LWB Luxemburger Wörterbuch
 
schwaach bis Schwach (Bd. 4, Sp. 191b bis 193b)
 
schwaach (Nösl.: -ç) Adj.: 1) «kraftlos, schwach» — e schwaache Kärel, Männchen, Mënsch — no där Kränkt wor en nach laang sch. op de Bän — et as mer op eemol esou sch. (op de Bä) gin — hien as sch. op der Broscht, hien huet eng sch. Broscht — en huet e schwaacht Häerz, sch. Nerwen — hien huet e schwaache Verhalt, Geescht — am Rechnen as e sch. — hien as sch. an deem Artikel (Gebiet) — dat as e schwaachen Trouscht — eng sch. Stonn — d'Musek as sch. besat — den Tenor as ze sch. (der Tenor hat eine zu schwache Stimme, auch: die Tenorstimme ist zu schwach, zu schwach besetzt) — sch. falen (in Ohnmacht fallen) — ech si bal sch. gefall (ech sollt sch. falen), wéi ech dat héieren hun — hal dech un (setz dech), soss fälls de sch., wann s de héiers, wat ech der elo son; 2) «geringwertig, gehaltlos» — schwaache Béier (Bier) — de Branntwäin as ze sch. (dafür meist liicht — s. d. sub 1) und 6) — wéi war d'Konferenz? — Sch., méi wéi sch. — dazu: Schwaachhät, -heet F.: «Schwachheit» — vun elauter Sch. konnt en de Wee nët packen — cf. Schwächt, Schwächlechkät.
 
schwaardeg, -ig Adj.: «schwartig» — cf. Schwaart.
 
Schwaardemager, -majer, -maacher (lok.: Schwademagen, Schwad(d)emo, Schwaa(r)demo, Schwaardemar, Echt.: Schwouerdemogen, Schwoëdemogen) M.: 1) «Schwartenmagen» (Wurstart); 2) (lok.) «bestimmtes Muster bei Terrazzo».
 
Schwaardefra (Echt.: Schwoardefra) F.: «Bettlerin, die um Fettgrieben, Speckschwarten bettelte» (C).
 
schwaarden trans. Verb.: 1) «dicht am Boden abmähen»; 2) «stark durchprügeln».
 
Schwaardendill M.: «rindenbesäumtes Brett».
 
Schwaart (Pl. Schwaarten, Schwaarden — lok. Echt.: Schwoart, Schwouert, lok. Mosel, Wiltz: Schwoat, Schwoart) F.: «Schwarte, Haut» — d'Sch. vun der Ham — naass bis op d'Sch. — hien huet him d'Hor bis op d'Sch. (bei der Sch.) ewechgeschnidden — Raa.: 't as Sch. a Schwéngefleesch, Speck a Sch. (ein und dasselbe) — un enger Sch. leckt keen sech sat — en as esou goureg, 't as nëmme méi Schank a Sch. — deen huet eng déck Sch. (eigtl. und übtr.) — schaffen, [Bd. 4, S. 192] dass d'Sch. kraacht — e schmiert him d'Sch. (prügelt ihn — cf. schwaarden sub 2) — Zussetz.: Speckschwaart; 2) «Schwarte, rindenbesäumtes Brett» — d'Haischen as mat Schwaarde gedeckt — Abl.: Geschwaarts N.
 
schwaarz (phV. s. LSA Karte 11) Adj./Adv.: 1) «schwarz, dunkel» — sch. wéi der Däiwel, eng Doudsënn, e Kueb, e Kuelebrenner, en Hol, e Mouer, d'Nuecht, Pech, eng Tak, Tënten, e Schaaschtechfeër — sch. Kichen (s. d.) — sch. Hor — eng sch. Kuck (finsterer Gesichtsausdruck) — e kuckt esou sch. — schwaarzt Gar — schwaarzt Gezei (Trauerkleidung oder Abendkleidung) — en as sch. ugedon — sch. droen (dunkle Kleidung tragen) — sch. kleet dech gutt — Dir drot am beschte sch. (schwarz kleidet Sie am besten) — sch. Schong — e schwaarzen Däiwel (schwarzhaariger Mensch) — dat as schéi sch., eng schéi sch. Faref — eng sch. Kou — e schwaarzt Päerd — zur Artbestimmung bei Tieren und Pflanzen: eng sch. Blatlaus — e schwaarze Schneider (Libelle — cf. Joffer sub C) — Vögel: schwaarzen Däicher, Ducker (Schwarzhalstaucher — Podiceps nigricollis) — schwaarze Fléiefänkert, Méckefänkert (Halsbandschnäpper — Ficedula albicollis und auch: Trauerschnäpper — Ficedula hypoleuca) — sch. Graatsch, Grasméck (Mönchsgrasmücke — Sylvia atricapilla) — sch. Hexersch (Orpheusgrasmücke — Sylvia hortensis) — sch. Mäs (Kohlmeise — Parus major, auch: Tannenmeise — Parus ater) — sch. Märel (Amsel — Turdus merula) — sch. Mierint (Trauerente — Melanitta nigra) — sch. Mierschmollef (Trauerseeschwalbe — Chlidonias niger) — schwaarze Millang (schwarzer Milan — Milvus migrans — cf. Schéierschwanz) — schwaarze Spiecht (Schwarzspecht — Dryocopus martius) — schwaarze Storch (Schwarzstorch Ciconia nigra) — schwaarzt Waasserhong (Blässhuhn — Fulica atra) — schwaarze Wisekriibs (Wasserralle — Rallus aquaticus); — e schwaarze Rat (s. d.); — sch. Kréischel (s. d.) — schwaarze Sinnef (s. d.) — sch. Bier (Brombeere, Heidelbeere) — schwaarzen Hambier (lok. für Brombeere) — schwaarz Drauwen — sch. Kiischten — sch. Pouken (Pocken) — schwaarzen Draft (Mutterkorn) — sch. Kuelen — sch. Säf (Schmierseife) — schwaarze Kaffi — schwaarzen Téi — sch. Kiirmes (s. d.) — schwaarze Buedem (dafür auch: Bëschbuedem) — e schwaarzt Schof (eigtl. u. übtr.) — Folkl.: wann een eng sch. Kaz begéint, huet een Ongléck (Gléck — schlechtes, lok. aber auch: gutes Omen) schwaarz(t) Brout — d'Brout as sch. verbrannt — hien huet dat wäisst Brout virun deem schwaarze giess — sch. gin (von einem Körperteil, Glied: absterben, auch von erfrorenen Pflanzen gesagt) — et as alles sch. erkaalt — d'Feier as sch. aus — en as sch. verbrannt (am Gesiicht — sehr stark gebräunt) — sech sch. maachen (sich an schwarzen Gegenständen, z. B. Küchenherd schmutzig machen) — ee sch. maachen (jem. schwärzen, z. B. beim Kartenspiel «Schwarzer Peter», auch übtr.) — spaßh. drohend: du gës sch. gemaacht an erschoss — ech gin der et sch. op wäiss (schriftlich) — Spw.: sch. gebuer, all Wäsches verluer — Ra.: déi sch. Kéi gin och wäiss Mëllech — beim Kartenspiel: déi sch. Kaarten (Pik und Kreuz — kurz: déi Schwaarz) — beim Kartenspiel (z. B. Skat): sch. sin, Schneider a sch. sin — schwaarze Péiter (Kartenspiel) — ech hun de schwaarze Péiter behalen (eigtl. und übtr.) — en as sch. (eigtl. und übtr.: klerikal) — déi sch. Lëscht (Wahlliste der Christl.-Sozialen Volkspartei) — Scherzrätsel: woufir friessen déi wäiss Schof (s. d.) méi wéi déi sch.? ('t si méi wäisser) — hätts de léiwer e schwaarze Gehaangenen ewéi e Kichelchen an der Sonn gebroden? (Schinken — getrockneter Kuhfladen — MKr. Nr. 835) — wéi rennt de Kueb iwwer d'Waasser? (sch.) — Kinderreim: schwaarzt Scheefchen (s. sub Schof) — et war esou sch. (dunkel), et huet ee séng ägen Hand nët méi virun Ae gesinn — sch. wéi an engem Bakuewen, Keller, Sak — et gouf mer sch. virun den Aen (mir wurde schwindlig) — dorop kanns de waarde bis de sch. gës! — wann de Stär (Sonne) esou stécht, da sin déi sch. Plazen (Schatten) déi bescht — deen as frou mat de schwaarze Plazen (mit schattigen Stellen, er ist träge) — d'Luucht as sch. voll Kueben — de Bësch as sch. voll Bier (Beeren) — et kënnt esou sch. iwwer de Bësch, 't gët e Wieder; 2) übtr.: Sinnbild des Bösen, des Heimlichen, Unerlaubten — Ra.: wann der nët sch. sid, da brauch der Iech nët ze wäschen (wer sich entschuldigt, klagt sich an) — der Däiwel gët méi sch. gemoolt wéi en as — op der schwaarzer Lëscht sin — am schwaarze Buch stoen — dat schwaarzt Buch (Strafregister — Pennälerspr.) — deen [Bd. 4, S. 193] huet eng sch. Séil (Seele) — du hues gelunn, du gës sch. op der Stir — en huet gelunn, 't gouf sch. an der Luucht — sch. gesinn (schwarz sehen) — ech gesi sch. fir deen — sch. schaffen (Schwarzarbeit verrichten) — sch. schluechten, brennen, verkafen — substantiv.: Schwaarzen M.: 1) «dunkelhäutiger, -haariger Mensch»; 2) a. «Geistlicher» (oft abfällig); b. «Klerikaler» — déi Schwaarz (Mitglieder der Christlich-Sozialen Volkspartei) — hien as bei dene Schwaarzen op der Lëscht (Wahlliste); 3) «Neger»; 4) a. «Teufel» (Schreckfigur) — pass op, soss kritt dee Sch. dech; b.s. Houseker; 5)(lok. Rümelingen, Bergmannsp.) «schwarzes Pulver»; Schwaarzt N.: 1) «das Schwarze» — e vergonnt him nët dat Sch. ënner dem Nol (Fingernagel); 2) a. «dunkelhaariges Mädchen, dunkelhaarige Frau»; b. im Kartenspiel: «Pikdame» — dafür auch: Mitt, Mënsch, Schëppendamm, Wichs — Zussetz. (Farben): déckschwaarz, bloschwaarz, schwaarzblo, kuelschwaarz, pech-, pachoaligeschwaarz.
 
Schwaarz- / schwaarz- -aarbecht F.: «Schwarzarbeit»; -bier (lok.: Schwaarzber) M. u. N.: 1) (lok.) «Brombeere(n)» (lok.: Schieren: Schmäerbel(en)) — cf. Päerdsbier, Bromelen, Schmääspel; 2) (lok.) «Heidelbeere» — dafür auch: schwaarz(e) Bier, Schwäerzbier. Mo(o)lbier; -bierstack (lok.) M.: «Brombeerstrauch» — cf. Bréimelheck; -blo Adj.: «schwarz-, dunkelblau»; -brenner M.: «Schwarzbrenner» — dazu: Schwaarzbrennerei F.; -brout N.: «Schwarzbrot» — dafür auch: schwaarzt Brout; -dar (meist im Pl. -där) M.: «Schlehdorn» — cf. Schléiwendar; -däischter Adj.: «sehr dunkel» — 't as sch. Nuecht; -dir Adj.: «sehr dürr»; -faul Adj.: «ganz verfault»; -handel M.: «Schwarzhandel»; -heck F. — bes. als Flurname; -holz N.: «Faulbaum, Pulverholz» (Rhamnus frangula) — dafür auch: Krëtzschiel, Krätzschiel, Polverholz, Sténkholz; -kal Adj.: «sehr kalt» — cf. äiskal, batterkal; -kimmerchen F.: «Kammer, Zimmer ohne Fenster» (über der Küche, neben der Haascht, Vorraum zur Treppe); -märel F.: «Amsel» — cf. Märel; -wuurzel F.: 1) «Beinwell» (Symphytum officinale) — dafür auch: Hälwuerzel; 2) «Schwarzwurzel» (Scorzonera hispanica) — dafür auch: Skorzonär.
 
schwaarzelech Adj.: «schwärzlich» — cf. schwäerz(e)lech.
 
Schwaarzenhaff M.: «Schwarzenhof» (Hofname bei Steinfort).
 
Schwaarzenhiwwel M.: «Schwarzenhügel» (bei Marnach — eine der höchsten Erhebungen des Landes).
 
schwabbeleg Adj./Adv.: «schwabbelig» (von gallertartiger Masse) — sch. Baken — eng sch. Broscht (Busen) — de Jhelli as ze sch. — 't gouf mer sch. (schwach) — hien as nach sch. op de Been (an de Knéien — schwach, nach einer Krankheit) — substantiv.: Schwabbeleges N. — 't as esou eppes Sch., näischt Festes.
 
schwabbelen intr. Verb.: «schwabbeln, schwappen» (Flüssigkeit, Fett) — hie schwabbelt vu Fett — Abl.: Geschwabbels N. — lok. auch: schwadderen.
 
Schwabbelbauch M.: «Fettwanst».
 
Schwach I (Nösl.: Schwacht, -ç-) F.: 1) «Drehscheit am Wagen»; 2) (lok.) «Hanf-, Flachsschwinge» — s. Schwang.
 
Schwach IIF.: «Ausbiegung am Kessel oder an der Kanne zum Gießen» — cf. Zuch, Zull.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut