LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Schéiferhout bis schéissen (Bd. 4, Sp. 120a bis 122a)
 
-hout (lok.: Echt.) F. — in der Ra.: op der Sch. leien (auf der faulen Haut liegen); -hutt, Schéifesch- M.: «breitkrempiger Hut, Schäferhut»; -nol F.: «Nadelkerbel, Venuskamm» (Scandix pecten veneris); -noss F.: «knolliges Mädesüß» (Filipendula vulgaris); -staf M.: «Schäferstab (mit Schaufel)».
 
Schéiferei, Schéifrécht F.: «Schäferei» — op der Schéiferei (ehemalige Vogtei bei Altrier) — häufige Stellenbez. — cf. Schofstall.
 
scheiles (lok.: schelkes, schëlle[n]s) Adj.: «scheu, verlegen, mißtrauisch, von der Seite ansehend» — en huet mech esou sch. bekuckt — e geet ewell eng Zäitlaang sou sch. laanscht mech wéi wann en d'Gewëssen nët renglech hätt — en huet nach sch. erëmgekuckt — en huet sch. fir sech geschmunzt.
 
Schéimel I M.: 1)s. Schëmmel III; 2) (lok.) «Schemel»..
 
Schéimel II M. — s. Schëmmel IV.
 
schéin (phV. s. Ltb. 97 — LSA Karte 123) Adj./Adv. (allgemein): «schön» — Steigerung: schéiner, meist méi sch., dee schéinsten, dat schéinst — bes.: 1) «wohlgestaltet» — e schéine Mann — eng schéi(n) Fra — e schéint Meedchen — du hues sch. Zänn — sch. ewéi eng Rous, wéi der Dag, wéi d'Sonn — vum Kaffismar (vum Damp vum kale Kaffi, vun der Zopp) gët ee sch. — spöttisch zu Kindern: vum Kräische gët ee sch. — Raa.: sch. as nët sch., gefale mécht sch. — wann dee gëschter owend sch. wor, dann hat en hënt eng schlecht Nuecht (er ist sehr häßlich) — sch. as anescht — sch. Medercher an zrasse Kleder bleiwe gär hänken — sch. Kanner, (gët) schéi Brauten — en as nët schein, awer gutt domm — schéi Leit hu schéi Saachen — Zus.: wat se nët hu, loossen se sech maachen — vun engem schéinen Teller ësst een sech nët sat — Echt.: dat micht mer e schi Bän (was habe ich davon, was nützt es mir?) — spaßh.: dat schéinste Meedche kann nët méi gin wéi et huet — spaßh.: fréier wor ech jonk a sch., haut sin ech nëmme méi sch. — schéi Fiedere, schéi Vulle man (Dicks) — spaßh.: t' si schéi Vigel, mä deier am Ënnerhalt (von Frauen gesagt) — déi sch. Hand (die rechte Hand — cf. sub 3); 2) «gefällig, angenehm» — hien huet sech vun der schéinster Säit gewisen — haut hate mer e schéinen Dag, schéi(nt) Wieder — mir maachen äis haut emol e schéinen Dag — eng sch. Stëmm — sch. Musek — et wor sch. am Theater — e schéint Geschäft, Haus — d'Bäm hänke sch. voll (Uebst) — d'Dëppe sti sch. an der Rei — dat do si sch. Mauersteng [Bd. 4, S. 121] (Steine zum Mauern) — hien huet eng sch. Plaz (eine angenehme, ertragreiche Stellung) — dat as eng sch. Aarbecht (auch iron. gebraucht) — eng sch. Klatz (Wurf — Kegelspiel) — ech hu sch. Kaarten (beim Kartenspiel) — dat woren nach sch. Zäiten! — hien huet e schéint Liewen — dat wor kee schéinen Doud — en as sch. gestuerwen — eng sch. Läich (s. d. sub 3) — hien huet eng sch. Ried gehal(en) — den Här (Paschtouer) huet esou sch. geschwat (gut, überzeugend) — aber: hatt huet him sch. geschwat (ihm geschmeichelt) — du bas sch. op där Foto geroden (gut getroffen) — dat as sch. vun dir, datt s de mer hëllefs — hatt huet sech sch. gemaacht (z. B. vor dem Ausgehen) — lo maache mer d'Kënni sch. (Ammenspr.) — hatt as sch. gekleet — hatt huet sech sch. un (gekleidet) — sech de sch. Männche (s. d.) maachen — dat wor sch. geschafft (auch iron.) — dat wor sch. a manéierlech — wann een esou onbehollef as, dann as den Alter nët méi sch. — sch. schwangen (die letzten Holzteilchen beim Flachsschwingen entfernen) — d'Kou huet sech sch. gemaacht (die Nachgeburt abgestoßen — cf. rengechen sub 2)c., sech feën sub C,1) — e (ee) schéine Muergen wor en erëm do — iron., das Gegenteil bedeutend: hien as sch. nët komm — hien huet d'Meedche sch. sëtze gelooss — dat as jo alles sch. a gutt, awer sou geet et nët — ech konnt sch. mat deem domme Gesiicht doheem bleiwen — vun dir héiert ee jo sch. Saachen! — dat as (mer jo) eng sch. Saach, Geschicht, Affär, Sauerei, Schwéngerei! — do hues du der eng sch. (Ieselzegkät) geleescht! — ma du bas e schéinen Äfalt, e schéint Aaschlach! — dat gët jo ëmmer méi sch.! — du wäers der sch. laanscht d'Panz kréien! — deen hat eng sch. an de (am) Been, am Batz — e wor sch. gebotzt, gerëscht! (übtr.: betrunken) — deen huet (duerno) sch. erausgesinn! (war übel zugerichtet) — mat deem si mer sch. ugeschmiert! — steigernd — Adv.: du bas awer sch. domm, wann s de dat do méchs — ech krut sch. a scharmant kee Su erëm — si hun hie sch. ausgelaacht — looss dat sch. propper sin! — ech wor sch. (a) propper drop eragefall — lo si mer sch. blaméiert, gebotzt, beläffelt — 't as sch. wouer; 3) «freundlich, lieb» — e schéine Bonjour, e schéine Grouss — Gruß: schéine gudden Owend! — dat as sch. vun dir — all säi schéi(nt) Schwätzes konnt näischt déngen — Ammenspr. (in Bitten, vor allem an Kinder): da maach schéin(i)! (sei lieb!) — gëf sch. dem Monni eng Hänni! (gib dem Oheim das Händchen!) aber: gëf dem Monni déi sch. Hänni! (das rechte Händchen) — bleif sch. sëtzen! — sief (och) sch. brav! — da géi sch. heem! — so (sage) sch. merci!; 4) «beträchtlich» — hien huet e schéine Koup Mënz (Geld) mat där Affär verdéngt — dat as eng sch. Zomm! — hien huet e schéinen Alter (hohes Alter, auch: angenehmen Lebensabend); 5) zustimmend: sch., ech maachen et, mä klo nët, wann et nët gutt as — ablehnend: (alles) sch. (a gutt), mä et geet nët! — substantiv. (iron.): Schéinen M., Schéin F., Schéint N., Schéines N., Schéinst N. — ma du bas mer e Schéinen, e Schéint! (du hast mich angeschmiert, mich vergebens warten lassen, betrogen usw.) — et as kee Schéinen, awer e gudde Frechen (Dommen) — hien huet eng Schéin an de Been (ist sehr betrunken) — 't as eppes Schéines! (auch iron.) — dat war mir eppes Schéin(e)s! — do hues de jo eppes Schéines ugestiwwelt — et wor mir eppes Schéines geschitt — an dat Schéinst war, en huet mer fir Merci eng Frechheet gemaacht — an dat Schéinst war, en huet sech nët gin! — waart, dat Schéinst kënnt eréischt!
 
schéineg (superlativ. Bed. — cf. BGra § 18,4 c. S. 59) — (lok.: schinneg, C: schinzeg, schinzeleg) Adj.: «(sehr) schön» — du schéinegt Meedchen! (du schönstes Mädchen!) — et wor e schéinegen(-chen) Dag am Fréijor — ech erzielen der eng schinneg Geschicht — e schinzegt, schinzelegt Buch.
 
schéinen trans. Verb.: «schönen» (vom Wein gesagt, dafür auch: kléieren — s. d. sub 1) — Verbadj.: geschéint — geschéinte Wäin.
 
Schéinhät, -heet F.: 1) «Schönheit» — spaßh. von einer schönen Frau gesagt: d'Sch. vergeet, mä den Efalt behält een — eng Kailchen am Kënn as eng vun dene siwe Schéinheten; 2) «schöne Frau» — dat as awer nach laang keng Sch.! — dafür auch: Beauté (wie frz., Ton: 1).
 
Schéinhäts-, -heets- -feler M.: «Schönheitsfehler»; -fleck M.: «Schönheitsfleck» — dafür auch: Grain de beauté (wie frz.).
 
Schéip, Schoup (lok.: Mosel) F.: «Schuppe» (Fisch) — cf. Schupp.
 
SchéipchenF.: 1) «silbernes Zwanzigpfennigstück» — cf. Schäipchen, [Bd. 4, S. 122] Schiipchen; 2)Dim. von Schéip.
 
schéipen (lok.: Mosel) — s. schuppen.
 
Schéiss F.: 1) «Brotschieber» — cf. Broutschéiss; 2) a. «(ehemalige) Schützenbruderschaft, heute Société des Arquebusiers in Luxemburg-Stadt»; b. «Lokal dieser Gesellschaft»; c. «Schießstand»; 3) (Ammenspr., Kinderspr. u. spaßh.): «Schußwaffe».
 
Schéiss- -buch N.: «Leitfaden zum Schießen» (Mil.); -bud F.: 1) «Schießbude» — dazu: Schéissbudegesiicht N.; 2) «Schlagzeug» (Musik — spaßh.); -geschir N.: «Schießbedarf»; -concours M.: «Schießwettbewerb»; -lach N.: «Schießscharte» (Wb.06); -onk F.: «Benennung für alle größeren Schlangen» (Wb.06 — Sagentier — cf. Gr. Nr. 492) — cf. Schéisseschlaang — von einer emsigen Frau: dat as eppes ewéi eng Sch.; -pies (frz. pièce) F.: «Schießgewehr» — cf. Klabis; -polver N.: «Pulver»; -schaart F.: «Schießscharte»; -sport M.: «Schießsport»; -stand M.: «Schießstand».
 
Schéiss-chen M.: «Schößchen» (Dim. v. Schouss — s. d. — Ammenspr. auch: Schéisi) — im früheren Kinderspiel (s. Ksp. Nr. 9) «Steinchen suchen» — Nak, Nak, Nies-chen (cachi, [cachez] cachi, Modi), hal däi Schéiss-che ferrem zou — oder: Romme-, rommeréis-chen, stopp däi Schéiss-che ganz ferrem zou (ein Steinchen wird den im Kreis sitzenden Kindern von einem Mitspieler in die Mütze oder Schürze gelegt, ein anderes Kind, außerhalb des Spiels, muß raten, wer den Stein hat) — zusätzliche Reime (lok.): zu Viichten, stin se ze biichten / zu Bus, schéissen se de Fuuss / zu Delle, loossen s'en e fällen / zu Merscheed, gët e gebreet / an der Heischtermass gët en zrass / zu Esch am Lach / leien d'Schanken nach — Echt.: Romme, Romme, Risschen, stopp däi Schisschen, hal e fest zou, datt kän e gesäit.
 
schéissen (Konjug., Part. Prät.: geschoss(t) — Ösling: Ind. Prät.: schoss, Konj. Prät.: schëss, schéisst — lok. Mosel: schiss) trans./intr. Verb.: 1) «schießen» — fir d'éischt biichten an dann eréischt sch. — een dout sch. — eng Blumm, eng Päif bei der Schéissbud sch. — hien huet feel, laanscht geschoss — Lächer an d'Loft sch. — en huet d'Réi mat Schroude geschoss — op (an) d'Scheif sch. — et huet geschoss — d'Hoke (Böller) sch. — ech gi mer nach en Hues sch. — e Bock sch. (auch übtr.) — esou séier sch. d'Preisen nët — Kinderspruch: bal (a bal) as nach laang keen Hues geschoss — Folkl.: d'Jonge gi sch. (wenn ein auswärtiger Bursche ins Dorf freien kommt, versammeln sich die Dorfburschen und gehen him sch.; der Liebhaber muß sich mit einer Geldspende loskaufen; es heißt dann: hie krut geschoss [cf. Rousegäertchen] — bei der Verlobung und bei der Hochzeit wird, sowohl dem einheimischen wie dem fremden Burschen, geschossen; der Brauch besteht heute noch mit örtlichen Var.) — dee schéisst sech d'Fett (d'Gréiwen nach) vun de Grompren (gesagt von jenen, bes. Bauern, die ihre Arbeit vernachlässigen und zur Jagd gehen) — Scherzrätsel: wat kritt de Jeër allzäit, wann e schéisst? (eng eidel Flënt — MKr Nr. 750) — de Bockel sch. (Purzelbaum schlagen) — en as geschoss (er ist närrisch — cf. sub tucken, getuckt); 2) a. «schieben, werfen, schnellen» (Kegel-, Knickerspiel, Fußball) — ech hu laanscht geschoss — e schéisst näischt (er trifft keine Kegel) — hues du ewell geschoss? — hie schéisst (gutt) op d'Säit, op d'Mëtt, op d'vollt Spill — duurch d'Lach sch. (zwischen den Kegeln hindurch) — d'Meedchen aus dem Bett sch. (die mittlere Kegelreihe umwerfen — dafür auch: d'Groussmamm aus dem Bett) — an de Kulang sch. (Kegelrinne) — hien huet e Goal geschoss — et heescht sch. an nach emol sch.! (Aufforderung an die Fußballspieler) — wéi dacks muss een d'Schëffelche (Weberschiff, Schießspule) sch., éier e Meter Duch fäerdeg as! — schéiss mer de Ball eriwwer! — schéiss mer en Apel heihinner! — e Steen iwwer d'Waasser sch. — cf. geheien, rennen, schëllen, scheiwen, spillen, werfen, Käl; b. «schieben» — d'Brout an de Bakuewe sch. — Kinderspiel: an de Bakuewe (s. d.) sch. — cf. aschéissen; 3) «sich rasch bewegen, fließen» — e koum do geschoss wéi d'Kugel aus der Flënt — d'Waasser as aus dem Rouer geschoss (komm); 4) «in die Höhe schießen» — d'Zalot as an de Som geschoss — wat as dee Bouf an d'Luucht geschoss, 't as eppes wéi eng Happstaang — riicht wéi geschoss (von schlankem Wuchs) — Zussetz.: a-, be-, dout-, ëm-, er-, erof-, lass-, no-, of-, op-, ver-, vir-, u-, zerschéissen — Abl.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut