schmaachenGeschmaachsGeschmaachSchmaachertSchmaalber, SchmaarwelSchmachtlapp(en), -lappertschmachtlappeg, -igSchmackSchmackficelleSchmackestill, -stronkSchmackSchmockSchmacksäitSchmackschmackenschmackenSchmaddSchmaddspäerdSchmiddepäerdSchmaderariSchmalzSchmalz- / schmalz-schmalzbiedelenSchmalzbiedelerSchmalzbirSchmalzbirSchmalzblummSchmalzbrudderSchmalzdëppenSchmalzdigelSchmalzkraut-kräitchenSchmalzka(r)mellschmalzkichelchenSchmalzpanSchmalzschmirschmalzeg, -igschmalzenSchmankschmankschmankschmankeg, -igSchmankfiederSchmantSchmant-SchmantbirSchmantbirSchmantdëppenSchmantengel(chen)Schmantengel(chen)SchmantläffelSchmantläffelSchmantlecker(t)SchmantmreiSchmantmreiSchmantmreischmanteg, -igSchmantegkätSchmarrschmatschenSchmassSchmausSchmausSchmaus-ches, SchmausiasSchmauselschmausenSchmausertschmäächelegSchmäächeleischmäächelenGeschmäächelsSchmäächelkätzchenSchmäächlerSchmäächleschschmäächlesSchmääspel, SchmääsbelSchmäässschmäässenSchmäässméckschmächtegSchmäckSchmäerzSchmäerzbel, Schmäerzberschmäissen, schmeissenGeschmëssSchmälberSchmäkertschmälzenSchmänn, SchmännereischmännenSchmännertSchmännichtSchmännpaiSchmärbelschmärchenSchmäzSchmecksschmécksen, schmecksen, schmicksenSchmécksertSchmeckskéis | schmaachen (Nösl.: -ç-, Konjug.: Ind. Präs.: du schmaachs, hie schmaacht — Nösl.: du schmaachs, du schméchs, hä schmaacht, schmécht, Nösl. Ind. Prät.: schmuch, Konj. Prät.: schmich, Ösl.: schméich, Part. Prät.: geschmaach[t] — Imper.: schmaach) trans./intr. Verb.: 1) «schmecken, kosten, den Geschmack prüfen» — schmaach emol, ob d'Zopp genuch gesalz(t) as — lo wou en eng Kéier geschmaacht huet, léisst en et nët méi (vom Essen usw. gesagt) — d'Rutt ze sch. kréien — du duerfs sch.; 2) «nach etwas schmecken, einen bestimmten Geschmack haben» — wouno schmaacht dat ägentlech? — dat elo schmaacht no näischt — d'Zopp schmaacht no Seef — de Wäin schmaacht nom Stopp, nom Drauf — et schmaacht no Doudemannszéif (ekelhaft) — dat schmaacht nët schlecht (das schmeckt gut); 3) «munden» — 't schmaacht näischt besser as wéi dat, wat ee selwer ësst — wann et am beschte schmaacht, soll een ophalen — Frage der Köchin, der Hausfrau: schmaacht et? Antwort: Merci, et schmaacht (nawell gutt) — loosst Iech et gutt sch.! — et huet (scho) geschmaacht (ich habe schon gegessen) — dat schmaacht no méi (verlangt nach mehr — cf. méizen) — et schmaacht him nët méi (bei Unwohlsein) [Bd. 4, S. 155] — d'Päif schmaacht dem Pätter nët méi, an dat as gefeelt — d'Aarbecht schmaacht mer haut nët (ich habe heute keine Lust zur Arbeit) — Abl.: Geschmaachs N, Geschmaach M. (s. d.) — cf. Hex, Honger.
Schmaachert M.: «Vorgeschmack» — dat war nach nëmmen e Sch., geldu? — cf. Schmaach.
Schmaalber, Schmaarwel F. — s. Schmuebel.
Schmachtlapp(en), -lappert M.: 1) «armseliger Mensch»; 2) «lächerlicher Liebhaber».
schmachtlappeg, -ig Adj./Adv.: 1) «schmachtend»; 2) «schmeichlerisch» — cf. makeg.
Schmack I M.: 1) «Schmicke der Peitsche» — dafür im Nösl.: Klack — sou dënn wéi e Sch. — d'Schärp gët eppes wéi e Sch.; 2) F.: «Peitsche» — engem d'Sch. ze schmaache gin — een an d'Sch. huelen (jem. streng zur Arbeit antreiben) — d'Sch. hun (die Herrschaft haben) — een (e Patt) op d'Sch. huelen (noch ein [letztes] Glas trinken) — cf. Fouermann; 3) (lok.) «Halstuch»; 4) «Gerät (Haselnußgerte) beim Weben» (trennt die oberen von den untern Fäden) — d'Sch. huet gehollef d'Fiedem ze trennen an ënneschter an ieweschter — cf. verzwëssen.
Schmackficelle F.: «gedrehter Bindfaden» (wird zum Anfertigen der Schmicke gebraucht).
Schmackestill, -stronk M.: «Peitschenstiel».
Schmack II, Schmock M.: «Schlag des Regens, des Windes gegen das Haus» (von der Regenseite) — lok. Echt.: d'Himp war wi en Sch. (schweißnaß) — dazu: Schmacksäit F.: «Regenseite» — dafür auch: Schlosäit — cf. Reenschmack, Schmockreen.
Schmack III M.: «Sumach».
schmacken (lok.) I intr./trans. Verb.: 1) «mit der Peitsche knallen»; 2) «mit der Peitsche schlagen» — op eemol kriss d'eng geschmackt; 3) «die Angelrute wie eine Peitsche bewegen, um den Haken ins Wasser zu werfen».
schmacken II (lok.) intr. Verb.: «nieseln» — Echt.: 't hoat e bëssche geschmackt — cf. fiselen, säwelen II.
Schmadd (Pl. Schmid(d), Schmëdd, — lok: Schmatten, Schmatterten — Dim.: Schmëddchen, Schmiddchen) M.: «Schmied» — e kale Sch. (s. kal sub 6)c., Kalschmadd) — ech muss nach bei de Sch. (zu Reparaturarbeiten zur Schmiede) — hien huet Hänn, eng Patt wéi e Sch. — e Framënsch wéi e Sch. (sehr kräftige Frau) — Raa.: de Sch. huet d'Zaang fir sech d'Hänn nët ze verbrennen (zu jeder Arbeit gehört das passende Handwerkszeug) — dat as e schlechte Sch., dee keen Damp verdréit — et geet een nët bei de Schmiddchen, wann ee bei de Sch. ka goen — Kinderreim: Sch., Sch., / mat der décker Eisenhatt (Eisepatt) / schléit mam décken Hummer / schléit der Däiwel a séng Kummer / schléit en an den Eckt / schléit en datt e vreckt — Volkstanz: de Sch., de Sch., dee bréngt säi Meedche mat, en huet et an der Hatt — Sch., Sch., bréng mer den Hummer mat — häufiger Hausname: Schmadds, Schmatten, Schmiddchen, Schmëtten, Hummerschmadd — Patron der Schmiede ist der hl. Eligius (cf. Luiendag, Louendag) — cf. schlompen sub 5), Schmëdd — Zussetz.: Duerf-, Gold-, Houf-, Neelschmadd — Komp. s. unter Schmidd-.
Schmaddspäerd Pl. N., Schmiddepäerd Pl. N. — in der Ra. s. Schouschteschfra.
Schmaderari (Ton: 3) M.: «breiiger Schmutz» — dafür auch: Schmi-, Schmo-, Schmuderari, Echt.: Schmoarari, Schmorri, Schmurri, Schmurriburri, Schmurari, Schnurari, Schmudder, Bulli, Brulli, Bräi.
Schmalz N.: «Schmalz, ausgelassenes Schweinefett» (Rindsfett heißt: Rëndsfett, Ënzelt, Schafsfett [Nösl.]: Äisselt — in der Volksmedizin zum «Ziehen» gebraucht) — d'Kéi kréien den Auder virum Kaalwe mat Sch. ageriwwen — Sch. vun den Träipen, vun der Fieder (s. d. sub 6) — Sch. ausloossen — bei denen am Haus as Salz a Sch. (sie sind wohlhabend) — Zussetz.: Ouereschmalz.
Schmalz- / schmalz- -biedelen intr. Verb.: «kriecherisch schmeicheln» — e geet dorëmmer sch.; -biedeler M.: «Schmeichler, Kriecher» — cf. Paltongszéier; -bir F.: «Schmalzbirne» — cf. Beurré — dazu: Schmalzbirebam M.; -blumm F.: «Sumpfdotterblume» — cf. Pëlpes sub c.; -brudder M. — s. -biedler; -dëppen N.: «irdener Schmalztopf» (ein volles Sch. galt als Zeichen der Wohlhabenheit) — Ra.: Oueren ewéi e Sch. (weitabstehende Ohren) — botz der d'Sch. (die Ohren) — si hun e Sch. voller Goldstécker; -digel M.: «Tiegel» — cf. Digel; -kraut, -kräitchen N.: «Milzkraut» (Chrysosplenium sp.); [Bd. 4, S. 156] -ka(r)mell F.: «Malzkaramelle» — cf. Malzkarmell; -kichelchen (lok.: Merscheid/Wiltz) M.: «Fastnachtsgebäck» — cf. Nonnefascht; -pan F.: 1) «Schmorpfanne»; 2) — s. -biedeler; -schmir F.: «Brotschnitte mit Schmalzaufstrich» — wann d'Kéi gekalleft hun, kréien s'eng Sch. fir sech ze feën (s. d. sub C. 1).
schmalzeg, -ig Adj./Adv.: 1) «fettig, nach Schmalz schmeckend»; 2) «kitschig, schmalzig» — en huet esou eng sch. Stëmm — e séngt esou sch.
schmalzen intr. Verb.: «sich einschmeicheln» — e geet bei d'Meedche, bei de Chef sch. — cf. schmalzbiedelen.
Schmank (lok., Dim.: Schmänkchen) F.: «dünnes Reis» — ech hu keng Sch. heibanne fir Feier unzefänken — et huet eng Schmänkche mir an d'A geschloen — cf. Grä(t)zen, Räis, Schna I.
schmank I Adj.: «schlank, biegsam» — sch. wéi eng Rutt — sch. a schmodig (sehr geschmeidig) — e schmankt Meedchen — schmanken Hari (Leberwurst) — cf. schlank, schmankeg, schmock, ëmpeg.
schmank II (lok.: Mosel) Adj. — wann d'Aarbecht sch. gët (das Arbeitsangebot selten wird).
schmankeg, -ig Adj.: «gertenschlank, biegsam, dünn» — eng sch. Tailchen — eng sch. Rutt. | |