LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Schelleblumm bis Schëlleruess (Bd. 4, Sp. 123b bis 125a)
 
-blumm F.: «Glockenblume» (Campanula sp.); -kap F.: «Narrenkappe»; -kranz M.: «Schellenkranz» (Musikkapelle, am Pferdegeschirr Kranz mit Glöckchen); -zock M.: «Klingelzug».
 
Schell II F.: «in Längsstücken abfallende Rinde».
 
Schell III F.: «Schelle» (Ring zum Befestigen von Röhren).
 
Schellack (Ton: 1) M. — wie hd.
 
SchellekM.: «Schilling» — wéi en erëm komm as, hat e kee Sch. opweises — cf. Steiwer.
 
schëlleg, -ig Adj.: «schuldig» — Raa.: den Däitschen an de Welsche, all gudde Krëscht, Gott an der Welt, all Mënsch, Jann a Mann, Land a Leit sch. sin — du bas mir nach eppes (nach Sue) sch. — ech si kengem näischt sch. — hatt bleift kengem eng Äntwert sch. — en as sch. gesprach gin — du bas dem Papp Respekt sch. — du bas virum Herrgott sch. (verantwortlich) — cf. Schold.
 
Schëllegen M.: «der Schuldige» — den Onschëllege muss dacks fir de Sch. béissen, bludden — sichs de no engem Sch.?
 
Schëllegkät, -keet F.: «Schuldigkeit» — dat as déng Flicht an déng (verfluchte) Sch.!
 
Schellem (Pl. Schellemen) M.: 1) «diebischer, betrügerischer Mensch» — si hu mech Sch. an Déif vernannt — Ra.: déi kleng Schelleme gi gehaangen, déi grouss loossen se lafen — Spw.: hues de Suen, da bas de mer [Bd. 4, S. 124] léif, du siefs (e) Sch. oder (en) Déif — et as kee Sch. esou verluën, e gët alt ëmol bedruën; 2) «Schalk» — 't as e Sch. séng Been aus — de Sch. am B(o)usem hun — Ellespill, du grousse Sch.! — als Kosewort zu Kindern: du klenge Sch.! — du aarme Sch., hun se dech nët matgeholl? — im Kinderreim (Fingernamen): an de klenge Sch. (der kleine Finger) huet der Mamm et gesot (alles verroden); 3) «Milzbrand» (Wb.06); 4)in der Redewendung: de Sch. hun. — d'Mëllech huet de Sch. (die Milch ist entrahmt) — d'Drauwen hun de Sch. (sind überreif) — de Sch. hun (ganz blau sein vor Kälte oder vom vielen Branntweintrinken) — d'Grompren hun de Sch. (die Kartoffeln sind blau) — de bloe Sch. (Keuchhusten) — cf. Déif, Geld — Zussetz.: Äerzschellem.
 
Schellem- -har, Schellemenhar N.: «Stinkmorchel» (Phallus impudicus) — e sténkt wéi e Sch.; -stéck, -streech M.: «Schelmenstreich» — Ra.: deen engem Bauer e Gefalen deet, spillt eiser Herrgott e Sch. (der Bauer ist undankbar); -woch F.: «Woche vor Palmsonntag, auch Karwoche» — im Spruch: Pällemwoch, Sch.
 
Schelleme(n)- -aart, Schelmen- M.: «Schelmenart» — no Sch.; -duucht, Schellems- F.: «Betrug»; -hand, Schelmen- (lok.: Redingen) F. — in der Ra.: Sch. gwéi (wehe) bekannt; -har N. — s. Schellemhar; -manéier F. — s. -aart; -miel N. — in der Ra: Sch. gët Schellemepaangech; -paangech M. — s. d. Vor. — cf. Houere(n)-;
 
schellemen refl. Verb. — d'Wieder schellemt sech (das Wetter verschlechtert sich).
 
schellemzeg Adj.: «schelmisch» — sch. laachen — hie wir dat amstand, en as sch. (hinterlistig) genuch derfir — lok. Bettborn: d'Wieder as sch. (heimtückisch kalt).
 
Schellemzegkät, -keet F.: «schelmisches, hinterlistiges Wesen».
 
schellen I intr. Verb.: «schellen, klingeln» — d'Kanner gi bei d'Leit sch. — schell eng Kéier, da gesäis d'ob een do as — den Tëlefon huet geschellt — huet ee geschellt? — 't huet geschellt (un der Dir) — huet et geschellt? — et schellt, d'Schoul as aus — et schellt fir d'hallef Mass — wat gouf elo virenst (aus-)geschellt? — drohend: elo huet et awer geschellt (gelaut — jetzt langt es mir) — Zussetz.: aus-, uschellen — Abl.: Geschells N.
 
schellen II — s. schëllen II.
 
schëllen I (Part. Prät.: geschollt, geschëllt) trans. Verb.: «etwas Rundes rollen lassen, rollend werfen» (Steine, Klicker, Kegelkugel) — e Steen de Rambli erof sch. — schëll mer d'Klatz erof — Nösl.: Keile sch. (Kegel schieben, kegeln — dafür auch: rullen, schéissen, scheiwen, schollen, scholleren, schulleren, spillen, werfen) — d'Engele sch. (mat de) Kälen (wenn es donnert) — Äer sch. (cf. schadderen sub 2)b., erschëllen) — Zussetz.: (e)rëm-, uschëllen — Abl.: Geschëlls N.
 
schëllen II, schellen, schälen (selten — Part. Prät.: geschollen, gescholt, geschëllt) trans. Verb.: «schelten» — en huet mech méi wéi eng Kéier derfir geschëllt — d'Koarmësche sch. (die Spatzen schimpfen) — dazu: ausschëllen — än aussch. — cf. vernennen.
 
schëllen III trans. Verb.: «schulden» — cf. verschëllen.
 
Schëller F.: «Schulter» — en as breet an de Schëlleren — en huet Schëlleren ewéi Mielsäck, en Hunn — en huet hänkeg Schëlleren — hien huet breet Schëlleren (eigtl. und übtr. — cf. e brede Réck) — de Schneider huet him breet Schëllere gemaacht — d'Sch. auserneen hun (ausgerenkt) — hien huet d'Sch. gebrach — e Kand op de Schëlleren (der Schëller) droen (cf. Halsebock) — d'Schëlleren hiewen, zéien (als Zeichen der Verlegenheit, des Zweifels, der Mißbilligung, der Unschlüssigkeit) — op zwou Schëlleren ze droen hun (a. viel ertragen müssen; b. zwei Herren dienen) — engem op d'Sch. klappen — engem d'Hand op d'Sch. leën (eigtl., dann auch: verhaften) — engem iwwer d'Sch. kucken (über die Schulter sehen) — een iwwer d'Sch. (be)kucken (verächtlich ansehen, behandeln) — engem d'kal Sch. weisen — eppes iwwer déi lénks Sch. kréien (zu Unrecht erwerben) — beim Kartenspiel: gewënns de? — jo, iwwer d' (lénks) Sch. (ich verliere) — iwwer d'Sch. schaffen (in seine Tasche) — et si 50 Mill iwwer d'Sch. (mit entsprechender Handgebärde, verloren, unnütz vertan) — eppes op d'liicht Sch. huelen — eng héich Sch. man (stolz sein) — e Stéck vun der Sch. (s. Schëllerstéck) — Zussetz.: Kappschëller — cf. Kilowatt.
 
Schëller- -blat N.: «Schulterblatt»; [Bd. 4, S. 125] -rimm M.: «Schulterriemen»; -stéck N.: 1) «Fleischstück vom Schulterblatt des Schlachtviehes»; 2) «Schulterstück» (am Kleid); -uess F.: «Tragjoch» — cf. Halsschënner, Schan II sub 1); 2) M.: «Helikon».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut