LWB Luxemburger Wörterbuch
 
schubberen, schuwweren bis schueleg (Bd. 4, Sp. 187b bis 189a)
 
schubberen, schuwweren intr. Verb.: «abblättern» (Hautschuppen).
 
Schubbier F., Schubkar F. und M., -teimer M.: «Schubkarre» — esou flénk wéi en eise Weck an engem Schubkar (steif) — cf. Bier, Mëschtbier, Bayard, Stousskar.
 
Schubjack, -hännes M.: «gemeiner Kerl».
 
schuck Interj.: «hu» (Ausdruck des Gefühls, z. B. Kälte oder Wärme) — sch., sch. wéi kal! — sch., sch. (zu einem Kind, das man bettet und warm einhüllt).
 
schuckeleg, -ig Adj./Adv.: «behaglich warm» — 't as gutt sch. heibannen [Bd. 4, S. 188] — wann een aus der Keelt dobausse kënnt, da spiirt een ewéi sch. et heibannen as — dafür gelegtl. auch: schuckereg.
 
schuckelen trans./intr. Verb.: 1) «hudern» — d'Kluck schuckelt d'Hénkelen; 2) refl.: «sich ins (warme) Bett kuscheln» — schuckel dech an däi Bettchen, da bas de geschwë warem — dafür auch: schuckeren — cf. kuschelen, kutschelen, duckelen.
 
schuckereg, -ig (lok.: schuckerzeg, Lenningen: schockereg) Adj./Adv.: «empfindlich (kalt), fröstelnd» — et as sch. kal — 't as mer esou sch. — cf. schockereg, schodereg, schuddereg, erkaalt sub 2).
 
schuckeren intr. Verb.: «frösteln» — et schuckert än, et géing än am léifsten an den Uewe schlaufen — cf. schuckelen.
 
Schuddefruucht F.: «Schotenfrucht» (Kollektiv, lok. Redingen) — Sch. soll am Stréi leien (Schotenfrüchte sollen nicht zu früh gedroschen werden) — cf. Schutt I.
 
Schudder I F.: «großes Bohreisen» (Wb.06).
 
Schudder II (Pl. Schudderen) F. und M.: «Schauder» — s. Schudderéng.
 
Schudder III (lok.: Vianden) M.: «Hautschuppen» — cf. Schupp II, Schubber.
 
schuddereg, -ig Adj./Adv.: «fröstelnd» — 't as mer sch. — et as sch. kal — cf. schuckereg.
 
schudderen unpersönlich. und refl. Verb.: 1) «schaudern, erschaudern, ekeln» — et huet (ech hu) mech geschuddert, wéi ech e gesinn hun do leien — ech sch. mech nach, wann ech drun denken; 2) «frösteln» — ech brauch mech nëmmen eng Kéier ze sch., dann hun ech de Schnapp.
 
Schudderéng (Pl. Schuddréngen — lok.: Schudderigen, Schiddréngen, Wiltz: Schuddricht, Schuddrischt) F.: «der Schauder, die Gänsehaut» — d'Schuddrénge si mer (d'Kopp) ausgaang (ein kalter Schauder) — et leeft mer nach eng Sch. d'Kopp aus (iwwer de Réck), wann ech drun denken — d'Schiddrénge si mer ausgaang, wéi ech et héieren hun — eng kal Sch.
 
Schueber- -dag M.: «Schobermeßtag» — in der Ra.: Sch. hëlt de Kabes Rot, of et dës gët odder nët — cf. häderen. -fouer (lok. Echt.: Schoberfouer, Nösl.: Schoberfor) F.: «Schobermesse» — dat as déi rengste Sch. (viel Lärm) — cf. Fouer II sub 1), Baartelméis; -méindeg M.: «Montag der Schobermesse»; -mëss F.: 1) «Schobermesse» — Wetterregel: Sch., Wanter gewëss — et war eppes ewéi eng Sch., déi rengste Sch. (viel Krach und Lärm); 2) «Jahrmarktsgeschenk» — cf. Fouer sub II, 2); -sonndeg M.: «Sonntag (Hauptfesttag) der Schobermesse» — cf. Biergerdag.
 
Schuecht M.: «Teil des Webkammes» (Wb.06).
 
Schuechtech M. — s. Schaaschtech.
 
Schued I (Pl. Schueden, lok. Wiltz: Schuoad, Schuoaden, Schod) M.: 1) a. «Schwaden» (Heu, Getreide); b. «Gangbreite» (beim Mähen) — cf. Schluecht II; 2) «Armvoll geschnittene Getreidehalme» (vier machen gewöhnlich eine Garbe aus) — d'Schueden ophiewen — d'Fruucht op Schuede leën — d'Fruucht läit op de Schueden — d'Schueden aleën (auf das [Stroh-] Band legen).
 
Schued II (Echt., Wiltz, Mittelösl.: Schoad, Vianden: Schuad, Nösl.: Schad) M.: «Schaden» — Raa.: deen de Sch. huet, brauch fir de Spott nët ze suergen — et as kee Sch. esou grouss, et as ëmmer e Profit (e klengen Notzen) derbäi — mat Sch. gët ee weis, Zus.: awer nët räich — de Sch. wiisst (geet) an den Notzen — si hate vill Sch. um Haus, um Auto — si kruten hire Sch. erëmbezuelt — beim Tod einer mißliebigen Person: et as kee grousse Sch.! — da's kee Sch.! (es hat sich glücklich gefügt) — et soll däi Sch. nët sin, et soll der kee Sch. sin (es soll dein Schaden nicht sein) — en as séngem Jong kee Sch. — dat do as der glat kee Sch. (dir ist recht geschehen) — du hues kee Sch. drun — 't as en éiwege, dauere Sch. — fir de Sch. opkommen — Höflichkeitsformel: kommt Äre (de) Sch. erëmsichen (erëmhuelen — wenn jem. zu Gast war und um Erwiderung des Besuches bittet) — maach der näischt draus, mir kommen de Sch. erëmsichen (dsgl.) — engem Sch. maachen (Schaden bringen) — maach dem Wiirt kee Sch.! (trink trotzdem noch ein Glas mit!) — d'Kéi sin am Sch. (richten Flurschaden an) — en as am Sch. erwëscht gin (bei Feldfrevel) — Zussetz.: Brand-, Dauer(e)-, Wëldschued — cf. Fraleitsrot — dazu: schued Adj./Adv. — dat as awer sch. (zu bedauern, bedauerlich) — wéi sch.! [Bd. 4, S. 189] — 't as sch. fir de Jong, datt en esou e Misär hat — 't as sch., datt en nët viru léiere konnt — et as sch., datt s de nët derbäi waars — et as sch. fir all Streech, dee laanscht fällt, Kläpp, déi laanscht gin (jede Züchtigung, die er nicht bekommt) — spöttisch: 't as nëmme sch., datt esou ee muss stierwen, esou e Kapp muss faulen, ee muss Gromperen iessen, muss pisse goen — dat Meedchen as vill ze sch. fir esou eng Lomp vu Jong — dat Holz as ze sch. fir ze verbrennen — mengs du, du wiirs ze sch. fir ze schaffen? — et wär sch. fir all Su, deen ee fir hie géif ausgin — mir as et nët ze sch. fir méng Suen.
 
Schuedéi M. — s. Schodéi.
 
schueden (Var. s. sub Schued II) intr. Verb.: «schaden» — wann et näischt notzt, da kann et och näischt sch., sot de Koschter, du huet en der Paschtoueschkou ënnert de Schwanz gespaut (C) — 't schuet der näischt; (dir ist recht geschehen!) — dat huet der guer näischt geschuet! (dsgl., du kannst eine Lehre daraus ziehen) — dat kann der näischt sch. (du solltest ruhig mitmachen).
 
Schuedenersaz M.: «Schadenersatz».
 
Schuef (Pl. Schuewen) F. und M.: «Geschabsel, feine Hobelspäne, jetzt auch Papier-, Cellophanstreifen» — cf. Schaf II.
 
Schuef- -faass N.: «Strohfaß» — cf. Mäicher, Stréikéiper; -gras N.: «Schachtelhalm» (Equisetum sp.); -stréi N.: «Schachtelhalm» (früher zum Scheuern gebraucht) — cf. Gras, Schafstréi, Poléierstréi, Zënnkraut.
 
Schuefeisen N.: «Schabeisen, Schaber» (Schneiderspr. — Ga).
 
Schuefkléng F.: «Glättkolben».
 
Schueftlok. Var. zu Juft (C).
 
Schuel (Echt., Wiltz: Schoal, Nösl.: Schal, Westösl.: Schöl, Vianden: Schual) F.: 1) a. «Schale» — eng déck, dënn, haart, mëll, batter, séiss Sch. — engt Ä an der Sch. — Ra.: dee mat Schuele bezuele kann, brauch keng Äer ze gin — Zussetz.: Äer-, Hirschuel — cf. Schäerz, Schiel, Hol, Läk; b. «Baumrinde» — d'Bichen hun eng glat Sch. — cf. Schäerz; 2) (Pl.) «kleine, flache Dachstücke im Erzstollen»; 3) «Furche, Kerbe» (im Pferdemaul — Ga).
 
schueleg Adj.: «schalig» (Anton Meyer).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut