LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Schold bis Schongbuttéck (Bd. 4, Sp. 175a bis 177b)
 
Schold (phV. s. Ltb. 43, meist als Kollektiv. — Pl. Scholden, lok. Luxemburg-Stadt: Scholten — auch: Schëlde, Schëlle) F.: 1) «(Geld-)Schuld, Verpflichtung, Verbindlichkeit» — en huet d'Box, de Bockel, den Aasch voller Sch. — en huet méi Sch. wéi Borschaft, bor Mënz, Wäertschaft, Verstand, wéi Hor op der Kopp — vill Sch. a wéineg bor Geld — en huet e Koup Sch. um Bockel — fräi vu Scholden an Hypothéiken — d'Sch. an d'Onkraut wuessen Dag an Nuecht — d'Sch. wiisst wéi d'Holz am Bësch — en ersäift an der Schold — e geet ënner an der Sch. — en as esou voller Sch. wéi den Hond voller Fléi — d'Sch. wiisst äis iwwer de Kapp — iron.: wann ech keng Sch. hätt, dann hätt ech guer näischt — si hun an der Sch. gedäält — wa Sch. do as, wëllt nëmme jidderee säin Däl — déi Sch. kréie mer och nach hannert äis — en huet sech Sch. gemaacht (opgelueden — eine Anleihe aufgenommen) — engem d'Sch. noloossen, erloossen — séng Scholden ofbezuelen — d'Sch. mat iwwerhuelen — iron.: déi al Scholde bezillt een nët an déi nei léisst een al gin — ech sin nach an dénger Sch. (schulde dir noch etwas, auch: bin dir noch zu Dank verpflichtet) — wat sin ech an Ärer Sch.? (Ihnen schuldig?) — bezuel déng Sch., da bleifs d'um Haff (s. d.) — cf. Pond; 2) «Ursache, Veranlassung» (zu Schlimmem, auch Gutem) — ech sin (et) nët Sch., an der Sch., a Sch., datt et esou koum — du bas et (ës) an d'Schold, an der Sch. — ech gin dir d'Sch. nët drun — méng Sch. as et nët — du hues Sch. drun — si hun him d'Sch. an d'Schong geschott (ihm die Schuld zugesprochen) — adjektiv.: ech sin dës nët sch. — den Dokter as sch. drun, datt et esou komm as — hien as sénges Misär selwer sch. — wien as sch. un där ganzer Affär? 3) a. «Fehler, Vergehen» — si konnten him keng Sch. noweisen — adverb.: ech hu mer näischt zu Sch. (Scholde, Schëlde) komme gelooss; b. «Verschulden» — hie krut d'Sch. zer Halschecht (zougesprach) — hien huet d'ganz Sch. kritt — Zussetz.: Éiere-, On-, Spillschold — cf. verschëllen;
 
Schold- / schold- -aasch M.: «verschuldeter Mensch» — dee Sch., deen et as; -bréif M.: «Schuldverschreibung»; -buch N.: «Schuldbuch» — cf. Buch sub 2)b.; -fro F.: «Schuldfrage»; -här M.: «Gläubiger»; -leit Plur. tant.: «Gläubiger»; -männer Pl. M.: «Schuldner» (bes. von solchen gesagt, die im Tagelohn ihre Schuld abtragen, weil zahlungsunfähig) — hei schaffen d'Sch. (z. B. den Arbeitern zugerufen, die beim Dorfwirt arbeiten um Trinkschulden abzutragen); -regëschter M.: «Schuldbuch»; -schäin M.: «Schuldschein» — cf. -bréif; -ziedel M.: «Zahlungsaufforderung».
 
Scholl, Schall (Dim. Schëllchen) F.: 1) «Scholle» — ech géing léiwer Scholle klappen, ewéi dat do ze maachen — Bauernspruch: de Weess an d'Sch., d'Huewer an d'Moll — d'Grompre kënnen sech d'Mooss un de Schollen [Bd. 4, S. 176] huelen (wenn Kartoffeln in scholligen Boden gelegt werden — cf. Mall II); 2) «Heimatscholle» — zou der Sch. halen — op der Sch. bleiwen (Bauer bleiben) — Zussetz.: Äisscholl;
 
Scholle(n)-/Schalle(n)- -hummer M.: «Holzhammer, Schläger zum Zerkleinern der Schollen»; -schléier M. — s. d. Vor.; -trëppeler M.: 1) «Mensch mit Plattfüßen»; 2) «Mensch, der langsam arbeitet»; 3) a. «Bauer» (Spottname); b. «Geometer» — cf. Fortschreiwer, Landmiesser.
 
scholleg, -ig, schalleg Adj.: «schollig» — schollege Buedem.
 
Scholl II (Soll) M.: «Kegelwurf» — ech gin der souvill wéi s de wëlls fir däi Sch. (zum Partner gesagt).
 
schollens. scholleren.
 
Scholler- -jong M.: «Kegeljunge» — cf. Kälebouf; -hais-chen N.: «Raum für den Kegeljungen». -loun M.: «Lohn des Kegeljungen»; -suen Pl. M.: «Spielgeld» — lok. Echt.: äich hoan noach grad mein Sch. erëmkréit.
 
scholleren intr. Verb.: 1) «Kegel schieben» — cf. schëllen I; 2) a. «die Bank halten beim Geldkegeln»; b. «heimlich Schmu machen» (C) — Zussetz.: verscholleren.
 
Chômage (wie frz. Ton: 1) M.: 1) «Standgeld, Lagergebühr» (Eisenbahnspr.); 2) «Arbeitslosigkeit» — en as a(m) Ch. (er ist arbeitslos).
 
choméieren intr. Verb.: «nicht arbeiten» — haut gët emol choméiert — frz. chômer.
 
Schomp M. und F.: 1) a. «Erdklumpen» — cf. Schlomp; b. «Lehmklumpen»; 2) (lok.) «Eisscholle» — e Sch. Äis — et si Schompen Äis ewéi en Dësch — cf. Äisschomp; 3) «Menge, großer Haufen» — e gudde Sch. bei engem Handel gewannen — Echt.: e schinne Sch. (Dim. Schëmpche) Gëld — gëf mer de Sch. här (die [hohen] Gesamteinsätze beim Spiel).
 
schompen refl. Verb.: 1) «sich häufen» — et schompt sech (wird ansehnlich, wächst an) — übtr.: dat hei dat schompt sech (schmeckt gut) — Abl.: Geschomps N. — Zussetz.: era-, ëmschompen; 2)s. schlompen I sub 6).
 
schon (Son, SOn — cf. LSA Karte 12), scho, schons (auch lokal z. B. Echt.: schu, schuns — nicht im Nösl. gebraucht — dort dafür: ewell) Adv.: «schon» — ech hun der et scho wivill Mol gesot, héier dach! — in Fragen zur Auffrischung des Gedächtnisses: scho méi — wat has de scho méi gesot? (was hattest du eben gesagt?) — wat huet dat scho méi kascht? — wann et scho muss sin! — wat soll da schon Neies gin! — et wäerd scho goen! — wa schon, da schon! — 't as scho laang hier — 't as scho gutt! (je nach Tonfall höflich oder unwillig) — sid der schon(s) do? — Echt.: schu gout! — Zussetz.: obschon — cf. ewell.
 
Schond M.: «Nichts, Schund» — de Batze vum Schond (Rest von Nichts) — s. Batz III sub 2) — cf. Schund.
 
Schong (Pl. Schong, Dim. Schéngchen, Schéngelchen — Osten und Norden: Schou[n] [Sing. und Pl.], Dim. Schéinchen, Schéichen, Pl. auch: Schéicher — Westen: Schung, Dim. Schingchen, Pl. Schingercher, Schingerscher) M.: 1) «Schuh, Stiefel» — Arten: schwaarz, faarweg, brong, samette, stoffte, lacke Schong — der Form nach: Bottinnen (Halbstiefel), besat Sch. (mit Ringbesatz), héich (Stiefel), niddreg, hallefhéich Sch., Sch. mat spatzen, mat flaachen, platten, hallefspatzen, héijen Tallongen, ouni Tallong, platt Sch., Knäppesch., Räilächersch. (mit Ösen), kaafte Sch. (Fabrikware), handgemaachte Sch. — Zussetz.: Äis-, Bal-, Braut-, Fraleits-, Foussballs-, Gummis-, Iwwer-, Kommiouns-, Maansleits-, Maart- (die oft vom Bauer auf dem Markt bestellt wurden und etwas leichter waren als die gewöhnlichen Schuhe), Minetts- (feste Arbeitsschuhe), Netz-, Roll-, Schlitt-, Sécherheets-, Ski-, Sonndes-, Sports-, Summer-, Wanter-, Wäertesschong — für große Schuhe: Sch. wéi Aacheren, Geiekëschten — kleng, ëmpeg, schéi, flott Sch. — geneelt(e) Sch., gepënnt(e) Sch. — déck, graff, knuppeg Sch. — d'Sch. wichsen, botzen, schmieren (einfetten) — d'Sch. strécken, undon, ausdon, uschlappen — d'Sch. schif trieden — de Sch. räisst (rappt) d'Maul op (die Vorderkappe klafft auf) — e spuert, en uecht séng Sch. nët (schont seine Schuhe nicht, auch: macht viele Gänge) — d'Sch. ersiele, flécke loossen — d'Sch. si mooss, passe gutt, sin ewéi un (an) de Fouss gewuess — du has nach keng esou Sch. an de Féiss (solch schöne Schuhe, solch gute Ware) — engem ale Sch. den Husar (s. d.) unhänken — d'Sch. säi bei Loach (Echt.: sind nahezu zerrissen) — en huet ersielte Sch. (übtr.: er hat kein Geld) — spaßh.: ech hun d'Féiss voller Sch. (die Füße durchgelaufen) — ech hun dem Päerd, [Bd. 4, S. 177] dem Uess nei Sch. maache loosst (neu beschlagen lassen) — Folkl.: engem d'Sch. wichsen (handwerkl. Brauch, die Schuhe eines unbeteiligten Neugierigen [mit der Mütze] abzuwischen, um eine Spende zu erhalten, bes. von Maurern, auch beim Flachsschwingen) — op der Hochzäit gët der Braut de Sch. gestuel a versteet (Hochzeitsbrauch) — hatt geet och an dat Klouschter, wou zweërlee Sch. ënner dem Bett stin (sie heiratet) — en huet e Gesiicht gemaacht wéi e Sch. (er war unzufrieden) — e schneit eng wéi e Sch. (eine Schnute) — an d'Sch. goen (zusammenfallen, ohnmächtig werden) — wie gewinnt as Sch. ze dron, dee wëllt nët méi baarbes gon — engem d'Sch. austrieden (jem. verdrängen) — engem eppes an d'Sch. schëdden, schuppen (verantwortlich machen) — maach de Geck mat déngen ale Sch.! (spotte über dich selbst) — e fällt bal aus de Sch. (er ist schwächlich) — e krut d'Sch geschmiert (derb: er erhielt die Sterbesakramente) — da schmier der d'Sch. alt! (mach dich aus dem Staub, es wird Schläge geben) — do huet een d'Sch. misst gutt gestréckt hun (man mußte auf der Hut sein) — a schlechte Sch. (an Huese) stoen, stiechen (in schlechten Verhältnissen sein) — ech wëllt nët an deem sénge Sch. an Huese stiechen (sin — an seiner Stelle sein) — an engem séng Sch. an Huesen trieden (in jem. Rechte treten, sein Erbe sein) — Nikolausbrauchtum: de Sch. setzen (vor St. Nikolaustag den Sch. vor die Tür, aufs Fensterbrett stellen), eppes an de Sch. kréien — Reim: Schouschter bou, bou, fléck mer méng Schou, fléck se nët ze haart, soss kriss d'e Geessebaart — Kinderspiele: Schong sichen (Ksp. Nr. 24) und Schong an Huese gëllen nët (s. sub gëllen) — Kegelspiel: eng Klatz huet keng Sch. un (verläßt die Bahn) — cf. Arem, Hues, Häerz sub 4, Paräisser, schéin, Schlappen — Teile des Schuhs: Suel, Brandsuel, Kap, Spëtzt, Nues, Tiisch, Talong, Räilach, Zong, Uwescht, d'iewescht Lieder, Kramp, Kuppjee; dinglich: 2) a. «Pflugsohle» — dafür auch: Tallong; b. «Bremsschuh» — dafür auch: Bremsschong; 3) «Maß» (etwa 0,33 m) — et sin dräi Sch. fir e Meter — e Sch. Leën (Quadratschuh Dachschiefer) — Abmessung beim Kinderspiel: zwéi Sch. — mir wiele mat de Sch. (statt abzuzählen, wird mit dem Schuh abgemessen, wer seinen Schuh nicht mehr einpassen kann, hat verloren, auch: wer dem andern zum Schluß auf den Fuß treten kann, hat gewonnen);
 
Schong- -biischt F.: «Schuhbürste» — en as bei Hand ewéi eng Sch. (dienstbereit); -bisser M.: «Flickschuster» (Wb.06) — cf. Fléckschouschter; -blech M. u. N.: «Schuhlöffel» (zum Anziehen der Schuhe); -breet F. (Substant. u. Adj.) «Schuhbreite, schuhbreit»; -buttéck M.: «Schuhwarengeschäft»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut