelegte Steuer erlaubte Rückschlüsse auf Einkommen und sozialen Rang, daher z. B.: géi op d'Gemeng kucken, da schwätz de dénge Schätziën no — wann s de dénger Sch. no schwätz, dann häls de de Mond — d' Sch. mat den Oploën an dem Zupperliwwer.
 
Schätzengs- -mann(Pl. -männer) M.: 1) «Taxator»; 2) «Steuerbeamte»; -saamler, -sameler, -siemelerM.: «Steuereinnehmer»; -ziedelM.: «Steuerzettel».
 
Scheck M.: 1) «Scheck» — e Sch. ausstellen, aléisen — hien huet mat Schecke bezuelt — ech schreiwen der e Sch. — e falsche Sch. — Zussetz.: Bank-, Postscheck; 2) «Postscheckamt» — hie schafft (as) am Sch. [Bd. 4, S. 117]
 
Scheckbuch N.: «Scheckbuch».
 
schécken trans. Verb.: 1) «schicken, senden» — ech hun e Pak geschéckt — Bréiwen a kleng Päck schéckt een am beschte mat der Post — ech hun der déng Suë gëscht geschéckt (durch Postanweisung, Scheck) — schéck mer d'Rechnong! — e gouf vu Pontius zu Pilatus geschéckt — schéck em e freche Bréif! — een dem Honn hanne sch. — en huet him d'Jhandaarme geschéckt — engem d'Zeidéng sch. (jem. benachrichtigen) — hie schéckt der e schéine Bonjour (mat — er läßt dich grüßen) — een an den Abrëll sch. — mir sch. Iech nach haut e Mann (einen Arbeiter), fir Iech ze hëllefen — mir hun en op d'Schëff geschéckt (haben ihn abgewiesen, entlassen) — Ra.: schéck en Äfalt (en Iesel) fort (eraus, ewech), da kriss d'en (da kënnt en) Dabo erëm — schéck ee laanscht! (jem. soll vorbeikommen); refl. 2) a. «sich (gut) betragen, aufführen» — schécken d'Kanner sech, freet den Neklees-chen — wéi hun se (d'Kanner) sech geschéckt? — wann s de dech gutt schécks, da bréngen ech der eppes mat (z. B. Mutter zum Kind) — d'Kanner schécken sech ewéi d'Schwäin, d'Gissen (gar nicht) — sech schécken wéi en Hond (s. d.) an enger Käerchen — en huet sech op sénger neier Plaz nët geschéckt, du gouf e geschässt — d'Meedchen huet sech nët geschéckt (sich verfehlt) — schéck dech! — mahnend: nu schéck dech! — drohend: wann s de dech nët schécks, mäi léiwe Jong, da komm emol heem! b. «gedeihen» (von Kleinkindern, bes. von Haustieren) — d'Kanner hu sech gutt geschéckt — d'Fierkele sch. sech gutt — d'Kallef huet sech an der leschter Zäit guer nët geschéckt (cf. opdoen); c. «sich passen» — wat sech fir d'Bauere schéckt, schéckt sech nët fir d'Stiets — et schéckt sech fir si erëmzeruffen (die Einladung zu erwidern) — ech mengt, et déit sech bal sch. (fir) hien ze ruffen (einzuladen) — hie weess nët, wat sech schéckt! — et muss een allzäit maache, wat sech schéckt; d. «sich zum Besten fügen» — et schéckt sech him alles, e kann upake wat e wëllt — d'Saach wäerd sech scho sch. — et schéckt sech mer glat nët haut de muergen — et huet sech him gutt geschéckt (spöttisch von einem Mädchen, das schwanger ist) — Zussetz.: a-, fort-, no-, verschécken — cf. Geschéck, geschéckerlech.
 
schécker, schicker Adv. — in der Redewendung: deen hoat et sch. (ihm geht alles nach Wunsch — Echt.) — cf. schécken sub 2)d.
 
schéckerlech Adj.: «schicklich».
 
schëdden, schidden (Part.: geschott, geschutt — s. LSA Karte 163) trans./ intr. Verb.: 1) a. «schütten» (Flüssigkeit, lose Ladung) — schëtt mer eng Tas Kaffi, eng Drëpp (eraus)! — schitt d'Miel an en anere Sak! — schëtt d'Grompren aus dem Kuerf an d'Säck! — schëtt Waasser bei d'Blummen! — schitt nëmme keng Drëps laanscht! — schitt roueg! (du brauchs nët ze fäerten — spaßh. beim Einschenken von alkoholischen Getränken) — de Paschtouer seet zum Massendénger: schëtt, mäi Jéngelche, schëtt (beim Einschenken des Weines), 't geet jo nët vun déngem, jedoch beim Wassereinschenken (iron.): ma kéier d'Baach dran! — schëtt de Kaffi an de Krou! (den gemahlenen Kaffee in den Krug) — schëtt de Kaffi duurch d'Passett! (beim Ausschenken) — schitt nët alles duurcherneen — Raa.: wann s d'enger Geess dat do an d'Ouer schëtts, da leeft se bis op (hannert) Paräis (von schlechtem Getränk, bes. schlechtem Kaffee gesagt) — dat do as Waasser an de Pëtz (an de Rhäin, an d'Baach) geschott (es ist unnütze, vergebliche Arbeit) — engem eppes an d'Schong sch. (jem. für etwas verantwortlich machen); b. «stark regnen» — et schëtt (wéi) mat Ämeren — et huet geschott wéi mat Däicher (Teiche); c. «erbrechen» — déi kléng Kanner sch. — cf. iwwergin; 2) «die Haare verlieren» (auch refl.) — d'Déiere sch. d'Hor virum Wanter, am Fréijor — hie schëtt d'Hoer, awer d'Naupe bleiwen — hie schëtt sech (er verliert die Kopfhaare) — dafür auch: d'Hoer goe loossen; 3) a. «durch Schütteln ernten» — Äppel, Bire, Nëss, Praume, Quetsche sch. (goen); b. lok. im weiteren Sinne: «ernten» — im Volkslied: Mann schéckt Jokeli aus, e soll déi Bire sch.; Jokeli wëllt keng Bire sch., Bire wëllen nët falen — cf. rëselen — Zussetz.: a-, aus-, duurch-, ëm-, eraus-, iwwer-, no-, of-, op-, u-, ver-, zouschëdden.
 
Scheeds. Schäd I, II.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut