| schloen (Westen: schlouen — Konjug. Ind. Präs.: ech, mir, si schloen, du schléis, hie schléit, dir schlot, Osten: ich schlin, dou schlääs, schlees, schliis, hee schläät, schleet, dir schlot, Nösl.: ich schlon, du schliks, hä schlikt, därr schlot, Westen: ech schlouen, du schléi(ch)s, hie schléi(ch)t, dir schlout, Süden: du schléichs, Vianden: hee schlicht; Ind. Prät. Nösl.: ich schluch (-ç), Westösl., Luxemburg-Stadt: ech schlouch (-ç und -x); Konj. Prät. Nösl.: ich schlich, Luxemburg-Stadt: schléich, Echt.: schlich; Part. Prät.: geschlo(e)n, Westen: geschlou(en); Imperativ.: schlo(n), Westen: schlou — cf. LSA Karte 98) trans./intrans. Verb.: «schlagen» — sch. as verbueden — ech sch. dech dout, wann s de dech nët gës — Echt.: ich schlin dich, datt s de dich debels — Nösl.: ich schlich dich, datt s de ditts quacksen — hätt ech en hei, ech schléich en zu Mous, zu Mijhelen, dass en nët wéisst, ob en e Jong odder e Meedche wir, ob en op der Welt wir odder dervun — elo sch. ech dech, datt s de vrecks, d'Rad schléis — si hun en zu Gréiwen a Mous (zu Miel) geschloen — e krut e blot A geschloen — en as (zum) Krëppel geschloe gin — ech sch. dech, datt s de ongespëtzt an de Buedem fiirs — dat as een, dee gär schléit (der Freude am Dreinschlagen hat) — schlo de béise Käppi! (Ammenspr.) — e wor al widder de Kapp geschloen — en as direkt geschloen (er ist sehr schüchtern, läßt sich leicht einschüchtern) — schlo en nët, en as genuch geschloen — si sch. all op hien — jäiz, kräisch nët, dees du bas geschloen! (éiers de geschloe bas — klage nicht ohne Ursache) — d'Tromm sch. — op d'déck Tromm sch. (übtr.: prahlen) — d'Uergel sch. (Orgel spielen) — schlo der dat (z. B. dat Meedchen) aus dem Kapp, aus de Gedanken — sech d'Welt ëm d'Ouere sch. (loossen) — en huet ëm sech geschloen wéi kloërrosen — d'Äer an d'Pan sch. — en Ä an d'Britt sch. — e Ball sch. — Ueleg sch. — mengs de, ech kënnt dat aus engem Stee sch.? — mat de Flilleke sch. — den Hond schléit mam Schwanz (wedelt) — d'Kanner sch. d'Rad, de (d') Kopplabunz — de Pohunn schléit d'Rad — d'Kaart sch. — beim Kartenspiel: du muss sch. (überstechen) — Kaméidi sch. — d'Häerz schléit — de Reen schléit widder d'Fënster — de Schlag huet e geschloen (er erlitt einen Schlaganfall) — ech hu gemengt, de Schlag déit mech sch. (so überrascht, so erschrocken war ich) — et huet Mëtteg geschloen — et schléit gaangs véier Auer — d'Auer schléit nët méi richteg, si as vum Schlag (s. d. sub 2) — e schléit Feier (mit dem Stahl und Feuerstein, auch: beim Gehen die Fußknöchel gegeneinander schlagen) — d'Päerd huet Feier geschloen (mit den Hufeisen aufgeschlagen, daß Funken sprühten) — d'Päerd schléit (hannen aus — schlägt aus) — dat schléit an d'Geld, an de Portmonni — dat schléit de Leit an d'Aen — iwwer d'Sträng sch. — en as esou onglécklech hannerzeg geschloen (hingefallen), datt en den Tommel kritt huet — et as mer op de Mo, an d'Glidder geschloen — eis Équipe as geschloe gin — d'Bréck sch. (überbrücken) — d' Fruucht schléit an d'Éien, an d'Stréi (geht in die Ähren, ins Stroh) — den Aachter sch. (zu 8 mit dem Fläel [s. d.] dreschen) — géint ee lass sch.(losziehen) — dat elo schléit hannenerëm, hannenaus (rächt sich, schlägt fehl) — dat Rad schléit (schlingert, ist exzentriert) — en huet mat der Fauscht op den Dësch geschloen (Krach geschlagen, auch seine Autorität bekundet) [Bd. 4, S. 151] — eng Drëps Schweess (eng Tréin) huet déi aner geschloen — gläich sch. (s. klompen) — eppes breet, platt sch.; refl.: sech zou engem sch. (jem. beistehen, für jem. Partei ergreifen) — sech recht a schlecht duurch d'Liewe sch. — sech alt erduurch sch. — cf. Aart, Fisem, Fra, Häerd, Hiirzel, hol(l) a blo, Kapp, Kréibänk, Lukas, Pan, Pak, Rad, Sak, Sau, Scharläipchen, Scharribarri, Tromm — Verbadj.: geschloen — ech hun eng geschloe Stonn gewaart, misst waarden — en as wéi geschloen (traurig, mutlos) — et huet geschloe gereent (auch: schlorenen — s. d.) — Zussetz.: a-, aus-, be-, dra-, drop-, duer-, durech-, derdurech-, erdurech-, ëm-, era-, eraus-, erëm-, ënner-, iw(w)er-, lass-, no-, of-, op-, u-, ver-, vir-, widder-, zer-, zesumme-, zouschloen — cf. haen, klappen, fachen.
Schlof I M.: «Schlaf» — e luese, feste, gudde, schlechte Sch. hun — en huet e Sch. wéi e Plach, e Ratz (tiefer Schlaf), wéi en Hues (leichter Schlaf) — hien huet e Sch., et kënnt een e mam Haus (mam Bett) ewechdroen — du mengs dat Kand hätt kee Sch. an! — ech hätt de Sch. esou néideg! — ech fanne kee Sch. — ech brauch nët vill Sch. — ech hu kee Sch. méi — dat mécht hien am Sch. (automatisch) — déi Keel spillen ech am Sch. — cf. Onner, Tomp, schlofen.
Schlof II M.: «Schläfe» — en huet de Sch. aleien (vertieft) — wann een eng op de Sch. kritt, dat as ganz geféierlech.
Schlof- -apel M.: «Schlafapfel» (Rosengallapfel); -bok M.: 1) «Schlafhaube»; 2) «verschlafener Mensch» — cf. -hauf; -drëpp(chen) F.: «Schnaps vor dem Schlafengehen» — cf. Bonnet de Nuit; -dronk M.: «Schlaftrunk»; -fra F.: «Zimmervermieterin»; -geld N.: «Schlafgeld, Mietpreis der für ein Bett bezahlt wird» — cf. Schléifes; -hauf F.: 1) «Schlafhaube»; 2) «verschlafener, langsamer Mensch»; -geleënheet F.: «Schlafgelegenheit» — cf. Schléiféng; -komerod M.: «Schlafkamerad»; -kap F.: 1) «Schlafmütze»; 2) «verschlafener Mensch» — cf. -bok, -hauf; -kummer F.: «Schlafzimmer»; -laus F. (meist Pl. -lais) — in der Ra.: d'Schloflais bäissen (kommen — zu Kindern gesagt, die sich die Augen reiben, schläfrig sind) — cf. Sandmännchen; -lidd(chen) N.: «Wiegenlied(chen)»; -maus F.: 1) «Siebenschläfer» — cf. Léier V, Siweschléifer; 2) «Haselmaus»; -mëttel N.: «Schlafmittel»; -mutz F.: «Schlafmütze» — cf. Mutz I, -kap sub 1); -pëll F.: «Schlafpille»; -putsch (lok.: Bodange) F. — s. -hauf sub 1) — cf. Putsch sub 2)d.; -rack M.: «Schlafrock»; -rat F. und M.: 1) «Siebenschläfer» — cf. -maus; 2) (nur F.) «verschlafener Mensch» — cf. -hauf sub 2), -kap sub 2); -sak M.: 1) «Schlafsack»; 2) «verschlafener Mensch» — cf. -kap sub 2); -seemchen M.: «Garten- und Schlafmohn» — cf. Pavot; -zëmmer F. u. N.: «Schlafzimmer» (im Vergleich zu Schlofkummer gilt Schlofzëmmer oft als vornehmer) — en huet sech e Sch. kaaft (eine Schlafzimmereinrichtung).
schlofen (Konjug. Ind. Präs.: du schléifs, hie schléift, dir schlooft — Nösl.: du schliifs, hä schliift, Echt.: dau schlifs; Ind. Prät.: Nösl.: ich schluff, Mosel: schlouf; Konj. Prät.: schléif, Nösl.: schlif(f) — Part. Prät.: geschlof[en], geschlooft) intr. Verb.: «schlafen» — sch. goen (sich schlafen legen) — fest, gutt, schlecht sch. — sch. wéi en Dachs, en Hues, en Atter, e Plach, e(ng) Ra(t)z, e Rat — e schléift, et kann een e mam Bett ewechdroen — d'Box wibbelt nach, da schléift en ewell (as en entschlof) — ech sin sou midd, ech sch. stoes Fouss — ech hun nach en Zenner ze sch. (muß mich einmal ausschlafen) — an den ale Segen sch. goen (ins ungemachte Bett) — dee schléift am hellen Do (mat den Aen op) — e schléift iwwer der Aarbecht — hues de rëm geschlof, schléifs de? (wenn jem. nicht bei der Sache ist, nicht zuhört) — ech hu mech midd geschlof (zu lange geschlafen) — deen huet nët gutt geschlof (er ist schlecht gelaunt) — iron. zu Kindern: du bas de beschte, wann s de schléifs — ech hun d'ganz Nuecht riicht duurch geschlof — wat deen eppes zesumme schléift! — ech muss nach eng Nuecht driwwer sch. — schlof gutt! (Gutenachtwunsch) — sech schéi sch. (langes Schlafen macht schön) — sech gesond sch. — Raa.: wie laang schléift, deem säi Gutt verdierft, dee fréi opsteet, dee säi Gutt verdeet; dee laang läit, gët dës och quäit — wie laang schléift, schléift sech warem, wie fréi opsteet, ësst sech arem (Trost für [Bd. 4, S. 152] Langschläfer) — et weess ee wuel wéi ee sch. geet, awer nët wéi een opsteet — et soll een sech nët ausdin, bis (ir) ee sch. geet (man soll sein Vermögen nicht vorzeitig verteilen) — se sch. nët all, déi d'Aen zou hun — Kinderreim: sch., sch., sot de Wollef zu de Schofen. Nän, nän, sot de Widder, ech leën de Kapp nët nidder — auch: wann ech iech muss dreiwen, wäerten der nët vill bleiwen — Schlafliedchen: schlof, Këndche (s. d.), schlof — eng Dänn, déi schléift (Lärche — cf. Mëläs) — mat engem sch. goen, bei engem sch., zesumme sch. (mit jem. das Bett teilen, auch: beischlafen) — cf. Engel (Abendgebet), Hond, Hong sub 1), owes — Zussetz.: a-, aus-, be-, ent-, verschlofen — dazu: schlofe(n) Verbadj. in der Bed.: «verschlafen» — deen huet d'schlofe Kränkt an d'friesse Féiwer (s. d. sub 1).
Schloff (Pl. Schlëff, lok.: Schlaff [s. d.]) M.: 1) «enger Raum, Durchgang zwischen zwei Häusern, zwischen Felsen» — dat Zëmmer as jhust nëmmen (eppes wéi) e Sch. (sehr kleines Zimmer) — lok. Post (belg. Prov. Luxemburg): Äppel am Sch. gebroden (Bratäpfel) — Zussetz. z. B.: Siweschlëff (Felspartie im Müllerthal); 2) «(Durch-)Schlupf» — übtr.: dee kennt all Schlëff (Schliche — cf. Schléch); 3) «Schlupfwinkel» (Wb.06).
schlommeren intr. Verb.: «schlummern» (Engelmann).
Schlomp, Schomp M. u. F.: «Scholle, Klumpen» — e Sch. Buedem — eng Sch. Äis — méng Féiss sin ee Sch. Äis — e gudde Sch. Suen (Geld) — hien huet d'Sch. an der Hand (die Herrschaft, Meisterschaft).
schlompen I intr./trans. Verb.: 1) a. «dicke Eisschollen zerkleinern»; b. «grob umgraben, umhauen, damit der Boden durch den Frost mürbe wird» — auch (lok.: Schwebsingen): «den leicht gefrorenen Boden umbrechen» — in dieser Bed. auch: schlëmpen — ech schlëmpen an du spuets no; 2) «Wolle mit der Schlompmaschin aufkratzen» — Woll sch. dazu das Verbadj.: geschlompt — geschlompte Woll; 3) «gierig schlürfen, essen»; 4) — s. klompen sub 2) — dafür auch: plompsen (s. d. sub 3); 5) «zuschlagen» (von der Schmiedearbeit gesagt); refl.: 6) a. «sich häufen, zu einem größeren Quantum anwachsen» — op d'Dauer schlompt et (sech); b. «schnell vonstatten gehen» — Jongen, lo schlompt et (sech) mat dene villen Aarbechtsleit! — Abl.: Geschlomps N. — cf. fluppen, raumen sub 3).
schlompen II (lok.) intr. Verb.: «hinken» — cf. limmen, schlëmpen I.
Schlomp- -häl M.: «Karst zum Umbrechen des Bodens in große Schollen»; -jhang, -misch (mit Eigenname) M.: «Hausname der Schmiede» — cf. schlompen sub 5); -maschin F.: «Maschine zum Aufrauhen, Zurechtmachen der Wolle» (dazu wurde die Kardendistel gebraucht). | |