LWB Luxemburger Wörterbuch
 
schlamm bis Schlass (Bd. 4, Sp. 138b bis 139b)
 
schlamm (Ösl. und Osten auch: schlamp) Adj./Adv.: 1) «hinkend, lahm» — sch. goen — d'Päerd as sch., et huet an en Nol getratt — verächtlich: du schlammen Hond! — zu einem hinkenden Menschen: du sch. Héiss, du schlammen Teis — scherzhafter Sprachtest: as déi sch. Int är? (rasch gesprochen, Betonung auf är) — lok. Wormeldingen: 't as wéi wann ee mat engem schlammen Hond op d' Juegd geet an 't huet een d'Baatsch verluer (C) — cf. Gääss, limmen; 2) «schief, krumm» — den Nol as sch. gaang — en huet sch. gelueden (eigtl. und übtr.: er ist betrunken) — hien huet de Mond sch. stoen — en huet eng sch. Maul gemaacht (er tat beleidigt) — dofir brauchs de keng sch. Schëller ze maachen (dich beleidigt zu zeigen) — cf. schif, kromm.
 
Schlamm M. — wie hd.
 
Schlammillen (Ton: 2) F.: «Stellenbez. beim Friedhof in Echternach» — daher übtr.: e kënnt op d'Sch., et geet bäi d'Sch. (ins Grab).
 
Schlamp I (meist das Dim. Schlämpchen, Schlämmchen) M.: 1) «Sturmhaken, Türhaken, kleiner Riegel» — vergiess nët de Sch. (Schlämpchen) anzemaachen! 2) «Haken an Kleidern, Klammer» — cf. Kramp I.
 
Schlamp II F.: «Schlampe».
 
schlampeg Adj.: «schlampig»:
 
schlank I (Neol.) Adj.: «schlank» — e schéint schlankt Meedchen — en as nach esou sch. wéi ee vun zwanzeg Jor — lok.: schlanken Heinrich (Leberwurst) — schlanken Hari (Durchfall) — dafür auch: schmank, schmock, ëmpeg.
 
schlank II, schlanks Adj./Adv.: «link, links» — en hëlt d'Messer mat der schlank(s)er Hand, Patt — en huet eng sch. Patt, en as schlanks (er ist Linkshänder) — en huet séng rechts Hand op der schlank(s)er Säit — en huet zwou schlank(s) Patten (er ist unbeholfen, weiß sich nicht zu helfen) — sch. kucken (schief ansehen) — substantiv.: — dat as e Schlank(s)en (Linkshänder) — 't as nach laang kee Schlank(s)en (er ist sehr geschickt, klug) — cf. lénk, lénks, Hand.
 
Schlankspatt F.: «Linkshänder».
 
schlanteren, schlänteren intr. Verb.: «schlendern, sich herumtreiben» — Abl.: Geschlanters, Geschlänters N.
 
Schlap I F.: 1) «große Narbe, Schmarre» — cf. Läinzeechen, Naarb, Naarf, Naz II; 2) a. «(dicker) Fetzen, (großes) Stück» — eng Sch. Ham; b. «großes Stück Land» — cf. Flap sub [Bd. 4, S. 139] 1); 3) (Dim.: Schläipchen) a. «schwabbelige Masse» — eng Sch. Dreck, Ram (Sahne); b. eng Sch. Zopp — huel der nach eng Schläipche Mous — Zussetz.: Kéischlap.
 
Schlap II — im Kinderreim, Ratespiel: Schlip(p), Schlap(p) . . . — s. Berlénk.
 
Schlap III F.: «kleiner Fisch» — cf. Drecksschlap, Dreckspanz, -tänz, Schneider, Houerepanz.
 
Schlap IV F.: «Schlampe» — dafür auch: Schlapp.
 
Schlapes M.: «dummer, eingebildeter Kerl» (C) — cf. Lappes, Lala, Flued.
 
schlapp, schlappeg Adv./Adj.: «schlaff, kraftlos» — et as mer ganz sch. — en huet schlapp gemaacht — wann ech esou schlappeg bleiwen, da gët et fir mech en ellene Wanter — vum Viz (Béier) gët ee schlappeg — cf. lappeg sub 1), schappeg.
 
Schlapp I (Pl. Schläpp, Dim. Schläppchen — lok. Echt., Vianden: Schloap) M. (lok. z. B. Wiltz, Knaphoscheid: N.): 1) «Schleife» — en einfache, en duebele Sch. — maach e Sch., kee Knuet — Mamm, stréck (maach) mer de Sch. (vum Schong), ech kréien en nët richteg fäerdeg; 2) a. «Krawatte» — ech krut en neie Sch. fir mäin Dag geschenkt — ee mam Sch. huelen (jem. am Kragen fassen); b. «Haarschleife» — cf. Putsch, Flätsch; 3) «Masche» — ech hun e Sch. fale gelooss — wéivill Schläpp méchs d'an d'Eisen? (beim Stricken) — ech muss nach e puer Schläpp ophiewen; cf. Schlaf.
 
Schlapp II (Pl. Schlappen, Dim. Schläppchen) F.: 1) a. «Pantoffel, Hausschuh» — lieder, muusseg, stoffte Schlappen — hie wor nach an de Schlappe, wéi ech koum (noch nicht fertig angezogen) — ech gin an dene Schong wéi a Schlappen — en as gelaf, en huet Schong a Schlappe verluer — si kritt de ganzen Dag d' Schlappen nët aus (nët aus de Féiss — vernachlässigt sich, ihre Kleidung, auch: ist sehr beschäftigt) — Kinderreim: Danz, danz, Diechterchen; och Mamm, ech hu keng Schou; da stouss alt déi al Schlappen un, et geet och och alt esou — dat geet mer esou op d'Schlappen (ärgert mich) — op de Schlappe (gereest) kommen (auf Umwegen ein Anliegen vorbringen) — hie steet faméis ënner der Sch. (Pantoffelheld) — e Wieder mat Schlappen (ein arges Gewitter mit Hagel, lok. auch [z. B. Wiltz]: plötzlich auftretendes Gewitter); b. «alter Schuh»; 2) «Schlampe» — cf. Schlap IV.
 
Schlapp- -hutt M.: «weicher Hut mit breiten Krempen» — cf. Hutt; -mous N.: «Blätterkohl, Winterkohl» — zesummefalen ewéi Sch. — cf. Wantermous; -schong M.: 1) «Babusche»; 2) «Gesundheitssandale mit Holzsohle»; -schwanz M.: «Schwächling, Angsthase» — cf. Schlappeschësser; -wippchen M.: «Zipfel» — cf. Schlawittchen.
 
Schlappe(n)- -bild N.: «buntes, farbiges (Heiligen-)Bildchen (Art Cellophan), das der Schlappemann feilbot» — cf. Hauchbild; -kino (Neol., spaßh.) M.: «Fernsehapparat»; -kinnek M.: «jem., der den ganzen Tag in Hausschuhen herumläuft»; -mann M.: 1) «fahrender Händler, Lumpensammler» — Ruf: Lompen a Schanken, Schlappen (altes Schuhwerk) an ale Goss; 2) «Hampelmann»; -schësser M.: «Angsthase»; -schong M.: «pantoffelähnlicher Schuh»; -tinnes M. — s. -mann sub 2); -tourist M.: «eigtl. Tourist in Strandschuhen, dann abfällig: Tourist mit geringen Geldmitteln» — mat de Schlappentouristen as näischt verdéngt.
 
schlappeg I — s. schlapp.
 
schlappeg, -ig II Adj./Adv.: «schleppend, schlurfend» — e schlappege Marsch — e kënnt esou sch. dohier.
 
schlappen, schlapen intr. Verb.: «schlurfend gehen» (z. B. in zu weiten Schuhen) — wéi kënnt deen do geschlappt! — stréck déng Schong a schlapp nët esou! — e kënnt do geschlappt, wéi wann d'Schong em ze grouss wiren — d'Schong sch. (zu großes Schuhwerk).
 
Schlappert M.: 1)zu schlappen; 2) «Angsthase».
 
Schlappetittercher Plur. tant.: «Busen».
 
Schlass I (Pl. Schlässer — Osten und Norden: Schlooss, Pl. Schlässer, Nösl. Pl. Schläässer, Echt.: Schloass, Pl. Schleesser) N.: «Schloß» (Gebäude, strichweise für Burg, Burgruine — cf. Buurg) — en Haus wéi e Sch. — d'Sch. as zesummegefall — d'Buurschter Sch. (von Bourscheid) — en aalt Sch. (Burgruine) — dat aalt an dat neit Sch. (die alte [Bd. 4, S. 140] Burg und das neue Schloß) — 't as am (um) Sch. — du mengs e wir an engem Sch. op d'Welt komm (e wir vun engem Sch.) — e Sch. (gëlle Schlässer) an d'Loft bauen — Abzählreim: Ini, dini, Gässelchen, do uewe steet e Schlässelchen / do wunnen dräi Madammen / déi kucken all de Bierg eran / déi eng, déi steet / déi zweet, déi geet / déi drëtt, déi leeft zum Bronnen / si huet e Kand gefonnen / Wéi soll et heissen? / Zickelchen ouder Geissen? / Wie soll him séng Wëndele wäschen? / Onsere alte Plaudertäschen / Tipp, tapp, Tor aus, du bas aus — Inni, dinni, Detzelchen / do uewe steet e Schlässelchen/do kucken dräi Mamsellen eraus / die eine wickelt Seid / die andre spinnet Weid / die eine geht zum Brunnen / sie hat ein Kind gefunnen. / Wie soll es heißen? / Zuckerrote Geissen. / Wer soll die Windeln waschen? / Unsere Schlabertaschen. / A, u, aus / deen as aus — Do hannen as eng Gässelchen / an där as e Schlässelchen / do wuenen dräi Jongfrauen / déi durech eng Fenster schauen / déi eng, déi wënnt eng Weid / déi aner, déi spënnt Seid; / se komme vun de Bronnen / se huen e Këndche fonnen. / Wéi soll dat Këndchen häissen? / En zockerroudes Gäissen. (MKr. Nr. 426,427) — Zussetz.: Fënster-, Kinneks-, Siweschléiferschlass — cf. Buurg, Palais.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut