LWB Luxemburger Wörterbuch
 
schreiwen bis Schroutmillen (Bd. 4, Sp. 185a bis 187a)
 
schreiwen (Arlon und Redingen: schräwen — Konjug., Nösl. Ind. Prät.: ich schruff, Gutland: schrouf; Konj. Prät. Nösl.: schriff, Gutland: schréif; Part. Prät. [allgemein]: geschri[w]- wen, Arlon, West.: geschrif, geschriff; Imper.: schreif, Kanton Redingen: schräf) trans./intr. Verb.: 1) a. «schreiben» — ech muss nach e Bréif sch. — ech hun nach e Bréif ze sch. — schreif nët drënner, driwwer (unter, über die Zeile) — e schreift wéi en Dokter (unleserlich), wéi eng Sau, e Schwäin — schreif nët esou kropeleg! — hie schreift schéin, gutt, schlecht — e schreift ewéi gedréckt (wie gedruckt), ewéi mat engem Biesemsräis (sehr schlecht) — d'Kanner sch. ewell mam Bläistëft, mat der Fieder, mat dem Käil a mat der Spëtzt (Feder) — fréier gouf mat der Gänsefieder geschriwwen — op der Maschin, Schreifmaschin sch. — de Bläistëft, d'Fieder schreift nët — wéi schreift een dat Wuert richteg? — dee Wiirt huet mam Greef (mat der Forschett) (op-) geschriwwen, d'Rechnung mam Biesem geschriwwen (zu hohe Rechnung) — den Numm steet op der Dir geschriwwen — ech hun ewell op bessere Pabeier geschriwwen (habe schon besseren Umgang gehabt) — schreif der dat hannert d'Oueren, op d'Stir! (merke dir das wohl!) — déi Suen do, déi kanns d'an d'Haascht sch., du kriss se ni — e schreift mat der Nues op den Arem (reibt die Nase an den Ärmeln ab) — geschrif(f) as geschrif(f), son se zu Arel — schreif déngen Elteren! (beim Spiel: du bist verloren) — wat sch. är Kanner? — si sch. sech all Dag (Briefe) — spaßh.: wa mer äis nët méi solle gesinn, da sch. mer äis (beim Abschiednehmen) — staunend: a wou solle mer dat dann hi schreiwen? — den Dokter huet e krank (gesond) geschriwwen — wou steet dat geschriwwen? (ist das Vorschrift?) — de Monni huet geschriwwen (sein Testament geschrieben) — as eppes geschriwwen? (ist ein Testament vorhanden, besteht eine schriftliche Abmachung?) — hien huet mer et ze gutt geschriwwen (gutgeschrieben) — Noute (Noten) sch.; b. (Stil) — e schreift gutt — e ka sch. wéi en Affekot — e riet gutt, ma e schreift nach besser (auch iron. von hohen Rechnungen gesagt); c. «schriftstellerisch tätig sein» — e schreift — deen do, dee schreift an d'Zeitungen; — wien huet dat Buch geschriwwen (verfaßt)?; 2) «im Todeskampf (mit den Beinen, den Flügeln) zucken» — cf. plécken, räsen, plënneren sub 2)a.; 3) refl.: «sich nennen, heißen» (standesamtlicher Name) — si sch. sech Müller an d'Haus heescht a Schneidesch — wéi schreift Dir Iech? — en heescht (mit Vornamen) Jhang, e schreift sech Schroeder — cf. hääschen, nennen — Abl.: Geschreifs, Geschrifs N. — cf. Schreiwes — Zussetz.: a-, aus-, ëm-, ënner-, fort-, iwwer-, of-, op-, u-, ver-, zouschreiwen.
 
Schreiwer M.: 1) (allgemein) «Schreiber, Büroangestellter» (auch abfällig) — hien as (éischte, zwete) Sch. bei engem Notär, op der Gemeng — wegwerfend: 't as esou e klenge Schreiwer(chen) (ein untergeordneter Angestellter, auch: ein schwächlicher Mann); 2) «der Studierte» (im Ggs. zum Ungebildeten) — Zussetz.: Déckesus-, Dräisus-, Fort-, Geriichts-, Gemenge-, Notäers-, Ofschreiwer(t).
 
Schreiwerloun M.: «Schreiberlohn».
 
Schreiwereien Pl. F.: 1) «Schreibarbeiten»; 2) «Korrespondenz, Buchführung» — engem d'Sch. maachen, besuergen — wat gët dat e sëlleche Sch.! — cf. Geschreifs.
 
Schreiwes N.: «(meist amtliches) Schreiben, Akt, Ausweis, Bescheinigung» — e krut e Sch. (Bescheid) vun der Gemeng, dem Geriicht, vum Notär [Bd. 4, S. 186] — den Dokter huet him e Sch. matgin (Attest, Bescheinigung) — e Sch. areechen (ein Gesuch einreichen) — Sch. gëlt (nur das Geschriebene bindet) — huet Dir e Sch.?
 
Schréng M. — s. Schräin.
 
Schrénger M. — s. Schräiner.
 
Schrëtt M. — s. Schrack.
 
Schrimps, Schrips F. — s. Schréip(s).
 
schro I (Nösl.: Sro:ç) Adj./Adv.: 1) a. «boshaft, bösartig, rücksichtslos» — (auf Personen und Tiere bezogen) — wat as dat e schroe Patréiner! — eng sch. Klass, Band — et si sch. Leit — dat Meedchen as eng sch. Kaz, Louder, Zatz — e schroen Hond — schlo dat Päerd nët esou, et gët jo sch.! (bösartig); b. «ungezogen, unartig» — Nösl.: datt sen emol schrooch Kanner — déi schrooch Kanner hëlt den Husicker mat; 2) (auf Sachen, Zustände bezogen) «schlimm» — en huet eng sch. Kränkt — e gesäit sch. eraus — et gesäit sch. an der Welt aus — et si sch. Zäiten — dat as awer sch.! — maach der näischt draus, 't as nëmmen hallef esou sch. — zjor war e schroe Wanter — e schrot Wieder — do gesäit et sch. aus (unordentlich); 3) «sonderbar, seltsam» — dat Framënsch huet emol e schroe Marsch — substantiv.: dat as e Schroen — hien as där Schroer (Schrooster) keen — hatt as e Schrot — cf. béis, stramm, uerg.
 
Schro II (lok. Bettborn, Redingen: Schru(d)) M.: «Spitzmaus».
 
Schro III F.: «Bockgestell, Schragen» — im bes.: a. «(früher) Sägebock der Brettschneider» — dafür auch: Schrod — cf. sub Dillschneider; b. «Schlächterbank, Schragen bei der Hausschlachtung (Schwein, Rind)»; c. «(leiterartiges) Gestell der Weinschröter zum Ablassen der Weinfässer in den Keller»; d. «Gestell mit kreuzweise stehenden Füßen»; f. «Totenbahre» (lok.) — een op d'Sch. leën — cf. Bock sub 4)f., g.
 
Schrobiltgen (lok.: Vianden) M.: «streitsüchtiger Mann».
 
schroden I trans. Verb.: «schroten» (schwere Gegenstände durch einen Handhebel fortbewegen, Weinfässer mit Seilen auf dem Schragen in den Keller befördern) — iron.: si hun e missen heem sch. (von einem Betrunkenen gesagt) — cf. Schréider.
 
schroden II — s. schrouden.
 
Schroder M. — s. Schréider und Komp.
 
Schrom (Pl. Schréim, lok. Schreem) M.: 1) «Markierstrich» (z. B. bei Brettschneiden, Maurerarbeit, Spiel) — schneid dem Sch. no! — am Sch. spillen (Knabenspiel — Ga) — übtr.: engem e Sch. duurch d'Rechnong maachen (einen Strich durch die Rechnung machen) — dat geet mer géint de Sch. — abweisend: engem de Sch. weisen — këss mer de Sch.! 2) a. «Zählwert der Karten, Punkte» — mir hun 22 Sch. (auch: Zieles), et geet duer — et as kee Sch. am Streech (im Stich) — huelt dir de Rescht, mir hun de Sch. — de Sch. as fort, ech kann nët méi wannen — ech hu kee Sch., nëmmen elauter eidel (illich) Kaarten — ech kann der kee Sch. opgin (beisteuern) — de Sch. gewënnt — de Sch. verspillen (den Einsatz verlieren — Wb.06); b. «Kreidestrich (Karten-, Kegelspiel) auf der Markiertafel» — wéivill Schreem (Schréim) hu mer nach auszemaachen? — maach e Sch. bäi, mir hu gewonn — cf. Schréim(s), Stréch; 3) «Zeche».
 
schromeg (Nösl.: schrimmig) — s. schréimeg.
 
Schromp M. — s. Schramp.
 
Schrompel F. — s. Schrampel.
 
schrompen, schrompelens. schrampelen.
 
Schrond M. und F.: «Schrunde, tiefe Spalte im Boden bei langer Dürre, Felsspalt» — bei där Drécht as de Buedem voller Baschten a Schronten (C).
 
Schrondweiler, -weller ON.: «Schrondweiler» — Dorf der Gemeinde Nommern, Kanton Mersch — 235.
 
Schrong F.: «Schrunde, Riß in den Händen durch Kälte» (lok. Erpeldingen/Bous — C) — cf. Bascht.
 
Schrot M. — s. Schrout I.
 
Schrotbam M. — s. Schréiderbam.
 
Schrott M.: 1) «Schrott, Altmetall» — den Auto war nach jhust e Koup Sch. — Zussetz.: Eise-, Kofferschrott; 2) «Ausschußware» — 't as elauter Sch. — cf. Rebbi; 3) F. (Pl. Schrotten) «Steinabfälle, kleinere Steine zum Füllen» — cf. Fauschtert, Fëllert, Fëllstän.
 
schrouden, schroden, schroten trans. Verb.: 1) «schroten» (Getreide) — Huewer sch. fir d'Véi — geschrot Huewer — Abl.: Geschroots, Geschrits N.; 2) (lok.) «Weißkohl schneiden z. Einmachen» — de Kabes gët (a-)geschrout, geschruet.
 
Schroudeform F. — in der Ra.: e Gesiicht wéi eng Sch. (pockennarbiges Gesicht).
 
schroupigs. schoupeg. [Bd. 4, S. 187]
 
Schrout I, Schrot (lok. Vianden: Schruden) M.: «geschrotenes Getreide».
 
Schrout II F.: «Schrotmaschine»;
 
Schrout-, Schrot- -huwwel M.: «Krauthobel» — cf. Kabeshuwwel; -kaul F.: «Bodenaushöhlung, über der die Bretter im Freien geschnitten wurden» — cf. Dillkaul; -männchenM.: «fahrender Handwerker, der im Herbst von Dorf zu Dorf zog, um den Weißkohl zu schroten» — s. schrouden sub 2); -messer N.: «Schrotmesser, Krauthobel» — cf. -huwwel; -millen F.: «Schrotmühle».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut